28
Neiegkeeten aus dem Préizerdaul August 2016 - Oktober 2016 No 3 / 2016 Gemengenzeitung Préizerdaul, Oktober 2016 Sommaire : Säit Virwuert vum Buergermeeschter 2 Vierlies-Aktioun an Schoulsportdag 3-4 Summeraktivitéiten 5-6 Schoulorganisatioun 7-12 Sitzungsbericht vom 20.09.2016 13-14 Pastoralteam 15 Rezent Aarbichten 16-17 Terra Préizerdaul 18 Heckeschnëtt 19 Quetschefest 20-21 Klimapakt 22 Verschidden Informatiounen 23-27 Manifestatiounen + Etat Civil 28 Realisatioun : Gemeng Préizerdaul Layout an Texter : Josée Ruppert-Schreiber, Roger Gereke. Fotoen: Roger Gereke, Nathalie Gremling, Sandy Splicks, Charles Reiser, Patrick Thill, Maison Relais.

Neiegkeeten aus dem Préizerdaul - Commune de Preizerdaul · Prinzip gekuckt hunn, wäerte mer demnächst e fäerdege Projet zur Approbatioun kënne virleeën. All dës Projete kaschten

  • Upload
    dodung

  • View
    234

  • Download
    0

Embed Size (px)

Citation preview

Neiegkeeten aus dem Préizerdaul August 2016 - Oktober 2016 No 3 / 2016

Gemengenzeitung Préizerdaul, Oktober 2016

Sommaire : Säit

Virwuert vum Buergermeeschter 2

Vierlies-Aktioun an Schoulsportdag 3-4

Summeraktivitéiten 5-6

Schoulorganisatioun 7-12

Sitzungsbericht vom 20.09.2016 13-14

Pastoralteam 15

Rezent Aarbichten 16-17

Terra Préizerdaul 18

Heckeschnëtt 19

Quetschefest 20-21

Klimapakt 22

Verschidden Informatiounen 23-27

Manifestatiounen + Etat Civil 28

Realisatioun : Gemeng Préizerdaul

Layout an Texter : Josée Ruppert-Schreiber, Roger Gereke.

Fotoen: Roger Gereke, Nathalie Gremling, Sandy Splicks, Charles Reiser, Patrick Thill, Maison Relais.

Neiegkeeten aus dem Préizerdaul August 2016 - Oktober 2016

2

Léif Matbierger,

Nom laange Summer si mer erëm lancéiert an den Alldag huet eis erëm ; dat gesäit een am beschten an der Schoul wou de normale Betrib erëm leeft; mir hunn och dowéinst dës Editioun vun eisen Dauler Neiegkeeten haaptsächlech der Schoul gewidmet an Dir fannt vill faarweg Biller vun deene verschiddene Klassen op deenen nächste Säiten.

Chantier Maison Relais

Eise grousse Chantier vun der neier Maison Relais leeft och no Programm: am Gebai selwer sinn Elektroaarbechten am gaang a bausse gëtt d’Strooss opgerappt fir déi néideg Uschlëss vu Waasser, Elektresch, Heizung a Kanal ze garantéieren.

Mir wäerten och vun der Geleeënheet profitéieren de ganze Secteur ronderëm d’Schoul an eng Zort „shared space“ em ze fonctionnéieren, woubäi Prioritéit dem Foussgänger an dem Vëlosfuerer solle gëllen, an den Autostraffic op e Minimum reduzéiert soll ginn. Nodeems mer am Gemengerot schonn iwwert de Prinzip gekuckt hunn, wäerte mer demnächst e fäerdege Projet zur Approbatioun kënne virleeën.

All dës Projete kaschten natierlech Geld a wäerten eise Budget di nächst Jore staark strapazéieren, zemools d’Verwaltung vun der Ponts et Chaussées verlaude gelooss huet an absehbarer Zukunft mat den Aarbechten op der Haaptstrooss virun ze fueren, an dëst an engem Stéck bis Enn Proz. Hei musse mer dann och eis Responsabilitéiten huele wat Infrastrukturaarbechten ewéi Kanal an Trottoiren ugeet, woubäi de Finanzement integral zu Laaschte vun der Gemeng ass.

Budget

An de Budgetsdiskussiounen, déi da geschwënn uginn, heescht et deemno méi ewéi jee Fouss bei Mol halen an onbedéngt dat Nëtzlecht an dat Noutwendegt prioritär ze behandelen an aner Projeten, déi villäicht „nice to have“ sinn nach e wéineg waarde mussen.

Dëst ass en Exercice, dee wahrscheinlech di meescht vun eis och doheem praktizéieren an esou ass et op der Gemeng net aneschters.

Heiansdo gëtt een d’Gefill net lass, dat verschidde Leit eng apaart Opfaassung hunn wat eng Gemeng alles kann oder soll maachen a komplett verkennen, dat de Spillraum vun enger klenger Landgemeng ewéi dem Préizerdaul dach zimlech limitéiert ass.

Och wa mir duerch d’Neiregelung vun de Gemengefinanzen e wéineg méi solle kréien, sou si mer dach nach ëmmer an enger totaler finanzieller Onofhängegkeet vum Staat, well mer keng eege Betriber oder Industriezone geréieren, woubäi mer op der anerer Säit awer gehale sinn, dee selwechte Service unzebidden ewéi di räich Gemengen. Enner dësem Bléckwénkel versteet een da schwéierlich, wann der Gemeng dann och nach Virwërf gemeet ginn, wann se sech neien Einnahmequellen nit verschléisst, ewéi zum Beispill dem hallwen Euro pro Tonn Bauschutt, deen der Gemeng zousteet am Fall vum Bedreiwe vun der Bauschuttdeponie. Dës an aner Gelder fléissen direkt an de Gemengebudget a kënne gezielt agesat an d’Erneieren oder den Ëmbau vu Kultur-, Sport- a Schoulinfrastrukturen, respektiv aner sënnvoll Projeten.

