15
03 www.100komma7.lu HIGHLIGHTS VUM MOUNT MÄERZ THEMA VUM MOUNT GENETIK 03/ 2018

HIGHLIGHTS VUM MOUNT MÄERZ 03 - img.100komma7.lu · skript gëtt déi Zort Moos op déi international Weltraumstatioun transpor- téiert, wou getest soll ginn, wéi héich d’Iwwerliewenschancë

  • Upload
    others

  • View
    3

  • Download
    0

Embed Size (px)

Citation preview

Page 1: HIGHLIGHTS VUM MOUNT MÄERZ 03 - img.100komma7.lu · skript gëtt déi Zort Moos op déi international Weltraumstatioun transpor- téiert, wou getest soll ginn, wéi héich d’Iwwerliewenschancë

03

www.100komma7.lu

HIGHLIGHTS VUM MOUNTMÄERZ

THEMA VUM MOUNTGENETIK03/ 2018

Page 2: HIGHLIGHTS VUM MOUNT MÄERZ 03 - img.100komma7.lu · skript gëtt déi Zort Moos op déi international Weltraumstatioun transpor- téiert, wou getest soll ginn, wéi héich d’Iwwerliewenschancë

2 3

ImpressumÉditeur: Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle, Établissement Public Oplo: 12.000 10 x am Joer gratis verschéckt vum: radio 100,7 | 21a, av. J.F. Kennedy | L-1855 Lëtzebuerg | Postkëscht 1833 | L-1018 Lëtzebuerg Tel.: 44 00 44-1 E-Mail: [email protected] Grafik: Vidale-Gloesener Drock: rekaprint+

Follow us on Facebook: www.facebook.com/100komma7 Twitter: @100komma7

Programmännerunge si méiglech.

ODS_Fev_WeLoveGirls2018_A5_100.7_PROD.indd 1 08/02/2018 17:47

EXKLUSIV & LIVE OP RADIO 100,7 Leipziger Buchmesse ............................................................................... Säit 4 LiteraturLabo 8 ......................................................................................... Säit 5 Classic LIVE .............................................................................................. Säit 6 D‘Sopranistin Anna Prohaska .................................................................. Säit 7 Live Concertsmatschnëtter um radio 100,7 ........................................... Säit 8

100,7 RADIOPRÄIS-GEWËNNER .................................................... Säit 10

THEMA VUM MOUNT: GENETIK .................................................... Säit 12

WEIDER HIGHLIGHTS Komponist vum Mount ........................................................................... Säit 18 Schrëftsteller vum Mount ..................................................................... Säit 19 Nei Serie: Der Mensch und die Dinge .................................................. Säit 20

SPOTLIGHT ON: CAFÉ SCIENTIFIQUE .......................................... Säit 21

GEWANNT CONCERTS- A KINOSTICKETEN .............................. Säit 22

WOCHENIWWERBLÉCK ................................................................... Säit 24

INHALTSVERZEECHNES

Page 3: HIGHLIGHTS VUM MOUNT MÄERZ 03 - img.100komma7.lu · skript gëtt déi Zort Moos op déi international Weltraumstatioun transpor- téiert, wou getest soll ginn, wéi héich d’Iwwerliewenschancë

4 5

Literaturlabo – LitLab 8Mam Term "Literaturlabo" sinn dacks Schreifateliere gemengt. Literatur-kritiker, déi eppes op sech halen, deefen hir Diskussiounsronn z. B. Das literarische Quartett, héchstwahrscheinlech als Allusioun un de Sträich-quartett, eng vun de Kinneksdisziplinnen an der klassescher Musek.

Mä bei d’Live-Literaturronn vum radio 100,7 passt LiteraturLabo tatsäch-lech perfekt. Dräi Literaturexperten – de Ian De Toffoli, d’Nathalie Bender an d’Valerija Berdi – gi sech gemeinsam een Thema, duerno zitt jidderee sech a säin Eck zeréck, fir sech ze preparéieren. Während dem Literatur-Labo konfrontéiere si sech dann, a labberer Ambiance, mat hire Gedanken, Iwwerleeungen oder Kritiken. Ausgang vum Gespréich also ongewëss. An domat schaaft den Trio tatsächlech eng Aart Labo-Situatioun, wou ze-mools um Enn nach eng Valeur inconnue an Aktioun trieden dierf: de Public.

