View
279
Download
8
Embed Size (px)
DESCRIPTION
Magazine du Musée national d’histoire naturelle du Luxembourg pour jeunes âgés entre 11 et 18 ans intitulé « Science News »
Citation preview
SCIENCE-CLUB.LUNews
fir Jonker vun 11 bis 18 Joer5-20
12
• Wéi entsteet e Gletscher? Säit 6-7• Researchers days Säit 8-9• Science Quiz Säit 10• Opléisung vum leschte Quiz Säit 11• Aktivitéiten Säit 14-33• Umellungsziedel Säit 35
Info:Fotoen:
Säit 1, 12: Pixelio, Andreas Dengs
2
3
vv
Wann s du un
Aktivitéite wëlls deelhuelen,
da mell dech beim
„Science Club“ per Post
(mam Umellungsziedel op
der leschter Säit), per E-mail
([email protected]) oder per Internet
(www.science-club.lu)un. Mee denk drun, d‘Zuel
vun deenen, déi kënne
mat maachen ass limitéi ert.
Duerfir, wann s du wierklech
un enger Aktivitéit intresséiert
bass, da mell dech esou fréi
wéi méig lech un.
Wa jo, da kuck der
den neie Programm vum
„Science Club“ genee un.
De „Science Club“ bitt dir
nämlech vill flott Akti vi-
téi ten, wéi zum Beispill
verschidden technesch a
wëssen schaftlech Work-
shopen an Experimenter,
intressant wëssenschaftlech
Ausstellungen am In- an
Ausland,
„Science
Camp“, ….
. .
-
Hues du iwwer 11 Joer?
Bass du u
Wëssen schaft
an Technik
intresseiert?
Wëlls du nei Leit kenne léie-ren, déi déi
selwecht Intressen hu wéis du?
Science live iwwert d'ganzt Joer!
4
vv
www.science-club.lu
Science-Club
25, rue Münster
L-2160 Lëtzebuerg
Tel.: 462233-450
Rép. - Fax: -451
www.mnhn.lu
De „Science Club“ ass eng Initiativ vum „natur musée“
mam "Projet Interactifs Scientifiques"
www.pinscience.lu
Mir soen dem „Fonds Na-tional de la Recherche“ merci fir seng finanziell Ënner stëtzung.
Science live iwwert d'ganzt Joer!
5
an Zesummenaarbecht mat der
www.uni.lu
D‘Gleschterbeweegung
Bei normale Bedingunge
schmëlzt d’Äis bei 0°C. Bei
groussem Drock schmëlzt
d‘Äis awer schonns bei méi
déiwen Temperaturen. Duerch
d’Eegegewiicht vum Äis gëtt
um Grond vum Gletscher
eng kleng Äisschicht
geschmolz. Esou ensteet
eng kleng Waasserschicht
tëschend dem Gletscher an
de Fielsen a setzt esou de
Reiwungswiderstand erof.
Dës kleng Waasserschicht
zesumme mat der
Schwéierkraaft sinn
d’Haaptgrënn firwat dës
Äismasse fléissen.
De Gletscher fléisst net
iwwerall mat der gläicher
3200 Meter Héischt. Wéi
ensteet dann aus dem Schnéi
Gletscheräis? Wa genuch
Schnéi fällt, da gëtt de Schnéi
duerch d’Eegegewiicht
zesummegedréckt a sou
entsteet lues a lues Äis.
D’Gletscheräis liicht blo,
well duerch déi grouss
Kompressioun vum Äis
bal keng Loft méi am Äis
ageschloss ass, an esou
gëtt just Blo reflektéiert an
all déi aner Faarwen ginn
absorbéiert. Mee fir dass
ee vu Gletscher schwätze
kann, muss d’Äis och
fléissen.6
Gletscher ginn et op ville
Plazen op der Welt. Op e
puer Plaze kann ee souguer
drop Schi fueren. Mee wéi
entsteet esou e Gletscher?
Wéi e Gletscher entsteet
Gletscher si lues fléissend
Äismassen, déi vun de
Bierger erof an den
Dall rutschen. Eng
Konditioun, fir dass sech
e Gletscher bilde kann,
ass, dass am Wanter
méi Schnéi fällt wéi am
Summer ewegschmëlzt.
