12
Centre d‘Education Différenciée Roodt/Syre & Walferdange Mat Freed fir d‘Liewe léieren Centre d‘Education Différenciée Roodt/Syre et Walferdange

Brochure 2009 Mat Freed fir d'Liewen léieren - Ediff Rued/Syr & Walfer

Embed Size (px)

DESCRIPTION

D'Ediff Rued/Syr & Walfer stellt sech vir.

Citation preview

Page 1: Brochure 2009 Mat Freed fir d'Liewen léieren - Ediff Rued/Syr & Walfer

Centre d‘Education DifférenciéeRoodt/Syre & Walferdange

Mat Freed fir d‘Liewe léieren

Centre d‘Education Différenciée

Roodt/Syre et Walferdange

Page 2: Brochure 2009 Mat Freed fir d'Liewen léieren - Ediff Rued/Syr & Walfer

Centre d‘Education DifférenciéeRoodt/Syre & Walferdange

An dëser Brochure, wëlle mir Iech ee klengen Iwerbléck verschafen, iwert dat, wat mir an eiser Schoul schaffen, an och doriwer, wéi mir dat mat eise Schüler erreeche wëllen.

Harmonesch Perséinlech-keeten kann een nëmmen kréien, wann een de Schüler als eng

g a n z h e e t l e c h P e r s o u n betruecht , onofhängeg vu senger Behënnerung. Jiddereen huet Stärkten op déi een opbaue kann a soll. Léiren an Erzéihung ginn do Hand an Hand. Well dat , wat eis Schüler hei léiren, ass net nëmmen fir de Moment, mee ass villsäIteg a räich, an ass

dorober ausgeriicht fir dass si duerno am Liewen sou gudd wéi méiglech eenz ginn.

Duerfir och e ise Motto: „Mat Freed fir d‘Liewe léiren“

„D‘Ziel vun der Schoul soll ët ëmmer sinn,harmonësch Perséinlechkeeten,

an net Spezialisten ze entloossen.“Albert Einstein

Page 3: Brochure 2009 Mat Freed fir d'Liewen léieren - Ediff Rued/Syr & Walfer

Centre d‘Education DifférenciéeRoodt/Syre & Walferdange

Mat Freed fir

d‘Liewe léiren

Wéi ee roude Fuedem duerchzitt dëse Leedsaz all Klasse, Gruppe an Entwécklungsstufen vun eise Schüler.

„Mat Freed fir d‘Liewe léiren“ seet genau dat aus wat mir Erzéier a Léierpersounen wëllen erreechen. Fir d‘éischt geet ët eis mol drëms, mat Freed ze léiren. Dat heescht net, dass d‘Schüler maachen därfen, wat se wëllen! Et bestinn, wéi iwerall rondrëm eis, kloer Verhalensreegelen, un déi sech jiddereen hale muss. Mee et gëtt un den Interessen a Stärkten vu jiddfer eenzelnen Schüler opgebaut, et gëtt ausprobéiert an experimentéiert, et gëtt versicht, déi Matière, déi soll geléiert ginn, gräifbar a verständlech ze maachen.

Léiren ass näischt theoretesches, mee eppes wat ganz konkret ausgeriicht ass. Alles wat

d‘Schüler bei eis léieren, sollen si kënnen dobaussen gebrauchen an uwenden. Duerfir gi mir och regelméisseg op den Terrain eraus, maachen kulturell an éducatif Visiten, organiséiren Stagen a kucken passend Arbéchsplazen fir déi jeweileg SchülerInnen ze fannen.

Dat ass dat, wat mir ënner „léiren fir d‘Liewe“ verst inn. Vum kléngste Schüler b is zum Schoulofgänger gëtt versicht hinnen Wëssen, Techniken a Wäerter ze vermëttelen, déi si och ausserhalb vun der Schoul gläich ëmsétze kënnen.

Op de nächste Säiten kënnt Dir lo noliesen, wéi sech déi eenzel Zielsetzungen an deene verschiddenen Graden openaner opbauen.

Page 4: Brochure 2009 Mat Freed fir d'Liewen léieren - Ediff Rued/Syr & Walfer

Centre d‘Education DifférenciéeRoodt/Syre & Walferdange

Kompetenzen:

Hei dat, wat an eiser Schoul iwergräifend duerch all Altersstufen geléiert gëtt:

1. AutonomieEe vun deene Punkte, deen an all Altersstuf, op natierlech dem jeweilegen Niveau geléiert soll ginn, ass Selbstständegkeet.