Fir de LitLab 8 hunn eis dräi Experten eppes ganz Besonnesches am Ge-päck: de magesche Realismus. An do denkt een natierlech direkt un de Gabriel García Márquez. De magesche Realismus huet seng Wuerzelen a Südamerika, mä op der ganzer Welt spillt en eng Roll an der Literatur. Mir wäerten do Bicher aus Afrika, Ost- a Westeuropa a selbstverständlech aus Latäinamerika liesen, diskutéieren an auserneen huelen. Vergiessen dierf een dobäi natierlech net, datt de magesche Realismus u sech de Virleefer vun der Fantasy-Literatur ass.

16.3. - 17.3.am Moies-Magazin

"Romania.Zoom in" op der Leipziger Buchmesse vum 15. bis den 18. MäerzRumänien ass dëst Joer am Fokus vun der Leipziger Buchmesse. Iwwer 50 Manifestatioune bidden de Visiteuren d’Geleeënheet, dem zweetgréissten osteuropäesche Land kulturell ze begéinen. Gewosst ass, datt d’Nobel-präislaureatin Herta Müller mat vun der Partie ass. Am Café Europa läit de Schwéierpunkt awer net just op Rumänien, mä op ganz Osteuropa: déi poli-tesch, sozial a kulturell Entwécklunge ginn a Gespréichsronnen debattéiert.

De Preis der Leipziger Buchmesse an de Buchpreis zur europäeschen Ver-ständigung sinn natierlech d’Highlighte vun der Buchmesse. Zousätzlech dozou bidden d’Rencontere mat Autorinnen an Auteuren aus Ost a West eng eemoleg Geleeënheet, fir manner bekannte Literatur kennenzeléieren.

A well Leipzig ganz besonnesch ass, spillt sech net alles um Terrain vun der Buchmesse of, mä ganz Leipzig ass dräi Deeg laang am Literaturféiwer: Leipzig liest – an der ganzer Stad gi Liesungen a Rencontere mat Schrëft-stellerInnen organiséiert.

Matzen dran ass d’Valerija Berdi, fir mat Iech déi flottsten a spannendst Momenter ze deelen.

EXKLUSIV & LIVE OP RADIO 100,7

22.3. um 19:30 am Studio vum radio 100,7

Wien den 22.3. wëll am LitLab 8 dobäi sinn, dee ka sech op [email protected] umellen. Diffusioun op der Antenn: 25.3. um 09:04 a 15:00

Page 4: HIGHLIGHTS VUM MOUNT MÄERZ 03 - img.100komma7.lu · skript gëtt déi Zort Moos op déi international Weltraumstatioun transpor- téiert, wou getest soll ginn, wéi héich d’Iwwerliewenschancë

6 7

D‘Sopranistin Anna Prohaska – Vu Monteverdi bis BoulezEng Sängerin, déi alles kann, déi an all Repertoire de richtegen Toun trëfft – dat ass d‘Sopranistin Anna Prohaska, déi dës Saison "Artist in residence" an der Philharmonie ass.

Dräimol trëtt d‘Anna Prohaska am Concertshaus op an all Kéier presen-téiert si dem Public eng aner Facette vun hirer Konscht. Eemol kënnt si mat Shakespeare-Vertounungen, eng aner Kéier beschäftegt si sech mam Thema Éischte Weltkrich a mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg interpretéiert si Musek vum Claude Debussy.

Dräimol ass d‘Anna Prohaska och am Programm vum radio 100,7 an der Serie Concert Euroradio, ëmmer donneschdes um 20:00.

15.3. um 20:00 Arien aus Barockoperen

22.3. um 20:00 Lidder vu Mendelssohn a Reimann

29.3. um 20:00 Salve-Regina-Vertoununge vu Pergolesi a Schubert

© Holger Hage Deutsche GrammophonChristoph Poppen

© Sasha Gusov Deutsche Radiophilharmonie Saarbrücken-Kaiserslautern

EXKLUSIV UM RADIO 100,7

LIVE – Déi grouss Romantiker Beethoven a BrahmsE Sonndeg, de 25. Mäerz, spillt d’Deutsche Radiophilharmonie Saar-brücken-Kaiserslautern zwee bedeitend Wierker aus der romantescher Orchesterliteratur: den Triple-Concerto vum Ludwig van Beethoven an dem Johannes Brahms seng 2. Symphonie.

De radio 100,7 iwwerdréit dëse Concert vun 11.00 Auer u live aus der Kongresshalle vu Saarbrécken, zesumme mam SR2 KulturRadio.

Fir d’Deutsche Radiophilharmonie gëtt dës Matinée e besonnescht Evene-ment. Als Gaaschtdirigent trëtt hire fréieren Dirigent Christoph Poppen op, dee vun 2006 u Chefdirigent vum Radiosymphonieorchester Saarbrücken war an d’Joer drop d’Responsabilitéit vun der fusionéierter Deutsche Radio-philharmonie iwwerholl hat. Bis zum Enn vu sengem Mandat am Joer 2011 huet de Christoph Poppen den Orchester gutt an der internationaler Zeen positionéiert, ënnert anerem duerch exzellent CD-Opname mat Integrale vun den Tschaikowsky- a Mendelssohn-Symphonien.