Dës Grenz befënnt
sech an den Alpen
tëschend 2600 an
De Gleschter an eist Klima
Gletscher bedecke just
e klengen Deel vun eiser
Äerduewerfläch, mee si
hunn awer e groussen Afloss
op d’Klima. Dobäi sinn 2
physikalesch Eegeschaften
vu Bedeitung:
1. D‘Sonneliicht gëtt zu
+/- 90 % reflektéiert
wann et op e Gleschter
fällt, a ka soumat eis
Biosphär nëmme ganz
geréng erhëtzen.
E Gletscher, dee sech schonns
ausgedeent huet, huet dofir
Tendenz nach méi ofzekillen a
sech weider auszebreeden.
2. Gletscher si
Waasserspäicher. D’Waasser
gëtt als Äis an de Gletschter
gespäichert an esou fir
eng bestëmmten Zäit
dem Waasserkreeslaf
entzunn. Wann
d’Gletscheren elo duerch
eng Klimaerwiermung
schmëlzen, géif de
Mierespigel eropgoen.
Vitess. Op der
Uewerfläch an der Mëtt ass
d’Geschwëndegkeet am
gréissten, no de Saïten hin
an no Ënnen hëlt se of. Hei
gëtt d’Beweegung vum
Gletscher duerch Gestengs
a Fielsen gebremst.
D’Gletscheren an den Alpen
sinn teschend 20 an 200 m
pro Joer ënnerwee, op
Platze wou et ganz géi erof
geet, kann et och schonns
méi séier sinn.
Sources: ❄ www.schweizwochen.de/infos/gletscher.htm
❄www.wdr.de/tv/quarks/sendungsbeitraege/2006/0103/003_eis.jsp
❄www.sf.tv/sfwissen/dossier.php?docid=10400&navpath=umw
Wéi entsteet e Gletscher ?
7
Loscht fir selwer z’experimentéieren ?Da komm op d’Researchers’ Days de 3. a 4. November 2012 am Carré Rotondes !
De Samschdeg 3. November vu 14 bis 22 Auer a Sonndeg 4. November vu 10 bis 18 Auer kënne Kleng a Grouss d’Welt vun de Fuerscher kenne léieren a selwer Experimenter maachen oder och un de Science Cafés deelhuelen.
Fir méi Infoen, Rendez-vous op www.researchersdays.lu
Programm :• WëssenschaftlechWorkshops• ScienceCafés• Concert• IessenaGedrénks
Save the date : 3. & 4. Nov. 2012
www.researchersdays.luResearchers’ Night 20118
Loscht fir selwer z’experimentéieren ?Da komm op d’Researchers’ Days de 3. a 4. November 2012 am Carré Rotondes !
De Samschdeg 3. November vu 14 bis 22 Auer a Sonndeg 4. November vu 10 bis 18 Auer kënne Kleng a Grouss d’Welt vun de Fuerscher kenne léieren a selwer Experimenter maachen oder och un de Science Cafés deelhuelen.
Fir méi Infoen, Rendez-vous op www.researchersdays.lu
Programm :• WëssenschaftlechWorkshops• ScienceCafés• Concert• IessenaGedrénks
Save the date : 3. & 4. Nov. 2012
www.researchersdays.luResearchers’ Night 2011
Photo: Pixelio, Uschi Dreiucker
Wat fir en Evènement, dat s du net verpassen därfs, ass den 3. a 4. November 2012 an der Stad?Science QUIZ
A) „Science Festival“ am Gronn.B) „Researchers Days“ am Carré RotondesC) „Astrodays“ zu Esch-Sauer
Schreif deng Äntwert op d’Umellung, oder
schéck eis seper Post oder per E-mail.
D'Gewënner gi gezunn a kréien e schéine
Präis
10
Photo: Pixelio, Uschi Dreiucker
Opléisung vum leschteScience QUIZ Science QUIZAn eisem leschte Science News hate mir gefrot wéi laang de Fuedem ass, aus deem de Kokon vun de Seideraupen
besteet.
