17
Abrëll 2011 fnel scouts & uides o No 534 / 91. Joergang

deSCOUT 04/2011

Embed Size (px)

DESCRIPTION

Periodique officiel de la FNEL (Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg)

Citation preview

Page 1: deSCOUT 04/2011

Abrëll 2011

fnel scouts & uideso No 534 / 91. Joergang

Page 2: deSCOUT 04/2011

Editorial 03

Méi Scouten a méi Diversitéit - Firwat net?Camp,Versammlung virbereeden. D’Plakater vir den Theater ophänken. Sinn d’Badger bestallt? Hu mer déi Zelter schon flécke gelooss ? De Bréif muss nach eraus vir d’Montée, mee ass de Chalet lo fräi oder net? An et feelen dann och zwee Cheffen, well déi Premières-Examen hunn. Wéi soll dat da goen? Vir de Summercamp muss nach de Bus bestallt ginn...

Esou ass dat, bei de Scouten. Vill organiséieren, virbereeden a sech ëmmer nees u lauter Saachen erënneren. Firwat dat alles?Jiddereen huet do eng aner Explicatioun. Eppes kënnt awer erëm: Mir hänken un der Aventure a si gären an der Natur. D’Frëndschaft an de Scouten ass eis wichteg a mer hunn d’Gefill, dass mer eppes veränneren, mat all deenen Aktivitéiten.

Voilà, a well dat esou ass, sollen esou vill, wéi méiglech Jonker dovunner kënne profitéieren an och déi génial Experienzen maachen, déi eis un de Scoutssem bannen, wéi d’Harespel un d’Gebeess. An enger multikultureller Gesellschaft, wéi mer se hei am Land hunn, kann dat nëmmen bedeiten, dass méi „Net-Lëtzebuerger“e Foulard sollen kréien. Dat ass de Plang fir déi nächst dräi Joër. FNEL - eng faarweg Welt. Maacht mat – och am Joër vum Benevolat. E klengen Iwwerbléck an dësem Scout a méi op www.colouryourlife.lu.Ganz schwéier gëtt d’Integratioun a ganz kriddelech ass de Sujet, wann et em Refugiéë geet. Mir waren op Visite an den Foyer Don Bosco. DeScout war dëss Kéier awer och ganz wäit gefuer, fir iech eppes iwwert de Scoutissem ze erzielen: Jugendforum a Weltkonferenz an Brasilien!

Anere Sujet an dëser Editioun ass e wichtege Sujet an der FNEL: D’Charte an d’ Statuten gi genee ënnert d’Lupp geholl – a vläicht geschwënn eng Kéier e bëssen changéiert. Soss fannt der natierlech en Interview an dësem Scout, nees mat enger wichteger Persoun aus der Kulturscène. Mir kréien e läschten Update vun eiser ONG présentéiert an et sinn, ewéi ëmmer nach e bëssen Geschichten aus a ronderëm d’Leit op de läschten Säiten – och nach bekannt als “Besch...”

Wann der do ukomm sidd, liest der och e klenge Bäitrag, deen éischtens eng Excuse an zweetens eng Explicatioun ass vir déi sëllechen Tipfeeler am läschten Scout. A net nëmmen Tipfeeler. (De Serge Tonnar ass natierlech net Direkter vun HELP, dat ass ëmmer nach de Mich Simonis. De Serge ass awer och iergendwéi Direkter, Präsident, Chef a Klassenklon, mee éischter a Saachen Musek an Theater.)

Copy-Paste,

Paul KonsbruckChargé de la Communication [email protected]

DESCOUT

Périodique officiel de la FNEL

Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg

No 534 / 91. année - Paraît 4 fois par an

Rédaction & mise en page Paul Konsbruck , Claudine Scheeck

Impression Imprimerie Watgen

Adresse postale deSCOUT (FNEL) BP 2676 L-1026 Luxembourg

Tél +352 26 480 450 Fax +352 26 480 430 email [email protected]

Internet www.fnel.lu Cover-Photo: Guy Bichel

Annonce Watgen

Page 3: deSCOUT 04/2011

Sommaire 05

Editorial 03 Méi Scouten a méi Diversitéit -Firwat net?

bei der Formatioun 06 Mérite Jeunesse - A wat ass dat?

ënnert de Leit 09 Relais pour la vie 2011

geet eraus 10 En Ausfluch an eng aner Welt (-um Lampertsbierg)

am Grupp vun de Panthères noires 12 E Grupp stellt sech vir

stellt vir 14 d’Frënn vun der FNEL

mecht FNEL update 16 En Aktiounsplang fir déi nächst 3 Joer

an déi faarweg Welt vum Benevolat 19 Déi nächst 3 Joer gëtt et faarweg an der FNEL

am Grupp vun de Castoren an de Wullmais 20 e Krëschtcamp zu zwee

International 22 D’Weltkonferenz a Brasilien

bei der ONGD-FNEL 26 Projet 047 - Appui aux enfants de parents en prison

Interview mam Steph Meyers 28 Eemol Scout - Ëmmer Scout!

spëtzt d’Oueren ... 30 ... a gëtt gewuer wat et Neits gëtt

Pour plus d’informations sur nos services financiers, n’hésitez pas à nous appelerau (+352) 42 42-2000 ou à consulter notre site www.bgl.lu.

BGL BNP ParibasVotre partenaire financier

Annonce bgl neutre A5 nb.indd 1 22/12/09 11:32:27

Page 4: deSCOUT 04/2011

00geet op d’ Formatioun vum Mérite Jeunesse

La formation des responsables bénévoles qui mettent en œuvre le programme des jeunes est une priorité de notre fédération.

Mérite Jeunesse

« Le Mérite Jeunesse veut encourager les jeunes de 14 à 25 ans à s’investir dans un programme d’activités diverses leur permettant de développer leurs capacités personnelles et de confirmer leur rôle au sein de la société. »

Wei ech dës kuerz Beschreiwung iwwert de «Mérite Jeunesse» gelies hunn, hunn ech geduecht: „ Wéi dat do maachen ech dach schon an de Scouten?“

An, jo richteg, déi international Associatioun vum “Duke of Edinburgh’s Award”, gëtt Jonken d’Méiglechkeet aktiv un der Gesellschaft deel ze huelen an sech ze engagéieren. Mir als Scouten sinn dobäi ganz kloer am Virdeel, well den Mérite verschidde Kritäre setzt, déi eis am Allgemenge net schwéier falen. Zum Beispill: « Service », wou een sech fir eng bestëmmten Zäit un engem Projet/Veräin fräiwëlleg engagéiert. Oder « Expeditioun », deen, wei de Numm et scho seet, en Hike (ze Fouss , mam Vëlo oder mam Kajak…) iwwer eng gewëssen Somme Kilometeren erfuerdert.

07

Et ginn awer dräi verschidde Schwiereg-keetsgraden; Bronze, Sëlwer a Gold, wou u sech gréisstendeels just d’Dauer oder d’Längt vum Hike méi grouss an esou méi „schwéier“ gëtt. « Normal » Leit déi de Mérite maachen a näischt mat Scouten um Hutt hunn, fänken esou mam Bronze un a steigere sech iwwert e puer Joer bis se de Gold Award kritt hunn.