Solisten an der Konzertmatinée vum 25. Mäerz sinn de Pianist François- Frédéric Guy, d’Geiistin Lena Neudauer an den Cellist Xavier Phillips.

25.3.um 11:00

Page 5: HIGHLIGHTS VUM MOUNT MÄERZ 03 - img.100komma7.lu · skript gëtt déi Zort Moos op déi international Weltraumstatioun transpor- téiert, wou getest soll ginn, wéi héich d’Iwwerliewenschancë

8 9

ClassicConcert-apéro (mat Museker vum OPL) Opgeholl de 4.2.2018 an der Philharmonie Wierker vun Haydn, Mozart, Holliger, Krommer, Röllig a Brönnimann

Solistes Européens, Luxembourg Opgeholl de 5.2.2018 an der Philharmonie Alexander Lonquich: Piano | Christoph König: Direktioun Wierker vu Brahms a Beethoven

Ensemble Les Goûts Réunis Opgeholl de 7.1.2018 am Kader vun de Rencontres Musicales de la Vallée de l’Alzette Wierker vu Biber, Monn a Vañha

Concert en Trio (mat Museker vum OPL) Opgeholl den 12.11.2017 am Buerglënster Schlass Andrea Garnier: Gei | Jean-Philippe Vivier: Klarinett | Laetitia Bougnol: Piano

Bach: Matthäus-Passion Opgeholl de 25.3.2017 am CAPE zu Ettelbréck Ensemble Vocal du Conservatoire du Nord, Chorformation Grenzgänger, cantoLX, Ensemble de la Chapelle Saint-Marc

Concert "Rising Stars" mam Trio Fischer / Kool / Fentross Opgeholl de 5.2. 2018 an der Philharmonie Wierker vu Kliphuis, Landi, Marini, Messiaen, Monteverdi, Poulenc a Strozzi

WorldRichard Bona meets Mandekan Cubano Eng EBU-Opnam vum Cully Jazz Festival 2017

"Artist of the Year" Oumou Sangaré live at WOMEX Eng EBU-Opnam vun der World Music Expo 2017

4.3.um 12:30

7.3.um 20:00

11.3.um 12:30

21.3.um 20:00

25.3.um 12:30

13.3.um 20:00

27.3.um 20:00

18.3.um 12:30

Euroradio 50th Anniversary Concert 2017 huet Euroradio säi 50. Gebuertsdag gefeiert. Iwwert déi lescht 50 Joer hunn d’Membere vun der European Broadcasting Union (EBU) mat Euroradio – duerch een aktiven Austausch vu Concerten aus deene verschiddenste Museksrichtungen – e prestigiéise virtuelle Concertssall kreéiert. De radio 100,7 presentéiert exklusiv de Live-Matschnëtt vum Gebuerts-dagssconcert mam BBC Concert Orchestra, opgeholl de 27.11.2017 an der LSO St Luke’s zu London. Um Programm stounge Wierker vun Tabakova, Britten, Mozart a Beethoven.

8.3.um 20:00

RESET - Jazz Festival E musikalesche Projet vum neimënster, an enker Zesummenaarbecht mam Lëtzebuerger Museker a Produzent Pascal Schumacher. Während enger zéng Deeg hu sech aacht MusekerInnen aus ganz Europa am Januar 2018 zesummefonnt, fir an diversen Jam Sessions nei musikalesch Pisten auszeprobéieren, ze kreéieren an z’improviséieren. D’Resultat vun dëser Zesummenaarbecht ass dem Publikum während dräi Owender presentéiert ginn.

De radio 100,7 presentéiert exklusiv de Live-Matschnëtt vum 12.1.2018 am neimënster. Mam Veronika Harcsa: Gesank | Jan Brauer: Electronics | Airel-le Besson: Trompett | Tineke Postma: Saxophon | Myrddin De Cauter: Gittar a Klarinett | Daniel Herskedal: Tuba | Luzia Von Wyl: Piano a Kompositioun | Pit Dahm: Batterie.

