17
deSCOUT 2/05 No 511 / 85. Joergang SCOUTEN A GUIDEN FNEL 150 Joer jonk MISÄRSHAFF

deSCOUT_2005_02

Embed Size (px)

DESCRIPTION

150 Joer jonk No 511 / 85. Joergang 2/05 F N E L SCOUTEN A GUIDEN

Citation preview

Page 1: deSCOUT_2005_02

deSCOUT2/05

No 511 / 85. JoergangSCOUTEN A GUIDENF N E L

150 Joer jonkMISÄRSHAFF

Page 2: deSCOUT_2005_02

EDITORIAL

EDITORIAL3deSCOUT 2/05

Périodique officiel de la FNEL Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg

43, rue de Hollerich, Luxembourg

Paraît 4 fois par an

Rédaction et mise en page Anne Kaiffer, Martine Feller, Jacques Degardin, Claude Freistroffer Impression Imprimerie Victor Buck, Leudelange Adresse postale deSCOUT (FNEL) B.P. 2676 L-1026 Luxembourg Tel +352 26 48 04 50 Fax. +352 26 48 04 30 E-mail [email protected] Internet www.fnel.lu

Clôture de rédaction pour le prochain numéro le 15 août 2005

deSCOUT

Imprimerie Victor Buck150 Joer al ass en also, de Misärshaff.

Oder op d’mannst d’Wunnhaus, well esou steet et iwwert der Diir: 1855. Normalerweis gëtt bei esou enger Geleeënheet déck gefeiert an onméiglech Saache veranstalt. Mir sinn do méi zeréckhalend, ganz am Geescht vun dësem aussergewéinleche Site, deen déif an der Natur roueg do läit a vläit guer net gefeiert wëllt ginn.

Elo am Summer ass souwisou nees genuch lass an honnerte vu Kanner a Jugendlechen aus allen Häre Länner sinn nees op Besuch. Ons ass e jo heiansdo ze wäit ewech oder och nees net wäit genuch, jee nodeem wéi een et kuckt. An

Claude Freistroffer

dobäi ass en dach wierklech ideal a genial - onsen Haff. Mëtten an der Natur: an engem Ëmkrees vun 200 Meter huet een e Bësch fir sech dran ze verléieren, Waasser fir ze schwammen an ze paddelen - a virun allem seng Rou.

Vläit kennt jo och eng Kéier een op d’Iddi, ee Buch ze schreiwen. An deenen 13 Joer, wou d’FNEL elo Propriétaire ass, ass jo schonn esou munches geschitt a vill ass geschafft ginn: renovéiert, ofgerappt, bäigebaut, emgeännert, bal alles ass nei. Vill Leit si passéiert, déi all eppes ze erziele wëssen. Well eppes ass sécher: onberéiert léisst e keen.

Page 3: deSCOUT_2005_02

ÄER SAÏTEN

INHALT5deSCOUT 2/05

6

AKTUELL

RONDEREMONGD-FNEL

Butték

Pow-Wow Invitatioun

Concours: deSCOUT war derbäi

INTERNATIONALCamp um Cap-Vert12

14 BEAVER

10

19 20 22 23

Beaver Fun Day

Vu et Entendu

TITELTHEMAMisärshaffDee fréiere Bauerenhaff besteet scho säit 150 Joer.

ZU GUDDER LESCHTDe klenge Scout

Ee flotten Eck

3 Froen

28 30 31

deSCOUT 2/05

Loutres Explorer op Floossfahrt

Kiewerlecken zu Paräis

Telstars Cooking for Tsunami

24 26 27

15 WELLEFCHERSixer Week-End

17 EXPLORERSchaff Week-End

18 ROVERLAN - Party������������������������������ �������

17

21

6

M. L

eyte

mS.

Cel

lina

C. F

reis

troffe

r

Page 4: deSCOUT_2005_02

6TITELTHEMA deSCOUT TITELTHEMA72/05

CLUB des MISERABLESSi hu kee Foulard a keen T-shirt, bezuele keng Memberskaart an et begéint een hinne meeschtens um Misärshaff (wou se dann awer zimlech aktiv sinn a sech bemierkbar maachen). Et ass ee Member an et weess een net, wéi et gaang ass. Si hunn aktiv Memberen, Memberen op Ufro an net esou aktiv Memberen - si mixte a kommen aus all Alterskategorie.

Also wat dann elo? Majo ganz einfach: Member vun dem illustre Club ass all Mënsch, dee sech eng Kéier aventuréiert hat, op der Ferme Misère - dem Misärshaff - eng Hand mat unzepaken, sief dat bei enger Aktivitéit (Inauguratioun, Meekiermes, Konscht um Haff) oder soss engem Schaff-Weekend,

Wéi ass et dozou komm? De Guy Aach, deemools Commissaire Général vun der FNEL, gouf vun engem Bekannten drop ugeschwat, dass deen ale Bauerenhaff ze verkafe wier. “Dat war natierlech eng eemoleg Geleeënheet”, erënnert hie sech. “De Site ass wonnerschéin a wéi geschaf fi r Aktivitéite mat Kanner. Nodeems mer dem Jacques Santer, deemoolege Premier, eisen Interessi matgedeelt haten, gouf den Haff vum Staat kaf.” D’FNEL krut den “Droit de superfi cie” an huet d’Fondation FNEL gegrënnt, déi sech em déi ganz Gestioun këmmert.

1993 ass et du mat den Aarbechte lass gaang. Ugefaange gouf mam Wunnhaus, kuerz dono koum d’Scheier un d’Rei. Enn 1997 waren déi zwou Phase fäerdeg a vun 2001 bis 2003 sinn d’Dortoirë gebaut ginn. Am ganzen hunn d’Aarbechten 10 Joer gedauert. “Ech hat mer et méi einfach virgestallt”, seet de Guy Aach haut. “Am Ufank gouf awer villes vun de Scouten an Eegeregie gemaach: tapezéiert, isoléiert, ugestrach, Hecke geplanzt asw.”

Mat vill Schweess an Ausdauer ass aus deenen ale Maueren ee modernt Gebai ginn, dat allen Uspréch gerecht gëtt. Virun allem ass awer erëm Liewen agezunn: sief et am Haus oder op de Wise ronderëm, et ass bal ëmmer eppes lass. Loosse mer hoffen, dass dat déi nächst 150 Joer esou bleift!