Ech selwer hu mech direkt fir de Gold décidéiert, well ee fir dës lescht Etapp vum Mérite ee « Residential Project », e Projet /Seminär / Erfahrung am Ausland muss hunn, an ech dat direkt mam Engagement bei der Weltscoutskonferenz erfëllt krut. Fir den Hike, hunn ech mer en Trajet vu Brugge op de Panne

eraus gesicht, wou ech mat enger Frëndin am November 80 km laanscht d’Küst getrëppelt sinn. D’Scouten hu mer erméiglecht meng Wëllefchersformatioun unzemellen an och als Chef hunn ech esou mäin « Service » erfëllt.

Ech géing jidderengem recommandéieren beim Merite Jeunesse mat ze maachen, well et eng gutt Geleeënheet ass fir sech selwer a fir seng Kompetenzen kennen ze leieren !

Text: Djuna Bernard (Mamer Wiselen)Fotoen: Djuna Bernard a Mérite Jeunesse

Contact/informations: Service formation FNEL 26480442, [email protected]

deScout gratuléiert de Laureaten vum International Award for Young People 2010Djuna Bernard - GoldPatrick Azevedo - GoldCathy Meyer - Sëlwer

de Patrick Azevedo kritt säi Brevet

Djuna ënnerwée op de Panne

Page 5: deSCOUT 04/2011

ënnert de Leit 09

Relais pour la vie 2011

De Week-End vum 12. an 13. Mäerz hunn Djuna Bernard, Jil Bouché, Serge Lauer, Max Fischbach, Bob Bichel, Fränky Kayser, Bettie a Luss Reger, Guy Bichel, Jill Kohl, Dani Weber, Pascal Streitz, Martine an Dave Kohl, Patrick Jénin, Dany Staudt, Max Bega, Sandy Spielmann, Christophe Gomes, Christoph Bock, Jackie Laux, Claire Merenz an Nathalie de la Fontaine d’Faarwe vun der FNEL um Relais pour la Vie an der Coque representéiert.

24 Stonne laang hu mir eis Ronnen fir e gudden Zweck gedréint. Et wor fir d’éischt dat eng Staffel vun der FNEL un dësem Megaevent deel geholl huet an et wäert eis alleguer an enger flotter Erënnerung bleiwen. Eent ass gewëss, de Datum vum Relais pour la vie 2012 ass schonns an eisem Kalenner deck ugestrach.E grousse MERCI un eise Sponsor, dem Peters-Sports vum Houwald fir déi flott T-Shirt’en.Text: Guy Bichel Foto: Patrick Jénin

24 Stonne laang hu mir eis Ronnen fir e gudden Zweck gedréint.

Jill Bouché, Djuna Bernard, Claudine Scheeck, Guy Bichel, Marie-Paule Prost-Heinisch, Nathalie de la Fontaine, Serge Lauer

Page 6: deSCOUT 04/2011

Aber wer kommt eigentlich nach Luxemburg? Wer verlässt seine Heimat? Diskutiert wird zur Zeit viel über Tausende Flüchtlinge aus der Krisenregion Nordafrika. Menschen aus Tunesien, Ägypten, Libyen, aber auch Algerien und Marokko drängen nach Europa. In Luxemburg ist diese Flüchtlingswelle (noch) nicht angekommen. Im Don Bosco begegnet man Menschen aus Afghanistan, Irak, aber vor allem Flüchtlinge aus den Balkakanländern. Serbische Staatsbürger benötigen seit letztem Jahr kein Visum mehr, um in EU-Länder einreisen zu dürfen. Das hatte einen Effekt auf die Zahl der Flüchtline aus diesem Land. Es fällt dann auch auf, dass die meisten von ihnen der Ethnie der Sinti und Roma angehören. Kein „fahrendes Volk“ sondern Roma, die in Serbien geboren und aufgewachsen sind, jedoch offener Diskrimination augesetzt sind, wie sie erzählen.

Im Don Bosco haben wir ein Ehepaar getroffen. Beide wollten ihren Namen nicht verraten, waren aber gerne bereit, ihre Geschichte zu erzählen. Es ist die Geschichte von zwei Menschen, aber auch die Geschichte eines Volkes.

Der Mann beschreibt, warum er seine Heimat verlassen hat: „Als Roma, bekommt man in Serbien gar keine Arbeit oder nur eine sehr schlecht bezahlte. In den Zeitungen, auf der Straße, im Café überall sind wir offener Diskrimation ausgesetzt. Es kommt nicht selten zu Übergriffen gegen Roma, aber die Polizei nimmt dies nicht ernst. Roma gelten in Serbien als Menschen “zweiter Klasse“.

Warum sind die beiden gerade nach Luxemburg gekommen? „Wir haben im Internet geschaut. Nirgends war etwas zu lesen von Diskrimination in diesem Land. Wir haben über eine multikulturelle Gesellschaft gelesen. Und Luxemburg hat einen König oder so. Das hat und gefallen,“ erzählt die Frau in fast perfektem Deutsch.

Die beiden Mittvierziger haben alles aufgegeben, was Sie in Serbien besessen haben. Ihr Haus, ihre Familie, ihre Wurzeln. Politisches Asyl wollen sie in Luxemburg. Es ist unwahrscheinlich, dass dies genehmigt wird. Roma aus Serbien gelten nicht als politische Flüchtlinge. Serbien ist ein EU-Beitrittskandidat und Diskrimation gegen eine bestimmte ethnische Gruppe ist dort eigentlich verboten.

Im Monat Januar haben sich 124 Flüchtlinge bei den Luxemburger Behörden gemeldet. Nun sind es bis zu 40 pro Woche - die meisten von Ihnen sind Sinti und Roma aus Serbien oder Mazedeonien.

Text und Fotos: Paul Konsbruck

11geet eraus... an den Don Bosco

De Scout war bis an e Foyer.

Limpertsberg ist eine feine Wohngegend, die Immobilienpreise hoch, die Häuser rausgeputzt und die Vorgärten gepflegt. Es gibt eine frisch renovierte Szenekneipe, ein nagelneues Kulturzentrum, natürlich einen „Cactus“, Restaurants, Schulen und die Universität. Dort, vor dem Gebäude der luxemburgischen Wissenselite sind ein paar Parkplätze, wo sich die teuren schwarzen Wagen aneinander reihen. Ein paar Meter weiter, durch den Garten, eine kleine Pforte und man steht vor dem Don Bosco – einer völlig anderen Welt.

Das frühere Internat ist meist die erste Unterkunft für Flüchtlinge, die sich aus allen möglichen Ländern nach Luxemburg durchschlagen, ein vorübergehendes Zuhause für all Jene, die in der vermeintlich „heilen Welt“ angekommen sind und bleiben möchten. In der Regel verlassen diese Menschen ihre Heimat und nutzen alle Verkehrsmittel und –wege, um sich dann schließlich irgendwo in Luxemburg bei der Polizei zu melden und um Asyl zu fragen. Dann werden sie fürs erste im Don Bosco untergebracht und binnen ein, bis zwei Wochen haben sie einen Termin im Ministerium für Immigration. Damit hat die „Asylprozedur“ begonnen.

Iwwer Refugiéën gëtt den Ament nees ganz vill geschwat. Mee wësse mir iwwerhapt vu wat mer schwätzen?

