Upload
others
View
1
Download
0
Embed Size (px)
Citation preview
04
www.100komma7.lu
HIGHLIGHTS VUM MOUNTABRËLL
THEMA VUM MOUNTKULTURELLE PATRIMOINE04/ 2018
2 3
ImpressumÉditeur: Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle, Établissement Public Oplo: 11.000 10 x am Joer gratis verschéckt vum: radio 100,7 | 21a, av. J.F. Kennedy | L-1855 Lëtzebuerg | Postkëscht 1833 | L-1018 Lëtzebuerg Tel.: 44 00 44-1 E-Mail: [email protected] Grafik: Vidale-Gloesener Drock: rekaprint+
Follow us on Facebook: www.facebook.com/100komma7 Twitter: @100komma7
Programmännerunge si méiglech.
EXKLUSIV & LIVE Nordesch Kläng – LIVE aus der Philharmonie ...................................... Säit 05 Live Concertsmatschnëtter um radio 100,7 ......................................... Säit 06
SPOTLIGHT ON: ZäithistorikerIn ................................................... Säit 08
THEMA VUM MOUNT: KULTURELLE PATRIMOINE ................... Säit 10
WEIDER HIGHLIGHTS Komponist vum Mount ........................................................................... Säit 24 SchrëftstellerIn vum Mount .................................................................. Säit 25 ABC der Alltagsdinge ............................................................................. Säit 26 1968 - Revolte an Utopie ....................................................................... Säit 28 Den amerikanesche Musical ................................................................. Säit 29
GEWANNT CONCERTS- A KINOSTICKETEN .............................. Säit 30
WOCHENIWWERBLÉCK ................................................................... Säit 32
INHALTSVERZEECHNES
Phot
o co
ver:
The
ruin
s of
the
cast
le o
f Bou
rsch
eid,
Nic
olas
Lie
z, de
ssin
tiré
du
"Voy
age
pitto
resq
ue à
trav
ers
le G
rand
-Duc
hé d
e Lu
xem
bour
g", 1
834
4 5
Nordesch Kläng – LIVE aus der PhilharmonieOb Tolkien, Wagner oder Sibelius – déi nordesch Mythologie, den Zauber an d’Geheimnis vun de Legende ronderëm d’Walhall oder de finneschen Epos Kalevala faszinéieren an inspiréiere Literaten a Komponisten zënter jeehier. Dës fantasieräich Stëmmung bréngen den Dirigent Paavo Järvi an de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg den 20. Abrëll an de groussen Auditorium vun der Philharmonie.
Als gebuerenen Est ass de Paavo Järvi an dësem kulturhistoreschen Ëmfeld doheem an et verwonnert net, datt den Dirigent och Musek vu sengem Landsmann Erkki-Sven Tüür mat op Lëtzebuerg bréngt. De Paavo Järvi, Fils vum Neeme Järvi a Brudder vum Kristjan Järvi, Chefdirigent vum MDR-Symphonieorchester, ass dës Saison Artist in Residence an der Phil-harmonie. Am Januar war hie scho mam estnesche Festivalorchester am Concertshaus, am Juni kënnt hie mat der Deutschen Kammerphilharmonie Bremen, mat där de Paavo Järvi eng remarkabel Intégrale vum Ludwig van Beethoven senge Symphonien enregistréiert huet.
Programm: Jean Sibelius: Nachtritt und Sonnenaufgang op.55 Erkki-Sven Tüür: Prophecy, fir Akkordeon an Orchester Richard Wagner: Siegfried-Idyll Ludwig van Beethoven: Symphonie Nr. 4
Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg Paavo Järvi: Direktioun Ksenija Sidorova: Akkordeon
20.4.um 20:00
EXKLUSIV & LIVETHE TEMPEST
SUCCESS STORY
MI FRIDA
Réservations: tél.: (+352) 27 54 - 5010 ou - 5020; fax: (+352) 54 73 83 650 [email protected]; www.theatre.esch.lu
Mercredi, le 25 avril 2018 à 20.00 hrs
Mardi, le 8 mai 2018 à 20.00 hrs
Samedi, le 12 mai 2018 à 20.00 hrs
WILLIAM SHAKESPEARE
PIÈCE DE THÉÂTRE DOCUMENTAIRE SUR LA VIE DES ENFANTS
TANZTHEATERSTÜCK
© T
oshi
yuki
Hira
mat
su©
Pat
rick
Gal
bats
© b
oshu
a
Production : Yamanote Jijoscha Theatre Company
Coproduction : CAPe, La Compagnie du Grand Boube, neimënster, Théâtre d’Esch
Koproduktion : Théâtres de la Ville de Luxembourg, KNH, Mierscher Kulturhaus
Paavo Järvi © Ixi Chen
6 7
Classic in ConcertKMVL - KammerMusekVeräinLëtzebuerg
Opgeholl den 18.6.2017 an der Kierch zu Käerch Franz Schubert: Oktett a Fa majeur, D 803
Concert “Rising Stars” mam Trompettist Tamás Pálfalvi
Opgeholl de 6.3.2018 an der Philharmonie Wierker vu Bartók, Chostakovich, Dubrovay, Enescu, Sarasate, Tamberg
Concert-apéritif (mat Museker vum OPL)
Opgeholl de 4.2.2018 an der Philharmonie Wierker vun Haydn, Mozart, Holliger, Krommer, Röllig a Brönnimann
1.4.um 12:30
22.4.um 12:30
29.4.um 12:30
Black & White BluesRemo Cavallini Live at Rockhal
Opgeholl de 14.10.2017 an der Rockhal Den Déifferdenger Gittarist mat Gäscht (ë. a. Fred Barreto a Kid Colling) fir d’Sortie vum Album The Last Blues From 29.
3.4.um 21:00
SoundcheckIron & Wine
E Mann a seng Gittar. Intimen amerikanesche Folk vum Sam Beam. Eng EBU-Opnam vum Antigel Festival zu Genf vum Februar 2018.
7.4.um 20:00
WorldFrancesco De Gregori Live
Den italienesche Cantautore zielt zënter Joerzéngten zu de Grousse vum Genre. Eng EBU-Opnam aus der Theaterfabrik München vum Oktober 2017.