2. HandlungskompetenzArbechten - schoulesch oder manuell - gesinn, erkennen an duerchféire kënnen, ass eng Kompetenz, déi een d‘ganz Liewen iwer muss fäerdeg brengen.

3. ArbechtshaltungUn enger Arbecht dru bleiwen, net (direkt) opginn, an se bis zum Schluss duerchféiren.

4. Sozial IntegratiounDobaussen, am Alldagsliewen vun eise Matmënschen präsent sinn, ass eng grouss Erausfuerderung! Sief et an der Regelschoul, um Terrain oder am Beruff, eis SchülerInnen, hiert Kënnen an hier Fähegkeeten solle fir jidderee siichtbar sinn!

WëssenNatierlech gëtt bei all dëse Kompetenzen d‘Wëssen net ausser Uecht gelooss! All Kand, Judendlechen an Erwuessenen wëllt léiren, wëllt Wëssen dobäi kréien, och wann dat op ganz verschiddenen Pläng ka sinn. Duerfir gëllt ët, niewend de Kulturtechniken, wéi Rechnen a Sproochen asw, sech och praktecht, kulturellt an Alldagswëssen unzeeegnen. Je no Behënnerung variéiert natierlech d‘Thematik, genausou wéi och d‘Quantitéit an d‘Methodik, vun deem Wëssen wat vermëttelt soll ginn, ouni awer dass domat eppes an der Qualitéit vum Ënnerriichten ännert. Am Géigendeel, ee qualitativ héichwärtegen Unterrécht ass fir eis all d‘Viraussetzung, fir all eise SchülerInnen kënnen dat Meescht an dat Béscht mat op de Wee ze ginn!

Individuell LiewensbewältegungAll eis SchülerInnen solle léieren mat hierer Behënnerung - sief dat

enger geeschteger, enger sozialer Behënnerung mat Verhalens-schwieregkeeten oder enger Léierbehënnerung - am Liewen sou gudd wéi méiglech eenz ze ginn. Autonomie, Handlungskompetenz, Arbechtshaltung a Wëssen sinn dowéinst déi Haaptzieler, déi mir an eiser Schoul op allen Alters- an Entwécklungsstufen vermëttele wëllen. Ausserdeem gi fir déi grouss SchülerInnen Stagen an Arbechtsplazen no hieren Interessen a Fähegkeeten opgesicht.

An alle Gruppen gëtt ëmmer mat de Méiglechkeeten vun de jeweilege Schüler geschafft, dat ganzt awer ëmmer mat dem Respektéiren vun hiere Grenzen! Et gëtt soumat probéiert si op ee béschtméiglechen Niveau ze bréngen, ouni si awer ze iwerfuerderen.

Page 5: Brochure 2009 Mat Freed fir d'Liewen léieren - Ediff Rued/Syr & Walfer

Centre d‘Education DifférenciéeRoodt/Syre & Walferdange

Opbauen vu BasiskompetenzenAll Kand, muss, fir sech gutt

kënnen ze entwéckelen, emol fir d‘éischt Basiskompetenzen

opbauen. Nëmmen esou kritt et iwerhaapt Méiglechkeeten fir sech kënnen Kulturtechniken unzëeegnen

oder op iergend eng Manéier kënnen fir d‘Liewen ze léiren.

Wat ass domat gemengt? Kierperschema & Motorik

Fir d‘éischt muss d‘Kand sech mol kénnen, spieren, sech am Raum erëmfannen a

bewegen. Wahrneh-mung,

Motorik, a basal Sti-

mulatioun gehéiren

och dozou. Dann ass

et awer och ganz

wichteg vu klengem un sozial

Kompe-tenzen

opzebauen: Op all Kand eenzel agoen, Ängschten ofbauen, positiv Erwardungshaltungen opbauen asw.

Da gëllt et awer och genee Strukturen ze schafen (z.B. e

geregelten Dagesoflaf). D‘Kand soll Secherheete kréien fir dat, wat op et

duer kënnt. Natierlech gëtt och ganz vill Wärt op Kommunikatioun geluecht. Sproochlech Kompetenzen

- verbal wéi non-verbal (Mimik, Gebärden...) - solle gefördert an

ausgebaut ginn. D‘Kand soll Freed un der Sprooch entweckelen.