88 % wossten, dass de Fuedem vum Kokon vun der Seideraup 1000 bis 2000 Meter laang ka sinn..8 % waren der Meenung, dass de Fuedem teschend 100 an 200 Meter laang ass. Dat ass net richteg.4 % waren der Meenung, dass de Fuedem teschend 1 an 2 Meter laang ass, dat ass och net richteg.
•
•
•
•
Aus ären Äntwerten hu mir de Gewënner
gezunn:
• Julie Kohn (14 Joer)
Philippe Weides (12 Joer)
Pol Thill (12 Joer)••
12
Aktivitéiten:
tëschent 11 an 13 Joer
Säit 14-20
tëschent 13 an 15 Joer
Säit 21-30
tëschent 15 an 18 Joer
Säit 31-33 13
www.naturmusee.lu
D'Natur als Inspiratiounsquell fir de Mënsch:
Fortbeweegungsroboter nom Virbild vum Mënsch (op 2 Been), vum Hond (op 4 Been) oder vun den Insekten (op 6 Been).
www.naturmusee.lu
Rendez-vous: um 15:00
Auer (zréck 17:00 Auer) am
'natur musée' am Gronn
Robot Duck
Donneschdes, de 27. September 2012
6 Euro
14 Responsabel: Patrick DELHALT Biolog
vun
11 - 13
Joer
vun
11 - 13
Joer
An dësem Atelier maache mir
Experimenter ronderëm d'Thema Fléien. Mir bauen och verschidde Flugapparater, déi s du kanns mat heem huelen.
www.naturmusee.lu
Rendez-vous: um 15:00 Auer
(zréck 17:00 Auer)
am 'natur musée' am Gronn
Vu Villercher a Fligeren
Dënschdes, de 16. Oktober 2012
0 Euro
15
4 Euro
vun
11 - 13
Joer
Responsabel: Patrick DELHALT Biolog
www.pinscience.lu
Automatesch Sträichroboter,
Fusspflegebad a Mëllechtaxi - hei erliefs de e Mëllechkoubetrieb mat vill moderner Technik. Och heemelen, fidderen a schmaachen ass erlaabt; an da gi mer nach bis an d'Gromperen.
A Steffen's
Rendez-vous: um 13:00
Auer (zréck 17:45 Auer) An
der Mëtt vum Hall vun der
Gare Lëtzebuerg
E modernen Mëllechkou-Bauerenhaff
Samschdes, de 24. November 2012
4 Euro
16 Responsabel: Alice STEFFEN Bauer
vun
11 - 13
Joer
vun
11 - 13
Joer
Passend fir d'Chrëschtdeeg
léiden a bastele mir e 3D-Chrëschtbeemche mat ville klenge Luten, déi blénken. Hei léiers du awer och verschidden elektronesch Baudeeler kennen.
www.pinscience.lu
Rendez-vous: um 15:00
Auer (zréck 17:30
Auer) am 'natur
musée' am Gronn
Mad Lab: 3D-Chrëschtbeemchen
Dënschdes, de 27. November 2012
0 Euro
17
10 Euro
vun
11 - 13
Joer
Responsabel: João MARTINS Chemiker
De Chrëscht-
beemche kanns
du natierlech
mat heem huelen!
www.pinscience.lu
Komm mat an de Science Center "Odysseum" op
Köln (Däitschland) fir selwer z'experimentéieren an esou mat vill Spaass verschidde wëssenschaftlech Theme méi no kennen ze léieren.
www.odysseum.de
Rendez-vous: um 08:30
Auer (zréck 18:30 Auer)
um P&R Howald (mir fuere mam Bus)
Science Center - Odysseum - Köln
Samschdes, den 1. Dezember 2012
25 Euro
18 Responsabel: Patrick DELHALT Biolog
vun
11 - 13
Joer
vun
11 - 13
Joer
Vakanz
An dësem Atelier entdecke mir all
d'Geheimnisser vun der Chimie, déi hannert de Wonnerkäerzen an dem Freedefeier stiechen. Mir wäerten eis eege Wonnerkäerz an ee klenge Feierwierkskierper maachen. Esou kanns du Chrëschtdag a Silvester esou richteg feieren!