Ech well zum Schluss nach op d’Aktioun „Kannerwonschbam“ hiweisen, déi an Zesummenaarbecht mam Club Soroptimist Mosaik an dem Office Social OSCARE vu Réiden an der Adventszäit an deenen 10 Gemenge vum Kanton Réiden duerchgefouert gëtt. Éischt Informatiounen zu dësem wierklech flotte Projet fannt Dir an dëser Zeitung, e Flyer mat méi Detailer kéint no.

Schliisslech wënschen ech Iech nach vill Spaass bei der Lecture vun dësen Dauler Neiegkeeten an dat eis d’Hierschtsonn nach e wéineg verwinnt virum Wanter.

Fernand Heyart

Buergermeeschter

Den Daul am Hierscht

Virwuert vum Buergermeeschter

Neiegkeeten aus dem Préizerdaul August 2016 - Oktober 2016

3

Virliesaktioun vun de Kanner aus dem cycle 4.2

Am Kader vun eisem PRS-Bibliothéik hunn d'Kanner aus dem Zykel 4.2 am 3. Trimester 2015/2016 de Schüler aus deenen aneren Zyklen Geschichten aus Bicher op lëtzebuergisch virgelies.

Si hunn sech a Gruppen e Buch rausgesicht aus der Bibliothéik, den Text astudéiert an och nach passend Zeechnungen dozou gemaach!

Neiegkeeten aus dem Préizerdaul August 2016 - Oktober 2016

4

Schoulsportdag De Schoulsportdag vum leschte Joer stoung ënnert dem Motto Olympiad! Moies kruten d’Kanner an a

rondrem d’Sportshal verschidde sportlech Aktivitéiten ugebueden, déi am August och op den Olympesche Spiller zu Rio um Programm woren. U Spaass an Asaz bei de Kanner huet et net gefehlt!

Am Nomëtten huet ee grousse Laf am Schoulhaff stattfonnt, wou all d’Kanner Ronne gelaf si fir ee gudden Zweck. De Kanner hirt Ziil wor et, méiglechst vill Tir ze lafen an doduerch iwwert hir Lafsponsoren vill Suen fir d’ALAN ze sammelen. D’ALAN ass d’Lëtzebuerger Associatioun vun de Maladies Rares; si ennerstëtzt déi 4 – 6% vun der Populatioun, déi vun enger vun de villen, seelene Krankheete betraff sinn. Esou konnten d’Schoulkanner méi wéi 2800 € “erlafen”. Des Suen sollen am Hierscht an enger klenger

Zeremonie un di Responsabel vun der ALAN iwwerreecht ginn. Bravo Kanner!

Neiegkeeten aus dem Préizerdaul August 2016 - Oktober 2016

5

„Eng erliewnisräich Zäitrees“ Naturverbundene Ferienaktivitäten im Préizerdaul

Vom 18. Juli bis zum 30. Juli nahmen über 80 Schulkinder aller Altersklassen an den diesjährigen

Sommeraktivitäten teil, die von der Maison Relais Préizerdaul organisiert waren, und unter dem Motto

„Eng erliewnisräich Zäitrees“ standen.

Patrick Antony, Kristin Hendrickx, Lony Müller, Yann Kirchen und Jill van der Weken - unterstützt von

einem 13 köpfigen Betreuungsteam - sorgten während zwei Wochen für naturverbundene und

spektakuläre Animation.

Mit viel Begeisterung und Konzentration wurde gespielt, Kunst in der Natur mit Waldaktivitäten gestaltet,

Sinnesspiele gemacht, interessante Ausflüge, mittelalterliches Kochen organisiert, einen Roboter und eine

Zeitmaschine gebastelt, Hütten und Tippis gebaut.

Neiegkeeten aus dem Préizerdaul August 2016 - Oktober 2016

6

Im Rahmen der Abschlussfeier bei der „Dauler Kaul“ präsentierten die Kinder ihren Betreuern, Eltern und Vertretern der Gemeindeverwaltung ein umfangreiches und attraktives Animationsprogramm. Dabei nutzte Patrick Antony die Gelegenheit, den Kindern, ihren Betreuern und Helfern für ihre Ausdauer, sowie der Gemeindeverwaltung für ihre Unterstützung zu danken.

Neiegkeeten aus dem Préizerdaul August 2016 – Oktober 2016

7

SCHOUL-ORGANISATIOUN 2016 / 2017

Cycle 1 : Précoce a Spillschoul

Klass vum Cathy Steichen, cycle 1.1 Educatrice : Jill Van der Weken

Viischt Rei: Emilie Zigrand, Jana Hoffmann, Maya Coulaud, Finn Wenger Rockel, Noah Bruck-Lutz, Evan Martins. Hënnescht Rei: Gonçalo Cunha Costa, Finn Nepper, Denial Mesic, Liv Ferreira, Maxime Jurczynski, Jaden Ferreira-Heirens. Et feelen: Jamel Goebel, Jaimilyn Reinert-Heymans.

Sandy Lopes Paiva

surnuméraire

Neiegkeeten aus dem Préizerdaul August 2016 - Oktober 2016

8

Klass vum Josée Anzia an Anne-Marie Weyland, cycle 1.2

Viischt Rei: Alex Elsen, Nils Nepper, Sally Franck, Oscar Colamonaco-Reiter, Guillaume Kockhans, Hana Haxhijaj, Enzo Raimundo Menezes, Javier Garcia. Hënnescht Rei: Orianna Duarte-Farrussenc, Noa Goebel, Lisa Leistico, Leonie Zigrand, Leandro Da Silva Marques. Et feelt: Aryana Fernandes Santos.

Klass vum Véronique Horbach, cycle 1.2

Viischt Rei: Martin Ferreira Silva, Yara Carvalhinho Loureiro, Tim Steichen, Ronja Wilden, Santiago Martins Esteves, Nina Arendt, Max Everad, Ruben Da Silva Fernandes. Hënnescht Rei: Maya Krause, Chris Marinho Ribeiro, Pol Seidel, Colin Gonner, Will Ferreira Heirens, Claire Roemen. Et feelt: Joshua Barthel.