Viraussetzungen fir AutonomieSelbstkompetenz muss

opgebaut ginn: d‘Kand muss léiren sech selwer aschätzen ze kënnen an

sech ze organiséiren, Ufuerderungen selbststänneg kënnen ze erleedegen

a sech un Uweisungen ze halen. Natierlech ass dat ee ganz lange Léierprozess. Dëst fängt mat klengen

Arbechtsopträg unn, déi dann lues a lues zu ëmmer méi komplexen

Aufgabe ginn. De jonke Schüler muss eng „Gruppewahrnehmung“

erléiren: vum „ech“

op de „mir“. Hie muss sech am

Grupp a mat dem Grupp erliewen. Sou

kann dann och Koopera-

tiounsfäheg-keet opgebaut ginn.

Natierlech solle vu jonkem Alter

aus unn Interessen waach geruff

ginn! D‘Kand soll dobäi sou

gelenkt ginn, dass et d‘Méiglechkeet kritt méiglechst vill nei Interesseberäicher kennen ze léiren.

Dëst si Viraussetzungen fir e Léiren vun de Kulturtechniken ze

erméglechen. Dobäi soll d‘Léiren ëmmer handelnd-konkret sinn. De

Schüler muss „begräifen“ fir kënnen ze verstoen.

Ziel ass, e sënnvollt,

liewenspraktescht Léiren um Niveau vum Kand, en vue fir eng

héchstméiglech Autonomie, an ëmmer an Ofsprooch mat den Elteren unzestriewen!

Ënnergrad: Zielsetzungen

Basiskompetenzen opbauen

&Viraussetzunge fir

Autonomie schafen!

Dëst sinn d‘Haaptzieler fir eis

jéngste Schüler.

Page 6: Brochure 2009 Mat Freed fir d'Liewen léieren - Ediff Rued/Syr & Walfer

Centre d‘Education DifférenciéeRoodt/Syre & Walferdange

Mëttelgrad: ZielsetzungenLiewensorientéiert Schaffen & AutonomieNodeems éischt Basiskompetenzen erléiert gi sinn, an en éischte Kontakt mat Kulturtechniken gemat ginn ass, geet et drëms, dëst auszebauen - an dat ëmmer am Hibléck fir op e praktescht, zukunftsorientéiert Liewen virzebereeden.Schoulesch Kompetenzen

D’Themen am Mëttelgrad sinn als eng Initialiséirung, eng Virbereedung zu den Themenerarbechtungen vum Uewergrad ze verstoen. Si ginn sou wäit wéi  méiglech  no  de  Schüler  hierem  Interessensgebitt  erausgesicht  an erschafft. Praktesch Themen ginn fächeriwergräifend behandelt.  Sou gëtt an  den  Alldags‐Aktivitéiten  dat  schoulescht  Wëssen  ëmmer  integréiert: Beim  Kachen  Lléisst  esou  z.B.  Mathemathik,  Sproochen  asw  mat  eran. Kulturtechniken a schoulesch Wëssensvermëttelung  soll sënnvoll erléiert ginn  ‐  Dat heescht  net  reng  theoretesch, mee ëmmer am Hibléck  op eng praktesch  Situatioun:  z.B.  Rechnen  mam  Euro,  Auer  léiren,  e  Busplang liesen  a  verstoen...  Awer  och  eng  pädagogesch    gudd  erschaffte Sexualitéits‐Erzéihung,  déi  nom  Bedarf  vun  de  jeweilegen  Schüler zesummegestallt  gëtt,  gehéiert  dozou.  D’Schüler  sollen  mat  hiere Méiglechkeeten, sou wäit wéi et (hinne) méiglech ass, gefuerdert ginn ‐ am Hibléck, dass si ab dem Uewergrad ëmmer méi praktesch schaffen.