www.pinscience.lu
Rendez-vous: um 15:00
Auer (zréck 17:00
Auer) am 'natur
musée' am Gronn
Freedefeier Chimie
Samschdes, den 8. Dezember 2012 oder Samschdes, de 15. Dezember 2012
0 Euro
19
4 Euro
vun
11 - 13
Joer
Responsabel: João MARTINS Chemiker
Vakanz
Enner dem Mikroskop gesäis du: deng eegen Zellen,
Champignonen, Waasserfléi an aner Mikro-Béischten
www.naturmusee.lu
Rendez-vous: um 14:30
Auer (zréck 17:00 Auer) am
'natur musée' am Gronn
MikroskopieFreides, den 28. Dezember 2012
4 Euro
20 Responsabel: Claude HEIDT Biolog
vun
11 - 13
Joer
Responsabel: André MOUSSET Physiker
vun
13 - 15
Joer
0 Euro
21
0 Euro
Hei kriss du eng ganz Rei vu flotten,
awer och praktesche Kniet gewisen, a kanns se da selwer ausprobéieren.
www.mnhn.lu
Rendez-vous: um 10:00 Auer
(zréck 12:00 Auer)
am 'natur musée' am Gronn
D'Wëssenschaft vun de Kniet
Samschdes, de 6. Oktober 2012
21Responsabel: André MOUSSET Physiker
4 Euro
vun
13 - 15
Joer
0 Euro
22
Wéi wäit sinn d’Stären an d'Planéiten vun eis
ewech? Wéi kann een dat moossen? Wat ass iwerhaapt e Liichtjoer ? Bei eis kriss du gewisen an erkläert, wéi d’Astronomen d'Distanzen zu de Stären an zu aneren Himmelskierper kënnen erausfannen.
www.mnhn.lu
Rendez-vous: um 15:00
Auer (zréck 17:00 Auer) am
'natur musée' am Gronn
Liichtjoer wäit ewech?
Donneschdes, den 11. Oktober 2012
22 Responsabel: Eric BUTTINI Physiker
vun
13 - 15
Joer
4 Euro
vun
13 - 15
Joer
0 Euro
23
Experimenter mat Héichspannung :
Blëtzer kommen aus denge Fangeren, a villes méi ...
www.gastonklares.lu
Rendez-vous: um 14:00 Auer
(zréck 16:00 Auer)
am 'natur musée' am Gronn
Héichspannungsexperimenter
Samschdes, den 13. Oktober 2012
23Responsabel: Gaston KLARES Elektriker
4 Euro
vun
13 - 15
Joer
0 Euro
24
Als éischt modelléiere mir aus Leem (mat Hëllef vun
engem Modell) e Schiedel a setzen dann "Haut an Hoer" vun eisem Neandertaler drop.
www.naturmusee.lu
Rendez-vous:
um 15:00 Auer (zréck
17:30 Auer) am 'natur
musée' am Gronn.
Wéi gesäit en Neandertaler aus?
Dënschdes, den 23. Oktober 2012
24 Responsabel: Michelle GROSBUSCH Guide vum "natur musée"
vun
13 - 15
Joer
vun
13 - 15
Joer
4 Euro
0 Euro
25
0 Euro
Hei gesäiss du, wéi héi zu Lëtzebuerg Faarwen
industriell gemaach ginn, aus wat fir verschiddene Bestanddeeler Faarwen zesummegesat sinn a wat hir Funktioune sinn.
www.robin.lu
Rdv: um 14.00 op der
Gare Lëtz. oder um
14.30 bei Robin zu
Useldeng (1 Stonn)
Wéi gi Faarwe bei Robin gemaach?
Mëttwochs, den 31. Oktober 2012
25Responsabel: Sabrina BECK Peintures ROBIN S.A.
0 Euro
vun
13 - 15
Joer
Vakanz
0 Euro
26
Mir bestécken a léide selwer eng Platine,
mat elektronesche Baudeeler (Widderstänn, LED'en – d.h. Liichtdioden, Kondensatoren, Dioden, Festspannungsregler etc.) déi eist Lëtzebuerger Land mat senge Kantonen a Flëss am Europaformat (160x100mm) duerstellen.
www.ltam.lu
Rendez-vous: um 15:00
Auer (zréck 18:00 Auer) am L.T.A.M.