Page 7: deSCOUT 04/2011

00Rubrique 13am Grupp vun de Panthères noires

Wéi koumen d’Scouten an d’Duerf?1957, hunn e puer jonk Leit aus der Gemeng, hir éischt Scoutserfahrungen bei der HOGA gemaach. Si hunn hiren éischte Pow-Wow erlieft an haten och d’Chance mat op den Jamboree an England ze goen. Ugestach vun deem berüchtegte Scouts-Virus hu si du mat e puer aneren am Joer 1958 décidéiert dat esou e klengt Duerf wéi Luerenzwëller och eng FNEL’s Trupp brauch. Deemools hu si sech “Jeunesse de Lorentzweiler” genannt. Leider war awer 1960 scho Schluss mat den Aktivitéiten .1965, hunn e puer Anciens Combattants zesumme mat enger ganzer Equipe méi Jonken de Grupp nees nei opliewe gelooss, ënnert dem Numm “Panthères noires”.1966, huet dee jonke Grupp sech getraut de Pow-Wow zu Luerenzwëller ze organiséieren.

Nos frères et soeurs des “Panthères noires” se portent bien et toute la famille FNEL s’en réjouit. Ce groupe relativement jeune fête le 30 mai son 10e anniversaire. Ceci est d’autant plus remarquable que, lors de sa création on pouvait craindre que cet élan enthousiaste ne ferait long feu, puisque l’expérience nous a prouvé que le milieu rural n’est pas particulièrement propice à l’expansion du scoutisme. En effet, pour les jeunes des villages qui vivent en pleine nature le scoutisme ne répond pas au besoin de retour à la nature qu’éprouve la jeunesse des villes et des régions industrielles. Ces craintes ont été démenties par les “Panthères noires” et nous nous en félicitons. Extrait vum Message deen den. Albert Raus, President vun der FNEL, 1976 fir 10 Joer Panthères noires geschriwwen hat.

d’Panthères noires si no 46 Joer nach ëmmer “bereet” an dat mat ganz vill Elan - wéi e Panther eben.

Eise Grupp haut

Haut, 46 Joer duerno si mir nach ëmmer “Bereet”. Eise Grupp besteet aus 70 aktive Memberen a proposéiert vun de Beaver bis bei d’Rover de ganze Programm.De Gruppechef, Jill Kohl an eng Maîtrise vun 15 Cheffen si verantwortlech fir dat de Programm rullt, esou wéi de President Guy Bichel mat senger Equipe vu 6 Comités Memberen hiert Bescht maache, fir dat och genuch Suen an der Kees sinn fir all déi sëllechen Aktivitéiten ze bezuelen

Text: Toucan étourdiFotoen: Panthères noires

Page 8: deSCOUT 04/2011

00stellt vir 15

E grousse MERCI un Iech alleguer. Mat äerem Don oder Ordre permanent ënnertstëtzt Dir d’Aktivitéiten an d’Formatiounen vun der FNEL.

D’Frënn vun der FNEL

AACH Nathalie, ACKERMANN Charles Louis, AGOSTINI-PLAZZOTTA Gilbert, ALS Claudine, AMORIN Nathalie, ANDRICH-DUVAL Sylvie, ANEN Edmée, ANGEL Tom, ANTONY Jean, AREND Georges, ARENDT Jacques, ARENDT Georges, AUDRY Jean, BAUM Jeanny, BECKER Emile, BEREND Tom, BERG Charles, BERGER Klaudia, BERGER Eugène, BERNARDY René, BILLON Andrée, BINGEN Lucien, BLOCK Manon, BLUM Henri, BOCK Manfred, BOURSIER Madeleine, BRAHMS Pierre, BRAQUET Michel, BRASSEUR Anne, BRAUN Mariette, BRAUSCH Freddy, BREEDIJK Frans, CARREIRA CARDOSO José, CERF Francis, COCARD Francine, COLOMBO-BRENNER Josiane, COMMUNE de SANDWEILER, CONKLIN Larry, COSTA-ESTEVES Fernandes, COVELIERS Peter, DAX Diane, DE MUYSER Jacques, DENNENWALD Francis, DEVILLERS David, DEWAR Max, DIEDERICH Fernand, DIESCHBOURG Raymond, DIESCHBOURG & FILS sàrl, DISIVISCOUR Léon, DOLIZY Pit, DONATELLO-MARINELLI Pasquale, DONVEN Michel, DREISBACH-FUSELIER Dirk, DUPONT Marc, DUPONT Philippe, ELVINGER Martine, ELVINGER Dedée, ENTRINGER Xavier, EVERARD Jean, EYSCHEN Francis, FABER André, FABER Carlo, FABER Malou, FABER-CAROSATI Josée, FABER-SCHMIT Martine, FAHRTMANN Thomas, FAYOT-VAN DEN BULCKE Kina, FEIDER Marc, FELLER Jacques, FELTEN Benoît, FERRES Olivier, FIXMER Alexandra, FLESCH Colette, FOEHR Colette, FOLLMANN Denise, FOURNIER-ZINS Marie-Claire, FOURNIER Bertrand,GALOWICH Marc, GEDITZ Paul, GEHLEN-DIEDERICH Simone †, GEORGES Alain, GERVASONI Stéphane, GIERENZ André, GILLEN Françoise, GILLES Guy, GINSBACH Claude, GOEBBELS Raymond, GONDOIN Liz, GOTTLIEB Roby, GRETHEN Henri, GROFF Jean-Camille, GUT Roland, HAAS Christiane, HALILOVIC Munib, HALLE-SCHMIT Yvonne, HALSDORF Charles, HAMILIUS Jean, HAMMES Philippe, HANSEN Romain, HARTMANN André, HASTERT Guy, HATZ Aender, HECK-RITTER Patrick, HEISBOURG Annick, HELDENSTEIN Jean, HELMINGER Paul, HELMINGER-SCHINTGEN Karin, HENRIQUEZ-KRIES Hernan, HIERZIG Sus, HOFFMANN-MINET Guillaume, HOLLENFELTZ-BOUSSER Laurence, HOSS-FUNK Jean, HOSS-REICHERZER Judith & Philippe, JAANS Jean, JACOBS Marie-Josée, JACQUEMART Alexandre †, KAYSER-KRIEPS Marie-Louise, KAYSER-REINERT Monique, KETTER Norbert, KIEFFER Jean-Claude, KIEFFER Elisabeth, KIESCH-BERG Famille, KILL Mariette, KNEIP-SCHMITZ Nadine, KNEIP Robert, KONSBRUCK Vicky, KRECKE-GIVER Monique, KREMER-WURTH Remy, KRIEPS Alexandre, KROMBACH Nathalie, KUFFER Claude, KUFFER-SCHOLTES Jean,