24.4.um 20:00
Drops & Points
Drops & Points live um Eurosonic Festival 2018 Mam Projet Drops & Points exploréiert de Pascal Schumacher, zesumme mam Gittarist Maxime Delpierre, cinematographesch Klangwelten a léisst elektronesch Téin mat akusteschen Instrumenter harmonéieren. Beim renomméierten Eurosonic Festival am Januar 2018 huet de Vibraphonist säi Projet, op Invitatioun vum radio 100,7, engem Fachpublikum virgestallt.
21.4.um 20:00
"Aller Anfang ist Bach"E Live-Matschnëtt vum Concert vun de Solistes Européens, Luxembourg den 19. Mäerz 2018 an der Philharmonie. Am J.S. Bach sengem 5. Pianos-concerto, wéi och am Uergelconcerto H 446 vum Carl Philip Emmanuel Bach, war de Solist den amerikanesche Pianist a Komponist Kit Armstrong.
1992 ass hie gebuer an nieft senge brillante Studien an de Fächer Mathe-matik a Chimie op der University of Pensylvania, schléisst hie säi Museks-studium an der Royal Academy of Music zu London mat Auszeechnung of. Zënterhier féiert de Museker eng erfollegräich Carrière als Solist a konzentréiert sech an deene leschte Joren op d’Instrument Uergel.
4.4.um 20:00
LIVE CONCERTS- MATSCHNËTTER UM RADIO 100,7
8 9
Bonaparte franchissant le Grand Saint-Bernard, Jacques Louis David, 1802Vincent ArtusoDenis ScutoRenée Wagner
SPOTLIGHT ON
D’Emissioun ZäithistorikerIn gëtt ofwiesselnd presentéiert vum Renée Wagner, Denis Scuto a Vincent Artuso. Dat all Donnesch-deg um 09:40.
Wéi laang gëtt et d’Emissioun ZäithistorikerIn schonn a wat ass de Prinzip vun der Sendung?
ZäithistorikerIn ass eng Chronik, déi et zënter 2014 gëtt an déi tëschent 7 an 9 Minutten dauert. Eng zimlech laang Dauer, wann et dorëms geet den Nolauschterer mat engem Geschichtsthema ze fesselen. Hei ass et awer och esou, datt de Sujet, obwuel historesch, an der Regel eppes mat haut ze dinn huet. Et geet drëms der Aktualitéit, dem Alldag, eng historesch Déift ze ginn.
Wat ass iwwerhaapt en Zäithistoriker?
En Zäithistoriker ass en Historiker, dee sech mat Zäitgeschicht befaasst – d. h. mat der Period vum Zweete Weltkrich bis haut. An den 1950er an 1960er Joren, wéi deen Ausdrock gepräägt gouf, ass et dorëms gaan-gen dem Historiker d’Méiglechkeet ze ginn, sech mat der rezentster a polemeschster Vergaangenheet auserneenzesetzen. Virdru gouf nämlech gemengt, datt een e groussen zäitlechen Ofstand zur Geschicht an zu hire ProtagonistInne bräicht, fir kënnen objektiv driwwer ze schreiwen. D’Unerkennung vun der Zäitgeschicht huet also och mat der Unerkennung vum subjektive Faktor vun all Wëssenschaft ze dinn.
ZÄITHISTORIKER | INWéi identifizéiert Dir d’Theme vun Äre Sendungen? A wéi setzt Dir Prioritéiten?
D’Prioritéit ass d’Pertinenz am Moment vun der Ausstralung: Entweder gëtt d’Thema vun der Aktualitéit diktéiert oder d’Thema ass selwer d’Aktua litéit. Den Ausgangspunkt vun enger Chronik kann e Colloque, e Buch, e Film oder e Joresdag sinn. Eng Chronik kann och do sinn, fir engem méi breede Publikum déi lescht Erkenntnisser vun der Geschichtsfuer-schung ze presentéieren. Dacks ass d’Zil awer einfach en Evenement aus enger méi déiwer, historescher Perspektiv z’analyséieren an ze weisen, datt Faite vun haut oft historesch Ursaachen hunn, déi ee muss kennen, fir se richteg ze verstoen.
Dir stellt an Ärer Emissioun d’Fro, wéi d’Geschicht vun der Inter-pretatioun beaflosst gëtt. Den Napoleon Bonaparte sot jo z. B., datt d’Geschicht eng Suite vu Ligen ass, mat deene jiddereen d’accord ass. Wat sinn Är Gedanken zu dëser Ausso?
Den Napoleon war en Zyniker an en Diktator, dee mat deem Saz net just e Bonmot wollt formuléieren, mee e Programm: Mat despotesche Methoden an d’Geschicht agoen. Eiser Meenung no kann een Historiker ni objektiv sinn. Dat ass och gutt esou, d’Geschicht soll och net just vun engem Indivi-duum geschriwwen, mee vun enger ganzer Gesellschaft debattéiert ginn. Wat den Historiker awer op kee Fall däerf, ass mat senge Quelle fuddelen.
10 11
Dësen an anere Froe gi mir am Abrëll no:
- An der Sendung Ee Mount, een Thema, ëmmer méindes um 09:40
- An der Serie Eise Patrimoine culturel, freides den 13.4. an 20.4. um 09:40
- An der Serie Vu Groussem a Klengem, ëmmer samschdes um 09:20 a sonndes um 12:20
- An der Serie Krichsmonumenter, ëmmer freides um 11:10
- An der Serie Immaterielle Patrimoine, dënschdes den 3.4. an donneschdes de 5.4. um 09:20
- An der Serie Geliefte Musek, ëmmer dënschdes um 13:30
- An der Serie Fedil: Vu Stol-Baronen zu High-Tech-Manager, ëmmer samschdes um 09:40
- Am Matschnëtt vu verschiddene Konferenzen zum Thema, den 1.4., 2.4., 8.4. a 15.4. ëmmer um 09:04 a 15:00
THEMA VUM MOUNT
2018 ass dat europäescht Joer vum kulturelle Patrimoine. Wann dat lescht, 1975, sech eleng ëm den architektonesche Patrimoine gedréint huet, sou soll 2018 seng ganz Diversitéit weisen. Also materiellen, awer och imma-terielle kulturelle Patrimoine, eng Kategorie, déi eréischt an den 90er Jore vun der UNESCO agefouert gouf an déi z. B. handwierklech Fäegkeeten, Traditiounen, Bräich a Sprooch ëmfaasst.
