7
Nationalkongress ADR 22/03/2015 Punkt 15: Ried Sylvie MISCHEL ADR Reflexiounsgrupp Mëttelstand a Fräiberuffler

ADR Reflexiounsgrupp Mëttelstand a Fräiberuffleradr.lu/wp-content/uploads/2015/05/MaF_05052015_a2-Ried-National… · ADR Mëttelstand a Fräiberuffler Ried Sylvie MISCHEL; 22.03.2015

  • Upload
    others

  • View
    1

  • Download
    0

Embed Size (px)

Citation preview

Page 1: ADR Reflexiounsgrupp Mëttelstand a Fräiberuffleradr.lu/wp-content/uploads/2015/05/MaF_05052015_a2-Ried-National… · ADR Mëttelstand a Fräiberuffler Ried Sylvie MISCHEL; 22.03.2015

Nationalkongress ADR 22/03/2015 Punkt 15: Ried Sylvie MISCHEL “ADR Reflexiounsgrupp Mëttelstand a Fräiberuffler”

Page 2: ADR Reflexiounsgrupp Mëttelstand a Fräiberuffleradr.lu/wp-content/uploads/2015/05/MaF_05052015_a2-Ried-National… · ADR Mëttelstand a Fräiberuffler Ried Sylvie MISCHEL; 22.03.2015

ADR Mëttelstand a Fräiberuffler

Ried Sylvie MISCHEL; 22.03.2015

2

Gudde Moien, Ech si frou hei virun Iech ze stoen. Fir déi, déi mech nach net kennen, mäin Numm ass Sylvie Mischel, ech se gebierteg vu Consdorf (dat leit am Oste vum Land bei Iechternach) an ech wunnen och do. Vu Formatioun hier sinn ech Elektronik Ingenieur an ech hunn zousätzlech nieft der Aarbecht nach 2 weider Universitéits Diplome gemaach: een an der Informatik an een an de Finanzen. Meng Elteren se Mëttelständler a mäi Brudder huet de Betrib iwwerholl. Vun dohier kennt och meng Passioun fir de Mëttelstand. De Mëttelstand ass dat stabilst Réckgrad wat eng Economie kann hunn. Mëttelstänneg Betriber se mam Land verwuess a sen dem Land trei. Am ADR Wahlprogramm hu mer dësem Mëttelstand e ganz Kapitel gewidmet. Sou wei d’Gambia mam Mëttelstand a mat de Fräiberuffler Schlitt fiert, gëtt et lo héich Zäit, hinnen en zousätzlecht Sproochrouer ze offréieren. D’DP, déi ëmmer fir de Mëttelstand stoung, huet hier betriebsfrëndlech Politik um Altoer vun der Koalitioun geopfert a bei deene wichtege Mettelstands-Projeten, déi di viregt Regierung ugefang huet, ass nach näischt weider ënnerholl ginn.

Page 3: ADR Reflexiounsgrupp Mëttelstand a Fräiberuffleradr.lu/wp-content/uploads/2015/05/MaF_05052015_a2-Ried-National… · ADR Mëttelstand a Fräiberuffler Ried Sylvie MISCHEL; 22.03.2015

ADR Mëttelstand a Fräiberuffler

Ried Sylvie MISCHEL; 22.03.2015

3

Sou ass z.Bsp bei der administrativer Vereinfachung nach ëmmer Näischt geschitt. D’Unzuel vun Demarchen, déi e Betrib schonn eleng muss maachen fir sech ze etabléieren ass horrend. Déi nämlecht Informatioune mussen zeg Mol op verschiddensten Administratiounen eragereecht ginn. Am Platz datt de Staat op eng zentral Datebank zréckgräife kann, muss de Patron vun engem zum aneren trëppelen an déi zertifiéiere Kopie ofginn. Guer net ze schwätze vun de Waardezäite bis déi Betriber hire Kommodo-Inkommodo an aner Autorisatioune kréien, wann iwwerhaapt.