LAMESCH Maggy, LAMESCH Patrick, LECORSAIS Reggie, LECORSAIS René, LEESCH Max, LEMOINE Eric, LENERT-BERTRAND Marc, LEYDENBACH Simone, LINDE Jean, LINSTER Guy, LINSTER-HILGER Simone, LIONTI Lucie, LOESCH Marianne, LOESCH Tom, LOGIN, LOOS Robert, LOSCHETTER Joseph, LUTZ Julie, MARCUS David, MAROLDT-KERG Liliane, MARSON-BEFFORT Marguerite, MASSARD sàrl, MATAGNE Pierre, MATHEY Marie Joseph Robert, MEHLEN Hilda, MERENZ-de la FONTAINE Nathalie & Jean-Claude, MERES Joseph, METZDORF Claude, METZLER Pierre, MEYER Françis, MICHAELY Sonja, MINELLI-HEUSBOURG Marguerite, MINES Guy, MINY Roland, MIRGAIN-HUBERTY Photo Ciné, MIRKES-HOFFMANN Claude, MULLER Frank, MULLER Simone, NAMUR Confiserie, NEU Marie-Christine, NEUMAN Reginald, NOTERMANS Guy,PAQUET Sylvie, PAQUET-MULLER Andrée, PAUL Hans-Egon, PEFFER Robert, PETIT Michel, PINART-VERNAY Benoît, PLEBANI Giancarlo, POLA Steve, PROST Jacques, RAUS Jacques, RECHTFERTIG René, RECKINGER Michou, RECKINGER Pit, REDING Joseph, REIMERINGER Did., RIVOLLIER Gerard, RIX-BRAUN Daisy, RODRIGUES Suzanne, ROSEREN Corinne, SAHL Nicole, SCHAACK André, SCHAACK Louis, SCHAACK-HIRSCH Albert, SCHETTGEN Bernhard, SCHEUER-BAULER Elisabeth, SCHILTZ Félix, SCHINTGEN Claude, SCHNEIDER Jean-Claude, SCHOCK-SCHMITZ Uschi, SCHOCKWEILER Carlo, SCHOCKWEILER Colette, SCHOCKWEILER Karin, SCHON Robert, SCHORTGEN Anny, SCHRAMER Martine, SCHROEDER Florent, SCHROEDER Luc, SCHROEDER Mathias, SCHUBERT Guy, SCHUMACHER-WAMPACH Edmond, SCHUMMER Eugène, SEBURGER Raymond, SELENATI Chauffage, SENGEISEN-AUBIN Bertrand, SEYWERT Isabelle, SIMON Coryse, SLUNECKO Pol, STAMMET Jean-André, STEIN Gaston, STEINBACH Mely, STEINMETZER Christiane, STOLZ-PAGE Richard, STROTZ Bob, STUMPER Joseph,TAAL-LEROUX Béatrice & Jérôme, TESCH Emmanuel, THOME Georges,TONEY Kenneth & Lisa, TP-TECHNICS s.à.r.l., TURK François, TURK-GAILLOT Philippe, TURK-SCHMIT Madeleine, VANDELOO-SCHARRY Romaine, VANDEPUTTE-DE VLIEGER Annick, VATTER Martin, WAGENER Nicolas, WAGENER Paul, WAGNER Jean-Baptiste, WAGNER Maurice, WANG Ning, WEBER Dany, WEHENKEL Claude, WEHENKEL Marianne, WELL-FONCK Jean, WELL-FONCK Renée, WELTER Viviane, WELTER-KIEFFER Jean, WIES Georges, WIES François, WIES Simone, WIRION Marie-Christine, WITRY-SCHWACHTGEN Tuddie, WOLTER Guy, WOLTER Thierry, WORRE Philippe, WORRE Nathalie, WURTH-RECKINGER Christiane, WURTH-RENTIER Jeannine, ZENS Fernand, ZIGRAND-MOSSONG Bernadette, ZIMMER Charles,

Lëscht vum 01. Januar 2010 - 31. Dezember 2010

Page 9: deSCOUT 04/2011

17mecht de FNEL update

FNEL’s Statuten an d’Charte

Et ware vill Versammlungen an der FNEL viru gutt 10 Joer. Um Enn war et och e laangen Week-End um Misäershaff, viru gutt 10 Joer. Um Enn vun deem Prozess stoung d’FNEL’s Charte. Doranner ass festgehalen, wien a wat mir iwwerhaapt sinn. Eis Wäerter, eis Grondgesetz, d’Fundament vun der FNEL souzesoen. D’„Fundament“ ass am Fong nach en aneren Text, méi laang, méi detailléiert, méi technesch: d’Statuten vun der FNEL.

Zwee Texter also, an eng Basis an der Idee; „de Scoutsgeescht“. Wat ass dat? Learning

by Doing, Solidaritéit an Toleranz, Aventure an der Natur? Et ass alles dat an nach méi: Laïzitéit, mee och Spiritualitéit, Respekt viru Mënsch a Natur, Frëndschaft, Virwëtz, Spaß a.s.w. Dat ass et, wat mir alleguer liewen an ëmmer gelieft hunn. Nëmmen ass et och dat, wat mer an eisen Statuten stoen hunn?

Dës Fro beschäftegt den Ament een (nach) klengen Aarbechtsgrupp. Alles huet dermat ugefaangen, dass d’FNEL e neie Logo, eng nei Identitéit kritt huet. Iergendwou geet et awer net duer fir e Logo ze „stëbsen“ a neie Bréifpabeier ze drécken. Och am Contenu soll gestëbst ginn an zwar ugefaangen

am Zentrum vun der Federatioun, am Grondgesetz. Dat bedeit: D’FNELs Devise, d’Verspriechen, d’Scoutsgesetz – alles eng Kéier ënnert d’Lupp huelen mat der Fro am Kapp: Ass dat wierklech dat, wat mer all Dag liewen a klengt et och esou?

De „Groupe de Travail Charte a Statuten“ war sech an enger éischter Reunioun eens, dass et e gewëssen Besoin gëtt fir ze stëbsen. Diskutéiert gouf zum Beispill iwwert d’Fro ob et net kontradiktoresch ass, wa mer op der enger Säit „politesch onofhängeg“ sinn (Art.7 vun de Statuten) an op der anerer Säit op den „Troun“ schwieren. En anert Element, wat eng laizistesch Federatioun muss beschäftegen ass d’Fro vun enger Promesse an där „Gott“ virkënnt. Den Ament steet „Gott“ entre Parenthèses.

An dann iwwert all deem, steet d’FNEL’s Devise (Trei zum Land). Hei kann een driwwer diskutéieren, ob dës Ausso dat resuméiert, wat d’FNEL am Joer 2011 ausmécht. Kéint een do net „Ëmmer bereet“ stoen hunn?

Den Aarbechtsgrupp huet e puer éischt Proposen gemaach. Déi ginn elo mat de Gruppecheffen diskutéiert an esou gëtt lues an lues eppes ausgeschafft. Den Zuch ass lancéiert, bleift op ville Garen stoën an nach weess keen, wou en ukënnt.

Wie wëllt matfueren: Déi nächst Versammlung vum „GT Charte an Statuten“ ass nees op fir jiddereen a gëtt am Info Scout annoncéiert.

Charte FNEL, ze liesen op www.fnel.lu

Text: Paul KonsbruckFoto: FNEL Archiv

Gläich 100 Joer um Bockel an nach ëmmer e Jugendmouvement - weist sech dat och an eisen offiziellen Texter?

M A R B R E R I E

M A R B R E R I E

M A R B R E R I E

M A R B R E R I E48 Z.A.E. le Triangle Vert L-5691 Ellange/Mondorf l Tél : +352 31 00 66 l Fax : +352 31 31 10 [email protected] l www.marbrerie-schott.eu

M A R B R E R I E

M A Î T R E M A R B R I E R D E P U I S 1 9 7 7

• Monuments funéraires et cinéraires

• Escaliers et dallages

• Salle de bains/cuisines

• Façades

• Restauration du bâti historique

Page 10: deSCOUT 04/2011

an déi faarweg Welt vum Benevolat 19

Lëtzebuerg ass bekannt fir eng multikulturell Gesellschaft – 45 % Auslänner, bei de Kanner tëscht 0-4 Joer sinn d’Net-Lëtzebuerger an der Majoritéit. An d’FNEL? Si mir e Spigel vun der Gesellschaft ?