Och Lëtzebuerg huet fir 2018 eng Rei vu Projeten an Aktivitéite virgesinn. De Premier a Kulturminister Xavier Bettel sot: "Eise kulturelle Patrimoine gehéiert zum Fundament vun eiser Gesellschaft. Dofir musse mir e fir déi nächst Generatiounen erhalen a valoriséieren." Dräi Schwéierpunkte goufen zu Lëtzebuerg definéiert: Bildung, nohalteg Entwécklung an nei Technologien. Dësen Zukunftsbléck op de kulturelle Patrimoine resuméiert d’Leitthema #HeritageForFuture. De komplette Programm vum Joer fannt Dir op www.patrimoine2018.lu. Hei kann och jidderee säi Projet eraree-chen, fir de Label "Année européenne du patrimoine culturel" ze kréien a mat zu der offizieller Programmatioun ze gehéieren.
Beim radio 100,7 ass de kulturelle Patrimoine d’Thema vum Mount Abrëll. Mir huele fir Iech Lëtzebuerger Literatur a Personnagen, Traditiounen a Bräich, Objeten a Krichsmonumenter, Sprooch an Architektur ënnert d’Lupp. Mir ginn och fir Iech op Konferenze ronderëm d’Thema an op d’Sich nom musikalesche Patrimoine zu Lëtzebuerg. A gi Froen no wéi: Firwat hu mir ee Patrimoine? Halen oder net halen? Wéi passt Denkmalschutz mat nohalteger Entwécklung zesummen? A wat huet et mam neien Archiv-gesetz op sech?
D’JOER VUM KULTURELLE PATRIMOINE
Palais grand-ducal, Luxembourg
Cathédrale Notre-Dame de Luxembourg
Portrait d'un jeune gentilhomme, artiste inconnu, Villa Vauban, Luxembourg
12 13
1Déi verschidde Facettë vum Patrimoine: Iwwer Konflikter tëscht Architek-tur an Denkmalschutz, dat neit Archivgesetz an de Weltdag vum Buch. Den André Duebbers mat Hannergrënn zu dësen Themen.
Ënnerierdesch: Lëtzebuerger Geschicht am ParkingDe Patrimoine hei am Land huet vill Facetten. Geschwë wäert eng weider derbäi kommen, nämlech dann, wann d’Archivgesetz gestëmmt gëtt. Méi wéi 200 Joer no senger Grënnung kritt de Grand-Duché endlech säin Archivgesetz – als eent vun de leschte Länner an Europa. Mam Gesetz gëtt ganz genee definéiert, wéi eng Dokumenter archivéiert ginn an et gëtt ee Bewosstsi geschaf, datt d’Archiven zum materielle Räichtum vun engem Land gehéieren. D’Fro déi am Raum bleift, ass déi vun engem ade-quate Gebai fir d’Nationalarchiven: Deels ginn d’Dokumenter nach ëmmer am ënnerierdesche Parking um Helleg-Geescht-Plateau stockéiert.
Denkmalschutz contra nohalteg EntwécklungWéi e Bäitrag kann den Denkmalschutz leeschten, wann et ëm eng nohal-teg Entwécklung geet? Kritt den Denkmalschutz een adequate Stelle-wäert vun der Regierung ageraumt? Wéini gëtt d’Denkmalschutzgesetz reforméiert?
Al Bausubstanz erhalen an nohaltegt Baue musse keng Kontradiktioun sinn an awer ass Konfliktpotential do. Denkmalschutz an nohalteg Entwécklung: Ee Spagat tëscht Patrimoine a moderner ekologescher Landesplanung?
EE MOUNT, EEN THEMA
9.4. um 09:40
Ënnerwee mam geschriwwene WuertDen 23. Abrëll ass de Weltdag vum Buch a vun den Droits d’auteur. Zu Lëtzebuerg steet dësen UNESCO-Weltdag dëst Joer ënnert dem Titel: “Grouss Nimm – Grouss Geschichten. Ënnerwee mam geschriwwene Wuert zu Lëtzebuerg”. Vun der legendärer Melusina iwwert de Joseph Bech, d’Aline Mayrisch, de Batty Weber, d’Lou Koster, den Edward Steichen bis hin zum Robert Schuman: Elauter exzeptionell Personnagë mat deenen d’Lëtzebuerger Literatur sech beschäftegt huet. Um Weltdag vum Buch si mir op hire Spuren ënnerwee.
My name is LucaLUCA, de Luxembourg Center for Architecture, offréiert eng interaktiv Plattform a Saachen Architektur vum 20. Joerhonnert. Dat fir e villfältege Publikum: Fir de virwëtzegen Amateur, fir den engagéierte Bierger, fir de politeschen Entscheeder oder de professionellen Acteur organiséiert de LUCA Konferenz-Zyklen, Debaten, Ausstellungen, guidéiert Visitten a pädagogesch Atelieren. Zënter Enn Februar ass och e participativen an didakteschen Internetsite online, deen iwwer déi lescht 25 Joer vun der Architektur hei am Land mat Hëllef vun 200 Maquetten informéiert.
23.4. um 09:40
16.4. um 09:40
30.4. um 09:40
Château de Vianden The Family of Man, Exposition photographique organisée par Edward Steichen, Clervaux © Gorup de Besanez
Archives nationales de Luxembourg © Zinneke
14 15
2De Patrimoine culturel ass, der Definitioun no, eppes dat eng stänneg kulturell Valeur huet. Ob materiell oder immateriell – Architektur, Konscht, Geschicht, Literatur, Musek, Persounen, Associatiounen, Gastronomie oder och Stied, Landschaften, Biotopen a -sphären – villes kéint, gëtt awer net patrimoinéiert.
Wéi a wéini mécht een e Choix? Wie mécht en: Experten oder Politiker? Béid? Wéi laang gëtt et schonn de Patrimoine culturel? A wou nach, ausser zu Lëtzebuerg? Wat heescht Patrimoine culturel am Fall vu Konflikter – a sief et nëmmen där, wéi den Ament ronderëm de Patrimoine industriel? Eng Serie vum Roger Seimetz.
Firwat hu mir ee Patrimoine?
Halen oder net halen? Dat ass d’Fro.
EISE PATRIMOINE CULTUREL
13.4. um 09:40
20.4. um 09:40
Fort Thüngen - Drei Eicheln, Brück & Sohn , 1905
16 17
3Dräi Minutte fir un eng Saach oder e Géigestand ze erënneren, deen zum Lëtzebuerger Patrimoine gehéiert. Vum éischte Lëtzebuerger Frang, iwwer selwer gebauten Autoen, déi net fuere gelooss goufen, bis zu de Figuren op dem Kutter senge Biller, ass dat hei eng Kulturgeschicht vun den Anek-doten an de klenge Saachen, déi eisen Alldag ausgemaach hunn an zum Deel haut nach prägen.