26.3.um 21:00

LIVE CONCERTS- MATSCHNËTTER UM RADIO 100,7

Page 6: HIGHLIGHTS VUM MOUNT MÄERZ 03 - img.100komma7.lu · skript gëtt déi Zort Moos op déi international Weltraumstatioun transpor- téiert, wou getest soll ginn, wéi héich d’Iwwerliewenschancë

10 11

D’Geschicht zitt sech dobäi iwwert dräi Niveauen. Um éischten Niveau spillt sech d’Handlung selwer of. Eng Metaebene driwwer gi Sënnfroe gestallt an um drëtten Niveau gëtt d’Verbindung tëscht der "beliefter" an der "onbeliefter" Natur gemaacht. De Lieser soll opmierksam liesen (oder spéider lauschteren) a seng eege Roll an der Welt a Fro stellen.

"De Bernd Marcel Gonner huet de Jury beandrockt duerch d’Spill mat Kontraster a sengem Text a mat sengem subtillen Humor", seet de Claude Mangen, de President vum Jury. "D’Geschicht gëtt mat einfachen awer staarke Sproochbiller erzielt." Donieft wier de Jury begeeschtert ge-wiescht vum dramaturgeschen Opbau vum Manuskript, vun der perfekter Maîtrise vun der Sprooch a vun der Poesie vum Text.

BIOGRAFIEDe Bernd Marcel Gonner, Joergang 1966, ass ee Lëtzebuerger, deen a Baden-Württemberg lieft. Hien huet Germanistik, Konschtgeschicht an Däitsch als Friemsprooch studéiert a schafft, ënnert anerem, als fräie Schrëftsteller. Hien huet Lyrik, Prosa, Kannerliteratur an Theaterstécker op Däitsch verëffentlecht. 2016 krut den Auteur den éischte Präis am Beräich Kannerliteratur an 2017 den zweete Präis an der Kategorie "erwuessen Auteuren" beim Concours littéraire zu Lëtzebuerg. Donieft krut hie ver-schidden international Auszeechnungen.

Déi drëtt Editioun vum 100,7 radiopräis stoung ënnert dem Thema Great Expectations. De Concours riicht sech all Joer un Auteuren aus Lëtzebuerg an der Groussregioun. Et ginn Texter op Lëtzebuergesch, Däitsch, Englesch a Franséisch acceptéiert. De Präis ass mat 3.500 Euro dotéiert. Dat priméiert Wierk gëtt fir eng Diffusioun produzéiert.

100,7RADIOPRÄIS GEWËNNER

Bernd Marcel Gonner heescht de Gewënner vum radio 100,7-Hör-spillpräis. Säi Manuskript Grimmia sessitana oder Einfache Seligpreisungen huet de Jury iwwerzeegt duerch d’Spill mat Kontraster, a mat sengem subtillen Humor. Seng Literatur soll d’Gesellschaft reflektéieren, ouni selwer direkt politesch ze sinn, seet den Auteur.

Grimmia Sessitana ass eng seelen Zort Moos, déi an den Alpe wiisst. D’Moos zeechent sech doduerch aus, datt et extrem vill Hëtzt aushält a mat wéineg Waasser auskënnt. Am Bernd Marcel Gonner sengem Manu-skript gëtt déi Zort Moos op déi international Weltraumstatioun transpor-téiert, wou getest soll ginn, wéi héich d’Iwwerliewenschancë vum Moos am Weltall sinn. D’Stéck erzielt awer och d’Geschicht vum Serge, engem Biolog mat Dreadlocks, deen um Bord vun der Gesellschaft lieft.

BERND MARCEL GONNER, GEWËNNER VUM 100,7 RADIOPRÄIS 2017

Page 7: HIGHLIGHTS VUM MOUNT MÄERZ 03 - img.100komma7.lu · skript gëtt déi Zort Moos op déi international Weltraumstatioun transpor- téiert, wou getest soll ginn, wéi héich d’Iwwerliewenschancë

12 13

Dësen an anere Froe gi mir am Mäerz no:

- Ëmmer méindes um 09:40 an der Sendung Ee Mount, een Thema

- An der Serie Juegd op Genen, ëmmer samschdes um 09:40

- An der Emissioun Café scientifique, freides, den 9.3. an 23.3. um 09:20

- An der Serie Schrëftsteller vum Mount, ëmmer méindes um 11:10

- An der Emissioun Medezin, Physik a Genetik, mëttwochs, den 28.3. um 09:40

- Am Matschnëtt vun der Konferenz Evolutioun - Al Genen, nei Tricken, sonndes, de 4.3. um 09:04 a 15:00.

THEMA VUM MOUNT

Kaum e wëssenschaftlecht Thema faszinéiert a beschäftegt d’Mënschheet esou wéi d’Genetik. Et gëtt analyséiert, wéi eng Eegenschaften e Mënsch oder en Déier un déi nächst Generatioun weidergëtt a wéi dëse Prozess ofleeft. Dës klassesch Genetik gëtt duerch d’Molekulargenetik ergänzt, déi de Fonctionnement vun de Genen am Detail ënnersicht.