Scouten an Natur, dat gehéiert zesumme wéi Dame Blanche a waarme Schockela. Dëst ass eent vun onsen Zieler, dat mir onse Guiden a Scoute mat op de Wee wëlle ginn: de Respekt am Ëmgang mat der Natur. Mä mir wëllen dëst Thema net nëmmen un ons Memberen eru bréngen, mä mam Misärshaff hu mir och en Zenter, wou mir och net-Guiden a Scouten kënnen an d’Natur abannen.

Dofi r maache mir ons zesumme mat der Équipe vun de Misérablen zënter e puer Méint Gedanke fi r e fl otte Programm unzebidden, un deem och Schoulklassen an aner Jugendassociatioune kënnen deelhuelen. Net fi r näischt ass den offi ziellen Numn vum Haff «Centre de rencontre et de formation pour jeunes».

E Kaderprogramm, deen individuell vun Interesséierte ka benotzt ginn, zum Deel mat Spiller, Visiten a Léierpied, déi vun ons preparéiert sinn, soll hei entstoen. Atelier’en, wou déi Jugendlech sech aktiv um Thema solle bedeelegen, wou se vun a mat der Natur kënne léieren. Des Aktivitéite kënnen, mussen awer net, vun ons encadréiert ginn, dëst ass de Choix vun dem jeeweilegen Interesséierten.

Mir wëllen domat awer och onse Bäitrag dozou leeschten, fi r de Jugendleche vun haut ze weisen, wéi fl ott, interessant, spannend, opreegend, einfach a komplizéiert déi Natur ass, déi all Dag ronderëm eis ass.

Dir kennt de Misärsaff all als Plaz, wou mir ons Formatiounen ofhalen. Mä den Haff ass méi!

d’ZUKUNFTCarlo SchottJacques Degardin

Am Joer 1992 huet de Staat de Misärshaff kaf an en der FNEL zur Verfügung gestallt, fi r e Formatiouns-Zenter doraus ze maachen.

den UFANK

déi regelméisseg do uewe stattfannen. Well esou ee groussen “Centre de Formation” brauch nawell e wéineg Fleeg: dat geet vu botzen a raumen iwwert planzen, schneiden a méie bis zum richtege plangen a bauen. Och d’Organisatioun vu verschiddenen Evenementer gehéiert zu hire Chargen.

Wann der elo Loscht op méi Detailer sollt kritt hunn, da mellt iech einfach. Member gitt der allerdéngs eréischt, wann der eng Kéier douewe waart an aktiv eng Hand mat ugepaakt hutt. Awer opgepasst: och wann ee ganz schnell Member ka ginn, ass déi Memberskaart awer net op Liewenszäit - e wéineg Engagement (een, zwee mol all puer Joer dobäi sinn) ass schonn erfuedert. Claude Freistroffer

Phot

os: C

. Fre

istro

ffer

Page 5: deSCOUT_2005_02

8TITELTHEMA deSCOUT TITELTHEMA92/05

Claude Freistroffer

Dir erënnert iech: schonn op der Assemblée Générale am September war des kreativ Aktivitéit eng éischte Kéier virgestallt ginn an duerno oft an iwwerall publizéiert ginn.

Déi puer kreativ a couragéiert Leit, déi d’FNEL (nëmmen?) schéngt ze hunn, hate sech fir de Vernissage, Freides de 6 Mee Owes, zesumme fonnt, fir während 2 Deeg “Konscht” ze maachen.

Den Dag virdrun hate sech schonn e ganze Koup Leit aus dem “Club des Misérables”, deen dëst Evenement organiséiert hat, um Misärshaff un d’Aarbecht gemacht. Aus deenen eenzelne

Konschtwierker ass am grousse Sall “Salle Wercollier” eng wierklech gelongen Ausstellung zesummegesat ginn, déi dann owes um Vernissage vu 50 Gäscht konnt bewonnert a bestaunt ginn.

D’Kënschtler, bal all aus de Reie vun der FNEL, hate ganz verschidden Aarbechte matbruecht an niewent Biller vum Christiane Kertz (Loutres) a Lydia Markiewicz ware Photoë vu Marc

Kalbusch a Christoph Dederichs (Dachsen) ze gesinn. Opgelackert gouf dat ganzt mat Skulpturen aus Holz vum Claude Goergen (Lions bleus) an aus Metall vum Jean-Jacques Kohn (Eclaireurs Echternach). Do derniewent hat de Steph Meyers (Kiewerlecken) eng flott Computer-animatioun op engem Projekter lafen.

Déi fënnef verschidden Atelierë sinn da Samschdes ënnert der Tutelle vun den Artiste gelaf, déi an hire respektive Beräicher mat de Leit geschafft hunn. Op Computeren, mat Acrylfaarw, Schläifmaschinnen a Schweessapparater, mat Photoapparater - analog an digital, sinn dobäi richteg flott Saachen enstanen, déi fir Sonndes an déi bestehend Expositioun integréiert gi sinn. Sonndes war nämlech déi traditionell Meekiermes um Misärshaff, déi awer dëst Joer leider net déi erwaarten Zuel u Leit ugezunn huet.

De Bilan ass dann och éischter gespléckt:engersäits kann ee mat nëmme 15 Particpant’en un den Atelier’en an engen 30 Visiteuren op der Meekiermes net vun engem Erfolleg schwätzen. Op der anerer Säit muss een awer dat formidabelt Resultat vun der Ausstellung, déi enzel Aarbechten an den Atelier’en an déi positiv Echo’en, souwuel vun den Artiste wéi vun de Participant’en, ervirsträichen.

Duerfir, wéi esou oft: “les absents ont toujours tort”. Vläicht gesäit ee sech jo d’nächst Joer den 20-21 Mee, well eent steet schonn emol fest: eng zweet Oplo vu “Konscht um Haff” gët gemaach.

Merci op jiddefall deene 15 Participant’en a virun allem deene 6 Kënschtler, déi des Aktivitéit iwwerhaapt méiglech gemaach hunn. Merci dem SNJ fir déi finanziell Ënnerstëtzung an e grousse Merci de “Misérablen”, déi vill Zäit an Energie an dëse Weekend gestach hunn.

KONSCHT um HAFF - ee Bilan

A-S

Fabe

rJ.

Deg

ardi

nS.