Eng nei Serie vum Christian Mosar vum Floumaart vun der Lëtzebuerger Geschicht. Am Mëttelpunkt stinn déi Klengegkeeten, un déi ee sech gutt erënnert, mee deenen hir Geschicht een net ëmmer wierklech kennt. Wien huet z. B. all déi feierlech schwaarz-wäiss Kommiounsfotoe gemaach? A wou kann een nach e Pëtz fannen?
De Feierstëppler E Lëtzebuerger Frang mat Popularitéit an d’Geschicht vun deem, deen drop duergestallt ass.
Deen éischte Lëtzebuerger Dictionnaire1847 huet de Jean-François Gangler de Lexikon der Luxemburger Umgangs-sprache publizéiert.
VU GROUSSEM A KLENGEM
Le cusinier chinois Chih Fan, Jean Mich, 1912, MNHA
De Péiter Onrou: En Awerglawen aus der Stad Beim hellege Crispinius läit eng al Jesusfigur, heiansdo stinn nach Käerzen niewendrun.
Dem Jean Kesseler säi selwergebauten Auto E géif haut nach fueren, wa se en nëmme gelooss hätten.
Den TirforMade in Luxembourg: Vun der Polvermillen an déi ganz Welt exportéiert.
D'Büst vum chinesesche Kach Chi-Fan Well de Jean Mich beim Concours fir d’Gëlle Fra just den zweete Präis krut, ass hien ausgewandert.
E Moschterdëppchen aus Lëtzebuerg1922 hu se ugefaangen am Pafendall Moschter ze maachen.
De Champion vum Joseph Kutter Kräftege Mann, spatze Mëndchen, klenge Kapp: Net jidderee war frou mat sengem Cyclisteportrait.
14.4. um 09:20
15.4. um 12:20
21.4. um 09:20
22.4. um 12:20
28.4. um 09:20
29.4. um 12:20
7.4. um 09:20
8.4. um 12:20
Péiter Onrou © Zinneke
18 19
5Déi meescht Traditiounen a Bräich zu Lëtzebuerg hunn e reliéisen Ursprong oder stamen aus deem bis wäit an d’20. Joerhonnert landwirtschaftlech gepräägten Alldag. Vill vun dëse Bräich ginn nach haut gefleegt, wéi z. B. d’Sprangpressessioun, Liichtmëssdag, d’Oktav an d’Schueberfouer, ouni datt hir Origine a Bedeitung nach bekannt sinn. Zwee Beiträg vum Sophie Thoma ginn dësen Traditiounen a Bräich op d’Spur a beliichten, ob a wéi si sech gewandelt a wéi hir gesellschaftlech Bedeitung sech verännert hunn.
Sprooch als TraditiounA villen Hisiichte wierkt d’Sprooch permanent op d’Bewosstsi vun enger Gesellschaft an: Sprooch ass selwer eng Traditioun, si vermëttelt Tradi-tiounen aus der Vergaangenheet an iwwerliwwert Erfarungen, Wëssen a Weisheete vun enger Gesellschaft. Zesumme mat der Sprooch zielen och Soen, Märercher, Erzielungen a Riedensaarten zum Patrimoine: D’Maus Ketty, de Renert an d’Melusina loosse gréissen.
Liewege PatrimoineAm Géigesaz zum materielle Patrimoine ass deen immateriellen eng lie-weg Traditioun an d’Quell vu kultureller Diversitéit. E geet op al Wuerzelen zeréck a gëtt vu Generatioun zu Generatioun weiderginn. Am Laf vu Joer-honnerten entwéckele sech Bräich an Traditiounen esou ëmmer weider. Dräi dovunner huele mir méi genee ënnert d’Lupp: d’Sprangpressessioun, Liichtmëssdag an d’Oktav.
IMMATERIELLE PATRIMOINE – TRADITIOUNEN A BRÄICH 4Krichsmonumenter begéinen eis zu Lëtzebuerg op ville Plazen an a ville
Formen – sief et als Statuen, Gedenkplacken, Kräizer oder Zaldotekier-fechter. Eleng fir den Zweete Weltkrich gëtt et hei am Land iwwer 500 Monumenter. Dobäi sinn dës Denkmaler net just Iwwerreschter aus der Vergaangenheet. Si goufe mat der Intentioun erschafen, Erënnerungen un déi nächst Generatioune weiderzeginn. Ee Krichsmonument suergt dofir, datt den Doud vun den Zaldote fir hir Natioun net an de Vergiess geréit an erlaabt et der Trauer een Ausdrock ze ginn. Dës Serie vum Sophie Thoma beschäftegt sech mat Krichsmonu-menter, déi un de Klëppelkrich, den Éischten, souwéi den Zweete Welt-krich erënneren a weist wéi vill ee Monument iwwert déi Zäit ausseet, an där et entstanen ass.
Klëppelkrichsmonumenter – eng Fusioun vu reliéiser a patriotescher Symbolik
D’Gëlle Fra – ee Symbol fir Fräiheet an Onofhängegkeet
Erënnerung u Friemherrschaft, Deportatioun a Resistenz
Den amerikaneschen Zaldoten zu Éieren
KRICHSMONUMENTER
3.4. um 09:20
Gëlle Fra © Shift01 Iechternacher Sprangpressessioun © David Edgar
6.4. um 11:10
13.4. um 11:10
20.4. um 11:10
27.4. um 11:10
5.4. um 09:20
20 21
76GELIEFTE MUSEK FEDIL: VU STOL-BARONEN
ZU HIGH-TECH-MANAGEREe Joerhonnert PionéieraarbechtEt war op Initiativ vum Ingenieur Paul Wurth, wéi 1918 d’FEDIL, d’Federa-tioun vun de Lëtzebuerger Industriellen, gegrënnt gouf. Zil war et, d’Land nom Éischte Weltkrich a wirtschaftlech a sozial onrouegen Zäiten nees opzebauen an d’Lëtzebuerger Ekonomie virunzedreiwen. D’FEDIL – 100 Joer Lëtzebuerger Wirtschaftsgeschicht am Réckbléck.