Neiegkeeten aus dem Préizerdaul August 2016 – Oktober 2016

9

1. Schouljoer vum Claudine Peiffer, cycle 2.1

Viischt Rei: Aurélie Kaufmann, Nick Kinsch, Samuel Pereira Vieira, Patrick Martins Morgado, Lara Pereira, Clara Marinho Ribeiro, Emma De Lima Thoma, Chloé Zepp Bergougnoux, Noah Coulaud. Hënnescht Rei: Eva Da Silva Fernandes, David Dickson, Milo Lahr, David Dascalu, Rodrigo Pinto Rodrigues,

Catarina Oliveira Simao, Lou Kinsch.

2. Schouljoer vum Nancy Gasperini, cycle 2.2

Viischt Rei: Kai Freylinger, Joshua Gantenbein, Célina Schmit, Zoé Krause, Leonor Gonçalves Moreira, Julie Leistico. Hënnescht Rei: Ana Elisa Da Cunha Costa, Erika Ferreira Silva, Eve Knerr, Damien Viana, Collin Franck, Julie Welter, Ana Carolina Da Cunha Costa.

C Y C L E 2

Neiegkeeten aus dem Préizerdaul August 2016 – Oktober 2016

10

3. Schouljoer vum Nicole Huber, cycle 3.1

Viischt Rei: Matteo Massimiliano, Emmy Seil, Guillaume Ramos De Olival, Tabea Gonner, Sarah Kieffer. Hënnescht Rei: Hannah Delhommais, Sofia Ramos Dias, Charleen Matgen, Misch Gergen, Sabrina Rodrigues Barroco, Michelle Roemen, Dana Groben. Et feelt : Adriana Rodrigues Barroco.

4. Schouljoer vum Vanessa Braun, cycle 3.2

Viischt Rei : Nicole Hoogesteger, Allison Riel, Léna Souvignier, Louis Poncelet, Nanda Simon, Lina Mischaux, Cédric Viana, Pol Flick Deisges.

Hënnescht Rei : Patrick Feltgen, Mett Schreiber, Philippe Dame, Loïc Mousset, Tim Everad, Nike Pole Bönigk, Guilherme Da Silva Marques.

.

C Y C L E

3

Neiegkeeten aus dem Préizerdaul August 2016 – Oktober 2016

Viischt Rei : Klopp, Fiona Schweich

11

5. Schouljoer vum Patrick Thill, cycle 4.1

Viischt Rei : Blanche Kayser, Noémie Kemp, Dan Thill, Tim Weisen, Roy Weber, Tristan Wallenborn, Nic Besenius, Felix Poncelet, Jona Schroeder, Rafael Dias Ferreira. Hënnescht Rei : Elena Schmit, Jessica Fernandes Monteiro, Lena Gallo, Yannick De Jesus Pereira, Joao Pedro Lima Pereira, Lea Weber, Joyce Armbruster, Antoine Charnaut, Tim Welter, Noah Antonacci.

6. Schouljoer vum Malou Boever, cycle 4.2

Viischt Rei : Noah Ferreira, Chris Feller, Kacper Rozga, Félix Muller, Tim Becker, Benjamin Ramos De Olival, Maya Seidel. Hënnescht Rei : Ruben Carvalhinho Loureiro, Jan Felten, Numa Bönigk, Kevin Thilmany, Sophia Blakcori, Nora Simon, Mara Schumacher, Zoe Felten.

C Y C L E 4

Neiegkeeten aus dem Préizerdaul August 2016 – Oktober 2016

12

Nathalie Gremling Jean-Paul Sinner Mireille Clemen Schoulpresidentin appui intégré, surnuméraire Appui intégré, surnuméraire, surnuméraire Éducation morale et sociale

Nashjh

Sylvie Hilbert-Conrad Florence Lehnen-Biewer Annick Schenten-Ries surnuméraire, Hausaufgaben-Hëllef Reliounsjoffer Reliounsjoffer

Viir : Sanny Wosko, Kristin Hendrickx, Joëlle Hatto, Lony Muller, Gaby Plier, Alexandria Mirizzi, Irène Staus Hannen : Patrick Antony, Brigitte Schuster, Yann Kirchen, Arlette Hoffmann

D’Ekipp

aus der

Maison

Relais

Neiegkeeten aus dem Préizerdaul August 2016 – Oktober 2016

13

Sitzungsbericht vom 20. September 2016.

1. Forstplan 2017.

Revierförster Mike van Rijen präsentierte den Räten den Wirtschaftsplan des Gemeindewaldes für das Jahr 2017, welcher bei Investitionen von 72.800,00 € und Einnahmen von 129.675,00 € mit einem beachtlichen Boni von 56.875,00 € voraussichtlich abschliessen wird.

2. Einnahme-Erklärungen.

Die Räte unterschrieben desweiteren einige Einnahmeerklärungen, wobei das Hauptaugenmerk auf der Bezuschussung von 846.750,00 € lag von Seiten des Erziehungsministeriums für den Bau der neuen Maison Relais.

3. Budgetäre Anpassungen.

Der Gemeinderat nahm einstimmig 2 Änderungsvorschläge in der aktuellen Haushaltsvorlage an:

Für die Instandsetzung des Wanderweges in der Schankegriecht in der Nähe der Sebesleitung wird ein Kredit von 7.000 € bereitgestellt. Diese Ausgabe wird integral vom Touristenministerium übernommen.

Im Moment werden Infrastrukturarbeiten in der rue de Reimberg von der Post durchgeführt, um eine Glasfaserverbindung von Bettborn nach Reimberg zu verlegen.

Die Gemeinde beteiligt sich an diesen Arbeiten, um ihr eigenes digitales Netz auszubauen, sowie an verschiedenen Stellen die Bürgersteige auszubessern. Ferner profitiert man von der Gelegenheit die Kreuzung rue Stressel / rue de Reimberg übersichtlicher zu gestalten.

Kostenpunkt wird bei ungefähr 35.000,00 € liegen.