Mey

ers

J. D

egar

din

Page 6: deSCOUT_2005_02

10AKTUELL deSCOUT AKTUELL112/05

GUIDES ET ECLAIREURS

fêteront ensemble S.A.R. le GRAND-DUC

JEAN pour marquer ses 60 ans comme Chef

Scout. Ils commémoreront conjointement le

souvenir de S.A.R. la GRANDE-DUCHESSE

JOSEPHINE-CHARLOTTE, Chef Guide du

pays. La date retenue est le 19 novembre

2005. Notre commissaire générale, Martine

FABER-SCHMIT, appelée à présider les

trois associations luxembourgeoises, se

verra secondée par Dennis WEZENBERG,

coordinateur pour la FNEL.

MARC EYSCHEN

Knapps hat hie säin Diplom als

«Maître pépiniériste-paysagiste» vum

IERFGROUSSHERZOG GUILLAUME

iwwerreecht krit, du huet d’Federatioun

sech hie gekroopt fir dat jonkt Gréngs vun

der Scouten a Guidë Branche ze soignéieren.

Wor dat dem Bëmmelchen dees Gudden

zevill oder sot et sech “Ewell kann ech

de Kapp a Rou leeën”? Jiddefalls huet

d’Marguerite MARSON-BEFFORT d’Aigles

an d’Hänn vum Claude KAISER geluegt.

DEMOCRACY ON A TREE

“Notice.-The undersigned Tree Warden of

the Borough of Stonington, in exercise of

his powers and duties, intends to remove

this tree. Any person, firm or corporation

objecting to same will notify the tree

warden, in writing, within five days. P.S. Elm

tree (bug kills him)”.

VU et ENTENDUCastor Fricoteur

GASTON THORN

Membre de notre Conseil national, en son

temps chef de troupe des Diables Mauves,

s’est vu distingué Grand Croix de l’Ordre

national de la République de Roumanie.

SANDRA CELLINA

och Ce genannt, bei de Grenge Scouten a

Guiden doheem, engagéiert sech nieft senger

Charge als Explorercommissaire och nach als

Vizepresidentin vun der Lëtzebuerger Natur-

a Vulleschutzliga (LNVL).

BENOIT THIX

représentera dorénavant la FNEL au bureau

exécutif de la Conférence générale de la

Jeunesse luxembourgeoise. Il veillera au grain

avec des yeux d’aigle.

POL KONSBRUCK

(Eclaireurs d’Echternach) a été désigné

comme représentant du Bureau européen du

scoutisme au Conseil d’Europe à Strasbourg.

Il fait par ailleurs partie du groupe de

travail «Profil du scoutisme» de la région

européenne du scoutisme.

WO EINST IN MERL DIE WIESEN

Gross und klein waren aufgeboten und

sie kamen, selbst in der „Poussette“. Zum

Abschluss der Rallye durch die erwachende

Natur platzte der „grosse“ Saal des eben erst

ausgebauten CBDM-Homes fast aus allen

Nähten.

ET LA ROUE TOURNEDeux vétérans méritoires ont passé le relais après de longues années au service de la cause scoute: Jean-Claude MULLER à Romain CIGRAND chez les HOGAs et Nicky KLEIN à Raymond NEPGEN chez les Peaux Rouges.

DE JEAN WELLkrut d’Médaille du Mérite en argent vun der Union Grand-Duc Adolphe (UGDA) fir säi laangjäregen Asaz a speziell als Vize-President vum „Albert Bousser Kouer“.

LE MOT ORDINATEURa été inventé il y a cinquante ans, le 16 mars 1955, par Jacques Perret, professeur de philologie latine à la Sorbonne, à la demande de la société IBM France qui s’apprêtait à commercialiser les premières machines électroniques destinées au traitement de l’information.

LIEBE SÜSSE ALKOPOPS„Tatsächlich ist die Altersstufe zwischen 14 und 15 Jahren bei vielen Jugendlichen die Einstiegsphase zum mehr oder weniger regelmässigen Alkoholkonsum als besonders heikel einzuschätzen. Denn der jugendliche Körper reagiert empfindlicher auf Alkohol als der eines Erwachsenen. Während es bei einem Erwachsenen nach Erkenntnissen der Wissenschaft zwischen sieben und 15 Jahren dauert, bis er durch übermässigen Konsum alkoholabhängig geworden ist, kann ein Jugendlicher schon nach einem dreiviertel Jahr süchtig geworden sein“.Bundeszentrale für gesundheitliche Aufklärung

laut Welt am Sonntag vom 24.3.02

GUDDES MAACHEN

D’Dippecher Dachsen hunn an hirer

Gemeng grouss Botz gehalen, d’Hirsch

haten et mat den Autoen, d’Aigles hunn

Ouschtereeër verkaf, d’Kiewerlecken hu fir

de Burkina Faso gekacht, grad ewéi d’Wëll

Sai fir en indescht Fëscherduerf. D’Réunion

semestrielle huet en zolitten Don fir

d’Croix-Rouge flësseg gemaach, während 21

Telstaren sech a Präsenz vum Michelin-Stär

Carlo SPELTZ bei 32° Celsius un d’exotesch

Kiche gewot hunn. Den Tsunamithon ka

sech freeën.

TOUCHE PAS A MES PINGOUINS

Dans l’Antarctique, l’iceberg B-15A – dont

la superficie est équivalente à celle du

Luxembourg – a commencé à nouveau à se

déplacer vers le large après être resté bloqué

dans des zones marines peu profondes.

De 120 kilomètres de long et d’une

superficie de plus de 2.500 km carrés il

est si vaste qu’il a suscité l’inquiétude des

scientifiques sur son impact sur la faune

marine et les pingouins dans la région.

(La Voix 2.4.05)

DE PIERRE HENTGES

en dichtege Sportler, sot : „D’Kanner

spille vill, d’Kanner spille gären. Mir solle si

gewäerde loossen, just oppassen, datt se net

an Extremer falen“.

Page 7: deSCOUT_2005_02

12INTERNATIONAL deSCOUT INTERNATIONAL132/05

A wéi ass dëst dann elo zu stane komm? Ma 2006 huet d’FNEL e Projet “Don pour la Paix” an an dësem Kader proposéiert d’FNEL fir d’Explorer en Intercamp mat Cap Verdianesche Scouten.

Firwat dann elo de Cap Vert? Ma ganz einfach, well hei zu Lëtzebuerg eng grouss Populatioun vu Cap Verdianer lieft. Fir des Kultur, de sozialen an ekonomesche Kontext, d’Gebraich an dat alldeeglecht Liewe vun dem Land kennen ze léieren, hu mir de Cap Vert gewielt.