Handlungskompetenz & Arbechtshaltung

D‘Schüler ginn am Mëttelgrad ëmmer méi Lir Aufgaben responsabiliséiert. Chargen (Arbechten)  ginn no  hiere Méiglechkeeten verdeelt, ouni Iwer‐, bzw  Ënnerfuerderung!  Si  sollen  déi  dann  selbststänneg  ausféiren. Handlungsschrëtter gi kennegeléiert  an erübt.  Duerno soll de  Schüler  da selwer  drun  denken  an  se  ausféiren.  An  Alldagssituatiounen  an  am Interagéiren mat  de Schüler  gëtt  soumat  ganz vill  Lir  hiert  Alldagsliewen erléiert.  Wichteg  dobäi  ass,  um  Niveau  an  NET  um  Thema  ze differenzéiren!  Lues  a  lues  soll  ëmmer  méi  un dat  Liewenspraktescht erugefouert  ginn:  Pauseniessen  oder  kleng  Menuer  kachen, Akaafslëschten  schreiwen  oder  mat  Piktogrammen  erstellen  an  domat akaafe goen, mam Euro schaffen, Auer léiren...

Sozialverhalen & Kommunikatioun

Et ass wichteg Strukturen ze  schafen, wou sech jiddereen orientéire kann. Niewent  de  Schoulregelen  ginn  et  z.B.  och  Klasseregelen.  Domat  sollen d‘Schüler hiert eegent Verhale kontrolléiren a reguléiren kënnen. Si sollen Techniken  erléiren,  wéi  si  sech  „dobaussen“  (an  der  Gesellschaft) behuelen sollen.  „Ech‐ Bezogenheet“ vum  Schüler soll lues a  lues  ëmmer méi  duerch  eng  Gruppen‐Zougehéiregkeet  ersat  ginn.  Kommunikatioun spillt  do  eng  wichteg  Roll:  sech  léiren  auszedrécken  an  auszetauschen, Informatiounen  weider  ginn  vun  deem  wat  erlieft  gouf,  awer  och  een deem  aneren  nolauschteren.    Wëssen,  dass  ee  gehéiert  gëtt,  dass  een d’Méiglechkeet  vum  gemeinsamen  Austausch  huet,  dass  e  Problemer eescht  geholl  ginn,  an  zesummen  no  Léisungen  gesicht  gëtt,  ass  eng weider  Sécherheet  Lir  de  Schüler  a  fördert  e  positivt  Sozialverhalen. D‘Kand ass net nëmmen de Schüler aus der Schoul, mee gët ganzheetlech 

gesinn: Liewen doheem,  Liewen an der Schoul, Fräizäit  ...  gehéiren zesummen a sollen och am Schoulgeschehen mat abezu ginn!

Page 7: Brochure 2009 Mat Freed fir d'Liewen léieren - Ediff Rued/Syr & Walfer

Centre d‘Education DifférenciéeRoodt/Syre & Walferdange

UEWERGRAD: ZIELSETZUNGENWeiderféirung vum Mëttelgrad & Virbereedung op LiewenspraxisDen Iwergang vum Mëttel- an den Uewergrad ass fléissend. Déi haapt Zielsetzungen bleiwen. Ännerën mecht sech virun allem d‘Entwécklungsstuf vum Schüler, deen lo voll an der Pubertéit stécht, a säi Rôle am Erwuesseneliewen sicht. Verbonnen domat sinn natierlech Ännerungen an de Liewensusiichten, an domaten och am Verhalen zu sengem Géigeniwer an zu sech selwer. Et gëlt de Schüler ze leeden an him Sécherheeten ze vermëttelen, fir dass hien säi Wee an d‘Zukunft fënnt!

Autonomie an Handlungskompetenz förderen

léire plangen an organiséiren (Arbechten, AusLligg, ...)

léieren Verantwortung Lir sech selwer iwerhuelenEmgang mat Medie léieren (digital Fotoapparat; Internet, Telé, Radio; ...)

Eng positiv Arbechtshaltung entwëckelenVerantwortung iwerhuelen Lir kleng Arbechten an der Klass oder an der Schoul

Verantwortung Lir Arbechtsmaterial iwerhuelen

mat Hëllef vu Piktogrammer / Textuleedungen eenzel Arbechtsschrëtter ëmsetze léieren

verschidde Beruffer resp. Arbéchtsméiglechkeeten kenneléieren duerch Visiten um Terrain

Sozialverhalen a Kommunikatioun am Grupp förderen

léieren eng eege Meenung ze hunn an auszedrécken

léieren mat KonLlikter eens ze ginn

Respekt, Akzeptanz an Toleranz vis‐à‐vis vu senge Matmënsche weisen

Individuell kognitiv Kompetenze praktësch ëmsetzen

individuell Lies‐ a Rechefähegkeete förderen

Emgang mat Geld, Auer, Moossen (akaafe goën, Busplang liesen, zesumme kachen, ...)

perséinlech Interessen an individuell Projeten förderen

Allgemengwëssen am Kontext vun der Aktualitéit förderen (Noriichten beschwätzen, kulturell Visiten, ...)