Déi applizéiert Genetik, d’Gentechnik, ass e Beräich, op deen d’Wëssen-schaft net méi ka verzichten, deen allerdéngs vun der breeder Ëffentlech-keet deelweis staark kritiséiert an hannerfrot gëtt. Genetik a Gentechnik erméigleche Gentherapien, Stammbam- oder DNA-Analysen an der Kriminalistik; ginn agesat fir Medikamenter méi efficace a Planze méi resis-tent ze maachen oder fir an der präventiver Präimplantationsdiagnostik genetesch Defekter bei Embryoe festzestellen. Besonnesch dëse leschte Punkt an awer och déi sougenannte gréng Gentechnik, d. h. d’Veränne-rung vu Planzen, stoussen ëmmer nees op Kritik a werfen och eng Partie ethesch Froen op.

An eisem Thema vum Mount Mäerz setze mir d’Genetik an de Fokus. Mir ginn der Geschicht vun dësem spannende Beräich op d’Spur, kucken awer och no vir: Wéi eng Méiglechkeeten hunn d’Fuerscher haut? Wat sinn d’Notzen an d’Risike fir de Mënsch? Wat ass den Impakt vun der grénger Gentechnik op eis Ëmwelt an op d’Biodiversitéit? A wéi wäit dierfen oder solle Fuerscher iwwerhaapt goen?

GENETIK

Page 8: HIGHLIGHTS VUM MOUNT MÄERZ 03 - img.100komma7.lu · skript gëtt déi Zort Moos op déi international Weltraumstatioun transpor- téiert, wou getest soll ginn, wéi héich d’Iwwerliewenschancë

14 15

1Eng Geschicht vu Feeler, Erfolleger a perfiden ExzesserWëssen ass Muecht a kann, wann et an déi falsch Hänn geréit, vill Schued uriichten. Eng traureg Wourecht, déi och op d’Geschicht vun der Genetik zoutrëfft. Wéi konnt et vun der simpler Beobachtung, datt d’Kanner hiren Eltere gläichen, iwwert Kräizungsexperimenter mat Ierbessen zu enger sougenannter Ierfgesondheetsléier kommen, duerch déi d’Ausgrenzung an den Doud vun all deenen, déi net an ee gewëssent Mënschebild gepasst hunn, legitiméiert ginn ass? D’Sophie Thoma beschäftegt sech an dëser Serie ëmmer samschdes mat der Fro, wéi wäit d´Genfuerschung hautzedaags goen dierf.

Dem Liewen op der SpurWéi hunn d’Mënsche sech zënter dem Altertum erkläert, datt ëmmer erëm Liewen nei entsteet? Wéi eng Explikatiounen a Weltbiller hu matenee konkurréiert? Vun der Preformatiounsléier vum griichesche Philosoph Anaxagoras iwwert dem Aristoteles seng Epigenesistheorie an de Kreatio-nismus bis hin zum Charles Darwin senger Evolutiounstheorie ginn déi verschidde Virstellunge skizzéiert.

Een Augustinerpater a seng IerbessenAn engem Klouschtergaart zu Brünn, am haitegen Tschechien, entdeckt de jonken Augustinerpater Gregor Mendel d´Reegele vun der Verierwung a leet domat de Grondstee fir déi modern Genetik. Zu senge Liewenszäiten nach verkannt, war d’Opklärung vun der Struktur an der Funktioun vun der DNS eng vun de gréisste Leeschtunge vun der Wëssenschaft am 20. Joerhonnert.

JUEGD OP GENEN

3.3. um 09:40

De Sozialdarwinismus als Prämiss fir d’Eugenik Iwwerdréit een dem Darwin seng Evolutiounstheorie op déi mënschlech Gesellschaft, kann d'Entwécklung vun dëser an de soziale Verhältnisser als Existenzkampf verstane ginn, an deem just déi Erfollegräichst a Stäerkst iwwerliewe kënnen. Wat awer soll mat all deene geschéien, déi net an dëst Bild erapassen?

Codenumm T4 – "Euthanasie" am Zweete WeltkrichDe 14. September 1935 riicht den Adolph Hitler sech an enger Ried un d’Hitlerjugend. Flénk wéi Wandhënn, zéi wéi Lieder a staark wéi Kruppstol sollt déi däitsch Jugend sinn. Fir all déi, egal ob jonk oder al, déi net dësem Ideal entspriechen, huet sech den Hitler e besonnesch perfide Plang ausgeduecht.