Dëst alles wäert dozou bäidroen, déi immigréiert Cap Verdianer besser kennen ze léieren an ze verstoen. Dëst ass och eng Méiglechkeet, dei Jonk op den

Déséquiliber tëschent de Relatiounen an op d’Ofhängegkeet vum Norden a vum Süden opmierksam ze maachen.

D’Explorer hei zu Letzebuerg hu während 2 WE u verschiddenen Atelieren deelgeholl, wou an der Ausernanersetzung mat sech selwer oder am Grupp, mat Spiller, Molen an Austausch iwwert verschidden Themaen diskutéiert gouf, wéi zB : Gestioun vun de Konflikter a positiv domat emgoen, Ausernanersetzung mat eise Virstellungen a Virurteeler, déi mer vis à vis vun enger Natioun hunn, Erwaardungen an Ängschten, kenneléiere vun deenen zwee Länner. Des Atelieren hunn eis Cap Verdianesch Frënn während 3 Deeg am Abrëll mat gemaach.

Den 16 Juli fueren 11 Explorer, 3 Cheffen an 3 Formateuren erof op de Cap Vert fir mat Cap Verdianeschen Scouten 2 Woche laang e Camp ze maachen.

Am Summer verbrénge mir dann zwou Woche mateneen um Cap-Vert, wou mir de Cap-Verdianer ee lëtzebuergescht Campliewen weisen a si eis natierlech och en traditionelle Cap Verdianesche Camp virliewen. Dëst gëtt bestëmmt ganz interessant a mir wäerte sècher vill ee vun deem anere léieren.

Während dem Camp hunn d’Explorer awer och nach emol e puer Atelieren, déi si dann zesumme maachen. Dëst gëtt och bestëmmt ganz interessant, schonn nëmmen alleng duerch d’Sprooch.

Am Summer 2006 ass dann e Camp hei zu Letzebuerg, wou eis Cap Verdianesch Frënn dann eis solle besiche kommen. Wat mir dann dohanne erlieft hunn, erziele mer iech, wa mer erëm zeréck sinn.

Dany Schong

CAMP um CAP-VERT

Phot

os: M

. Ley

tem

Page 8: deSCOUT_2005_02

deSCOUT 2/05

OH NEE, do fällt jo net grad just lo de Stroum aus, lo wou 58 Wëllefcher mat hire Chefe sech op de Wee maache fir e flotte Weekend zu Ierpeldeng ze verbréngen. Wat iesse mer dann elo? Dem Cactus seng Dréindiere ginn net méi, deen ass also zou. Eis elektresch Kachmaschinn geet och net méi…

Spontan hunn d´Leit aus dem Duerf eis gehollef. Natierlech awer net ëmsoss. D´Sixer hunn hinne gehollef, Brout ze baken, Courgetten ze transportéieren, Geschichten ze erzielen, Kraider ze zortéieren, op d´Juegd ze goen, Miel ze man, Fakelen ze fabrizéieren, e Buer ze bauen, Uebst ze plécken, Gromperen auszegruewen an

14BEAVER WELLEFCHER15

De Beaver Funday stoung ënnert dem

Thema „Mier“ an d’Kanner sinn de ganzen

Dag Piraten, Mierdéieren a Matrouse

begéint. Si konnte mat dem „Schëff“ fueren

a vill Spiller am Zesummenhang mam Mier

maachen: Si hu géint Pirate gekämpft, si

Waasserski gefuer an hunn e Schatz fonnt.

Well d’Kanner all esou brav waren,

huet d’Sonn esouguer bal de ganzen Dag

geschéngt a mir konnten all zesummen an

der Wiss picknicken.

Als Ofschloss vum Dag gouf da fir

déi éischte Kéier de schéinste Poste vun

de Kanner gewielt. Dëst Joer war et de

Posten vun de Piwitschen a si kruten

de Wanderpokal an e Cadeau fir mat an

d’Colonie matzehuelen. D’nächst Joer gëtt

dann de Wanderpokal nees weider ginn.

Leider waren och dëst Joer net all

d’Colonië mat op de Beaver Funday komm

a mir, d’Beaveréquipe, hoffen, dass d’nächst

Joer all d’Colonien mat eis zesummen dëse

schéinen Dag verbrénge wäerten.

nach villes méi. Et ass gehandelt gi bis schlussendlech all Sixer e gudden décke Spiesschen um Grill brutschelen hat.

Nodeems och nach eng Schokonana aus dem Feier geholl gouf, hat een alt gemengt elo hätt een deen éischten Dag gepackt, mä du koum jo net de Bauer aus dem Duerf ganz opgereegt bei eis gelaf. Seng Déiere waren him fortgelaf, erop an de Bësch, wéi de Jeeër emol gemengt huet, well deen huet komesch Geräischer an sengem Bësch héieren. De Bauer war schonn ze al (dat sot hien emol, mä ech mengen, en huet sech just net getraut an den däischtere Bësch ze goen). Dofir hunn d´Sixer alt nees missen dru gleewen. A lass! Gott sei Dank si

BEAVER FUN-DAYLaurence Meres

De 24. Abrëll 2005 war et esou wäit! Em déi 110 Beaver an hier Cheffen hu sech um Misärshaff getraff.

SIXER WEEKEND

Den 23. a 24. Abrëll hunn 58 Sixer e flotte Weekend zu Ierpeldeng verbruecht.

Sandy Spielmann

Phot

os: E

quip

e W

ëlle

fche

r FN

EL

Phot

os: E

quip

e be

aver

FN

EL

Page 9: deSCOUT_2005_02

deSCOUT 2/05

Phot

os: S

. Cel

lina

D’Explorer hu sech d’Äerm erop gestrëppt a fläisseg um Misärshaff gebotzt, geraumt a gefléckt.

SCHAFFEN um MISÄERSHAFFSamschdes moies kommen d’Explorer un,

installéiere sech a mir fänken direkt u mat schaffen:

Mat e bësse Schokela a Gummi-dinosaurier als Treibstoff tässele mer all d’Konstruktiounsholz der Längt no. Den Trakter gëtt och gefléckt. D’Wuppe si giess, scho bal éier se gegrillt sinn, well vum schaffen an der frëscher Loft gëtt een nawell hongereg.