Ech sinn ech

eng gesond Astellung zu sengemKierper hunn

pubertär Bedierfnisser verstoen, sech léieren ofzegrenzen, duerchzesetzen

ee gesond SelbstwärtgeLill hunn (ech kann eppes; ech sinn eppes wärt)

seng eege Kreativitéit ausliewen (duerch Molen, Theater, Musek, Danz, ...)

Sport maachenSchwammen, Turnen, Airtramp, Psychomotorik

Page 8: Brochure 2009 Mat Freed fir d'Liewen léieren - Ediff Rued/Syr & Walfer

Centre d‘Education DifférenciéeRoodt/Syre & Walferdange

Chancen an eiser ArbechtsweltD‘Gesetz vum Statut vum „Behënnerten Arbechter“ ass oft fir eis Schüler déi eenzeg Chance - mee kee Garant! - fir um Arbechtsmaart eng Plaz ze fannen. Wann een de Statut ufreet, heescht dat net, dass déijeneg Persoun näischt kann, mee dass se op verschiddene Punkten Defiziter virweist - also wou ee méi Schwieregkeeten huet, oder wou et méi lues geet. Wann de Patron eng Persoun ënnert dësem Statut astellt, dréit de Staat d‘sozial Laaschten a kënnt fir en Deel vum Akommes op. Ausser him weess awer keen, dass een dëse Statut huet.

Z i e l s e t z u n g e nArbechtshaltung

opbauen

seng Arbecht orga-

niséiren, duerchféiren a

bis zu engem Ofschloss

bréngen

Arbechtstechniken

erléieren

Léiren an deene

verschiddene Beräicher

vun der Arbechtswelt an

am Haushalt eenz ze ginn

Sozial Integratioun

Konflikter vermeiden &

léisen, Kommu-nikatoun

léiren & asetzen, sech a

sengem Ëmfeld erëm

fannen an eenz ginn

Stagen & Arbechts-

plazen opsichenpassend zu Interessen,

Fähegkeeten, Ausdauer & Motivatioun a praktesch Erfahrungen um

Arbechsmart maachen

VIRBEREEDUNG OP D‘ARBECHTSWELTDe Centre de Propédeutique Professionnelle ass eng beruffsvirbereedend Schoul. D‘Haaptziel ass, all Schüler - egal wéi grouss hier Behënnerung ass - an e puer Joer um Arbechtsmaart (sief ët um ordinären oder um protegéierten) ze integréiren.

Dass dëst net liicht ass, versteht sech vum selwen. Leider ass et net méiglech fir een Diplom virzebereeden. Déi eenzeg Chance déi eis Schüler hunn, ass hiere Fläiss an hiert Kënnen, hiert gudd Behuelen an d‘Gesetz vum Statut vum

„Behënnerten Arbechter“, dat hinnen den Antrétt an d‘Arbechtswelt ee Stéck méi no brengt.

Duerfir muss een de Schüler hir manuell Fähegkeeten

souwäit förderen, wéi et hirem Intellekt méiglech ass; dat heescht souwäit, wéi et fir si ze faassen ass, wéi si et ver-stinn an ëmsetze kënnen. Si mussen Arbechthaltung

opbauen, an sech awer och Schwieregkeeten stellen an dës iwerwanne kënnen. Duerfir mussen d‘Schoulaktivitéiten fonktionell an interessant sinn. Si mussen ee gewëssene Schwieregkeetsgrad

hunn, ouni dem Schüler seng Kapazitéiten ze iwerfuerderen. E

positivt Selbstwertgefill muss opgebaut an ënnerhale ginn, an et muss déi Aktivitéit / Arbecht fonnt ginn déi de Schüler interesséiert a färdeg bréngt. Oft

huet hien awer falsch oder guer keng Virstellung vun der Arbechtswelt. Duerfir wëlle mir probéiren verschidde Stageplazen unzebidden. De Schüler

muss sech selwer ee Bild dovu maache kënne, wat Schaffen heescht an ass!Seng manuell Fähegkeeten sollen op een héchstméigleche Niveau bruecht ginn, a

gläichzäiteg soll dem Schüler säi Sozialverhalen verbessert a positiv opgebaut ginn. Vill Zouwendung a Sécherheeten a sengem Ëmfeld hëllefen him dobäi!