Genfuerschung: Eng Dous vun der Pandora?Hunn d’Fuerscher duerch den Dechiffrage vum mënschleche Genom méiglecherweis d’Dous vun der Pandora opgemaach? Esou villfälteg d’Méiglechkeete vun der Genfuerschung sinn, esou dacks erweise si sech als problematesch géigeniwwer fundamentalen ethesche Prinzipien.

10.3. um 09:40

17.3. um 09:40

24.3. um 09:40

31.3. um 09:40

Page 9: HIGHLIGHTS VUM MOUNT MÄERZ 03 - img.100komma7.lu · skript gëtt déi Zort Moos op déi international Weltraumstatioun transpor- téiert, wou getest soll ginn, wéi héich d’Iwwerliewenschancë

16 17

3Eng thematesch Visite guidée vun der Dauerausstellung Evolutioun, mam Dr. Guy Colling, Fuerscher am natur musée am GronnAm Kader vun de Science Tuesdays hat den natur musée am Gronn (MNHN) de 6. Februar op eng Visite guidée zum Thema Evolutioun – Al Genen, nei Tricken mam Dr. Guy Colling agelueden. Haaptthema vun der Dauerausstellung am Musée ass d’Evolutioun vun de Liewewiesen iwwer länger Zäitraim ewech an déi domadder verbonnen Transformatioune vum Kierperbau. Duergestallt sinn ënnert anerem de Landgang vun den Déieren a Planzen, d’Eruewerung vum Loftraum, grad wéi de Retour an d’Mier vu verschiddene Wirbeldéieren. D’Visite gouf opgeholl a verschafft vum Carlo Link.

KONFERENZ: EVOLUTIOUN - AL GENEN, NEI TRICKEN2Medezin, Physik a Genetik

Am Kader vun der Emissioun Physik a Medizin ginn d’Carol Eicher an den André Mousset mëttwochs, den 28. Mäerz op d’Zesummenhäng tëschent Medezin, Physik a Genetik an.

Wéi 1953 d’Doppelhelix-Struktur vun der DNA entdeckt gouf, hunn d’Fu-erscher ugefaangen, d’genetescht Alphabet ze verstoen. Dat war viru 65 Joer a vill Ierfkrankheete konnten duerno op Problemer um Niveau vun der DNA zeréckgefouert ginn.

Haut probéiert d’Fuerschung, Mechanisme vu Krankheete mat Hëllef vun den Eegenschafte vun der DNA ze verstoen. Erhofft gëtt sech zum Beispill, duerch e bessert Verstoe vun der DNA vun engem Patient, méi geziilt Therapien asetzen a sou eventuell präventiv schaffen ze kënnen. Bei der Entdeckung vun der DNA-Struktur a bei den aktuellen Analysen huet och d’Physik eng Roll gespillt.

28.3.um 09:40

MEDEZIN, PHYSIK A GENETIK

4.3. um 09:04 a 15:00

Page 10: HIGHLIGHTS VUM MOUNT MÄERZ 03 - img.100komma7.lu · skript gëtt déi Zort Moos op déi international Weltraumstatioun transpor- téiert, wou getest soll ginn, wéi héich d’Iwwerliewenschancë

18 19

5SCHRËFTSTELLER VUM MOUNT

Richard Dawkins (26. Mäerz 1941) De Richard Dawkins ass e Verfechter vun enger gen-zentrescher Vue vun der Evolutioun an e liberalen Humanist, dee sech fir Feminismus, nuklear Entwaff-nung an eng laizistesch an op d‘Entwécklung vum kritesche Geescht geziilten Educatioun asetzt. Seng Kritiker ënnerstellen him, dem Reduktionismus verfall ze sinn. A Glawensfroe vertraut hie ganz op d‘Wëssenschaft. Als ëffentlech Intellektuellen trëtt den Dawkins als Atheist a militante Reliounskritiker op. Den Iwwergang vun der Evolutiounsbiologie an d’Philosophie mécht 1986 säin antikreationistescht Wierk The Blind Watchmaker, an deem hien d’Wahrscheinlechkeet vun engem Kreateur, deen der Welt eng intelligent Bestëmmung gëtt als praktesch onméiglech duerstellt. Säi Bestseller The God Delusion, 2006 erauskomm, breet duerno säi militanten, mä net radikalen Atheismus op de reliéisen Impuls u sech aus. E Mann mat ville Facetten, deenen de Marc Clement dëse Mount, ëmmer méindes, op de Grond geet.