Mëttes flécke mer d’Clôture, de Schapp gëtt ofgemaach an ugestrach, Feierholz gëtt geschnidden a gerass. No enger Spaghetti spille mer nach e bësschen a méi oder manner spéit tapse mer dann an de Schlofsak.

Sonndes moies kritt de Schapp seng zweet Couche, nach méi Holz gëtt gerass (wann och mat manner Enthousiasmus a méi Muskelkater). No de Spiissercher an dës Kéier mat Gummifräschen an Äppelstécker ugedriwwen, gëtt mëttes de Keller gekallekt, eemol, zweemol (vu komesche Marsmännercher), e Bam geplanzt, d’Spillplaz ofgerappt, den Holzschnëppelchantier geraumt an da musse mer just nach eist Gelëmps raumen an den Haff piccobello botzen.

Och wa mer net zu allzevill waren, hu mer vill gemaach krut. Den Explorer an der Équipe en décke Merci a bis déi nächste Kéier!

Sandra Cellina

16WELLEFCHER EXPLORER17

mëttes esou vill Fakele gebastelt ginn, sou hat een alt wéinstens bësse Luucht. Bierger hu missen erklomme ginn, de ganze Bësch ass duerchsicht ginn, wou d´Déieren dunn och effektiv fonnt gi sinn. Dunn ass sech de Bierg ofgeseelt a schnell eng Fläschepost un de Bauer geschéckt ginn, dass e seng Kniechten alt scho konnt lass schécken, fir d´Déieren nees an d´Duerf ze dreiwen. Zréck am Duerf ukomm gouf et nach eng kleng Stäerkung, éier mer dunn all futti an eis Zelter gefall sinn.

No enger killer Nuecht hate mer Sonndes nees déck Chance mam Wieder. Schnell gouf Kaffi gedronk, agepaakt a schonn ass et nees lass gaang. Mir hunn eng Sonnenauer gebastelt. An se fonctionnéiert!!

Dunn hu mer eis schonn nees op de Wee gemaach fir bei den Zuch. Ënnerwee hate mer awer alt nees e ganze Koup Aufgaben. E Fliger huet missen un d´Fléie bruecht ginn, et gouf telefonéiert ouni Telefon, gemorst an nach villes méi hu mer geléiert, wat ouni Stroum och fonctionnéiere kann.

Nodeems mer och nach jett iwwert Ettelbréck geléiert hunn, si mer nach esou just op der Gare ukomm, éier eng gutt Schauer Reen koum. Uff. Dunn an den Zuch an heem. Verschidde Chefen hunn nach gemengt, se wéilte nach e bëssen an den Dréckskëschte wulle fir eventuell Schätz erëmzefannen, bis schlussendlech och dee leschten zefridden an d´Bett gefall ass.

Page 10: deSCOUT_2005_02

deSCOUT ONGD192/05

JOUER à GODAM-CHOWRAu cours du camp des Kiewerlecken

au Népal en 2000, les jeunes du village de

Godam Chowr ont émis le souhait de voir

se réaliser dans leur village la mise en place

d’un terrain de basketball.

Séduits par l’enthousiasme de ces jeunes,

les EESF (Eclaireurs et éclaireuses sans

frontières) ont décidé de financer ce projet

avec l’appui de l’ONGD-FNEL. Après mûre

réflexion, il a été décidé de ne pas se limiter

à un terrain de basketball, mais de construire

un terrain “Multi-Sports” qui pourrait servir

l’intégralité de la population.

Après une longue période de

tâtonnements, le projet est devenu plus

concret lorsque Max Bega, chef de groupe

des Kiewerlecken, s’est rendu au Népal

pour rencontrer les responsables du village

de Godam Chowr. A l’heure actuelle, la

construction de l’aire de jeux de Godam

Chowr est terminée, conformément au projet

et aux instructions. Il sera officiellement

remis aux responsables début juin 2005.

Projet 021Construction d’une aire de jeux à Godam Chowr, Nepal

Phot

os: O

NG

D-F

NEL

Patrick Oth

18ROVER

Freides Owes hu sech e puer Rover

afonnt, fir de Weekend zesummen am

Mamer Home e Computer-Netzwierk

opzebauen an zesummen ze spillen! Duerch

d’Pengscht-Camp’en ware leider nëmmen

bis zu 12 Rover gläichzäiteg do. Mä déi, déi

do waren, hu fir déi aner matgespillt!

Et sinn al an nei Spiller gespillt ginn,

zB Quake II, Far Cry & Counterstrike

Source. Am Keller haten och e puer Rover

d'Playstation opgeriicht an och bis spéit an

d'Nuecht gespillt.

E Spill huet awer dozou geféiert, dass

mer d'LAN em ee ganzen Dag verlängert

hunn: "Warcraft III - The Frozen Throne".

Jiddereen huet dat bal perséinlech geholl a

wollt einfach net ophale mat spillen. Gutt,

dass deen Dag drop Feierdag war a keen

huet missen onbedengt fort...

Wat villen immens gefall huet, war dass

mer zesumme gekacht hunn, well dat op

enger LAN net ganz oft virkënnt... an dat

mat nëmmen deene klassesche 'Camping's

Nuddelen' oder 'Poulet Curry mat Räis'.

Mir freeën eis op déi nächst!!!

ROVER-LAN zu MAMERAlain Stoos

D’Rover hate vum 13. bis de 15. Mee op eng LAN-Party invitéiert, fir ze spillen a Fotoen oder aner Saachen auszetauschen.

Phot

os: E

quip

e R

over

FN

EL

Page 11: deSCOUT_2005_02

RONDEREM212/05

d‘Beemplantzaktioun, d’Schoul vu Godam Chowr, d’Spidol vu Banepa, touristesch Héichpunkter vum Nepal...

...alles ass drop

Sprooch: lëtzebuergesch

Präis 15€ ze iwwerweisen op de Kont ONGD-FNEL CCPL LU10 1111 1003 3032 0000

Dir kënnt en duerno ofhuelen am Sekretariat FNEL, Sekretariat ONGD oder am Scout-Shop

(mellt Iech awer un w.e.g)

oder mir schécken den DVD (Frais d’envoi 3€ Supplément)

E Souvenir, e CadeauHei ass den DVD iwwert d’Projet’en vun der FNEL am Nepal.

DEN CNA SICHT FILMER VU

SCOUTS– A GUIDENAKTIVITEITENAm Joer 2007 gëtt den 100. Anniversaire vun der Scouts– a Guidebewegung gefeiert.

Bei dëser Geleeënheet réaliséiert den CNA e Film iwwer de Scoutissem zu Lëtzebuerg.

Dofir brauche mer äer Filmer vu virun 1960 an alle méigleche Formaten.

Déposéiert äer privat Filmer am CNA: Dir kënnt eis se schenken oder dir vertraut dem

CNA se un a kënnt trotzdeem Propriétaire vun äere Filmer bleiwen. A béide Fäll zéie

mir iech eng Videokassett oder en DVD. Dir kënnt äer Filmer an der Siège vun der FNEL

oder direkt am CNA ofginn. Vergiesst net, däitlech ze markéieren:

Wiem de Film gehéiert (Adress, Telefon, E-mail …)

Wat um Film drop ass (Grupp, evt. Datum, Plaz ...)

Kontaktadress:

Centre National de l’Audiovisuel oder FNEL:

5, rue de Zoufftgen • L-3598 Dudelange Nadine Schummer - Tel 51 16 91

Viviane Thill - Tel 52 24 24 1

Ons Promotiounen

Bidon 11.80€Isolier Bag 25.00€Gamelle 13.00€Iessbesteck 7.50€Becher 5.20€Sëtzkëssen 6.00€Säckelchen 8.50€Täscheluucht 6.00€De klenge Jäizert 6.20€T-Shirt 13.60€

Rucksak 86.00€Carrymat 13.60€Housse fi r d’Carrymat 7.40€Schlofsak 64.45€ 80.30€ 171.45€

70.00€ 145.00€

Total : 251.75€

De ganze Set kascht nëmmen: 200.00€

SCOUT-SHOP

Dir kënnt mat Bancomat bezuelenDe SCOUT-SHOP ass op vun 18-20 Auer

den 30. Juni an de 7. Juli

20ONGD deSCOUT

Page 12: deSCOUT_2005_02

22RONDEREM deSCOUT RONDEREM232/05

PROGRAMME du 83e POW-WOW

le dimanche 10 juillet 2005 à Echternach

10h50 Ouverture du Pow-Wow

11h00 Début des Activités

12h30 Déjeuner / Pic-Nic

15h30 Fin des Activités

15h45 Partie Offi cielle

17h15 Chant des Adieux

19h30 Dîner

d’LUSSIG QUAICHLEKEN and’ECLAIREURS D’ECHTERNACH

invitéieren all d’Membere vun den Amicalen, de Comité’en a Frënn vun der FNEL op e gemeinsamt Mëtteg- an/oder Nuechtiessen

12:30 Auer MëttegiessenTomate-Crevettes - Prince Orloff - Taart

Präis vum Menu sec 18€

19:30 Auer OwesiessenJambon braisé au Porto - gebootschte Gromperen - Zalot -

Crème CaramelPräis vum Menu sec 15€

Mellt Iech w.e.g. bis spéitstens den 1. Juli 2005 u beimMilly Sauber-Wehr - 40, rue de la Chapelle - L-6419 Echternach

an iwwerweist d’Suen op de Konto vun de FNEL E.Q.E. CCPL LU84 1111 1356 0192 0000

Wou? Wéini? Mat wiem? Weist eis, wou der et am léifste maacht:

deSCOUT liesen.

CONCOURS deSCOUT war dobäi- Maacht eng fl ott Foto

- eleng oder zu puer - mat der lescher Editioun vum deSCOUT

- schéckt se un [email protected]

D’Explorer um Misäershaff. Gutt geschafft!

POW-WOW 05

ECHTERNACH

Page 13: deSCOUT_2005_02

24ÄER SÄITEN deSCOUT ÄER SÄITEN252/05

Mir hu schnell erausfonnt, datt Reserve-Schlaich oder RB’en (Rettungsbooter) um Waasser guer net praktesch sinn a sech gäer selbststänneg man. Op alle Fall ass et eng super Aktiviteit, wou mir immens vill Erfahrunge gemaach hunn. Mir hunn och geléiert, datt ee Beem, Äscht a Fielsen am beschte soll groussreimeg ëmfueren. D’Floossfahrt ass onbedéngt ze empfi elen.

Wei mer dunn d’Floossen am Waasser haten an d’Stréimung am Heischtergronn gesinn hunn, wousste mer net, wéi dat ausgoe sollt. Mat eisen orange Westen si

mer du gestart an an der éischter Kéier gouf de Fiels schonn emol direkt geschruppt. Mä no e puer Accrochage mat den Äscht, bei deenen eist Piratefl ooss op eemool ouni Besatzung weidergeschwommen ass, haten mer den Trick eraus, wéi gesteiert gi muss. Eng gutt Coordinatioun, Wäitsiicht a staark Hänn un de Rudderen (Laaten) sinn Trëmp. An dunn ass et och ganz féx viru gaang. An 2 Deeg hate mer et bis kuerz virun Ierpeldeng gepackt. Ausser dem kale Waasser war et e coolt Abenteuer! An d’Wieder war och ganz ok.

Eis éischt Floossfahrt ass schonn deck spektakulär ugaang a verschiddener konnten et aus Abenteuerdrang net loossen, d’Keelt vum Waasser um eegene Leif ze spieren.

KOMMENTARE VUN DEN EXPLORER

Ech hunn et net esou gutt fonnt, dass d’Waasser sou kal wor, mä et wor awer witzeg, wéi mer de Wier erofgedüst sinn.

De Ben bleift mäi Benny-Boy, well e scho kuerz nodeem en eng nei Box unhat, gemengt huet, e misst sech rëm an de Bulli geheien.

Dem Tom hunn iergendwann seng Schung net mei gefall an huet se kuerzerhand am Bulli stoe gelooss.

De Gilles huet eis all an d’Waasser gehäit, well hie mat sengem Neopren d’Gläichgewiicht net hale konnt. Ajo ehm jo et war soss awer gutt.

De Camp ass u sech genial gewiescht, mä t’wär besser, wann et méi waarm gewiescht wär. D’Waasser war souuu kal a meng Féiss waren agefruer. An d’Duschen um Camping haten tatsächlech kee waarmt Waasser. Ouni dat wär et de Glanz gewiescht.

Et war déck cool, mä d’Waaser war naass. Mir hunn den Tom all fir mëll gehal, wéi hien emol einfach mat eisem Flooss d’Wier erof a riicht an d’Stréimung gebraust ass. Et huet schonn ausgesi wéi wann e géif ënner goen an d’Flooss frecke géif. Owes hu mer eis beim Feier géigensäiteg Geschichten erzielt.

De Camp war cool, just e bëssen zevill naass! D’Sëmmung war flott, genuch Leit sinn an d’Waasser an an de Bulli gefall. Leider huet d’Wieder net super matgespillt.

Phot

os: B

. Jac

oby,

T. S

chin

tgen

d’LOUTRES op FLOOSSFAHRTAndy, Gilles, Jonah, Nils, Mohamed, Charel, Max, Ben, Tom, Nathalie

Page 14: deSCOUT_2005_02

26ÄER SÄITEN deSCOUT ÄER SÄITEN272/05

De Gilles, de Misch an ech an als Chefen de Jeff an de Philippe hate Rendez-Vous um 6.15 op der Gare fir da mam Zuch op Paräis ze fueren. No 4 Stonne si mer endlech op der Gare de l'Est ukomm. Dunn hu mer den Hotel gesicht, wat guer net esou einfach war, well op der angeblecher Adress wor e Kebab-Laden, deen eis e Kebab verkafe wollt. Endlech am Hotel ukomm, krute mer eis Zëmmeren an hunn eis och ganz schnell installéiert. Du si mer hongereg iesse gaang.

Dono hu mer eng Visite duerch Paräis gemaach. Mir hate geduecht, mir bräichte keng Métros-Ticketen (wat mer batter bereit hunn) an sinn zu Fouss duerch Paräis getrëppelt. No annerhalwer Stonn trëppelen hu mer eng Paus gemaach fir eng Cola an eng Crêpe z'iessen. Ma leider hu mer dee ganze Wee och missen zrécktrëppelen. Dat wor net sou schéin un der ganzer Visite.

No 7 Stonne Schlof sin mer opgestan, hunn eis ugedon an sinn iesse gaang. Um 11 Auer hate mer Rendez-Vous mam Laurent Thies virun der Kathedral, fir eng richteg Visite vu Paräis ze man. Mir sinn dem Laurent ganz dankbar fir déi Visite, déi um 3 Auer fäerdeg wor. Dono hun mer Paräis, mat Métros-Ticket, besichtegt.

Den nächsten Dag hu mer dat Wichtegst vun eisem Weekend gemaach an zwar un deem Cortège deelgeholl: Moies si mer fréi opgestan fir um 7 Auer an der Géigend vum

Arc de Triomphe ze sinn. Mir kruten esou ee wäisse Pullover mat alle Fändele vun Europa drop an ee lëtzebuergesche Fändel an d'Hand. Nodeems mer eng hallef Stonn geprouft haten, hu mer um richtege Cortège deelgeholl. Mir haten all de Pullover un an de Fändel an der Hand. Zum Schluss huet eis de Jacques Chirac perséinlech Merci gesot, dass mer déi Saach esou fei gemaach hunn.

In response to the Red Cross and FNEL Tsunami appeal, the Telstar Scout Troop decided to kill two birds with one bowl of curry and arranged to learn how to cook a three course meal, pass their Cook Badge and entertain 60 parents and friends to a banquet… all in one fell swoop.

This took place on Saturday May 28th…. in 32° C weather, not the sort of climate to be slaving away in the kitchen over a hot stove, but never-the-less, the event was a great success.

The Cook badge requirements includes clearing up everything afterwards, so the leaders were glad to sit back, drink their beer and supervise! The 6 girls and 16 boys have further tests to pass before they attain their badge… to bake a cake and to pass a cookery theory test.

The money raised by the banquet will go to help Scouts, in the Tsunami affected areas, to get their scouting back on track.

An expert ‘taster’ was invited to the banquet, in the form of Carlo Speltz, whose Luxembourg City restaurant has a Michelin star. After tasting the dishes, he commented that the food was tasty, very colourful and attractive. He congratulated all the young people on producing such an interesting meal. Well done Scouts and Leaders!

the MENU

Spicy Pumpkin or Hot & Sour Soup

* * *Thai Chicken or Vegetable Curry

* * *Exotic Fruit Salad or Toffee Fruit

Chris Garratt

Telstar Scouts Banquet raises money for the Tsunami Appeal.

De 6. Mee hu fënnef Scouten a Chefe vun de Kiewerlecken zu Paräis um 60. Anniversaire vun der Libératioun vu Frankräich deelgeholl.

G. M

etz

Alessandro Plebani

5 KIEWERLECKEN zu PARÄIS COOKING for TSUNAMI

Mir waren net déi eenzeg, déi dorunner deelgeholl hunn, mä mir waren déi eenzeg Lëtzebuerger. Et waren och nach aner Jugendlecher aus alle Länner do. Nom Cortège si mer alleguerten zréck gaang a mir kruten eng Tiitche fier d'Mëttegiessen. Um 18 Auer hu mer dunn den Zuch geholl fir heem. Dat Evenement war déck fett a mir waren all déck frou, dogewiescht ze sinn. Ausserdem ass Paräis déck grouss... Ph

otos

: Tel

star

Page 15: deSCOUT_2005_02

28ZU GUDDER LESCHT deSCOUT ZU GUDDER LESCHT292/05

de klenge SCOUT

De Misärshaff steet zimlech eleng an der Natur an ass dofi r net un enger Kläranlag ugeschloss wéi déi meescht Haiser hei am Land.

Dofi r hu mir ons eege Kläranlag, eng biologesch-planzlech - iwweregens eng vun deene gréissten am Land - wou d’Ofwaasser vum ganzen Haff dran traitéiert an opbereet gëtt, esou dass et, ouni der Ëmwelt ze schueden, weider an de Stauséi lafe kann.

Esou eng biologesch Kläranlag ass eppes Formidabeles: stellt iech eng grouss Schwemm vir, wou awer kee Waasser dran ass, mä lauter Planzen a Kiselsteng! Fir t’éischt leeft d’Ofwaasser an een oder zwee Opfangbecken: eng Zort risegt Dëppen, wou dee gréissten a schwéiersten Dreck erof op de Buedem fällt an nach just knaschtegt Waasser iwwerleeft: an eben déi grouss Schwemm.

An dësem groussen, waasserdichte Bassin voller Waasser, deen net all ze déif ass, sti schrecklech vill Sumpfplanzen an engem grousse Koup Kiselsteng. Des Planzen erniere sech duerch hir Wuerzele vun eisem Knaschtwaasser. Wéi dat genee geschitt, ass relativ komplizéiert: do spille souwuel

physikalesch, chemesch a biologesch Virgäng eng Roll. De Wuesstem vun de Planze botzt awer nëmmen zu engem klengen Deel (5-10%) d’Waasser. Dee gréissten Deel vun der Botz geschitt ënne bei de Wuerzelen: ganz kleng Liewewiesen (Mikro-Organismen), déi vun de Planze Sauerstoff kréien, verschaffen den Dreck am Waasser.

Wann onst Waasser elo ganz lues duerch d’Planzewuerzele gelaf ass, kennt et an e Sickerbecken, wou et nach eemol gefi ltert gëtt an eréischt dono däerf et an de Stau lafen.

Dir gesitt, wéi wichteg des Anlag ass, a well des Planze ganz empfi ndlech sinn, däerfe si net futti gemaach ginn an duerfi r ass eben den Zong ronderëm.

Dësweideren däerft der op kee Fall chemesch Substanze wei Faarf, Benzin oder ähnleches an de Spullstee schëdden. Och normalt Spullmëttel ass net gutt fi r d’Kläranlag: do muss speziellt biologesch-ofbaubart geholl ginn. An natierlech däerf een och näischt an de Bassin selwer geheien: weder Steng nach Holz nach Béchsen oder Fläschen ...

Mir brauchen :

- e Plastik-Becher

- verschidden Zorte vu Sand

- e weineg Kraesi

1 . Mat enger Nol, dei mer iwwert enger Kaerz

erhetzt hunn, buere mer e puer Laecher an de

Becher.

2 . Dono felle mer de Becher ofwiesselnd mat

Kraesi, da mat Sand an nees mat Kraesi. E puer

Zentimeter ennert dem Bord loosse mer frai.

3 . Elo stelle mer de Waasserfilter iwwert

eng Schossel a loossen esou laang Waasser

doduerch lafen, bis all Dreck aus de Steng an

dem Sand ausgespullt ass an nach just proppert

Waasser ennen eraus kennt.

4 . Ons Miniklaeranlag ass elo asazbereet -

mir kennen elo allerlee Knascht aus Waasser

erausfilteren : Stebs, Bulli asw.

Wat geschitt mam knaschtege Waasser um Misaershaff?

Mir bastelen e Waasserfilter

Leider geet esou eWaasserfilter net duer, fir proppert Drénkwaasser ze

produzéieren - dat ass vill méi opwenneg . Wann der wëllt, kënnt der awer mat äre

Chefen eng Visite bei der SEBES um Stau maachen an iech genee erkläre loosse wéi

Drénkwaasser hirgestallt gëtt .

Sour

ce: G

EOlin

o.de

Claude Freistroffer

Page 16: deSCOUT_2005_02

30ZU GUDDER LESCHT deSCOUT ZU GUDDER LESCHT312/05

ee FLOTTEN ECK

Wat sinn deng Aufgaben um Misärshaff?

No dräi Joer weess ech net méi, wat déi genee sinn... Ech këmmere mech eigentlech

em alles, wat grad uläit: Hecke schneiden, méien, oppassen ob all Dieren zou sinn. Et

kënnt och alt vir, dass ech tëschent zwou Gruppen, déi net esou richteg laanschtenee

kommen, muss Schiedrichter spillen. An heiansdo muss een och emol haart

duerchgräifen, wann net richteg gebotzt gëtt.

Wat ass déi flottsten Anekdot mat Visiteuren?

Dat flottst war, wéi eng däitsch Grupp hei war, déi d‘Camp-Plaz net immens propper

gehalen huet. Du sot ech hinnen, se missten onbedengt botzen, well de Grand-Duc

géif laanscht kommen. Ech hunn dunn e puer Leit aus dem Duerf organiséiert, ee sollt

de Grand-Duc sinn, déi aner seng Bodyguards. Op jidder Fall war alles piccobello an

d‘Kanner stounge Spaléier, wéi dee falsche Grand-Duc ukomm ass. Op eemol ass awer

engem opgefall, dass de Bodyguard deen Dag virdun Holz bruecht huet. Mir hunn

awer trotzdem all gutt zesumme gelaacht...

Wat géifs de der nach wënschen?

Mir ginn immens oft vun auslännesche Visiteuren no Postkaarte gefrot. Mir besuergen

der da vun der Ëmgéigend, mä mir hu keng vum Misärshaff selwer. Do misst een

eppes man, well t’ass schliisslech en immens flotten Eck. Ausserdem wär et och nach

eng zousätzlech Reklamm.

3FROEN

Vun der Redaktioun un de Wolfgang Webers, Gardien vum Misärshaff.

Jacques Degardin

Mir hunn iech dës Kéier zwou Plazen um Stauséi erausgesicht, déi eng méi wëll, déi aner méi ziviliséiert.

Wann ee beim Misärshaff de Bierg erof geet, kënnt een op d’Misärsbréck. Vun do aus geet et dann eng 500 Meter laanscht d’Waasser an dann de Bierg erop an de Bësch. Vun do aus geet et a Richtung Norden an dann erof bei d’Waasser. Do kann een et sech ënnert de Beem gemittlech maachen an ausser vun dem engen oder anere Fëscher ass kee Mënsch wäit a breet. (Et kënnt een och vu Bauschelt, duerch d’Rue du Lac dohin).

Zu Ënsber op der Fuussewiss ass dofir méi lass. Dës Plage ass am Summer ganz beléift a bitt och déi néideg Infrastrukturen. Dofir kascht de Parking awer. Vun Ënsber aus kann een och en Tour mam Solarboot iwwert de Séi maachen an d’Flora an d’Fauna besser kenne léieren.

Tëschent Ueschdref an Ënsber kann een och de Burfelt besichen. Dat ass en Zentrum, wou een d’Natur an haaptsächlech de Bësch besser kenne léiere kann.

Natiirlech ginn et nach eng Hellewull flott Ecker ronderëm de Stauséi. Egal wuer der awer gitt, denkt bei all Aktivitéit drun, dass der an engem Naturpark sidd an do besonnesch Regele gëllen: an der ganzer Zone däerf een ënnert anerem net biwakéieren an och kee Feier maachen.

Informatiounen oder Reservatiounen:www.misaershaff.luwww.naturpark-sure.luC

. Fre

istro

ffer

J. D

egar

din

Page 17: deSCOUT_2005_02

La Luxembourgeoise