Net wierklech. Wann een eis auslännesch Gruppen (Robert Schuman an Telstar) ewech rechent, dann hu grad emol 10 Prozent vun de Beaver, Wëllefcher, Scouten, Explorer an Rover e Pass ouni roude Léif drop. Dat kéint een einfach esou acceptéieren, a soen „Bof, dann ass et eben esou“. Déi Optioun fällt awer eigentlech schon direkt an d’Waasser, wann een wëll, dass d’Gruppen, dass d’FNEL, weider besteet. Déi läscht 20 Joer ass d’Memberszuel vun der FNEL quasi selwecht bliwwen . D’Populatioun huet sech awer doubléiert. Dat bedeit, dass d’FNEL, relativ gesinn, massiv u Memberen verléiert.Wann een kuckt, wéi d’Populatioun gewuess ass, fällt een vun eisen „Problemer“ direkt op. D’Part vun den Net-Lëtzebuerger am Grand-Duché ass staark gewuess an déi feelen an eise Reien. Dat ass also ee Punkt: D’Integratioun vun Auslänner an der FNEL ass keng Optioun oder en „Nice-to-have“, wéi een haut seet, mee en absoluten „Must“.

En anere Punkt ass awer och, dass d’Scouten e Mouvement sinn vu Solidaritéit, Respekt an Toleranz. Mir sinn eng international Jugendbeweegung mat iwwer 32 Milliounen Frënn op der ganzer Welt, international Camp’en sinn eis Highlights an d’Aventuren uechter d’Welt eis Motivatioun. Wien, wann net mir, soll sech fir d’Integratioun asetzen?

Dofir ass et keng Surprise, mee eng logesch Iwwerléeung, dass d’FNEL säi „Joer vum Benevolat“ an de Kader vun der Integratioun gesat huet. Awer net nëmmen déi nächst Méint steet dat um FNEL’s Fändel. Déi nächst 3 Joer hu mer eis d’Zil gesat, fir méi mat auslänneschen an Auslänner-Organisatiounen zesummen ze schaffen an den Net-Lëtzebuerger eis „faarweg Welt“ méi no ze bréngen. Mir wëllen eis Memberen, Cheffen an och Comitéen sensibiliséieren, dass d’Integratioun vun Auslänner wichteg an gutt fir eise Scoutissem ass. Am Kader vum Benevolat sinn eng Parti Evenementer geplangt, mierkt Iech virun allem den 18. Juni – do ka jiddereen „Scout fir een Dag“ sinn. Weider Informatiounen, Updates an alles wat der wëllt wëssen: www.colouryourlife.luText: Paul Konsbruck

Allez, pak eng Hand un, a bréng de Noper mat !

LA PROVENCALE votre garant de qualitéLes Halles de Luxembourg Zone Ind. Grasbësch L-3370 LeudelangeTél: 49 89 1 Fax: 49 89 333 www.provencale.lu [email protected]

Côte de Porc Marinée, Lëtzebuerger Grillwurscht, Mettwurscht, KalefsbrotwurschtNurnberger, Mozzalino, Cordolino, Verdolino, Noixelino, Leidelenger

Sauce Bolognese Spagetti, Farce Vol-au-vent pour Bouchée à la ReineTranche Jambon cuit et fumé, Charcuterie ...

Pour vos Grillades

Page 11: deSCOUT 04/2011

00am Grupp vun de Castoren an de Munnerefer Mais

Dëse flotte Camp war vum 27.12-29.12.10 zu Mamer am Home vun de Wiselen.11 Beaver a 25 Wëllefcher si vun 9 Cheffen encadréiert ginn an hunn an der Welt voller Zauber a Magie grouss Ae gemaach.....zemools op deem Dag wou et owes verzaubert gréng Kniddele gouf! Keen huet där Saach wierklech getraut an awer waren hier Bäich dono mat där Portioun Magie gutt gefëllt.Deen 1. Dag ass et lass gaang mat e puer Kenneléierspiller an dono Poste ronderëm den Home fir sech all Zutaten fir den Zauberdronk ze verdéngen.No enger kuerzer Collatioun gouf gebastelt a Kichelcher gebak. Jiddereen huet um Schluss vum Camp mat Stolz säin Zauberstaf, säin Zauberhut a säin Zauberëmhang an de Rucksak gepak.

Nom leckeren Owesiessen hu sech d’Wëllefcher duerch déi däischter Nuecht op de Wee an de Bësch gemaach fir un engem spannenden Nuetsspill deel ze huelen. D’Cheffen haten nämlech 2 Messagen an 2 verschiddene Geheimschrëften am Bësch verstoppt. Dës hunn misse vun de Kanner fonnt an entziffert ginn, ier se dann am Home op d’Juegd nom Schatz konnte goen. Mee natierlech gouf hinnen dës Sich duerch d’Cheffen maassgeeblech erschwéiert!D’Beaver hu sech zu där Zäit mat spannendeFroen am Jeopardy erëmgeschloen.Nodeems sech jiddereen no dësen 2 flotten Aktivitéiten gemittlech an de Schlofsak gekuschelt huet, kruten all d’Kanner nach vun de Cheffen eng Zaubergeschicht erzielt.

Chrëschtcamp vun de Castoren zesummen mat de Munnerefer Mais

Um 2. Dag stoung moies e Jeu de Ville um Programm, wou d’Wëllefcher an d’Beaver pro Sizaine op engem Trajet duerch d’Stat hu misse Stäre fannen an op de verschiddene Poste sammele fir dee verzauberte gudden Zauberer nees fräi ze kréien.....soss hätt deen als Fräsch bis zu sengem Liewenssënn am gëllene Käfeg sëtze bleiwe mussen.Nodeems sech all Kanner a Cheffen vun der zimlech killer Sortie opgewiermt hunn, ass et lass gaang mat der Virbereedung op d’Veillée.Dozou huet gehéiert, sech eng passend Zauberverkleedung mat Poubelle’s tuten ze bastelen, een Danz auszeüben, déi gebake Kichelcher ze dekoréieren an e Petit-Beurre’s Kuch ze zauberen.

Op der Veillée selwer hunn d’Wëllefcher an d’Beaver eis da stolz hir Modeschau an hiren Danz presentéiert. Do dernieft sinn all déi selwer preparéiert Leckereien eragefeiert ginn, ouni dobäi mat der Wimper ze zucken.No de Kanner hirem Optrëtt, haten d’Cheffen nach puer lëschteg Aufgabe fir all Sizaine preparéiert. Natierlech goung et heibäi ëm Zäit an nëmmen 1 Sizaine konnt zum Schluss triumphéieren.