Lux-LandDënschdes, de 6. November 2012
26 Responsabel: Paul KREINS a Georges LAUTHElektrotechniker
vun
13 - 15
Joer
6 Euro
vun
13 - 15
Joer
0 Euro
27
0 Euro
Hei gëss du alles iwwer d'Feier an
d'Feierbekämpfung gewuer. Du gesäiss a kriss dat technescht Material vun de Stater Pompjeeën erkläert : Pompjeesauto, Ambulanz, riseg Schéieren fir d'Leit aus accidentéierten Autoen erauszeschneiden, a villes méi.
www.vdl.lu
Rdv: um 10:00 Auer (zréck
12:00 Auer) bei de
Pomjeeën an der
Stad (route d'Arlon)
Visite vun de Pompjeeën aus der S
tadSamschdes, den 10. November 2012
27Responsabel: Laurent RISCHARD Service incendie
0 Euro
vun
13 - 15
Joer
0 Euro
28
An dësem Atelier léide mir eng Spaceflag
zesummen. Wann s du d’Spaceflag virun dengen Ae beweegs, da gesäis de, wéi vun Zauberhand, e Message. Du kanns mat Hëllef vun 2 Knäppercher e Message vu maximal 24 Buschtawe programméieren.
www.naturmusee.lu
Rendez-vous:
um 14:00 Auer (zréck
16:00 Auer) am 'natur
musée' am Gronn
Mad Lab: Spaceflag
Samschdes, de 17. November 2012
28 Responsabel: João MARTINS Chemiker
vun
13 - 15
Joer
vun
13 - 15
Joer
10 Euro
De Spaceflag
kanns du
natierlech mat
heem huelen!
0 Euro
29
0 Euro
vun
13 - 15
Joer
Automatesch Sträichroboter,
Fusspflegebad a Mëllechtaxi - hei erliefs de e Mëllechkoubetrieb mat vill moderner Technik. Och heemelen, fidderen a schmaachen ass erlaabt; an da gi mer nach bis an d'Gromperen.
A Steffen's
Rdv: um 13:00 Auer (zréck
17:45 Auer) An der
Mëtt vum Hall vun
der Gare Lëtzebuerg.
E moderne Mëllechkou-Bauerenhaff
Samschdes, de 24. November 2012
29Responsabel: Alice STEFFEN Bauer
4 Euro
www.tudor.lu
0 Euro
30
An dësem Atelier entdecke mir all d'Geheimnisser
vun der Chimie, déi hannert de Wonnerkäerzen an dem Freedefeier stiechen. Mir wäerten eis eege Wonnerkäerz an ee klenge Feierwierkskierper maachen. Esou kanns du Chrëschtdag a Silvester esou richteg feieren!
www.pinscience.lu
Rendez-vous:
um 15:00 Auer (zréck
17:00 Auer) am 'natur
musée' am Gronn
Freedefeier Chimie
Samschdes, den 22. Dezember 2012
30 Responsabel: João MARTINS Chemiker
vun
13 - 15
Joer
vun
13 - 15
Joer
0 EuroVakanz
Entdeck, wéi hei zu Lëtzebuerg, mat Hëllef
vun den neisten Technologien no neie Materialie gefuerscht gëtt. Bis zu 8 Kreatiounsprozesser kriss du hei erkläert a gewisen: vun der molekularer Modelisatioun bis zur Färdegstellung vun de Strukturen.
www.tudor.lu
0 EuroRdv: um 13.15 op der Gare Lëtz.
oder um 14.00 bei
CRP Tudor zu Haut-
charage (2 Stonnen)
Wéi ginn nei Materialien hiergestal
lt?Méindes, den 29. Oktober 2012
31
0 Euro
31
0 Euro
vun
13 - 15
Joer
Responsabel: Alejandro DELGADO CRP TUDOR
Hei gesäiss du, wéi héi zu Lëtzebuerg Faarwen
industriell gemaach ginn, aus wat fir verschiddene Bestanddeeler Faarwen zesummegesat sinn a wat hir Funktioune sinn.
www.robin.lu
Rendez-vous: um 14.00
op der Gare Lëtz. oder um
14.30 bei Robin zu Usel-
deng (Dauer 1 Stonn)
Wéi gi Faarwe bei Robin gemaach?