Beruffsvirbereedend KlassenSchwéierpunkt: Léierbehënnerung & sozial Integratioun

Page 9: Brochure 2009 Mat Freed fir d'Liewen léieren - Ediff Rued/Syr & Walfer

Centre d‘Education DifférenciéeRoodt/Syre & Walferdange

Ënner ënnerstetzender Kommunikatioun versteht een all pädagogesch an therapeutesch Hëllefstellungen, déi eng Erweiderung vun de kommunikative Méiglechkeeten bei Mënschen ouni, oder mat wéinig Lautsprooch ervirbrengen. Dës kënnen souwuel bei Kanner, Jugendlechen an Erwuessener agesat ginn. Niewend Kierpersprooch (Mimik & Gestik), zielen zu den Hëllefsmëttelen ënner anerem och Gebärden, Photoen, Biller, Piktogrammer asw. An eisem Grupp gëtt virun allem mat de leschtgenannten Hëllefsmëttel geschafft.

Ënnerstetzend Kommuni-

katioun:

Beru

ffsvi

rber

eede

ndKl

asse

nSc

hwéi

erpu

nkt:

Gee

scht

eg B

ehën

neru

ng

Mat Behënnerung duerch d‘LiewenMir wëllen Menschen mat geeschteger Behënnerung beschtméiglechst op d‘Liewen preparéieren.

Eis ass et ganz wichteg, dass all Schüler als gläichwärteg Persounen ugesi ginn. Duerfir gi regelméisseg Aktivitéiten mat de Schüler aus dem anere Grupp, mee awer och mat Schüler vu Rued gemat (sou z.B. bei den Garden‐, an Holz‐arbechten). Hei kënne si mat aneren zesummeschaffen (Responsabel muss dobäi sinn) an einfach Aktivitéiten iwerhuelen (riechen, ewechféiren, schläifen, usträichen...). All Arbechten, wou si och spéiderhinn eng Kéier d‘Méiglechkeet kréien fir se vläicht ze maachen, ginn hei ugebueden: Jardinage, Recycling, Kichen, Haushalt, Kärzen‐, Holz‐ a 

ZielsetzungenResponsabilitéit fir sech a fir déi aner huelenKommunikatioun: sech matdeelen & elementar Emgangsformen erléiren (Moien, Merci, Äddi...)

Selbststännegkeet mat Hëllef vun ënnerstetzender Kommunikatioun erléirenSënnvoll Arbechte verriichten an esou d‘Gevill vermëttelen, dass dem Schüler säi Schaffen wärtvoll ass

Page 10: Brochure 2009 Mat Freed fir d'Liewen léieren - Ediff Rued/Syr & Walfer

Centre d‘Education Différenciée Roodt/Syre & Walferdange

Eist Schoulpersonal

Monique BIEWER Irma CHENET VéroniqueDELLI-ZOTTI

Nathalie DEMUTH

Paul FEITLERChargé de la Direction

Gaby FUNK Bob GEIB Luc HAAS Astrid HECK

Ralph HOFFELT Ben HOMAN Marie-Jeanne KIEFFER

Caroline KINNEN

Page 11: Brochure 2009 Mat Freed fir d'Liewen léieren - Ediff Rued/Syr & Walfer

Centre d‘Education DifférenciéeRoodt/Syre & Walferdange

Liliane KOEUNE Martine MATHES Danielle MOLITOR

Jacquie PAPIER

Rémi SACRÉ

Gaby SCHMITZ

Claudia SIMOES

Alice STEINBACH

Tina STEYER

Dany WEBER Pier ZAHLENChristiane THILL

Eis Sekretärinnen:

Page 12: Brochure 2009 Mat Freed fir d'Liewen léieren - Ediff Rued/Syr & Walfer

Centre d‘Education DifférenciéeRoodt/Syre & Walferdange