Den Evolutiounsbiolog

Evolutiounskontroversen

Atheismus, Fräidenkertum an Humanismus

Dawkins haut

7.3.um 11:10

14.3.um 11:10

21.3.um 11:10

28.3.um 11:10

© Mike Cornwell

5.3.um 11:10

12.3.um 11:10

19.3.um 11:10

26.3.um 11:10

WEIDERHIGHLIGHTS

4Bernd Alois Zimmermann (1918-1970)De Bernd Alois Zimmermann war net onbedéngt als lëschteg Natur bekannt: Als Kand vum Éischte Weltkrich, hat den Zimmermann knapps Zäit erwuessen ze ginn, du koum och schonn den Zweete Weltkrich. 1942 erwëscht hien och nach eng schwéier Hautkrankheet, déi hie liewenslaang behale sollt. All dës Ëmstänn hunn aus him e Museker gemaach, dee stänneg op der Sich war. No senger Plaz an der Musek, an der Gesellschaft an am Liewen. Den Zimmermann huet vill experimentéiert, huet ënnerschiddlech Museks-forme matenee gemëscht: Zwieleftountechnik, neoklassesch Elementer, Jazz, multimedial Technik a méi. Eent vu senge Leschte Wierker ass Requiem für einen jungen Dichter, een deels autobiografescht Wierk iwwer Verzweiflung an Hoffnungslosegkeet. De Guy Engels geet dem Komponist am Mäerz all Mëttwoch op d’Spur.

E Komponist tëscht de Generatiounen

D’Frëndschaft mam Dirigent Günter Wand

D’Oper Die Soldaten

D’Bernd-Alois-Zimmermann-Gesellschaft

KOMPONIST VUM MOUNT

Page 11: HIGHLIGHTS VUM MOUNT MÄERZ 03 - img.100komma7.lu · skript gëtt déi Zort Moos op déi international Weltraumstatioun transpor- téiert, wou getest soll ginn, wéi héich d’Iwwerliewenschancë

20 21

6NEI SERIE:DER MENSCH UND DIE DINGE

Seit jeher umgeben sich Menschen mit Dingen, 10.000 besitzt der Durch-schnittseuropäer heutzutage. Die meisten davon nimmt er nicht mehr wahr. Andere benutzt er tagtäglich. Sie erfüllen eine Funktion, sind praktisch, dienen dem Komfort oder der Unterhaltung. Sind sie kaputt, abgenutzt oder alt(modisch), werden sie ersetzt. Von manchen Sachen aber kann man sich nicht so leicht trennen, da sie einen emotionalen Wert haben, oder als Wertanlage dienen. Was indessen dem Zahn der Zeit standhält, wird unter Umständen im Museum ausgestellt. Dort vermitteln ausgewählte Objekte einen Eindruck von fernen Zeiten und fremden Ländern. Sie legen Zeugnis ab von den Lebensverhältnis-sen, den Werten und Bräuchen und dem sozialen Gefüge einer Gesellschaft. Somit sind Dinge, egal welcher Natur, eng und mit der Kultur verknüpft. Angelika Thomé taucht in der dreiteiligen Serie immer freitags in das Reich der Dinge ein und beleuchtet verschiedene Aspekte der Beziehung zwischen Mensch und Ding.

Stumme DienerDinge dienen ihrem Besitzer auf vielfältige Weise. Folglich gibt es viele ver-schiedene Motive dafür, sich diese anzueignen.

Der geschenkte GaulGeschenke, Erb- und Erinnerungsstücke – die Art, wie Dinge in unseren Besitz gelangen, wirkt sich auf die Bindung zu diesen aus.

Jäger und SammlerÜber Schnäppchenjäger, passionierte Sammler und das Horten von Dingen.

2.3. um 11:10

16.3. um 11:10

30.3. um 11:10

SPOTLIGHT ON

En Interview mam Kerstin Thalau, Kultur- a Wëssenschaftsjourna-listin beim radio 100,7.

Wéi laang gëtt et de Café scientifique schonn a wat ass de Prinzip vun der Sendung?

Deen éischte Café Scientifique ass de 24. Januar 2014 iwwert d’Antenn gaangen. D’Fuerschung zu Lëtzebuerg war am Gaang méi Konturen a Gewiicht ze kréien; evident, datt mir als Radio dës Entwécklung couv-réieren. Et huet sech du séier erauskristalliséiert, datt et spannend wier, d’Fuerschungsthemen an d’Gesiichter hannert den Disziplinne virzestellen. Parallel dozou hunn ëmmer méi Fuerscher Loscht iwwert hir Aarbecht ze schwätzen. An esou ass aus dem Café Scientifique eng fest Rubrik ginn.

Wéi identifizéiers du d’Theme vun denge Sendungen?