Procès-verbal de la séance du conseil communal du 20 septembre 2016.

1. Plan de gestion 2017 pour la forêt communale Préizerdaul.

Le préposé forestier Mike van Rijen présente le plan de gestion de la forêt communale pour l’année 2017, qui prévoit des investissements de l’ordre de 72.800,00 € et des recettes de 129.675 €, de sorte que l’année clôturera avec un boni prévisionnel de 56.875 €.

2. Titres de recettes.

Les conseillers communaux signent différents titres de recette, dont le subside de la part du Ministère de l’Education Nationale de l’ordre de 846.750,00 € pour la construction de la nouvelle maison relais, constitue la somme la plus importante.

3. Modifications budgétaires.

Deux modifications du budget en cours sont approuvées à l’unanimité :

Un crédit supplémentaire de 7.000 € est accordé pour le réaménagement du sentier touristique au lieu-dit Schankegriecht près de la conduite d’eau Sebes. Cette dépense est intégralement remboursée par le Ministère du Tourisme.

Actuellement des travaux d’infrastructures sont exécutés par l’entreprise des postes dans la rue de Reimberg, afin d’y installer le câblage en fibres optiques.

La commune participe à ces travaux afin d’élargir son propre réseau digital, et de réaménager les trottoirs à certains endroits. En plus on profite de l’occasion pour améliorer le croisement rue Stressel / rue de Reimberg.

Les coûts seront de +/- 35.000.- €

4. Fixation des taux de l’impôt foncier et de l’impôt commercial pour 2017.

Le conseil communal décide à l’unanimité de ne pas changer les taux de l’impôt foncier et de l’impôt commercial pour l’année 2017.

5. Approbation acte notarié.

Un acte notarié est signé, par lequel la commune Préizerdaul cède à la commune de Wahl une parcelle de 26 ca au lieu-dit « Buschroder Weg », au prix de 91,00 €, vu que cette parcelle fait partie du terrain sur lequel sera érigé la nouvelle station d’épurement pour les localités de Wahl et de Buschrodt.

Neiegkeeten aus dem Préizerdaul August 2016 – Oktober 2016

14

4. Festlegen der Hebesätze für die Gewerbe- und Grundsteuer 2017.

Einstimmig beschloss der Gemeinderat die Hebesätze der Grundsteuer und der Gewerbesteuer

für 2017 unverändert zu lassen.

5. Genehmigung eines notariellen Aktes.

Ferner unterzeichneten die Räte einen Verkaufsakt, mit welchem die Gemeinde Préizerdaul der Gemeinde Wahl eine Parzelle von 26 ca auf dem „Buschroder Weg“ zum Preis von 91,00 € verkauft, da besagte Parzelle Teil des Grundstückes ist, auf welchem die neue Kläranlage für die Ortschaften Wahl und Buschrodt errichtet werden soll.

6. Genehmigung von Vereins-Statuten.

Die Räte nahmen die Statuten von 2 neuen lokalen Vereinigungen ohne Gewinnzweck an:

Der Fanclub “BVB Amigos Lëtzebuerg“ und das Stock car Team „Racing Team Power Bulls“.

7. Vorschlag zur Klassifizierung eines Anwesens als nationales Denkmal.

Die Räte unterstützen die Eigentümer der Wassermühle von der Horas in ihrem Bestreben ihr Anwesen unter nationalen Denkmalschutz zu stellen.

8. Verkehrsreglement anlässlich des regionalen Cyclo-Cross.

Eine zeitlich befristete Abänderung des lokalen Verkehrsreglementes wurde angenommen für Sonntag, den 11. Dezember um einen geregelten Ablauf des regionalen Cyclo-Crosses im Préizerdaul zu ermöglichen.

9. Informationen des Schöffenrates.

Bürgermeister Fernand Heyart informierte die anwesenden Räte über die bereits stattgefundenen Unterredungen mit der Kirchenfabrik, was die Besitzverhältnisse der Pfarrkirche in Bettborn angeht.

Da kein eindeutiges Dokument gefunden werden konnte, was die genauen Besitzverhältnisse der Bettborner Kirche klären würde, war man sich prinzipiell einig, dass die Gemeinde die Pfarrkirche in ihren Besitz übernehmen soll.

Dies würde sicherstellen, dass die Kirche auch weiterhin für Gottesdienste oder andere kirchliche Zwecke benutzt werden könnte. Geschieht dies nicht, verfalle die Kirche automatisch in den neugeschaffenen Fonds des Bistums, wo ab Inkrafttreten des neuen Gesetzes sämtliche Besitztümer der Kirche verwaltet werden.

6. Approbation de statuts d’associations locales.

Les conseillers approuvent les statuts de deux nouvelles associations locales : le fanclub « BVB Amigos Lëtzebuerg » et le team stock car « Racing Team Power Bulls ».

7. Proposition de classement comme monument national d’une ferme.

Le conseil communal soutient le propos des propriétaires de l’ancien moulin à eau à Horace, afin de procéder au classement du site en tant que monument national.

8. Règlement de la circulation pour le cyclo-cross régional.

Un changement temporaire du règlement communal de la circulation est accordé pour le dimanche, 11 décembre, à l’occasion du cyclo-cross régional.

9. Infos collège échevinal.

Le bourgmestre Fernand Heyart informe les conseillers des pourparlers récents avec les responsables de la fabrique d’église de Bettborn, afin de déterminer le titre de propriété de l’église paroissiale de Bettborn. Vu qu’aucun document officiel ni acte notarié n’a pu être trouvé, l’on s’est mis d’accord de conférer la propriété de l’église de Bettborn à la commune, ce qui permettra d’y exercer le culte à l’avenir. En absence d’une telle démarche, l’église fera partie du fonds de l’archevêché qui se chargera dorénavant de toutes les propriétés de l’église catholique.