Vu Paul Wurth bis Nicolas BuckD’Lëscht vun de Presidente vun der FEDIL beschreift eng Period vu véier Generatioune vun industriellem Esprit. Ugefaange mam Grënner vun der In-dustriellefederatioun, dem Paul Wurth, iwwer de Marc Assa bis zum aktuelle President Nicolas Buck, huet all President der FEDIL säi Stempel opgedréckt.
Ekonomesch bedéngt MetamorphosenWar d’FEDIL an den éischte Joerzéngte vun hirer Existenz eng reng Industrielle-federatioun, huet si sech am Laf vun der Zäit ëmmer méi wäit opgemaach fir aner Entreprisen, déi hir Aktivitéiten éischter am industrienoen Déngscht-leeschtungssecteur gesinn.
Zeeche vun der ZäitD’Industrie huet sech iwwer Joerzéngten als eng Industrie verstanen, déi eppes Materielles produzéiert. Hautdesdaags bestëmmen awer vill im-materiell Gidder de Marché, besonnesch am Beräich vun der Telekommuni-katioun, dem Internet an den digitalen Applikatiounen.
Eng Serie vum André Duebbers.
7.4. um 09:40
Virun e puer Méint goufen den Uergelbau an d’Uergelmusek op déi däitsch UNESCO-Lëscht vum immaterielle Kulturierwen opgeholl – eng Éier fir dës al Handwierkstraditioun an d’Musek. Op dëser Lëscht stinn iwwer zéng im-materiell Kulturierwen, déi sech op d’Musek bezéien, z. B. d’Chouermusek vun Amateurchéier oder d’Lidder vun der däitscher Aarbechterbeweegung.
Deen eenzege Punkt op der lëtzebuergescher UNESCO-Lëscht vum Patrimoine culturel immatériel ass zënter 2010 d’Sprangpressessioun. Wann een dës Lëscht verlängere kéint, wat géing een dann drop setzen? Vollekslidder wéi Zu Arel op der Knippchen an de Feierwon? D’Traditioun vun de lokale Blosmuseken oder vläicht de Kierchegesank?
An dëser Serie geet de Luc Boentges op eng musikalesch Sich nom Patrimoine musical zu Lëtzebuerg.
Vollekslidder
Kierchelidder
Blosmusek a Militärmärsch
Nokrichszäit bis haut
3.4. um 13:30
Bouneweger Musek, 1903 © Commons
10.4. um 13:30
17.4. um 13:30
24.4. um 13:30
14.4. um 09:40
21.4. um 09:40
28.4. um 09:40
Esch Belval © Michel Brumat / Foersom sàrl 2015
22 23
8Patrimoine et identités : Un patrimoine commun pour des identités plurielles ? Viru fënnef Joer hat iLux als éischt temporär Ausstellung am Musée Dräi Eechelen, ënnert der Direktioun vun der Sonja Kmec, d’Komplexitéit vun de Lëtzebuerger Identitéiten an Ugrëff geholl. D’Thema gëtt an der Konferenz verdéift, andeems den Afloss vum Patrimoine a sengen ënnerschiddlechen Ausdréck op dës Identitéiten analyséiert gëtt. Eng Konferenz vum Sonja Kmec, Assistenz-Professorin op der Uni Lëtzebuerg.
Le patrimoine industriel : Objet de nostalgie ou sujet de recherche ?Deen éischter jonke Begrëff vum Patrimoine industriel, deem seng éischt Grondlag net ästhetesch an net kulturell ass, leet den Akzent op d’Ver-miechtnes. D’Generatioune virun eis hunn hiert Haaptakommes an de Minnen, Héichiewen an an de Walzwierker verdéngt. An eiser Zäit sinn déiselwecht Industrie-Infrastrukture Géigestand vu wëssenschaftlecher Fuerschung oder nostalgescher Perceptioun. Eng Konferenz vum Denis Scuto, Assistenz-Professer op der Uni Lëtzebuerg.
Dës Konferenze goufen organiséiert am Kader vu Les Rendez-vous de l’UNESCO am Cercle Cité, dat ë. a. vun der Commission luxembourgeoise pour la coopération avec l’UNESCO. Opgeholl a verschafft vum Carlo Link.
KONFERENZEN
1.4. um 09:04 a 15:00
Vum Zollverein bis an d’Europäesch UniounWéi eng Wichtegkeet hat déi wirtschaftlech Entwécklung fir d’Bestoe vun engem eegestännege Lëtzebuerg? Wéi ass dee wirtschaftlechen Erfolleg z’erklären? Wéi eng demografesch Konsequenzen hat dësen Erfolleg?
Aus der Stolkris an d’FinanzparadisWéi huet d’Lëtzebuerger Wirtschaft sech nom Krich erholl? Firwat ass d’Stolindustrie zesummegebrach? Wéi ass den Opschwonk vun der Banke-plaz z’erklären?
Dës Konferenze goufen organiséiert am Kader vun En neie Bléck op d’Lëtzebuerger Geschicht am Lëtzebuerg City Museum a goufe gehale vum Michel Pauly vun der Uni Lëtzebuerg. Opgeholl a verschafft vum Carlo Link.
2.4. um 09:04 a 15:00
© tm-tm
8.4. um 09:04 a 15:00
15.4. um 09:04 a 15:00
24 25
10SCHRËFTSTELLER|IN VUM MOUNT
Op de Bicherfoirë gëtt et villes z'entdecken: Nei Publikatiounen, ausge-zeechent Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller, nei Iwwersetzungen ... Virun allem d’Leipziger Buchmesse ass eng Plaz, déi fir westeuropäesch LieserInnen Neies an Iwwerraschendes proposéiert.
Zäitgenëssesch osteuropäesch Literatur war dëst Joer de Protagonist op dëser Bicherfoire, an datt dësen Deel vun Europa vill ze bidden huet, ass an der Vergaangenheet dacks genuch bewise ginn. Mam Fokus op Rumänien als Gaaschtland – an dat mat 40 neien Iwwersetzungen – war d’Offer an domat och de Choix vu spannenden an interessante Bicher aus dësem eis dach frieme Land nach méi grouss an et hu sech e puer Pärelen ënnert de sëllechen Iwwersetzunge verstoppt. Nieft der osteuropäescher Literatur goufen och nach eng Rei Literaturpräisser verginn. Virun allem de Preis der Leipziger Buchmesse ass eng renomméiert Auszeechnung, déi Qualitéit confirméiert.
