Upload
others
View
0
Download
0
Embed Size (px)
Citation preview
Handballzeitung - NEWS
www.chev.lu
Januar 2021
2 Place de la LibérationL - 9255 Diekirch
Telefon: (+352) 24 59 66 00Fax: (+352) 24 59 66 90 (+352) 24 59 66 91
Öffnungszeiten: 9h00 - 12h00 et 13h30 - 16h45
D’Wuert vum Président
Et geet rëm lass…
No laangen Wochen an Méint ganz ouni Sport an
gréisstendeels doheem däerf lo rëm Handball gespillt gi.
Eis Senior 1 Equippen bei den Dammen an Hären däerfen rëm
normal ouni Aschränkungen trainéieren an bereeden sech op
hier eicht Matcher Ufank Februar vir.
An och fir eis Jugend sinn mer amgang Trainingspläng
entspriechend den neien Mesuren ze preparéieren.
Mir hoffen dir sidd all motivéiert rëm unzefänken an dann
gesinn mer eis all rëm an der Hal.
Net vergiessen wëllen mer awer och eis Sponsoren, di di lescht Méint ganz trei zu eis gehale
hunn. Och fir si ass et keng einfach Situatioun am Moment an dofir ruffen mer nach emol
all eis Memberen op, eis Sponsoren ze ënnerstëtzen, bei si akafen ze goen oder mat hinnen
ze schaffen.
Alleguer zesummen packen mer et duerch des Zäit.
Frank LINK
Président CHEV Handball
CHEV - Dammen
1. Réi : HOFFMANN Laurence, LEIDER Liv, ZEIMETZ Jill, ROUSSEL Pauline,
RODRIGUES Liliana, JONES Sandrine, BIWER Kelly
2. Réi : PETIT Liz, EHRMINGER Camille, FLENER Laure, MOLKOVA Alina, STAICU Adriana,
BECKENE Lynn, WERSANT Joy, CIOCANEA Dana
CHEV - Häeren
1. Réi: CEMAN Elmin, SCHNEIDER Nik, DIAS Bruno, POST Eric, JACOBY Ben, SCHMIT Jérémy
2. Réi: IVESIC Ivo, STOEAN Bogdan, MARZADORI Sascha, DUHR Jérôme, SILVA Tiago,
DOS SANTOS Cédric, BRUKWICKI Borys, KRACK Mett, SZYMYSLIK Mikolaj
CHEV - News
SUBSIDE COVID-19
Der Stad Dikrich, déi dem CHEV Handball finanziell de Réck stäipt an hieren Deel
dozou bäidréit, dass mir eis Zieler als Handballveräin können weider verfollegen
an eise Sport könne liewen, gëllt en decke MERCI.
GENERALVERSAMMLUNG
Mir hoffen, datt eis Memberen iwert déi schrëftlech Generalversammlung
konnten d’Saison 2019/20 ofschléissen. Dem Comité an de Réviseurs de Caisse
Lene an Eric eis Unerkennung fir di gudd Arbicht. MERCI allen di dem Club hiir
Procuratioun zréckgeschéckt hun.
REFERENDUM FLH
Resultat vum Referendum vun der FLH iwert déi nächst Saison bei den Häeren an
der AXA League war kloer, fir weider mat 10 Equippen ze spillen.
Kloer war och, fir 1/2 vun de Punkten aus den Aller-Mätcher mat an de Playoff
Titre ze huelen.
CHEV - Equipes
Mir sin frouh, IMMO MACEDO als neien
Sponsor virzestellen, deen mat dësen
flotten Jacquetten eis jéngsten
Spillerinnen ënnerstëtzt.
U15 / U13 an U11 Méedercher soën en
ganz groussen MERCI.
CHEV - Equipes
Eis klengsten Handballer(innen) gin
mat neien Trikot’en vum Sponsor
OPTIQUE BIEWER agekleed.
Och hei soën mir een décken
MERCI fir dës flott Initiativ.
CHEV - News
DAMMEN-NATIONALEQUIPE
Nodeems d’Qualifikatioun (Championnat du monde Phase 1) fir den Dammenkader vun
der FLH am Dezember ofgesot gin war, hun eis Nationalspillerinnen awer weider vill
trainéiert, also nëmmen wéinig Paus fir d'Laure, Lili, Jill, Kim a Michelle. Den Tournoi
ass elo am Mäerz (19.-21.03) um Programm a gëtt an der Coque ausgedroen.