Neiegkeeten aus dem Préizerdaul August 2016 – Oktober 2016

15

Das Resultat dieser Unterredung muss noch in einer Konvention zwischen beiden Parteien festgehalten werden, sowie vom Gemeinderat und vom Bistum abgesegnet werden. Zum jetzigen Zeitpunkt aber wollte der Präsident der Kirchenfabrik dieselbe Konvention mit dem Schöffenrat noch nicht unterzeichnen, da er die weitere Entwicklung abwarten wolle. Bekanntlich hatte der Innenminister die Gemeinden gebeten ihm bis zum 1. Oktober eine detaillierte Auflistung aller kirchlichen Gebäude zu liefern, wobei die Besitzverhältnisse geklärt werden müssten.

Abbé Patrick Hubert ergänzt Pastoralteam im Pfarrverband Ospern

Im Rahmen eines feierlichen Gottesdienstes in der Dekanatskirche von Ospern wurde das neue Pastoralteam aus dem Pfarrverband Ospern offiziell vorgestellt. Gleich zu Beginn der Messfeier hieß Dechant Nico Jans, Abbé Patrick Hubert im neuen Pastoralteam herzlich willkommen. Patrick Hubert, Jahrgang 1973, stammt aus dem Dekanat Echternach, hat Kirchenrecht in Rom studiert und übte das Amt als Kaplan und Seelsorger in verschiedenen Pfarreien aus und war bis zuletzt während drei Jahren als Dechant in Vianden tätig.

So wie die Zeit es ihm erlaubt wird er im Dekanat Ospern an den Wochenenden Dechant Nico beim Zelebrieren der Messfeiern unterstützen. Dechant Nico Jans wünschte dem ganzen Pastoralteam mit seinem neuen Geistlichen Patrick Hubert für die Zukunft eine gute Zusammenarbeit. Patrick Hubert bedankte sich für den herzlichen Empfang und versprach sein Bestes zu geben und sich auf den Glaubensweg mit der christlichen Gemeinschaft zu begeben.

Das Pastoralteam im zukünftigen Pfarrverband Ospern-Grosbous-Beckerich-Useldingen, dem insgesamt 18 Pfarreien und 15 Filialen angegliedert sind, setzt sich wie folgt zusammen: Nico Jans, (Dechant), Mathieu Janssen, (Pfarrer), Patrick Hubert, (Subsidiar), Robert Diederich, (Pfarrassistent) sowie die beiden Pfarrsekretärinnen Michèle Asseray und Carole Cesar.

Le résultat de ces négociations devra encore être arrêté dans une convention à signer entre parties, laquelle sera soumise à l’approbation du conseil communal et de l’archevêché. A l’instant le président de la fabrique d’église ne voulait pas encore signer la convention dont question pour attendre l’évolution future. Or le ministre de l’Intérieur avait demandé aux communes de lui fournir pour le 1er octobre un relevé détaillé de tous les édifices religieux afin de déterminer le titre de propriété.

Neiegkeeten aus dem Préizerdaul August 2016 – Oktober 2016

16

TRAVAUX RECENTS

Peteschknäppchen Thillenstück

Stengsammlung um neie Parking zu Platen

Erneierung Feldweeër

Neiegkeeten aus dem Préizerdaul August 2016 – Oktober 2016

17

Chantier Maison Relais: Uschlëss vu Waasser, Elektresch, Heizung a Kanal

nei Maison Relais: Vue aus dem Schoulhaff neie Macadam an der Cité „Op der Rénk“

Neiegkeeten aus dem Préizerdaul August 2016 – Oktober 2016

18

Neies vum Terra Préizerdaul

Vill Uklang bei de Préizerdauler Leit hat d’Fest vum Léiffrawëschdag de 15. August op der Fabrik.

Uleeën vun engem Gemeinschaftsgaart zu Rëmmerig.

Leit, déi 2017 eng Parzell wëlle lounen, sollen sech bei der Presidentin Viviane van der Pal-Becker mellen.

Mëttlerweil huet de Veräin "Terra Préizerdaul", deen am Hierscht 2015 als Nofolger vun der bestoender CTF-Sektioun nei ugefaangen huet, 127 Memberen. Dat freet eis a weider Membere si wëllkomm. De Comité

Neiegkeeten aus dem Préizerdaul August 2016 – Oktober 2016

19

Heckeschnëtt

Hecken als Bestandteil des Naturhaushaltes Hecken stellen einen wichtigen Bestandteil des Naturhaushaltes und des Landschaftsbildes dar. Sie gliedern und prägen ganze Landschaften und gehören zum traditionellen Bild in Mitteleuropa. Daneben haben sie eine überaus große Bedeutung für viele Tierarten, denen die Gehölze Nahrung, Deckung und Brutmöglichkeiten bieten.

Eine Hecke besteht nicht selten aus 20 bis 25 Strauch- und Baumarten. Dazu kommen etwa 200 krautige Pflanzenarten, die am Rand unserer Hecken vorkommen. Die Tierwelt der Hecken besteht im Wesentlichen aus Waldrandarten, zeigt aber durchaus auch eigenständige Züge, d.h. es kommen auch Arten vor die man exklusiv in Hecken antrifft. Besonders auffällig sind Vögel z.B. Goldammer, Dorngrasmücke oder Neuntöter.

Hecken bedürfen einer regelmäßigen Pflege Hecken sind ein dynamisches Element und verändern sich im Lauf der Zeit. So ist eine junge Naturhecke meist relativ dicht und im Bodenbereich geschlossen. Im Lauf der Jahre fängt sie an, im unteren Teil lichter zu werden, die Krone wird immer breiter und sie wächst in die angrenzenden Parzellen hinein. Überlässt man solche Hecken sich selbst, so entwickeln sie sich im Lauf der Zeit zu einem kleinen Wald. Um die Hecke als solche zu erhalten und dabei einen ökologisch möglichst optimalen Zustand zu erzielen, ist es daher notwendig, sie zu pflegen. Ohne Heckenschnitt, würden die angrenzenden landwirtschaftlichen Flächen auch immer kleiner. Es ist daher notwendig einen Kompromiss zwischen Heckenschutz und Landwirtschaft zu finden.