Mä net nëmmen huet d’Gambia Näischt gemaach fir eise Mëttelstand, nee, se attackéieren en och nach aktiv. Huele mer mol nëmmen den Horesca Secteur: nom Fëmmverbuet an de Restauranten an an de Caféë weist de Bilan kloer datt verschidde Betriber ferm an d’Laberente komm sinn. Lo hunn sie dann d’TVA um Alkohol vun 3% op 17(!)% gehéicht, en Plus vu méi ewéi 560%! An dat am Kontext vun ëmmer neien Oploe vu Bréissel, wei déi neisten Erfindung an dësem Secteur: en detailléiert Ausweise vun Allergéenen an den Zutaten vum Iesse wat verkaf gëtt. Dat maach eng interessant a ganz nëtzlech Informatioun fir de Client sinn, awer et ass alt rëm en zousätzlechen administrativen

Eise Reflexiounsgrupp wärt eng Oplëschtung vun dëse Kujenadë maachen an den zoustännege Minister bieden an der Chamber Stellung ze huelen.

Page 4: ADR Reflexiounsgrupp Mëttelstand a Fräiberuffleradr.lu/wp-content/uploads/2015/05/MaF_05052015_a2-Ried-National… · ADR Mëttelstand a Fräiberuffler Ried Sylvie MISCHEL; 22.03.2015

ADR Mëttelstand a Fräiberuffler

Ried Sylvie MISCHEL; 22.03.2015

4

Aarbechtsopwand deen sech bei all neiem Plat um Menu widderhëlt an dee guer net sou einfach auszeféieren ass.

An dann, Dir hutt et schonn all héieren: d’Formatioun am Handwierk ass e FIASKO. D’Betriber fanne net genuch gutt ausgebilten Aarbechter zu Lëtzebuerg, well d’Schüler, op d’Initiativ vun der fréierer LSAP Educatiounsministerin, trotz Noexamen einfach an dat nächst Joer weider gelooss ginn an all déi sou cumuléiert Noexamen op Nimmerleinsdag sollen nohuelen. Mam Resultat, datt d’Kanner an d’Proffen net méi eenz ginn, weder mat der Organisatioun nach mam Erléiere vun de Matièrë wat jo à la carte ass, op jidderengem seng ugesammelt Noexamen ofgestëmmt souzesoen. Dat doraus resultéierend schlecht ausgebilte Personal awer ass e Standuert Nodeel vu Lëtzebuerg am Verglach zu eisen direkten Noperen an dat obwuel mer sou vill Suen an d’Ausbildung stiechen. Nëmme gutt, datt mer sou vill gutt ausgebilte Frontalieren hunn, déi bereet si bei äis schaffen ze kommen. Well ouni déi, géing äis Economie net fonctionnéieren.

Eise Reflexiounsgrupp "ADR Mëttelstand a Fräiberuffler" wärt mat enger Rei Betraffenen an hire Vereenegunge Kontakt ophuelen an den zousätzlechen administrativen Opwand oplëschte fir dann ze kucken, wéi de Staat kinnt eng zentral Hëllef ubidden.

D’ADR gëtt net midd op des Mëssstänn opmierksam ze maachen an eise Reflexiounsgrupp wärt dësen Dossier ebenfalls an Ugrëff huelen.

Page 5: ADR Reflexiounsgrupp Mëttelstand a Fräiberuffleradr.lu/wp-content/uploads/2015/05/MaF_05052015_a2-Ried-National… · ADR Mëttelstand a Fräiberuffler Ried Sylvie MISCHEL; 22.03.2015

ADR Mëttelstand a Fräiberuffler

Ried Sylvie MISCHEL; 22.03.2015

5

Dir hutt vun der Gambia Landungsplanungs Katastroph

héieren a gelies. Se hunn zwar bis Enn dëst Joer mol alles rëm an den Tirang geluecht a versprach sech ze besseren, mä déi grouss Linne si vun där Verbesserung guer net viséiert: Sou soll z.Bsp. d’Eisléck ausgeblutt ginn! Jo! Am Platz d’Aarbecht bei de Leit ze loossen, gëtt d’Aarbecht, d’Administratiounen, d’Kliniken, alles eben, zentraliséiert am Zentrum an am Süden. D’Schoule bleiwen zwar theoretesch am Eisléck, mä de facto gi spezialiséiert Klasse mat manner wei 12 Schüler gestrach an déi 11 Jongen a Meedercher mussen ALL Dag STONNELAANG hin an hier fueren fir an d’Staat an d’Schoul ze goen, hunn also vill méi schlecht Leierkonditioune wei déi Stater Kanner. Ëmgedréint gëtt awer an der Staat eng spezialiséiert Klass fir 3 Schüler anstandslos organiséiert.