D'Valerija Berdi war fir de radio 100,7 op der Leipziger Buchmesse an huet sech do op d’Sich no de flottste Publikatioune gemaach an déi originellst Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller ausgewielt, déi de Predikat "Schrëft-stellerIn vum Mount" verdéngt hunn. Loosst Iech iwwerraschen an ent-deckt nei literaresch Stëmmen, déi si vu Leipzig matbruecht huet.
Ëmmer méindesum 11:10
WEIDERHIGHLIGHTS
9Claude Debussy (1862-1918)Mam Begrëff Impressionismus gëtt probéiert, d'Facettë vum Debussy senger Musek ze beschreiwen. Mee hien huet sech kaum u musikalesch Regelen a Forme gehal, huet sech d’Fräiheet geholl, exotesch Kläng auszeprobéieren a mat neie Forme wéi dem Jazz ze experimentéieren. Eng Serie vum Guy Engels.
Déi grouss Bühn: Pelléas et Mélisande
D’Klangfaarwe vum Piano
La Mer – den Orchestrateur Debussy
Epilog: D’Sonat fir Gei, déi lescht Kompositioun
Musek vum Claude Debussy an der Emissioun Concert Euroradio
Éischt Rhapsodie fir Klarinett
Deux arabesques; Trois chansons; La fille aux cheveux de lin
La mer
Sträichquartett a Sol mineur
KOMPONIST VUM MOUNT
Croix de bois peinte, cimetière Merry à Maramures (Roumanie)
4.4. um 11:10
11.4. um 11:10
18.4. um 11:10
25.4. um 11:10
5.4. um 20:00
12.4. um 20:00
19.4. um 20:00
26.4. um 20:00
26 27
A wie Automat
B wie Brille
C wie Caddie
D wie Deo
E wie Essbesteck
F wie Feuerzeug
G wie Glückskeks
H wie Handy
7.4. um 09:30
8.4. um 18:20
14.4. um 09:30
15.4. um 18:20
21.4. um 09:30
22.4. um 18:20
28.4. um 09:30
29.4. um 18:20
11ABC DER ALLTAGSDINGE
Von A wie Automat bis Z wie Zigarettenetui – Kurioses und Wissens-wertes rund um 26 banale Alltagsgegenstände.
Hinter jedem Alltagsgegenstand steckt eine Idee, die in Form einer Erfin-dung Gestalt angenommen hat. Der Auslöser ist meist ein ganz alltägliches Problem. So wurde beispielsweise die Idee für den Geldautomaten gebo-ren, nachdem sein Erfinder die Öffnungszeiten seiner Bank knapp verpasst hatte und ohne Bargeld dastand.
Nicht alle Innovationen setzen sich sofort durch und bewähren sich auf Dauer. Alltagsdinge, wie die Schreibmaschine, fielen dem Zahn der Zeit zum Opfer. Fast vergessene, wie das Zigarettenetui, tauchen unvermittelt wieder auf. Andere wurden bis zur Unkenntlichkeit weiterentwickelt, zum Beispiel das "Feuer-Zeug", das der Ötzi vor mehr als 5.000 Jahren benutzte, oder der Kreisel, der sich als Fidget Spinner zum Trendspielzeug gemausert hat.
An Alltagsdingen lässt sich Wandel und Fortschritt ablesen, sofern sie sich nicht beharrlich jeder Innovation entziehen, weil sie – so, wie sie sind – einfach perfekt und nahezu unersetzlich sind. So wie die Gabel. Doch ausgerechnet die Gabel stieß zunächst auf wenig Gegenliebe ...
Eine Sendereihe von Angelika Thomé.
28 29
13DEN AMERIKANESCHE MUSICAL
Musek war ëmmer e feste Bestanddeel vum Kino an dat ëmsou méi vun deem Moment un, wéi endlech um groussen Ecran geschwat, gesongen a gedanzt gouf. Vun 1927 un huet de Musical, dee seng Originnen op der Bühn vum Vaudeville-Theater huet, de Public begeeschtert.
Um Ufank vun de 50er Joren huet de Musical mat Filmer wéi Singin' in the Rain, An American in Paris oder Kiss Me Kate säin Héichpunkt gefeiert a sech zënterhier ëmmer erëm nei erfonnt. Dozou droen Auteure wéi Gershwin, Porter oder Kern bäi, déi Rock, Pop oder d'Hippiekultur mat abréngen a sou den Erfolleg vum Genre oprechterhalen. Dat beweisen och déi sechs Oscaren, déi de Film La La Land 2017 kritt huet.
D’Geschicht vum amerikanesche Musical presentéiert vum Martine Reuter.
Vum Stommfilm bei den Talkie
Busby Berkley an d’Dramkoppel Fred Astaire/ Ginger Rogers
Hooray fir Hollywood an déi aner Säit vum Reebou
Patriotesch Stëmmung an afro-amerikanesche Geschichten
5.4. um 13:30
121968 - REVOLTE AN UTOPIE
50 Joer no ’68 ginn d’Diskussiounen doriwwer, wat deemools geschitt ass, nach ëmmer mat Pathos op där enger a mat Zynismus an Iwwerhieflechkeet op där anerer Säit gefouert. War et eng bal gelonge sozialistesch Revolutioun, eng kollektiv Nervekris vu verwinnte Studenten, eng Kulturrevolutioun, déi grouss sexuell Befreiung, en allgemenge Befreiungskampf géint déi sozial a politesch Strukturen oder eng lénksextrem Hetzcampagne mat totalitären Uspréch?
Net manner kontrovers sinn d’Diskussiounen nach ëmmer doriwwer, wat ’68 bruecht huet: Eng Demokratiséierung vun der Gesellschaft, d’Emanzipatioun vun de Fraen? Oder war et just e kleng-biergerlechen Opstand géint den Hu-manismus, géint d’Bildung a fir en intellektuellen a moralesche Relativismus?
Dës Serie vum Thierry Simonelli versicht verschidden Aspekter vun der Diskussioun ze beliichten.
Wat war 1968?