Als klengen Extra krut dee Chef, dee seng Formatioun op deem Weekend gemaach huet eng kleng léif Iwwerraschung....wat awer geheim bleift.A scho si mir um leschten Dag ukomm.Als 1. si moies d’Chargë verdeelt an de Rucksak gepak ginn.Dono hunn d’Beaver mat hire Cheffen eng Ënnerwasserwelt gebastelt an d’Wëllefcher hunn un engem kniwwelegen Zauberrallye mat allerhand ganz lëschtege Poste deelgeholl.An dësem Kontext soe mir och eisen 2 Cheffen aus der Equipe villmools Merci fir dat lecker Iessen iwwert dee ganze Camp. Et huet eis u näischt gefeelt.Et war ee flotte Camp mat engem flotte Programm an ouni gréisser Boboen.Text: Nadia Fotoen: Castoren a Munnerefer Mais

21

Page 12: deSCOUT 04/2011

00International

Um Jugendforum zu Blumenau (BRA)Mat engem Vol vu Rio de Janeiro op Curitiba huet fir eis den «11. Jugendforum vun WOSM» ugefaang. Mir, dat sinn : Djuna Bernard, Lisa Schmoetten an ech (Jamila) .Scho beim Gepäckband hu mer aner Scouten kenne geléiert a virun der Dir huet e brasilianeschen Empfangscomité op eis gewaart. No 4 Stonnen am Bus, si mer endlech zu Blumenau ukomm an do waren waren 244 jonk Scouten (18-26 Joer) aus 67 verschiddene Länner.« Youth Empowerment ! Youth Involvement ! » Zwou Aussoen, déi um Forum wéi Waasser a Brout dozou gehéieren. Wéi bréngt een jonk Leit dozou sech ze weisen an aktiv matzeschaffen ? Et geet net duer ze soen, dass déi eeler Generatioun eis muss eng Chance ginn… Mir musse weisen, dat mer bereet sinn déi Responsabilitéit och ze iwwerhuelen an och capabel sinn hier Aarbecht ze man.

Weider goung et mat Sujet’en, wéi : « Rights of Young People », « Human Rights ». Mir kennen se wahrscheinlech all, oder mir mengen mol se ze kennen. Mee wat fir Rechter hu mir iwwerhaapt? Mat enger klenger Erklärung wei een eng «Recommendatioun» am beschte schreift,hu mer eis och ausernee gesat. Tëscht den eenzelen Sessiounen war ëmmer eng Kaffispaus, wou all Scoutsregioun sech konnt presentéieren. Eng phantastesch Idee an och d’Ëmsetzung ass gelongen. Déi Kaffispausen waren ideal, fir sech kennen ze léieren an Iddien fir de Scoutissem doheem ze sammelen.Um Jugendforum gëtt dann och ee Comité gewielt. Dat sinn dann déi sougenannten « Youth Advisors ». Hier Aufgab ass et fir d’Meenung an d’Interêten vun deene Jonken am grousse Comité vu WOSM ze vertrieden – Am Fong eng Iwwergangsléisung, well sech den Ament nach net wierklech jonk Kandidaten mellen fir an de

23

Méi Jugend an déi éischt Rei vum weltgréisste Jugendmouvement.

Comité eran ze kommen. Mat Ausnahm dëst Joer vum Karin, wat an de Comité eran gewielt ginn ass, mat manner wéi 26 Joer!

En Dënschden Owend gouf et en Discussioun Menu. Um Dësch louchen Ziedelen mat verschidde Froen an Aussoen. Zwee Sujet’en, bei all Plat. D’Dëscher sollten regional gemëscht sinn, fir dat een och d’Meenungen an Approchen vun anere Länner kenneléiert. E bëssen, wéi am Club Med, mee mat richtegen Diskussiounen a kenge Gespréicher iwwert de neien Auto an de Parquet an der Stuff. Den Discussion Menu war e grouße Succès an d’Bedeelegung vun de Leit war riseg !

Wat dës Kéier um Jugendforum immens war, war d’Motivatioun vun de Leit och no den Workshopen weider ze schaffen. Informal Versammlungen goufen aberuff, z.B. nom Owesiessen, an mir souzen all dobaussen beim Pool an hu weider diskutéiert iwwert eis Recommendations, iwwert d’Kandidaten an och iwwert d’Funktioun vum Youth Forum.

Dono war eise groussen Dag:Recommendation-Day ! 30 Recommendations sinn era gereecht ginn. 26 dovun kruten en positive Vote !

Mir hu 4 Stonnen iwwert d’Recommendations gestridden a gestëmmt. Duerno war de Jugendforum séier eriwwer. No enger klenger Veillée, huet all Mënsch ugefaang seng Valise ze paken an dono si mir zesummen op d’Summerfest vun Blumenau gefuer.An oh mei, wat war dat fir e Summerfest, quasi en Oktoberfest am klengen. Dozou muss ee wëssen, dat zu Blumenau 30% vun de Leit däitsch Virfahren hunn. Et war schon eng komesch Szen: Op der anerer Säit vun der Welt, matten a Brasilien an enger riseger Hal an eng Ambiance wéi um Oktoberfest zu München. Déi zwee Deeg drop waren Djuna, d’Lisa an ech dann zu Florianopolis um Intermediate Program fir tëschent dem Jugendforum an der grousser Konferenz bëssi Zäit fir sech ze hunn, ze relaxen an och weider méi informell mat de Leit ze diskutéiren iwwert dat wat een bis dato geschafft huet. Déi Zäit hu mer och all optimal genotzt

Fazit vum 11th WSYF: Mir hate vill Freed, hu vill geschafft, formidabel Leit kennegeléiert a wéi een herno och op der Konferenz gesinn huet, och vill erreecht !

Text: Jamila KremerFotoen: FNEL Archiv

Page 13: deSCOUT 04/2011

00International

Et war déi 39. Weltscoutskonferenz an de ganze Globus huet der Konferenze scho gesinn – et war awer deen éischte Besuch a Brasilien – mat dobäi siwen Scouten aus deem schéine Lëtzebuerg.

Déi dräi Jonk vum Forum (Lisa, Djuna, Jamila) an déi méi al… pardon, manner jonk: Nathalie de la Fontaine, Paul Konsbruck (FNEL) a Roy Grotz, Claude Frantzen (LGS).A Brasilien sinn 1.100 Frënn zesummekomm, woubäi sech déi allermeescht am Ufank guer net kannt hunn. 148 Länner ware vertrueden an de Programm chargéiert.E Réckbléck op déi läscht dräi Joer:Wat ass alles geschidd, zanter der läschter grousser Konferenz a Südkorea? Doropper wollten déi Delegéiert Äntwerten an de Präsident vum Weltscoutscomité, Rick Cronk,

huet sech all Méi ginn, fir esou vill wéi méiglech „Fragezeichen“ ewech ze blosen. No enger breeder Reform an der interner Organisatioun an hëtzegen Zäiten mat Personalwiesselen un der Spëtzt, ass dat déckt WOSM-Schëff elo nees a méi rouege Gewässer ënnerwee.Déi finanziell Situatioun bleift ugespaant, mee de Solidaritéitsprinzip bleift bestoen: Méi aarm Länner bezuelen manner fir hier Memberskaart bei WOSM, fir Jamboree, Moot, Konferenzen etc. – déi räich Länner dofir méi. Scouten : Eng Jugendbewegung, déi sech och beweegt.

Den Zoustand vum Scoutissem op der Welt, d’Erausfuerderungen an enger technologiséierter Welt an den Engagement op lokalem Niveau waren weider Sujeten op der Konferenz.