REPRISE JUGENDTRAINING
Mir sin ganz frou, dass ab en Méindeg och eis Jugend nees trainéieren duerf, och wann
duerch déi nei Mesuren den Training weiderhin nët kann an gewinnter Form
stattfannen. Mir wäeren frou, wann d’Spiller(innen), déi nët können op den Training
kommen, sëch géifen fréizäiteg bei hierem jeweiligen Trainer oofmelden.
Weider Informatiounen zu den neien Trainingszäiten an der Rubrik «CHEV-Training».
MESURES SANITAIRES
Mir bieden all eis Spiller(innen), sëch strikt un d’Mesures Sanitaires ze haalen, déi vun
eiser Regierung, respektiv der Gemeng en place gesaat sin.
Weider Informatiounen sin ze fannen op eisem Inernet-Site www.chev.lu
CHEV – Training
U8 Mixtes 2013 – 2015 LINK Frank Dënsdeg, 1715 – 1815 NEP*
U11 Filles
U11 Garçons
2010 – 2012
2010 – 2012
SZYMYSLIK Mikolaj
MOLKOVA Alina
Méindeg, 1700 – 1830
Donneschdeg, 1700 – 1830
Lycée Pyramide
Lycée Pyramide
U13 Filles 2008 – 2009 CIOCANEA Dana Méindeg, 1700 – 1830
Donneschdeg, 1700 – 1830
Sportshâl
Sportshâl
U15 Garçons
2006 – 2007
2008 – 2009 DAHM Pit
Méindeg, 1830 – 2000
Donneschdeg, 1830 – 2000
Lycée Pyramide
Lycée Pyramide
U17 Garçons 2004 – 2005 ZMIJEWSKI Rafal Dënsdeg, 1830 – 2000
Donneschdeg, 1830 – 2000
NEP*
Stade
Goalkeeper GRÄFF David
DIAS Bruno
Méindeg, 1830 – 1945
Donneschdeg, 1830 – 1945
Lycée Pyramide
Lycée Pyramide
Dames 1 + 2 CIOCANEA Dana
Off. FLENER Frank
Méindeg, 1830 – 2000
Donneschdeg, 1830 – 2000
Freideg, 1830 – 2000
Sportshâl
Sportshâl
NEP*
Hommes 1 + 2 IVESIC Ivo
Off. ROSSELLI Remo
Méindeg, 2000 – 2200
Donneschdeg, 2000 – 2200
Freideg, 2000 – 2200
Sportshâl
Sportshâl
NEP*
* NEP = Nouvelle Ecole Primaire
Fir weider Informatiounen könnt Dir folgend Nummeren wielen:
- LINK Jacquy 621 319 341 80 84 29
- GRÄFF David 691 683 899
E-Mail : [email protected] Internet : www.chev.lu
Virum 2. Lockdown hun eis Equippen nach an klengen Gruppen vun 4 trainéiert.
Programme Février
29101025 SA 06.02.21 18H00 Hommes 1 Schifflange 1 - CHEV 1
29601064 DI 07.02.21 20H00 Dames 1 Red Boys 1 - CHEV 1
29601073 SA 13.02.21 18H00 Dames 1 CHEV 1 - Esch 1
29101094 SA 20.02.21 20H15 Hommes 1 CHEV 1 - Mersch 1
Coupe ¼ SA 27.02.21 18H00 Dames 1 CHEV 1 - Red Boys 1
Weider wichtig Datumer vum Programme :
- Ufank PLAY-OFF Dames : 02.-04.03.21 (Woch)
- Ufank PLAY-OFF Häeren : 06.-07.03.21 (Weekend)
- Dames FLH WM-Quali Phase 1 : 19.-21.03.21
- Coupe de Luxembourg Final 4 : 28.04.-02.05.21
Vum 13. - 31. Januar fönnt an Ägypten d'Handball-WM vun den Männer statt.
All Informatiounen zur WM sin ze fannen um Internet-Site https://www.handballegypt2021.com/.
Alleguer d'Mätcher gin am Live-Stream um Youtube-Kanal vun der IHF gewisen.