Mëttwochs, den 31. Oktober 2012
3232 Responsabel: Sabrina BECK Peintures ROBIN S.A.
vun
15 - 18
Joer
vun
15 - 18
Joer
0 Euro
Hei gëss du alles iwwer d'Feier an
d'Feierbekämpfung gewuer. Du gesäiss a kriss dat technescht Material vun de Stater Pompjeeën erkläert : Pompjeesauto, Ambulanz, riseg Schéieren fir d'Leit aus accidentéierten Autoen erauszeschneiden, a villes méi.
www.vdl.lu
0 EuroRdv: um 10:00 Auer (zréck
12:00 Auer) bei de
Pomjeeën an der
Stad (route d'Arlon)
Visite vun de Pompjeeën aus der S
tadSamschdes, den 10. November 2012
33
0 Euro
33
0 Euro
vun
15 - 18
Joer
Responsabel: Laurent RISCHARD Service incendie
An dësem Fuerschungszentrum
vun der Uni schaffe Biologen, Medeziner, Informatiker, Physiker a Mathematiker zesummen fir d'biologesch Mechanisme vun neuro-degenerativ Krankheeten, ewei Parkinson's disease an Alzheimer, besser ze verstoen.
www.uni.lu/lcsb
Rdv: um 09:00 Auer (zréck
15:00 Auer) Uni Lëtzebuerg -
Campus Belval
Jonker @ LCSB*
*Luxembourg Center for Systems Biomedecin
Donneschdes, den 20. Dezember 2012
3434 Responsabel: Dr. Philippe LAMESCH Elisabeth John
vun
16 - 18
Joer
0 Euro
Doktorantin a Molekularbiologie
Science Communication
Huel
un 3 Workshoppen deel:
Molekularbiologie,
Mikroskopie a
Bioinformatik.
Patrick DelhaltTel: 46 22 33-429E-mail: [email protected]
Part
ner:
Hei kriss du Informatiounen iwwer d’Aktivitéiten:
Num
m:..
......
......
......
......
......
......
......
......
......
......
......
......
......
......
.
Virn
umm
:.....
......
......
......
......
......
......
......
......
......
......
......
......
......
..
Ad
ress
:.....
......
......
......
......
......
......
......
......
......
......
......
......
......
....
L-...
......
......
......
......
......
......
......
......
......
......
......
......
......
......
..
Tel.:
......
......
......
......
......
......
......
...G
eb
uerts
da
tum
:.....
./....
../...
....
EMa
il:...
......
......
......
......
......
......
......
......
......
......
......
......
......
......
..
Umellungsziedel
Wann dësen Ziedel ausgefëllt ass, schéck, fax oder mail e w.e.g. un de: Science-Club - 25, rue Münster - L-2160 Lëtzebuerg Tel.: 462233 450 - Fax: 462233 451 - Mail: [email protected]
................................................................
..........
................................................................
...........
..........................................................................
..............
..........................................................................
...............
..........................................................................
................
..........................................................................
..............
..........................................................................
..............
OpléisungScienceQuiz
Umellung och per Internet: www.science-club.luUMELLUNGSZIEDEL
Responsabel: Dr. Philippe LAMESCH Elisabeth John
Matschwaarzem Bic ausfëllen
w.e.g.
t
www.gastonklares.luA Steffen's
Fonds National de la Recherche 6, rue Antoine de Saint-ExupéryL-1017 Lëtzebuerg
SEKRETARIAT
COORDINATEUR AN
USPRIECHPARTNER
www.science-club.lu
Dësen News gouf realiséiert an Zesummenaarbecht mat:
Mat der finanzieller Ënnerstëtzung:
Hei kriss du
Informatiounen
iwwer d'Aktivitéiten:
Science Club
25, rue Münster
L-2160 Lëtzebuerg
Tel: 46 22 33 450
Rép./Fax: 46 22 33 451
E-mail: [email protected]
Musée National
d'Histoire Naturelle
Patrick Delhalt;
Tel: 46 22 33-429
E-mail: