11
02 www.100komma7.lu HIGHLIGHTS VUM MOUNT FEBRUAR THEMA VUM MOUNT AARBECHT 02/ 2018

HIGHLIGHTS VUM MOUNT FEBRUAR 02 - img.100komma7.lu · WEIDER HIGHLIGHTS Komponist vum Mount Säit 10 Schrëftsteller vum Mount Säit 11 Nei Serie um Dënschdeg - The Director’s

  • Upload
    others

  • View
    13

  • Download
    0

Embed Size (px)

Citation preview

02

www.100komma7.lu

HIGHLIGHTS VUM MOUNTFEBRUAR

THEMA VUM MOUNTAARBECHT02/ 2018

2 3

INVITATIOUN OP D’IWWEREECHUNG VUM 100,7 RADIOPRÄIS 2017

Den 100,7 radiopräis belount all Joer dat bescht Hörspill, erausgewielt vun enger internationaler Jury am Kader vun engem méisproochege Concours. De Concours ass op fir all d’Auteuren aus Lëtzebuerg an der Groussregioun. Déi 3. Editioun vum Präis stoung ënnert dem Thema "Great Expectations". Den 100,7 radiopräis ass mat 3.500 Euro dotéiert an dat präméiert Wierk gëtt vum radio 100,7 produzéiert an op der Antenn diffuséiert.

D‘Präisiwwerreechung vum 100,7 radiopräis 2017 ass mëttwochs, de 7. Februar 2018 am Mudam, am Kader vun enger Soirée ronderëm d’Thema "Hörspill".Vun 18:00 u kënnt Dir Auszich aus verschiddenen Hörspiller lauschteren. Um 19:30 fänkt deen offiziellen Deel un: D’Auteure liesen Auszich aus hiren agereechte Manuskripter an de Gewënner gëtt ugekënnegt. Duerno geet et natierlech nach weider! Am Kader vum Up to 11 vum Mudam proposéiert den 100,7-DJ Marc Clement e Mix vu Beats an Hörspiller.

Reservéiert Är Plazen op 44 00 44 800 oder op [email protected].

INHALTSVERZEECHNES

EXKLUSIV UM RADIO 100,7

Rout-Wäiss-Blues Säit 4

Luxembourg City Film Festival Säit 5

THEMA VUM MOUNT: AARBECHT Säit 6

WEIDER HIGHLIGHTS

Komponist vum Mount Säit 10

Schrëftsteller vum Mount Säit 11

Nei Serie um Dënschdeg - The Director’s Classical Cut Säit 12

Gewannt Concerts- a Kinosticketen Säit 14

Wocheniwwerbléck Säit 16

ImpressumÉditeur: Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle, Établissement Public Oplo: 12.000 10 x am Joer gratis verschéckt vum: radio 100,7 | 21a, av. J.F. Kennedy | L-1855 Lëtzebuerg | Postkëscht 1833 | L-1018 Lëtzebuerg Tel.: 44 00 44-1 E-Mail: [email protected] Grafik: Vidale-Gloesener Drock: rekaprint+

Follow us on Facebook: www.facebook.com/100komma7 Twitter: @100komma7

Programmännerunge si méiglech.

Mat der frëndlecher Ënnerstëtzung vum

Banque Rai� eisen, Hannus Kayl, Hôtel Restaurant Acacia Esch/Alzette, Peinture Gilbert Heuertz Tétange, Sudgaz

Nos partenaires :

Agence Serge Koullen, Kayl, Agence Pascale Meysembourg, Tétange

23. 02.2018 „DEN THÉID GËTT AL“E Koméidistéck vum Raoul BiltgenSchungfabrik Téiteng, 20h00

28. 02.2018 Luxemburgs verborgene Unterwelt Jérôme Konen ist Fotograf, Verleger, Vortragsreferent und Berater für Medien-produktionen aller Art. An diesem Abend entführt uns Jérôme Konen in die spekta-kuläre Unterwelt des Landes.Schungfabrik Téiteng, 19h30

15. 03.2018 MicrobandMit absolut überraschenden musikalischen Neuinterpretationen geht es im � otten Tempo durch adagio, allegro, andante, espressivo, forte, piano, mit zerlegbaren Geigen, Gitarren und Flöten. “Die Marxbro-thers der Musikclownerie” laut Frankfurter Allgemeine Zeitung.Schungfabrik Téiteng, 20h00

28. 03.2018 Duo Albaricate Machen Sie die Augen auf und hören Sie ! Albaricate ist ein ungewohntes Duo: Samuel Genin, Gitarre und Clémence Colin bezeichnet sich selbst als „Chansigneuse“, als Gesangtänzerin sozusagen., Schungfabrik Téiteng, 20h00

03. 05.2018 THE CAST Die Opernband „The Cast“, junge Vokal-artisten aus Neuseeland, Kanada, USA und Deutschland, inszeniert alte Werke mit Charme, frischen Ideen, glockenklar geschulten Opernstimmen und entfernt einfach den steifen Rahmen, den klassi-sche Musik normalerweise umgibt. Schungfabrik Téiteng, 20h00

Tickets: www.luxembourg-ticket.lu - www.ticket-regional.lu

Kultur am Käldall

annA5_KULTURamKAELDALL_fev-mai2018_print.indd 1 03/01/18 12:23

4 5

Äre Rendez-vous mam Luxembourg City Film Festival um radio 100,7De Luxembourg City Film Festival huet seng Plaz ënnert den europäesche Filmfestivale fonnt, dat soen net nëmmen d’Organisateuren, mä och d’Visiteurszuele vum leschte Joer ginn ee klore Beweis dofir: 29.300 Interesséierter waren unzetreffen. No dësem Rekord huet de Festival sech och dëst Joer d‘Zil gesat, e qualitativ héichwäertege Programm op d‘Been ze stellen.

Vum 22. Februar bis de 4. Mäerz 2018 ass et schonn déi 8. Editioun: An der offizieller Competitioun gëtt no engem Successeur gesicht fir de Grand Prix vun 2017, The Other Side of Hope vum Aki Kaurismäki.

Als Mediepartner vun engem vun de bedeitendste kulturellen Evenementer vum Joer kuckt de radio 100,7 méi genee op all dat, wat um a ronderëm de Festival geschitt:

- Eis Filmkritiker analyséieren d’Filmer, déi an der offizieller Competitioun lafen. Dat all Dag vum 22.2. bis de 4.3., ë.a. vu méindes bis freides um 17:40.

- Mécht de Festival genuch fir d’Lëtzebuerger Filmproduktiounen? Dat gëtt an der Table-ronde de 25. Februar um 11:00 diskutéiert.

- Interviewen, Kritiken an Hannergrënn sinn och op www.100komma7.lu ze fannen.

Eis Equipe vun Generator, der Jugendemissioun um radio 100,7, begleet och nees Jonker, déi sech als Jeunes critiques versichen. Si kréie vun eis eng Basisausbildung als Radioreporter a si mam 100,7-Mikro um Festival ënnerwee.

22.2. - 4.3. All Dag Informatiounen iwwert de Festival, ë.a. vu méindes bis freides um 17:40

25.2. Table-ronde um 11:00

Masterclass 2017 avec Ray Liotta © Patrick MullerDan Kries © Foto/art: FDMRob Schauls © Foto/art: FDM

Rout-Wäiss-BluesMat Live-Opname vu Lëtzebuerger Formatioune steet eis Emissioun Black & White Blues dënschdes an donneschdes am Februar an Ufank Mäerz am Zeeche vun nationale Blues-Produktiounen.

Heavy PetrolHeavy Petrol war ënnerwee, fir den neien Album Petrol Train virzestellen. De Sextett mam charismatesche Sänger Woody Lunari besteet zanter 2011 an nennt als Haaptaflëss Hendrix, Bonamassa an Johnny Winter, a wéi beim Remo Cavallini si Rock a Blues am Sound vun Heavy Petrol vereent. Opna-men aus der Escher Kulturfabrik kënnt Dir den 20. Februar bei eis héieren.

Heritage Blues CompanyAm Sang a Klang huet déi 2006 gegrënnten Heritage Blues Company bewisen, datt een och ouni gréisser elektresch Verstäerkung säi Publikum faszinéiere kann. Mat vill akusteschem Sound an e bësse Stroum huet de Quintett mat der Frontfra a Sängerin Chantal Gottschalk sech op Invitatioun vum Blues Club Lëtzebuerg presentéiert. D’radio 100,7-Mikroe si matgelaf; eng etlech Ausschnëtter proposéiere mir Iech de 6. Mäerz.

20.2.um 21:00

6.3.um 21:00

EXKLUSIV UM RADIO 100,7

6 7

Dësen an anere Froe gi mir am Februar no:

- Vu méindes bis samschdes am aktuelle Feature um 09:20 an ëmmer méindes um 09:40 Auer an der Sendung Ee Mount, een Thema

- An der Serie Biller vun der Aarbecht, ëmmer samschdes um 09:40

- An der Serie Schrëftsteller vum Mount, ëmmer méindes um 11:10

- An der Emissioun Taktlos, samschdes, den 3. Februar um 14:00

THEMA VUM MOUNT

De Begrëff "Aarbecht" ass net esou eendeiteg, wéi een dat op den éischte Bléck kéint mengen. D’Aarbechtswelt erlieft e rasante Wandel an de Be-grëff muss komplett nei geduecht an definéiert ginn. An dat an all sengen Dimensiounen, an där ekonomescher an an där sozialer a psychologescher.

D’Fro, déi sech an dësem Kontext ëmmer nees opdrängt, ass: Schaffe mir, fir ze liewen, oder liewe mir, fir ze schaffen?

Sinn d’Aarbechtskonditiounen haut besser? Huet sech de jorelaange Kampf vun Aarbechter a Gewerkschafte fir e gerechte Loun a gerecht Aarbechtskonditioune gelount? Wéi ass de monetäre Wäert an d’Plaz vun der Aarbecht an eiser Gesellschaft? Wéi steet et ëm de Kampf vun de Frae fir gläichwäerteg Behandlung a Loun? Wéi wäit muss d’Hyper-Spezialisa-tioun vun den Aarbechtsplaze goen? A wéi léisst sech d’Kompatibilitéit vun Aarbecht a Privatliewen erméiglechen?

Mir kucken eis d’Situatioun zu Lëtzebuerg un: Wéi eng Aarbechtsplazen änneren, verschwannen, kommen nei dobäi? Sinn déi aktuell Modeller – vum Horaire mobile eriwwer bei den Homeoffice, déi verschidde legal Congéen an d’Kannerbetreiung – der Entwécklung vun der haiteger Gesellschaft ugepasst? Wéi ginn d’Aarbechter, also de sougenannte Capital humain, weidergebilt? Wéi kënne mir als Gesellschaft ëmgoe mat Phenomener wéi Burnout oder Boreout? Wéi wëllt Lëtzebuerg, trotz héijem Beschäftegungstaux vun der Populatioun, seng Croissance laangfristeg fidderen? Wat fir eng Gesellschaft entsteet, wa ronn 75 % vun den aktiven Aarbechter am ëffentlechen Déngscht schaffen?

AARBECHT

8 9

1An dëser Serie beschäftegt sech de Christian Mosar all Samschdeg mat der Duerstellung vun AarbechterInnen an der bildender Konscht, an der Propaganda an am Kino vum 20. Joerhonnert. Vu falsche bis richtegen Hel-den, geet et ëm d’Manéier, wéi eis gewise gëtt, datt d’Aarbecht e Kampf ass deen ee gewënnt – oder verléiert.

Den Alexei Stakhanov, den éischten Aarbechter-StarDe Minnenaarbechter Aleksei Stakhanov soll am August 1935 102 Tonne Kuelen an nëmme fënnef Stonnen a 45 Minutten aus dem Buedem gebrach hunn. Eng nei sowjetesch Ikon?

Aarbechterinnen am HollywoodkinoNorma Rae vun 1979, Silkwood vun 1983 oder North Country vun 2006: An dësen dräi amerikanesche Mainstreamproduktioune spillen dräi Fraen d’Haaptroll. Si sinn net nëmmen Aarbechterinnen, si féieren och hire ganz eegenen Aarbechterkampf.

3.2.um 09:40

BILLER VUN DER AARBECHT

10.2. um 09:40

Charlie Chaplin, Modern Times

17.2. um 09:40

Modern Times vum Chaplin an d’FléissbandaarbechtVun engem deen – op d’mannst am Film – ënnert d’Rieder geroden ass. D’Bild vun der Aarbechterklass am Kapitalismus.

E Mexikaner zu Detroit: Dem Diego Rivera seng grouss Fresken an der Haaptstad vum Automobil an den 30er Joren1927 huet den Diego Rivera 27 monumental Wandmolereien am Detroit Institute of Art gemoolt. Hie war begeeschtert vun der amerikanescher Autosindustrie an deenen, déi do geschafft hunn.

TaktlosVum Lou Reed sengem Don’t talk to me about work iwwer afro-amerika-nesch Work Songs bis hin zum Jacques Dutronc sengem Il est cinq heures, Paris s’éveille. Lidder déi den Aarbechtsalldag beschreiwen oder esouguer méi supportabel maachen. Den Jamie Reinert invitéiert samschdes, den 3. Februar an der Sendung Taktlos op eng variéiert Playlëscht, déi sech ronderëm d’Aarbecht dréint.

3.2. um 14:00

24.2. um 09:40

Detroit Institute of Arts, Diego Rivera © ashleystreet

Aleksei Stakhanov © Anonymous/unknown authorship. Image supplied to US by National Council of American-Soviet Friendship, New York

10 11

3SCHRËFTSTELLER VUM MOUNT

Engagéiert Literatur: Den Didier Eribon an den Edouard LouisDen Didier Eribon gehéiert haut zu de bedeitendste Soziologen a Frank räich. De soziale Milieu, sozial Beweegungen an d’Aarbechterklass stinn am Fokus vu senge Recherchen, Coursen a Seminären a sinn och Bestanddeel vu senge Wierker, grad sou wéi d’Roll an d’Versoe vun der lénker Politik.

Nom Doud vu sengem Papp geet den Didier Eribon zréck a seng Gebuerts-stad Reims a mécht sech op d’Spure vu senge Virfaren. Hie begéint do dem Aarbechtermilieu an deem hien opgewuess ass an analyséiert déi gesellschaftlech Voleten a sengem autobiographesche Wierk Retour à Reims.

Den Dider Eribon ass och de Mentor vum jonken Auteur Edouard Louis, dee mat sengem Wierk En finir avec Eddy Bellegueule bekannt ginn ass, enger iwwerdroener Biographie, déi eng ganz ähnlech Geschicht erzielt, wéi dem Eribon säi Retours à Reims.

Zwee Männer, déi 40 Joer Altersënnerscheed trennt, weisen an hire Wier-ker, datt eng Welt, an där Gewalt, Alkoholismus an Aarmut herrscht, sech och net am Laf vun der Zäit vill verännert an den Ausbroch aus dem Misär alles anescht wéi einfach ass.

D’Valerija Berdi huet d’Wierker vun den zwee Auteure fir eis gelies a reflektéiert se dëse Mount all Méindeg um 11:10.

5.2. 12.2. 19.2. 26.2. um 11:102Luigi Boccherini (1743-1805)

Een Italiener a Spuenien; d‘Halschent vu sengem Liewen huet de Luigi Boccherini am Déngscht vun der spuenescher Kroun zu Madrid verbruecht. An obschonns hie fir déi Zäit wäit ewech vun de grousse Musekszenteren an Éisträich, Däitschland an Italien war, war dem Boccherini seng Musek op d‘mannst esou populär wéi déi vun Haydn a Mozart.

Haut ass dat anescht: De Museker vu Lucca, deen als Cellist europawäit unerkannt war, ass eng Randfigur vun der haiteger Museksgeschicht ginn. Dobäi war de Luigi Boccherini am 18. Joerhonnert dee bedeitendsten italieneschen Instrumentalkomponist zanter dem Antonio Vivaldi. Eleng dat ass schonn e Grond fir de Guy Engels, fir sech all Mëttwoch dësen interessante Museker bei Geleeënheet vu sengem 275. Gebuertsdag méi genee unzekucken.

Den Cellist Luigi Boccherini

Den Erfinder vum Sträichquintett

Spuenesch Kläng am Boccherini senger Musek

D’Boccherini-Fuerschung

KOMPONIST VUM MOUNT

7.2.um 11:10

14.2.um 11:10

21.2.um 11:10

28.2.um 11:10

WEIDERHIGHLIGHTS

12 13

4NEI SERIE UM DËNSCHDEG -THE DIRECTOR’S CLASSICAL CUT

Zënter datt et de Kino gëtt, interesséiere sech Regisseure fir Komponisten a portraitéieren dës op der grousser Leinwand. Esou kréien och Laien den Zougang zur Musek vereinfacht. Eng Serie mam Manuel Ribeiro.

Amadeus (1984) vum Milos FormanGedréint gouf de Film nom Theaterstéck vum Peter Shaffer a krut aacht Oscaren. Eng Mëschung aus Fiktioun a Realitéit weist de Mozart aus dem Antonio Salieri senge jalousen Aen, woubäi sech d’Fro stellt, ob déi zwee wierklech Rivale waren.

De Ludwig van Beethoven a seng onstierflech LéiftNom Doud vum Beethoven gëtt ee Manuskript fonnt, an deem hien alles un eng mysteriéis Fra verierft, wouropshin d’Sich no hir ufänkt. Gläich zwee Filmer dréine sech ëm dëst Rätsel: Beethovens große Liebe (1937) vum Abel Gance a Ludwig van B. – Meine unsterbliche Geliebte (1994) vum Bernard Rose.

Richard Wagner – Verschidde Perspektiven op säi Liewen D’Miniserie Wagner (1983) vum Tony Palmer dréit sech ëm d’Liewen, d’Schafen an och ëm d’Dreem vum Richard Wagner. Eng aner Perspektiv weist Der Wagner-Clan, eine Familiengeschichte (2013) vum Christiane Balthasar, wou d’Cosima Wagner am Mëttelpunkt vun der Handlung steet.

D’Ofliewe vum Gustav MahlerAn Mahler (1974) vum Ken Russel ginn, während de Mahler 1911 op säin Doud waart, verschidden Episoden aus sengem Liewe verzielt. En ähnlecht Thema behandelt Tod in Venedig (1971) vum Luchino Visconti, nom Thomas Mann.

Filmdréi "Tod in Venedig", Luchino Visconti, Sergio Garfagnoli & Björn Andrésen

6.2. um 13:30 an 19:30

13.2. um 13:30 an 19:30

20.2. um 13:30 an 19:30

27.2. um 13:30 an 19:30

KINEPOLIS® PRESENTS

Offrez des émotions à votre Valentin(e)

kinepolis.lu

GIFT BOXESKINEPOLIS

Disponibles en caisses de vos cinemas Kinepolis.

14 15

Call me by your nameRegisseur: Luca Guadagnino Mam: Armie Hammer, Timothée Chalamet, Michael Stuhlbarg

Drama, Romanz | Frankräich, Italien, USA, Brasilien | 131’

Sortie de 14. Februar an all de Säll vum Grupp Kinepolis

Phantom ThreadRegisseur: Paul Thomas Anderson Mam: Daniel Day-Lewis, Vicky Krieps, Lesley Manville

Drama | USA | 130’

Sortie de 14. Februar an all de Säll vum Grupp Kinepolis

COUP DE CŒUR

COUP DE CŒUR

GEWANNT CONCERTS- A KINOSTICKETEN

Schéckt eis eng E-Mail mat der gewënschter Virstellung op [email protected] oder rufft un um 44 00 44 800. D’Gewënner ginn ausgeloust.

© K

rem

lin.r

u

Schéckt eis eng E-Mail mam gewënschte Concert op [email protected] oder rufft un um 44 00 44 800. D’Gewënner ginn ausgeloust.

No

ra F

isch

er ©

Mar

c B

org

gre

ve

5.2. Rising stars Méindeg, 20:00Nora Fischer: Stëmm

Daniël Kool: Piano

Mike Fentross: Theorbe

Wierker vu Kliphuis, Landi, Marini, Messiaen, Monteverdi, Poulenc, Strozzi

Dëse Concert gëtt enregistréiert vum radio 100,7 an de 25.3.2018 diffuséiert.

Fran

cesc

o Tr

ista

no

© M

arie

Sta

gg

at9.2. Urban / iPhil Freideg, 20:00Goldberg City Variations Bach’s Goldberg Variations as an architectonic utopia

Francesco Tristano: Piano, Konzept

Edoardo Pietrogrande: Produktiounsdesign

Federico Nitti: Visuals

Resonanzen 19:00 Artist talk: Francesco Tristano (F)

Th

om

as H

eng

elb

rock

© B

enja

min

Kri

eg

3.2. Grands classiques Samschdeg, 20:00

Balthasar-Neumann-Ensemble Balthasar-Neumann-ChorThomas Hengelbrock: Direktioun

Haydn: Die Schöpfung (La Création)

Resonanzen 19:15 Virtrag Wolfgang Fuhrmann (D)

4.2. Bolshoi Live Sonndeg, 16:00 am Ciné UtopiaThe Lady of the CamelliasMusek: Frédéric Chopin | Choreographie: John Neumeier Dänzer/innen: Svetlana Zakharova, Edvin Revazov, Anna Tikhomirova

10.2. MET Live Samschdeg, 18:00 am Kinepolis KierchbiergL’Elisir d’Amore vum DonizettiDirigent: Domingo Hindoyan | Inzeenéierung: Bartlett Sher Sänger/innen: Pretty Yende, Matthew Polenzani, Ildebrando D‘Arcangelo

RADIO 100,7 WOCHENIWWERBLÉCK FEBRUAR 2018

MÉINDEG DËNSCHDEG MËTTWOCH DONNESCHDEG FREIDEG

06:00 - 09:00 VIRUM DAG VIRUM DAG VIRUM DAG VIRUM DAG VIRUM DAG 06:00 - 09:0006:00 + 06:30 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 06:00 + 06:3007:00 Panorama Panorama Panorama Panorama Panorama 07:0007:15 Presserevue Presserevue Presserevue Presserevue Presserevue 07:1507:20 Dossier vum Dag Europa Aktuell Dossier vum Dag Europa Aktuell Dossier vum Dag 07:2007:30 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 07:3007:32 Invité vum Dag Invité vum Dag Invité vum Dag Invité vum Dag Invité vum Dag 07:3207:50 Kultur Kultur Kultur Kultur Kultur 07:5008:00 Panorama Panorama Panorama Panorama Panorama 08:0008:15 + 08:20 Presserevue / Dossier vum Dag (R) Presserevue / Europa Aktuell (R) Presserevue / Dossier vum Dag (R) Presserevue / Europa Aktuell (R) Presserevue / Dossier vum Dag (R) 08:15 + 08:2008:30 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 08:3008:35 Kultur Kultur Kultur Kultur Kultur 08:3508:50 Auslandschronik Fräie Mikro Medien - / Kulturchronik Fräie Mikro Wirtschaftschronik 08:5009:00 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 09:0009:04 - 12:00 MOIES - MAGAZIN MOIES - MAGAZIN MOIES - MAGAZIN MOIES - MAGAZIN MOIES - MAGAZIN 09:04 - 12:0009:20 Globus Gesondheet a Soziales Land a Leit Economicus Technologie a Wëssenschaft / Café Scientifique 09:2009:40 Ee Mount, een Thema Prisma Physik a Medezin ZäithistorikerIn Recht zu Lëtzebuerg an an Europa 09:4010:00 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 10:0010:15 Classic Moment Classic Moment Classic Moment Classic Moment Classic Moment 10:1510:30 Invité Invité Invité Invité Invité 10:3011:00 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 11:0011:10 Schrëftsteller vum Mount Séier lafen oder schwéier schaffen Komponist vum Mount Kommunikatioun a Medien Ich shoppe, also bin ich / Kulturen am Zäitvergläich 11:1011:30 Kultur Kultur Kultur Kultur Grousse Kino 11:3012:00 Panorama Panorama Panorama Panorama Panorama 12:0012:12 - 13:30 IWWER MËTTEG IWWER MËTTEG IWWER MËTTEG IWWER MËTTEG IWWER MËTTEG 12:12 - 13:3012:15 Auslandschronik (R) Fräie Mikro (R) Medien - / Kulturchronik (R) Fräie Mikro (R) Wirtschaftschronik (R) 12:1512:22 Aktuelles Aktuelles Aktuelles Aktuelles Aktuelles 12:22 12:30 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 12:3012:35 + 12:50 Kultur Kultur Kultur Kultur Kultur 12:35 + 12:5013:00 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 13:0013:15 Kultur (R) Kultur (R) Kultur (R) Kultur (R) Kultur (R) 13:1513:30 SEQUENZA THE DIRECTOR’S CLASSICAL CUT KEY TO CLASSICS HIDDEN JAZZ GEMS DÉJÀ VU 13:3014:00 RESONANZEN RESONANZEN RESONANZEN RESONANZEN RESONANZEN 14:0015:00 SPEKTRUM SPEKTRUM SPEKTRUM SPEKTRUM SPEKTRUM 15:0016:00 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 16:0016:04 - 18:34 ËNNERWEE ËNNERWEE ËNNERWEE ËNNERWEE ËNNERWEE 16:04 - 18:3417:00 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 17:0017:10 Aktuelles (R) Aktuelles (R) Aktuelles (R) Aktuelles (R) Aktuelles (R) 17:1017:30 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 17:3017:40 Kultur (R) Kultur (R) Kultur (R) Kultur (R) Kultur (R) 17:4018:00 Panorama Panorama Panorama Panorama Panorama 18:0018:15 Haut um radio 100,7 Haut um radio 100,7 Haut um radio 100,7 Haut um radio 100,7 Haut um radio 100,7 18:1518:30 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 18:3018:34 - 19:30 TIME OUT TIME OUT TIME OUT TIME OUT TIME OUT 18:34 - 19:3019:00 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 19:0019:30 SEQUENZA (R) THE DIRECTOR’S CLASSICAL CUT (R) KEY TO CLASSICS (R) HIDDEN JAZZ GEM (R) DÉJÀ VU (R) 19:3020:00 BLUE NOTE WORLD Soirée Philharmonique

OCL - OPL - Euroradio - SELConcert EuroradioOper - Symphonie - Kammermusek

BACKSTAGE 20:0021:00 JAZZ UNLIMITED BLACK & WHITE BLUES METAL MELTDOWN 21:0022:00 Panorama (R) Panorama (R) Panorama (R) Panorama (R) Panorama (R) 22:0022:12 OWES - MAGAZIN OWES - MAGAZIN OWES - MAGAZIN OWES - MAGAZIN OWES - MAGAZIN 22:1223:00 CD - JAZZ SYMPHONIC WINDS BLUE NOTE (R) WORLD (R) SOUNDCHECK (R) 23:0000:00 NEW COTTON CLUB (R) TAKTLOS (R) JAZZ UNLIMITED (R) BLACK & WHITE BLUES (R) E - LODIE (R) 00:0001:00-06:00 NOTTURNO NOTTURNO NOTTURNO NOTTURNO NOTTURNO 01:00-06:00

ALLESWAT

WICHTEGASS

ZU LËTZEBUERG

AN DORIWWER ERAUS

100KOMMA7.LU

CATH

Y KR

IER

© P

aul K

lens

ch

SAMSCHDEG SONNDEG

07:00 - 09:00 VIRUM DAG NOTTURNO

07:00 Noriichten

07:15 Nationale Wochespigel

07:30 Noriichten MUSICA SACRA

08:00 Panorama Noriichten

08:04 — EARLY BIRD

08:15 / 08:20 Presserevue / Nationale Wochespigel (R)

08:30 Noriichten

08:35 Kultur

09:00 Panorama Noriichten

09:04 MOIES - MAGAZIN KONFERENZEN / USIICHTEN / MIXTAPE

09:20 Check-Up

09:40 Biller vun der Aarbecht

10:00 Noriichten Noriichten

10:04 — MUSEKER AM GESPRÉICH / MUSIKALESCH VISITTEKAART / KLASSIKTHEMA10:15 Classic Moment

10:30 Invité

11:00 Noriichten Noriichten

11:04 Lëtzebuerger Filmaktualitéit RIICHT ERAUS

11:30 Kultur

12:00 Panorama Panorama

12:30 ESPRESSO BEATS CLASSIC IN CONCERTApéro OPL - Conservatoire Esch + LIVE Festivals13:30 TRENDSCHEIF

14:00 TAKTLOS MUSEKER AM GESPRÉICH (R) / MUSIKALESCH VISITTEKAART (R) / KLASSIKTHEMA (R)

15:00 BACKSTAGE (R) KONFERENZEN (R) / USIICHTEN (R) / MIXTAPE (R)

16:00 Noriichten Noriichten

16:04 ROCKULTUR NEW COTTON CLUB

17:00 Noriichten Noriichten

17:04 JUNGLE BOOGIE GROOVE CLUB

18:00 Panorama Panorama

18:30 GENERATOR RIICHT ERAUS (R)

19:30 TRENDSCHEIF (R) HUMANITIES TALK / SINGING ACTORS / VOIX D’AUTEURS

20:00 SOUNDCHECK NEI MUSEK AM CONCERT

21:00 E-LODIE

22:00 Panorama (R) Panorama (R)

22:12 OWES - MAGAZIN SOIREE PHILHARMONIQUE (R)OCL - OPL - Euroradio - SEL23:00 ROCKULTUR (R)

00:00 / 00:12 METAL MELTDOWN (R) GROOVE CLUB (R)

01:00 / 01:12 -07:00

NOTTURNO NOTTURNO

(R): Rediffusioun Programmännerunge si méiglech.

RADIO 100,7 WOCHENIWWERBLÉCK FEBRUAR 2018

Mat der frëndlecher Ënnerstëtzung vumReservéiert Är Plazen op 44 00 44 800 oder op [email protected].

Soirée ronderëm d’Thema "Hörspill"de Mëttwoch, 7. Februar vun 18:00 unam Mudam (Park Dräi Eechelen, L-1499 Luxembourg)18:00 After-work Radioplay | 19:30 Remise vum 100,7 radiopräis | 20:30 Radiopräis-Party