Spaassrevolutioun a lénke Faschismus
Rebellioun a Gewalt
Frankräich ’68: Bal eng Revolutioun
4.4.um 09:40
11.4.um 09:40
18.4.um 09:40
25.4.um 09:40
12.4. um 13:30
19.4. um 13:30
26.4. um 13:30
© Espencat
30 31
Lady BirdRegisseurin: Greta Gerwig Mam: Saoirse Ronan, Laurie Metcalf, Tracy Letts
Drama, Comedie | USA | 95’
Sortie de 4. Abrëll an de Säll vum Grupp Kinepolis
Isle of DogsRegisseur: Wes Anderson Mam: Bryan Cranston, Bill Murray, Jeff Goldblum, Scarlett Johansson
Animatioun, Abenteuer | Däitschland, Vereenegt Kinnekräich | 101’
Sortie de 4. Abrëll an de Säll vum Grupp Kinepolis
COUP DE CŒUR
COUP DE CŒUR
GEWANNT CONCERTS- A KINOSTICKETEN
Schéckt eis eng E-Mail mat der gewënschter Virstellung op [email protected] oder rufft un um 44 00 44 800. D’Gewënner ginn ausgeloust.
Orc
hes
tre
Ph
ilhar
mo
niq
ue
du
Lu
xem
bo
urg
© J
oh
ann
Seb
asti
an
Schéckt eis eng E-Mail mam gewënschte Concert op [email protected] oder rufft un um 44 00 44 800. D’Gewënner ginn ausgeloust.
19.4. L’heure de pointe Donneschdeg, 19:00Orchestre Philharmonique du Luxembourg Paavo Järvi: Direktioun Wagner: Siegfried-Idyll Beethoven: Symphonie Nr. 4
20.4. Grands rendez-vous Freideg, 20:00Orchestre Philharmonique du Luxembourg Paavo Järvi: Direktioun Ksenija Sidorova: Akkordeon Résonances 19:00: Daniel Finkernagel Dëse Concert gëtt vum radio 100,7 live iwwerdroen.
17.4. Rising stars Dënschdeg, 20:00 Ellen Nisbeth: Alto Bengt Forsberg: Piano Wierker vu Bach, Delius, Ellington, Grainger, Grieg a Leyman Dëse Concert gëtt enregistréiert vum radio 100,7 an de 27.5.18 diffuséiert.
8.4. Bolshoi Live Sonndeg, 17:00 am Kinepolis KierchbiergGiselleMusek: Adolphe Adam | Choreographie: Yuri GrigorovichDänzerInnen: Svetlana Zakharova, Sergei Polunin, Ekaterina Shipulina, Denis Savin
14.4. MET Opera Live Samschdeg, 18:00 am Kinepolis KierchbiergLuisa Miller vum VerdiDirigent: Bertrand de Billy | Produzent: Elijah Moshinsky SängerInnen: Sonya Yoncheva, Olesya Petrova, Piotr Beczala, Plácido Domingo, Alexander Vinogradov, Dmitry Belosselskiy
28.4. Fest- & Bienfaisance-Concerten Samschdeg, 20:00Side by Side Orchestre Philharmonique du Luxembourg Étudiants des Conservatoires du Luxembourg Joseph Bastian: Direktioun | Dëse Concert gëtt enregistréiert vum radio 100,7 an den 30.5.18 diffuséiert.
Kse
nija
Sid
ero
va ©
SL
Ch
aiE
llen
Nis
bet
h ©
Nik
ola
j Lu
nd
© G
NU
Fre
e D
ocu
men
tati
on
Li
cen
se
Paa
vo J
ärvi
© J
ulia
Bay
er
RADIO 100,7 WOCHENIWWERBLÉCK MÄERZ 2018
MÉINDEG DËNSCHDEG MËTTWOCH DONNESCHDEG FREIDEG
06:00 - 09:00 VIRUM DAG VIRUM DAG VIRUM DAG VIRUM DAG VIRUM DAG 06:00 - 09:0006:00 + 06:30 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 06:00 + 06:3007:00 Panorama Panorama Panorama Panorama Panorama 07:0007:15 Presserevue Presserevue Presserevue Presserevue Presserevue 07:1507:20 Dossier vum Dag Europa Aktuell Dossier vum Dag Europa Aktuell Dossier vum Dag 07:2007:30 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 07:3007:32 Invité vum Dag Invité vum Dag Invité vum Dag Invité vum Dag Invité vum Dag 07:3207:50 Kultur Kultur Kultur Kultur Kultur 07:5008:00 Panorama Panorama Panorama Panorama Panorama 08:0008:15 + 08:20 Presserevue / Dossier vum Dag (R) Presserevue / Europa Aktuell (R) Presserevue / Dossier vum Dag (R) Presserevue / Europa Aktuell (R) Presserevue / Dossier vum Dag (R) 08:15 + 08:2008:30 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 08:3008:35 Kultur Kultur Kultur Kultur Kultur 08:3508:50 Auslandschronik Fräie Mikro Medien - / Kulturchronik Fräie Mikro Wirtschaftschronik 08:5009:00 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 09:0009:04 - 12:00 MOIES - MAGAZIN MOIES - MAGAZIN MOIES - MAGAZIN MOIES - MAGAZIN MOIES - MAGAZIN 09:04 - 12:0009:20 Aktuelle Feature Aktuelle Feature Aktuelle Feature Aktuelle Feature Aktuelle Feature 09:2009:40 Ee Mount, een Thema Prisma 1968: Revolte an Utopie ZäithistorikerIn Eise Patrimoine culturel / Recht an Europa 09:4010:00 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 10:0010:15 Classic Moment Classic Moment Classic Moment Classic Moment Classic Moment 10:1510:30 Invité Invité Invité Invité Invité 10:3011:00 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 11:0011:10 SchrëftstellerIn vum Mount Séier lafen oder schwéier schaffen KomponistIn vum Mount Kommunikatioun a Medien Krichsmonumenter 11:1011:30 Kultur Kultur Kultur Kultur Grousse Kino 11:3012:00 Panorama Panorama Panorama Panorama Panorama 12:0012:12 - 13:30 IWWER MËTTEG IWWER MËTTEG IWWER MËTTEG IWWER MËTTEG IWWER MËTTEG 12:12 - 13:3012:15 Auslandschronik (R) Fräie Mikro (R) Medien - / Kulturchronik (R) Fräie Mikro (R) Wirtschaftschronik (R) 12:1512:22 Aktuelles