De Rick Cronk seet et wier kloer, wéi et misst wieder goen: D’Zukunft ass laang amgaangen an d’Scouten veränneren déi Zukunft all Dag nei – iwwerall op der Welt. Duerch soziaalt Engagement, duerch hier Responsabilitéit vis-à-vis vun der Gesellschaft an duerch sëllechen Aventuren. Mir hu keng Angscht virun deem wat kënnt, well de Scoutissem eng Alternativ zu Villem ass – besonnesch zu der Langweil.Creating a better World ass a bleift de Slogan vun WOSM. Déi modern Kommunikatiounsmëttel sinn an der Tëscht en Deel vun der Scoutsmethod. Et hëlleft eis a Kontakt ze bleiwen. Deemno ass zum Beispill Facebook och keng Konkurrenz, mee eng Stäip: D’Leit ginn op de Camp – dat ass net ze ersetzen. An duerno, kënnen se iwwer Facebook etc. ganz einfach an onkomplizéiert a Kontakt bleiwen. De Scoutissem gëtt gestäerkt, net geschwächt vu modernen Medien an dat soll an den nächsten Joeren verstäerkt genotzt ginn.

Wäißrussland ass nees Member an déi Jonk sollen méi Responsabilitéit kréien.WOSM, dat sinn haut 32 Milliounen Scouten weltwäit. Zanter der Konferenz an Brasilien sinn der nees eng Partie derbäi komm. D’Scoutsorganisatioun aus deem autoritär regéierten Wäißrussland sinn no enger Phase am Schummeck, nees derbäi. Si waren 2005 forcéiert ginn, hier Struktur ze änneren an duerfen elo nees zeréck an de Krees vun WOSM.

Et gouf schon um Jugendforum kloer an et ass näischt Neits bei WOSM: D’Diskussioun, dass bei engem Jugendmouvement, net méi Jonker un den Hiewele sëtzen. Hei gouf eng Resolutioun iwwer eng Quoteregelung zwar net ugeholl, mä awer eng ganz Partie Recommandatiounen un de Comité. Dernieft ass mam Karin dann effektiv och e wierklecht jonkt an de Comité gewielt ginn.

Et duerf een gespaant sinn, wéi et sech weider entwéckelt. A Brasilien ass jiddereen mat engem gudde Gefill heem gaangen, dass déi Jonk an Zukunft op d’Mannst eng Stëmm hunn am gréissten Jugendmouvement op der Welt...Nächsten Rendez-Vous ass elo den Jamboree an Schweden (dësen Summer) duerno Jamboree a Japan, véier Joër méi spéit an den USA. 2013 ass de „Moot“ an Kanada an 2017 an Island. Nächst Weltkonferenz an 3 Joër an.....Slowenien !

Text: Paul KonsbruckFotoen: FNEL Archiv

25

…an op der Weltscoutskonferenz zu Curitiba (BRA)

Wäissrussland trëtt WOSM bäi

D’lëtzebuerger Délégatioun - vlnr C. Frantzen, P. Konsbruck, J. Kremer, R. Grotz, D. Bernard, L. Schmoetten, N. de la Fontaine

Page 14: deSCOUT 04/2011

Projet ONGD-FNEL 047

Il y a beaucoup d’enfants au Népal qui ont un de leur parent en prison. Selon un plan gouvernemental, ces enfants devraient être accueillis par un centre de réhabilitation dans les environs de la prison. Malheureusement, ce n’est pas le cas.

Notre partenaire local, l’association de défense des droits de l’homme « Advocacy Forum », est très présente sur le terrain et identifie les enfants les plus vulnérables en visitant les prisons et les familles des prisonniers. Elle privilégie la réintégration des enfants dans leur communauté d’origine. Les volontaires de « Advocacy Forum » visitent régulièrement les communautés pour s’assurer du bien-être des enfants réintégrés. Lorsque cette réintégration s’avère impossible, les enfants sont accueillis dans la maison d’accueil à Pasikot.

27

Dans tous les cas, afin de préserver le lien affectif avec les parents en prison, des visites régulières à la prison sont organisées. En même temps, les volontaires de « Advocacy Forum » apportent un soutien aux parents en prison afin de leur donner des conseils juridiques, d’accélérer la procédure judiciaire et d’obtenir des procès équitables. Les enfants accueillis dans le Home retourneront vivre avec leurs parents lorsque ces derniers seront sortis de prison.Les bénéficiaires directs sont 20 enfants, âgés de 4 à 17 ans et dont les parents sont en prison. Ils bénéficieront d’un programme de réhabilitation complet. 12 des 20 enfants appuyés par notre projet vivent à la maison d’accueil à Pasikot, Katmandou, les 8 autres enfants vivent dans leur communauté villageoise mais sont suivis régulièrement par le personnel d’encadrement au service de « Advocacy Forum ».

Notre partenaire local supervise le projet et s’occupe de toutes les formalités légales autour des enfants et de leur famille. Le projet prend en charge les frais de fonctionnement du Home : les enfants sont accueillis, soignés, logés, nourris, habillés et scolarisés.

Les «mères» employées par le Home veillent sur les enfants, sont à leur écoute et leurs procurent un environnement familial et sécurisant. Ces enfants, aux antécédents douloureux, nécessitent des soins médicaux et psychologiques, un encadrement responsable et un appui scolaire particulier qui sont inclus dans le projet.

En plus des soins et de la scolarisation, le programme d’encadrement prévoit des activités artistiques, sportives et sociales pour développer la créativité des enfants et les aider à se construire une personnalité propre. Les soins et la formation que ces enfants de parents en prison vont recevoir leur serviront de fondation pour bâtir leur avenir. Ils seront mieux préparés pour se réintégrer normalement dans leur communauté respective.

Le partenariat entre « Advocacy Forum » et l’ONGD-FNEL avait déjà commencé en 2003. Depuis lors la relation entre les partenaires a toujours été positive.

www.ongd-fnel.lu

bei der ONGD-FNEL

Appui aux enfants de parents en prison, Pasikot/Katmandou, Népal

Objet : Prise en charge des frais de fonctionnement de la maison d’accueil: les enfants sont accueillis, soignés, logés, nourris, habillés et scolarisés. Les «mères» employées par la maison d’accueil veillent sur les enfants, sont à leur écoute et leurs procurent un environnement familial et sécurisant

Bénéficiaires : 20 enfants, âgés de 4 à 17 ans et dont les parents sont en prison

Budget 2011 : 30.540,90 €

Appui aux enfants de parents en prison, Pasikot/Katmandou, Népal

Vous pouvez soutenir les projets de l’ONGD-FNEL avec un don sur notre compte CCPL LU10 1111 1003 3032 0000

Page 15: deSCOUT 04/2011

00Interview mam Steph Meyers

Eemol Scout – Ëmmer Scout ! Bei de Scoute léiert ee vill Leit a friem Länner kennen, et léiert een an enger Équipe ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen. Scouten : also eng Schoul fir d’Liewen? An dëser Rubrik stelle mer méi oder manner bekannte Leit vir déi Scout sinn (oder waren). An dëser Editioun ass et um: Steph Meyers

Ech war/sinn an de Scouten zanter vun 1981 bis 2000

an zwar bei deKiewerlecken zu Stroossen

Mäi Beruff ass/war, ech si verantwortlech fir d’General-Programmatioun vum Carré Rotondes, e Kulturinstitut zu Hollerech fir Jonk a manner Jonk.

Ech sinn deemools an d’Scoute gaang, well de Vincent (mäi Brudder) dra wor, an nodeems et mam Fussball, Solfège, Schwammen ,....näischt ginn ass, woren d’Scouten déi läscht Chance ënnert d’Leit ze kommen.

29

nach haut erënneren ech mech dacks und’Cheffenowender op de Gruppencamp’en, wann um Mëtternuecht den Dag riichteg ugefangen huet, an eng 20 Leit an der Kichen ugefangen hunn ze kachen.