Die technischen Voraussetzungen Das Naturschutzsyndikat SICONA verfügt neben einem eigenen Pflegetrupp über einen spezialisierten Fuhrpark, der es erlaubt die maschinelle Heckenpflege zu tragbaren Kosten durchzuführen. Es handelt sich hierbei um zwei Traktoren mit Ausleger zum Wegeschnitt, zwei Bagger mit hydraulischem Entnahmegreifer zum Verjüngen, sowie Kreissägen zum seitlichen Schnitt, einem Kompaktlader und einen Großholzhacker. Diese Maschinen werden je nach Situation und Bedarf eingesetzt, z.B. beim Zurückschneiden von Hecken oder bei der Verjüngung. Allerdings muss ein Teil der Arbeit weiterhin mit der Motorsäge manuell durchgeführt werden.

Ökologische Heckenpflege im Préizerdaul

Bei der ökologischen Heckenpflege in der Gemeinde Préizerdaul hat das Naturschutzsyndikat bisher die Heckenpflege in den Parzellen übernommen. Ab der Saison 2016/17 wird aber auch der seitliche Schnitt entlang der Feldwege, insgesamt über 10 Kilometer vom Naturschutzsyndikat übernommen. Dabei werden in allen Mitgliedsgemeinden des SICONA folgende Punkte berücksichtigt.

Schlegelmäher sind für die Heckenpflege ungeeignet und daher tabu.

Ein jährlicher Rückschnitt mit der hydraulischen Heckenschere mit Ausleger wird dort durchgeführt, wo die Hecke nicht zu sehr in die Breite wachsen darf, etwa an Wegen oder Einfahrten.

An allen anderen Stellen wird nur alle fünf bis sieben Jahre geschnitten, da die meisten Heckenarten an zweijährigem Holz blühen und fruchten und daher bei allzu häufigem Rückschnitt die wichtigste Nahrungsquelle verloren geht.

Zeigt die Hecke Anzeichen von Überalterung, muss sie auf den Stock gesetzt werden. Um die Lebensgemeinschaft jedoch nicht zu stark zu stören, darf nur abschnittsweise verjüngt werden. zusätzlich bleiben auf dem geschnittenen Abschnitt einzelne größere Bäume oder Sträucher erhalten, ebenso wie seltene oder schlecht regenerationsfähige Straucharten. Diese Arbeit hat durch den Einsatz einer neuen hydraulischen Heckenschere mit Entnahmegreifer eine wesentliche Arbeitserleichterung erfahren.

Neiegkeeten aus dem Préizerdaul August 2016 – Oktober 2016

20

D’Amicale vum 3. Alter kacht Quetschekraut

Neiegkeeten aus dem Préizerdaul August 2016 – Oktober 2016

21

Och dëst Joer huet d’ Amicale vum 3.Alter erëm Mëtt September

Quetschekraut gekacht.

Dëst ass schon zu enger laanger Traditioun ginn an weit iwwert d’Grenze vun der Gemeng am Kanton raus bekannt.

Eis Männer hunn scho fréi mussen lassleeën, heescht et dach schon um 10 Auer d’Feier am Kessel unzefänken, fir dat d’Quetschkraut spéitstens Mëttes géint 4 Auer fäerdig ass. Schliesslich heescht Quetschkraut kachen, gutt Zäit hunn.

Wann d’Quetschen dann mol no enger décker Stonn bis ufänke mat kachen, seet d’Fauschtreegel dass fréistens no 2 Stonnen den Zocker derbäi geschott gëtt, an dann daat Gaunzt nach eng Kéier muss wéinstens 1 Stonn weider kachen. Fir eis Spezialisten ass dat de Moment wou, sou soen si, et „flappt“.

Géint hallwer 2 ass et dann den Tour vun de Fraen. Equipéiert mat Eemer an Knäip huelen si Platz fir d’Quetsche fir deen nächsten Dag lass ze maan, all Dag eng 300-350 Kilo. Dat do bei gudder Ambiance nit nemmen iwer Quetschen an Quetschekraut rieds geet versteet sech vum selwen, an wann d’Quetschekraut nach nit soult prett sinn, bleiwt souguer nach Zäit fir eng Partie Kaart.

Daat huet dann awer séier een Enn wann et heescht „et ass fäerdig“. Dann muss et séier gouen an jiddereen hëlt seng Platz an. D’Männer schleefen daat gliddigt Quetschekraut mat Dëppen erbäi an d’Fraën hunn hier léif Méi fir et mat Zäite verschafft ze kréien.

A renger Handaarbicht gëtt agefëllt, afgebotzt, Deckelen drop gedréint an Etiquettë gepecht, fir dat a kierzester Zäit 500-600 Glieser Quetschkraut fäerdig sinn.

Si der elo op de Goût vum gudden Dauler Quetschkraut koum, da kann der es nach ëmmer kréien andeems der Iech beim Théa Peschon um Tel. 23621518 oder dem Marichen Martiny um Tel. 23621806 mellt.

Wann der elo Appetit kritt hutt fir an enger geselliger an flotter Ambiance puer gemittlich Stonnen ze verbrengen, dann si Dir bei eis genau richtig. Niewt dem Quetschkraut kachen an dem Quetschfest, maache mir iwert d’gaunzt Joer verdeelt vill flott Aktivitéiten an Ausflich. Mir treffen eis reegelméissig all 2. Mëttwoch op der Fabrik. Dir sidd häerzlich wëllkomm.