De Reflexiounsgrupp Mëttelstand a Fräiberuffler wärt sech och dësen Themen net verschléissen an Ongerechtegkeete kloer op d’Tapéit bréngen.

Page 6: ADR Reflexiounsgrupp Mëttelstand a Fräiberuffleradr.lu/wp-content/uploads/2015/05/MaF_05052015_a2-Ried-National… · ADR Mëttelstand a Fräiberuffler Ried Sylvie MISCHEL; 22.03.2015

ADR Mëttelstand a Fräiberuffler

Ried Sylvie MISCHEL; 22.03.2015

6

D’Steierreform steet virun der Dier an d’ADR wärt sech dofir

asetzen datt de Mëttelstand (genau wei och déi aner schaffend Leit) net musse bludde fir der Gambia hier Milliardeschwéier IDEOLOGESCH Projeten ze finanzéieren, nämlech

- De Milliarde schwéieren an onnëtzen Tram, deen de Wee bis an d’Staat net méi schnell mécht.

- An dann déi onbezuelbar sëlleche gratis Crèchen déi kee gefrot huet.

Zanter ech am Februar dëst Joer d’Iddie virbruecht hunn, e Reflexiounsgrupp "ADR Mëttelstand a Fräiberuffler" op d’Been ze stellen, sinn ech frou, datt des Propose déi spontan Ënnerstëtzung vun der ganzer Parteispëtzt krut. An dëser onkomplizéierter Partei, an eiser ADR, ass et eng FREED Politik ze mäen, well een op eng DYNAMESCH Equipe kann zréckgräifen déi Neel mat Käpp mécht. Et hunn sech scho spontan Mëttelstänneger aus de verschiddene Gremien bereet erklärt mat Rot an Dot zur Verfügung ze stoen.

Och wann d’Gambia do wei och soss net ëmkuckt an hier Ideologie mat der Majoritéit duerchboxen, wäerte MIR net midd ginn all des Ongerechtegkeeten an d’Ëffentlechkeet ze bréngen a déi betreffend Ministeren an der Chamber ze interpelléieren, datt se d’Zuele MUSSEN op den Dësch leeën an datt se Näischt kenne verstoppen. �

Page 7: ADR Reflexiounsgrupp Mëttelstand a Fräiberuffleradr.lu/wp-content/uploads/2015/05/MaF_05052015_a2-Ried-National… · ADR Mëttelstand a Fräiberuffler Ried Sylvie MISCHEL; 22.03.2015

ADR Mëttelstand a Fräiberuffler

Ried Sylvie MISCHEL; 22.03.2015

7

Wéi gi mer lo vir am Reflexiounsgrupp? Op äiser ADR Internet Säit kennt der vun der nächster Woch un en direkt verfollegen, wéi eng Sujeten mer behandelen, wéi eng Mëssstänn mer opgedeckt hunn, wei eng ‘Questions Parlementaires’, ‘Propositions de Loi’ an ‘Pressecommunikéen’ mer produzéieren a wei d’Regierung drop reagéiert. All Är Maile ginn vertraulech behandelt a mir halen Iech um Lafenden wei mer Är Informatiounen abruecht hunn. Eisen Reflexiounsgrupp ass eng OPPE Plattform. Mir sinn oppen fir JIDDEREEN: vir all ADR Member, selbstverständlech, mä och fir Net Memberen, Sympathisanten vun der ADR, Mettelständler an Mettelstandsinteresseierter souwéi Fräiberuffler. Mir sinn oppe fir jiddereen, dee wei mir fënnt datt dëst Land muss vill méi maachen fir déi mëttelstännech Betriber, fir d’Réckgrad vun eisem Land. Ech soen iech Merci fir d’Nolauschteren.

Eis Email Adressen [email protected] resp. [email protected] erlaaben all Interessenten eng zentral Ulaafplatz ze hunn.

Ech profitéieren vun dëser Geleeënheet Iech ALL ze invitéieren är Uleies zum Mëttelstand an de Fräiberuffler iwwert dësen Email Kanal eranzeschécken, är Proposen, är Froen, är Problemer, wat och ëmmer.