An de Scouten hunn ech virun allem geléiertze genéissen; d’Natur an d’Kachen, d’debattéieren an d’organiséieren, oder zu zwee ënnert engem Stärenhimmel an en Schloofsaack klammen.

Wier ech net Scout (gewiescht), ech hätt nimools souvill a menger Jugend erlieft a gereest, a souvill verschidde Frënn gemaach. Och eng gewëssen Art a Weis fir kreativ un d’Saachen ze goen a séier improviséieren ze kënnen hunn ech de Scouten ze verdanken.

Ech fannen, dass d’Scoutenmat der Zäit soll goen, am beschte souguer senger Zäit viraus soll sinn. D’Grondprinzipien si wichteg a sollen agehale ginn, mee net zum Haaptthema ginn.

Mäi Foulard dinn ech spéitstens nach eng Kéier un, wann ech meng Campeuse fortgelaf ass, an ech mer eng nei siche muss. Oder wann de Serge mech op säi Lagerfeier invitéiert.

Ech wënschen dem Scoutsmouvement an der FNEL en schéint laangt Liewen a vill Beaveren.

Lénks Patt,de Steph (Ara artistique)

Page 16: deSCOUT 04/2011

00huet d’Ouere gespëtzt 31

Sorry Die Zeit rund um das Jahresende ist in unseren Breitengraden oft besinnlich, meist aber auch sehr nervenzerrend. Dies galt dieses Jahr besonders für Streudienst und Schneeschaufelverkäufer, aber, wie immer auch für all Jene, die „schnell noch alles erledigen müssen, bevor die Feiertage kommen und das Jahr vorbei ist“. Zu dieser Gruppe gehört traditionell das Redaktionsteam unserer schönen kleinen Gazette. Der letzte SCOUT 2010 sollte nicht erst 2011 in den Briefkästen liegen – also mussten die Tasten dampften. Und fast ging alles gut, man schaffte es gerade rechtzeitig. Das Korrekturlesen (!) war abgeschlossen, alles fertig, super, CD zur Druckerei, Post und los.Es kam, wie es kommen musste: Die Dateien SCOUTdec.doc und SCOUTdec_01.doc sind eben nicht gleich, sondern nur ähnlich. Es ist einmal mit Fehlern, die jedem Redakteur die Schamesröte ins Gesicht treiben und einmal ohne. Ihr dürft raten, welche Version in der Druckerei gelandet ist. Euch ist nichts aufgefallen? Schamesröte ins Gesicht, aber hurtig!Wir geloben Besserung und ersetzen Scham durch Stolz. Claudine & Paul.

um Schantjen 3 mars 2011: il n’y a pas d’action sur le chantier au Fetschenhaff.Néanmoins ne sous-estimez pas cette quiétude. Le groupe de travail « nouveau siège fédéral », les architectes et les sociétés chargées avec la construction sont très affairés.Le GT NSF prépare une campagne ciblée de collecte de fonds auprès de nos membres et

de sociétés et il prend, ensemble avec nos architectes Michel Heisbourg et Bob Strotz, des bureaux d’études (p.ex Bétic, Projekt Licht-Saarbrücken) des décisions p.ex sur le choix et l’emplacement des luminaires, du chauffage de la grande salle, les réseaux de communication/informatique (avec les conseils précieux de Pierre SCHOLTES), le feu ouvert, etc.La société Préfalux élabore de concert avec nos architectes les derniers détails (p.ex. gaines câblage électrique, conduits de ventilation) de la construction en bois .

Eco-CabanneBonnes nouvelles: les gros-œuvres fermés sont achevés. L’inauguration a été fixée au samedi matin 14 mai 2011 en présence du Ministre délégué du MDDI Monsieur Marco SCHANK.Le groupe de suivi travaille intensivement pour passer commande d’installations et de matériels de cette cabane autarcique: poêles de chauffage, prises électriques et luminaires, sanitaire avec pompe à eau, électrification photovoltaïque, tables et chaises, matériel pédagogique, etc...

Scout fir een DagDat ass den Titel vun engem Rallye, deen den 18. Juni an der Stad Lëtzebuerg organiséiert gëtt. De Rallye ass op fir jiddereen, all Alter, an e gëtt organiséiert am Kader vun 2011- Année européenne du bénévolat mat der Ënnerstëtzung vun de Frënn vun der Festungsgeschicht Lëtzebuerg. 3 Trajete stinn zur Auswiel. Fir weider Informatiounen an Umellungen, kuckt w.e.g. op www.scout.lu

Au Revoir Den 12 Mäerz vun dësem Joer ass d’Schmusi gestuerwen. Wann ech hei e puer Wuert iwwer hatt verléieren, dann ass et net well ech Joerzéngte laang mat him an de Scoute gewiescht wier, well ech sinn eigentlech net grad seng Generatioun. Nee, ech hunn d’Schmusi an Erënnerung als d’Madame aus der Cooperative, déi een als Scout oder jonke Chef ferm impressionéiert huet. An ech hätt mer déi Zäit ni gedreemt, datt ech e puer Joer méi spéit selwer mam Schmusi hannert dem Comptoir giff stoen. Mir haten déi Zäit d’Cooperative reforméiert, eng Rei nei Artikelen akaf an esouguer e Compiuter installéiert fir de Stock an d’Kees. Och wann d’Schmusi um Ufank iwwer déi Revolt net enchantéiert war, an dat och mat sengem onverkennbare Charme gewisen huet, ass awer lues a lues déi “intergenerationell” Cooperativesequipe zesummegewuess, a mir hu vill matenee gelaacht. Och munch memorabel Sortie ass nach gutt an Erënnerung. Merci Schmusi fir deng Energie an déi flott Zäit.Fox astucieux

Félicitations à Fabienne Wagner, trésorier et Andy Hendriks, chef de clan des Panthères noires, pour la naissance de leur fils Jann Franky qui est né le 28 mars dernier.

www.colouryourlife.luvous y trouverez toutes les informations et actualités concernants l’année européenne du bénévolat et le projet Intégration de la FNEL.

FNEL eng faarweg Welt Dans le but de promouvoir FNEL eng faarweg Welt auprès du grand public, la FNEL avait invité, sur initiative du groupe de travail bénévolat, la presse parlée et écrite à une conférence de presse qui a eu lieu le 16 mars dernier au home des Lions bleus de Bonnevoie.

Dons en faveur de la Fondation FNEL à l’occasion de l’anniversaire de Madame Andrée BILLON-JACQUEMART. en mémoire de: Madame Marie-Madeleine DOLIZY, Madame Jeanny BRASSEUR et Madame Simone GEHLEN-DIEDERICH. Ces dons soutiennent le scoutisme laïque au Luxembourg.

Lights off at the World Scout BureauThe lights at the World Scout Bureau were off Saturday night – March 26th, as people gathered around candlelight. However, the ambient darkness was not the consequence of a power failure. Indeed, it was in fact time for Earth Hour, the world’s largest climate change initiative. www.earthhour.org

SIXPLO 2011“Manege frei” huet et den 2. an 3. Abrëll geheescht. Eng 280 Wëllefcher a Cheffen, hunn Iechternach an en Zirkus verwandelt.

Vous pouvez soutenir le scoutisme au Luxembourg par un don en faveur de la Fondation FNEL, CCPL LU10 1111 0000 4343 0000

Page 17: deSCOUT 04/2011

C

M

J

CM

MJ

CJ

CMJ

N