Gilles Martiny

Neiegkeeten aus dem Préizerdaul August 2016 – Oktober 2016

22

Unsere neue Fahrrad-Beschilderung ist da! Der Kanton Redingen arbeitet bekanntlich an einem Mobilitätskonzept, indem der Fahrradverkehr ein wichtiger Bestandteil ist. Unser Ziel ist es alle Ortschaften mit sicheren und attraktiven Wegen miteinander zu verbinden. Kürzlich wurden zwei touristische Radtouren ausgeschildert. Beide Touren verlaufen durch unsere Gemeinde. Diese sind durch kleine Einschubschilder vermerkt:

Dällchen West Tour: Länge: 38 km Schwierigkeit: mittelschwer Sehenswertes in der Nähe: Freilicht-Eisenbahnmuseum in Niederpallen, Schiefergrubenmuseum in Haut-Martelange, Mühle in Beckerich, Kirche und Museum Thillenvogtei in Rindschleiden

Wisen West Tour: Länge: 25 km Schwierigkeit: mittel Sehenswertes in der Nähe: Michel Lucius Museum in Reimberg, Burg von Useldange, römisches Mosaik vor dem Rathaus in Vichten

Neiegkeeten aus dem Préizerdaul August 2016 – Oktober 2016

23

Aktioun „Kannerwonschbam“

An Zesummenarbicht mam „Club Soroptimist Mosaïk“ an dem „Office Social OSCARE“ vum Réidener Kanton, erlabe mir eis iech de soziale Projet „Kannerwonschbam“ virzestellen.

Sënn an Zweck vun dësem Projet ass et fir dass all Kand vun 0-12 Joer aus sozial schwaache Familljen aus dem Kanton Réiden e Kaddo fir Chrëschtdag soll kréien. Kriterie gi vum Office social OSCARE festgeluecht.

Déi betraffe Familljen kënnen sech e Stär fir hir Kanner tëscht 0-12 Joer an den Office Social sichen goen. D‘Kanner ginn hire Stär af am OSCARE mat hirem Wonsch drop geschriwwen oder gepäscht.

Et sollen nëtzlech Kaddoe sinn déi maximal 50€ kaschten (Spillsaachen, Gesellschaftsspiller, Bicher, keng elektronesch Krichs/Gewaltspiller).

Enn November ginn d‘Stären op e Krëschtbeemchen an deene verschiddene Gemengen verdeelt, wou d’Awunner aus der Gemeng dann e Stär kënnen eraf huelen. Bis de 15. Dezember ginn d’Leit hieren Kado an der Gemeng af, déi da viru Chrëschtdag un d’Kanner verdeelt ginn.

E Flyer mat allen Detailer kéint no. Elo schonns villmools Merci fir är Ënnerstëtzung!

Impressionnante Concert

an der Préizerdauler

Kierch

den 11. September vum

Sträichquintett vun de

Berliner Philharmoniker

Philharmonique de Berlin

Neiegkeeten aus dem Préizerdaul August 2016 – Oktober 2016

24

SPORTLER-ÉIERUNG - SPORTIFS MERITANTS

D’Veräiner an d’Individual-Sportler si gebieden hiir Demand fir d’Sportler-Éierung vun der Saison 2015/16, déi de Konditiounen an de Reegelen vum annexéierten Reglement entspriechen virum 1. Dezember 2016 un de Schäfferot eran ze ginn. Eng kleng Beschreiwung vum sportlechen Exploit as erwënscht. Uganks 2017 ginn di concernéiert Sportler bei enger klenger Feier vun de Gemengeverantwortlichen geéiert.

L’administration communale Préizerdaul invite tous les « sportifs méritants » ou « associations sportives méritantes » à remettre leur demande avec les pièces attestant leur mérite pendant la saison 2015/16 au collège échevinal avant le 1er décembre 2016. Il y lieu d’ajouter une brève description ainsi qu’une preuve quelconque du résultat à honorer.

Règlement concernant les sportifs méritants à honorer par la commune Préizerdaul

Pour qu’un sportif (m/f) qui a son domicile dans la commune Préizerdaul ou qui est membre d’un club sportif ayant déposé ses statuts à la commune Préizerdaul et ayant adhéré à une fédération-membre du COSL, puisse être honoré par l’Administration communale Préizerdaul, il doit remplir au moins l’une des conditions suivantes :

A) pour les sports individuels :

avoir obtenu des résultats significatifs càd. s’être au moins classé dans les trois premiers d’une

compétition nationale. Est considéré comme compétition nationale toute épreuve organisée par

une fédération-membre du COSL reconnue comme telle par celui-ci figurant sur le plan des

compétitions de la fédération ;

avoir obtenu un titre de champion luxembourgeois ;

être sélectionné dans une sélection nationale ou olympique ;

avoir réalisé lors d’une compétition nationale ou internationale une meilleure performance nationale

de l’année ou avoir réalisé un record national ;

B) pour les sports collectifs :

avoir réussi la montée dans une division supérieure avec une de ses équipes à la fin de la saison

écoulée dont question ou être au moins demi-finaliste d’une coupe fédérale.

La montée doit être la conséquence de résultats sportifs et non la suite d’une décision fédérale comme par exemple la création de nouvelles divisions.

avoir obtenu un titre de champion luxembourgeois.

C) pour les sports LASEP

avoir obtenu des résultats significatifs lors d’une compétition LASEP, aussi bien individuels que par

équipes ;

D) pour un mérite exceptionnel :

Tout club sportif peut proposer des membres licenciés, sortis de ses rangs, qui se sont fait

remarquer par un engagement ou par un geste exemplaire de fair-play qui sert l’idée sportive.

Neiegkeeten aus dem Préizerdaul August 2016 – Oktober 2016

25

De Container fir d’Schrottsammlung steet elo am Brakegaertchen beim Gemengen-Dépot zu Proz (rue de Folschette a Richtung Horas) an ass zu jidder Zäit zougänglech. Hei kënnt Dir och Äeren Elektroschrott an enger separater Këscht niewen drun ofstellen.

All aner Offäll hu natierlech näischt op dëser Platz verluer !

Le conteneur pour ferrailles est désormais aménagé près du hall communal au lieu-dit « Brakegaertchen » à Pratz (rue de Folschette, en direction de Horace) et est accessible à tout moment. Vous pouvez déposer vos déchets électriques dans un conteneur à part.

Veuillez noter que le conteneur est exclusivement réservé pour le dépôt de ferrailles !

Den „Dauler Fiederball asbl“ sicht nach nei Memberen, déi sech sportlech

wëllen abréngen, an eppes fir d’Gesondheet an d’Fitness wëlle maachen.