Aktuelles Aktuelles Aktuelles Aktuelles 12:22 12:30 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 12:3012:35 + 12:50 Kultur Kultur Kultur Kultur Kultur 12:35 + 12:5013:00 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 13:0013:15 Kultur (R) Kultur (R) Kultur (R) Kultur (R) Kultur (R) 13:1513:30 SEQUENZA GELIEFTE MUSEK KEY TO CLASSICS DEN AMERIKANESCHE MUSICAL DÉJÀ VU 13:3014:00 RESONANZEN RESONANZEN RESONANZEN RESONANZEN RESONANZEN 14:0015:00 SPEKTRUM SPEKTRUM SPEKTRUM SPEKTRUM SPEKTRUM 15:0016:00 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 16:0016:04 - 18:34 ËNNERWEE ËNNERWEE ËNNERWEE ËNNERWEE ËNNERWEE 16:04 - 18:3417:00 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 17:0017:10 Aktuelles (R) Aktuelles (R) Aktuelles (R) Aktuelles (R) Aktuelles (R) 17:1017:30 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 17:3017:40 Kultur (R) Kultur (R) Kultur (R) Kultur (R) Kultur (R) 17:4018:00 Panorama Panorama Panorama Panorama Panorama 18:0018:15 Haut um radio 100,7 Haut um radio 100,7 Haut um radio 100,7 Haut um radio 100,7 Haut um radio 100,7 18:1518:30 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 18:3018:34 - 19:30 TIME OUT TIME OUT TIME OUT TIME OUT TIME OUT 18:34 - 19:3019:00 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 19:0019:30 SEQUENZA (R) GELIEFTE MUSEK (R) KEY TO CLASSICS (R) DEN AMERIKANESCHE MUSICAL (R) DÉJÀ VU (R) 19:3020:00 BLUE NOTE WORLD Soirée Philharmonique
OCL - OPL - Euroradio - SELConcert EuroradioOper - Symphonie - Kammermusek
BACKSTAGE 20:0021:00 JAZZ UNLIMITED BLACK & WHITE BLUES METAL MELTDOWN 21:0022:00 Panorama (R) Panorama (R) Panorama (R) Panorama (R) Panorama (R) 22:0022:12 OWES - MAGAZIN OWES - MAGAZIN OWES - MAGAZIN OWES - MAGAZIN OWES - MAGAZIN 22:1223:00 CD - JAZZ SYMPHONIC WINDS BLUE NOTE (R) WORLD (R) SOUNDCHECK (R) 23:0000:00 NEW COTTON CLUB (R) TAKTLOS (R) JAZZ UNLIMITED (R) BLACK & WHITE BLUES (R) E - LODIE (R) 00:0001:00-06:00 NOTTURNO NOTTURNO NOTTURNO NOTTURNO NOTTURNO 01:00-06:00
SAMSCHDEG SONNDEG
07:00 - 09:00 VIRUM DAG NOTTURNO07:00 Noriichten
07:15 Nationale Wochespigel
07:30 Noriichten MUSICA SACRA08:00 Panorama Noriichten
08:04 — EARLY BIRD08:15 / 08:20 Presserevue / Nationale Wochespigel (R)
08:30 Noriichten
08:35 Kultur
09:00 Panorama Noriichten
09:04 MOIES - MAGAZIN KONFERENZEN / MIXTAPE / SCHENGENER GESPRÉICHER09:20 Vu Groussem a Klengem
09:30 ABC der Alltagsdinge
09:40 Vu Stol-Baronen zu High-Tech-Manager
10:00 Noriichten Noriichten
10:04 — MUSEKER AM GESPRÉICH / MUSIKALESCH VISITTEKAART / KLASSIKTHEMA10:15 Classic Moment
10:30 Invité
11:00 Noriichten Noriichten
11:04 Lëtzebuerger Filmaktualitéit RIICHT ERAUS11:30 Kultur
12:00 Panorama Panorama12:20 — VU GROUSSEM A KLENGEM12:30 ESPRESSO BEATS CLASSIC IN CONCERT
Apéro OPL - Conservatoire Esch + LIVE Festivals13:30 TRENDSCHEIF14:00 TAKTLOS MUSEKER AM GESPRÉICH (R) / MUSIKALESCH VISITTEKAART (R) / KLASSIKTHEMA (R)
15:00 BACKSTAGE (R) KONFERENZEN (R) / MIXTAPE (R) / SCHENGENER GESPRÉICHER (R)
16:00 Noriichten Noriichten
16:04 ROCKULTUR NEW COTTON CLUB17:00 Noriichten Noriichten
17:04 JUNGLE BOOGIE GROOVE CLUB18:00 Panorama Panorama18:20 — ABC DER ALLTAGSDINGE18:30 GENERATOR RIICHT ERAUS (R)
19:30 TRENDSCHEIF (R) HUMANITIES TALK / SINGING ACTORS / VOIX D’AUTEURS20:00 SOUNDCHECK NEI MUSEK AM CONCERT21:00 E-LODIE22:00 Panorama (R) Panorama (R)
22:12 OWES - MAGAZIN SOIRÉE PHILHARMONIQUE (R)OCL - OPL - Euroradio - SEL23:00 ROCKULTUR (R)
00:00 / 00:12 METAL MELTDOWN (R) GROOVE CLUB (R)
01:00 / 01:12 -07:00
NOTTURNO NOTTURNO
(R): Rediffusioun Feierdagsprogramm den 1. an 2. Abrëll. Programmännerunge si méiglech.
RADIO 100,7 WOCHENIWWERBLÉCK MÄERZ 2018De Lies-Festivalfir Iech all!Le festival de lectures pour tous !
LITERATOUR
6. Editioun19. - 29. Abrëll 2018
/ Liesungenfir GroussaKleng
/ PrixLaurence- eiseLiteratur-Präis firdéiJonk
/ Schreifatelier/ Cafélittéraire/ Cabaret
/ Theater/ RallyteraTour–eng
literareschAventureamParcMerveilleux
/ HuesdedonachWierder! DePoeticVoice firdéiJonk
www.literatour.lu/www.prixlaurence.luliteratourbettembourg
Le
su
ng
DenisSchec
k
Sonntag,29.A
pril
Bettemburger
Schloss
20.00 Uhr / Eintritt frei
Annonce100komma7_LiteraTour2018_V01.indd 1 09/03/2018 10:51
Banque et Caisse d'Epargne de l'Etat,Luxembourg, établissement public autonome,
1, Place de Metz, L-2954 Luxembourg,R.C.S. Luxembourg B 30775
www.bcee.lu tél. (+352) 4015 -1
Une solution de financementpour chaque situation.
Vous prévoyez une dépense importante, vous souhaitez disposer d'une réserve en cas d’imprévuou de coup de cœur, vous avez besoin d'une facilité de crédit ? Prêt Plus s'adapte à chaque situation.
Infos & conditions sur
www.bcee.lu/pretplus