Den Training ass zu Platen an der Sportshal, Al Strooss:

Méindes vun 19:30-21:30 fir déi Erwuessen

Donneschdes vun 20:00-21:00 fir d’Jugendspiller (ab 12 Joer)

Donneschdes vun 21:00-22:00 fir déi Erwuessen.

All 2. Woch ass een Trainer präsent, speziell fir eis jonk Spiller.

Kommt einfach mol lanscht fir e puer Schnupper-Sessiounen !

Material ass op der Plaz. Dir braucht just propper Halen-Turnschlappen.

Fir weider Informatiounen kënnt dir um 621 137 393 uruffen.

Theo Ney, President

Neiegkeeten aus dem Préizerdaul August 2016 – Oktober 2016

26

Philharmonie Préizerdaul

D’Préizerdauler Musek ass 1848 gegrënnt ginn; mat mol méi oder manner Musikanten ass si bei all Duerffest an all de Feierlechkeete vertrueden.

Ma net nëmmen am Duerf ass si aktiv, mä si representéiert de Préizerdaul och oft bei anere Gemengen am Land. Säit Joren zielt d’Préizerdauler Musek ongeféier 45 aktiv Musikanten

déi zesummen vill Freed hunn a mat vill Engagement op de Concerte present sinn. De Fernand Müller huet elo 25 Joer laang d’Musek mat vill Motivatioun an Enthusiasmus als

Dirigent geleet; vun dësem Joer un steet elo den Dominique Fonck mam selwechten Äifer um Dirigentepult.

Fir datt mir weiderhin esou gutt kënne fonctionnéieren a sou flott Musek kenne maache, brauche mir selbstverständlech ëmmer erëm nei Memberen déi Loscht an Zäit hunn d’Musek

mat engem Instrument ze ënnerstëtzen. Och fréier Musikanten, déi emol bei eis waren an duerch verschidden Ëmstänn net méi an d’Prouwe konnten kommen, sinn häerzlech wëllkomm fir erëm mat eis ze musizéieren.

Jiddwereen deen sech elo ugeschwat fillt kann entweder Freides Owes um 20:00 op der

Fabrik einfach an eng Prouf luussen kommen oder sech per Telefon oder Email mellen: President – Marc Groben : [email protected] oder 691807387 Sekretärin – Laura Weis : [email protected] oder 621796399

Neiegkeeten aus dem Préizerdaul August 2016 – Oktober 2016

27

„Komm Hëllef Mat Préizerdaul“asbl lädt ein zu einem Konzert am 22.12.2016 der besonderen Art.

Die beiden weit in der Welt herumgereisten Seelen Bhakti und Guido Goh haben nach einer langen Reise in ihrem Leben letztes Jahr November 2015 nun zueinander gefunden. Ihre Leidenschaft zur Musik verbindet sie zudem so tief und innig, dass aus vielen nächtlichen Musiksessions in dem Haus am Meer hoch im Norden Deutschlands, in dem beide seit diesem Jahr leben ein erstes und kleines Konzertprogramm entstanden ist. Ein für Oktober 2016 geplantes Wohnzimmerkonzert für Nachbarn stößt bereits im Vorfeld auf soviel Freude und Zuspruch, dass bereits jetzt schon mit weiteren Konzerten in der Zukunft zu rechnen ist.

Die Musik der Beiden ist eine Symbiose aus den Mantra Gesängen, die Bhakti lange Zeit im Leben begleitet haben, und den Liedern des Profi Singer Songwriters Guido Goh, dessen Gesang und melancholische intensive Musik die Seele ganz weit und hell macht. Bhakti mit einer engelsgleichen Stimme, an der Gitarre und dem indischen Tischharmonium paart sich mit Guido an der indischen Sarod, der Sisa (einem auf der Welt einzig artigen Saiteninstrument), dem Klavier und seinem schier unter die Haut gehendem Gesang.

Das Konzert am 22.12. ab 19.30 Uhr im Kulturzentrum „Op der Fabrik“ in Platen findet auf Spendenbasis statt: Alle Erlöse gehen an die gemeinnützige Organisation der ONG. CD’S kann man zum kleinen Preis direkt bei den Künstlern erwerben. Das ist das erste gemeinsame Konzert in der ehemaligen Heimat von Bhakti: Luxemburg.

Im Vorprogramm dieses Konzertes, führt Willka Shakti (Soundhealing) uns mit seinen schamanischen Instrumenten und der Kraft der indischen Mantren in die inneren Sphären unserer Seele.

Neiegkeeten aus dem Préizerdaul August 2016 – Oktober 2016

28

MANIFESTATIONS A VENIR

23.10.2016 Lëtzebuerger Mëttig Fabrik Pompjëeen Préizerdaul

30.10.2016 Thé Dansant Fabrik LCGB Sektioun

04.11.2016 Chill Out am Bistro Syndicat d‘Initiative

05.11.2016 Hirkenowend Fabrik Fescherkollegen

13.11.2016 Träipemëttig Fabrik Dëschtennis Préizerdaul

04.12.2016 Marche populaire IVV Syndicat d’Initiative

09.12.2016 After Klos Party Fabrik FC Préizerdaul-Réiden

11.12.2016 Cyclo-Cross VV Tooltime

16 - 18.12.2016 Theater am Festsaul Dauler Schimmelkëscht

ETAT CIVIL Naissances

Matilde Alves Manaia 14.07.2016 Mathis Yann Loes Weis 26.07.2016 Julie Evelyne Maeva Broers 29.07.2016 Emely Lamborelle 10.08.2016 Katie Dunkel 30.08.2016

Décès Maria Welter 18.07.2016 Madeleine Wilmes 18.07.2016 Romain Offermann 31.08.2016 Mariana Rosa Pereira Maia 14.09.2016 Wallace Lepièce 23.09.2016 Sanny Hiltgen 29.09.2016

Mariages

Cédric Bradara – Jessica Poull Patrick Nommesch – Monique Sauerwein 15.07.2016 10.09.2016