Iwwerraschend heefeg gi Membere vun der Lëtzebuerger Fuerschercom-munautéit mat Präisser ausgezeechent. Esou eng Nouvelle huet beim Café Scientifique selbstverständlech Prioritéit. Da si mir och a Kontakt mam Fonds National de la Recherche an der Uni Lëtzebuerg, fir eis reegelméis-seg iwwert interessant Neizougäng an der Communautéit, respektiv nei Rechercheusätz, auszetauschen. Mir suivéieren awer och déi international Aktualitéit am Beräich Wëssenschaft a Fuerschung, fir den nationale Bäitrag kënnen ze situéieren.

D’Fuerschung zu Lëtzebuerg probéiert, sech verstäerkt un déi breet Ëffentlechkeet ze wenden. Wéi schätzt Du dës Efforten an hiren Impakt an?

Leider stinn déi engagéiert Efforten den Ament nach net am Verhältnis zum Impakt vun der Fuerschung: Et ginn nach net genuch Beréierungs-punkten tëscht der internationaler Fuerschercommunautéit an der breeder Ëffentlechkeet. Mir hoffen awer, datt dat, wat net ass, nach kënnt.

CAFÉ SCIENTIFIQUE

"Fuerscher mam Mikro suivéieren ass onwahr-scheinlech spannend. Bei hire Gehirakrobatike gëtt et engem bal esou schwinde-leg wéi op engem Spill op der Fouer, hir Kreativitéit an hire Virwëtz si richteg ustiechend."

Page 12: HIGHLIGHTS VUM MOUNT MÄERZ 03 - img.100komma7.lu · skript gëtt déi Zort Moos op déi international Weltraumstatioun transpor- téiert, wou getest soll ginn, wéi héich d’Iwwerliewenschancë

22 23

Radiance (Vers la lumière) Regisseur: Naomi Kawase Mam: Masatoshi Nagase, Ayame Misaki, Tatsuya Fuji

Drama, Romanz | Japan, Frankräich | 101’

Sortie de 7. Mäerz an de Säll vum Grupp Kinepolis

God’s Own Country Regisseur: Francis Lee Mam: Josh O‘Connor, Alec Secareanu, Gemma Jones

Drama, Romanz | Vereenegt Kinnekräich | 104’

Sortie den 21. Mäerz an de Säll vum Grupp Kinepolis

COUP DE CŒUR

COUP DE CŒUR

GEWANNT CONCERTS- A KINOSTICKETEN

Schéckt eis eng E-Mail mat der gewënschter Virstellung op [email protected] oder rufft un um 44 00 44 800. D’Gewënner ginn ausgeloust.

An

na

Pro

has

ka ©

Ho

lger

Hag

e D

euts

che

Gra

mm

op

ho

n

Schéckt eis eng E-Mail mam gewënschte Concert op [email protected] oder rufft un um 44 00 44 800. D’Gewënner ginn ausgeloust.

6.3. Rising stars Dënschdeg, 20:00Tamás Pálfalvi: Trompett Marcell Szabó: Piano Wierker vu Bartók, Chostakovitch, Dubrovay, Enescu, Eötvös, Sarasate, Tamberg. Dëse Concert gëtt enregistréiert vum radio 100,7 an den 22.4.2018 diffuséiert.

21.3. Dating: / Musiques d’aujourd’hui / red bridge project Mëttwoch, 19:00Dating: Messiaen Concert commenté (en français) avec l’œuvre intégrale en 2e partie (20:15) Ensemble intercontemporain Jean-François Zygel: Piano | Ensemble of the Lucerne Festival Alumni | Matthias Pintscher: Direktioun

© D

om

inik

Od

enki

rch

en

3.3. On the border Samschdeg, 21:00Phil Julian: Electronics Artist Talk nom Concert: Phil Julian (E)

8.3. Exhibition on Screen Donneschdeg, 19:00 am Ciné UtopiaCézanne - Portraits of a LifeNational Portrait Gallery London, Musée d’Orsay Paris & National Gallery of Art Washington DC | Regisseur: Phil Grabsky

10.3. MET Live Samschdeg, 18:00 am Kinepolis KierchbiergSemiramide vum RossiniDirigent: Maurizio Benini | Inzeenéierung: John Copley Sänger/innen: Angela Meade, Elizabeth DeShong, Javier Camarena, Ildar Abdrazakov, Ryan Speedo Green

22.3. Grands rendez-vous Donneschdeg, 20:00Orchestre Philharmonique du Luxembourg Jeune Chœur de Paris - Accentus Sébastien Rouland: Direktioun | Anna Prohaska: Sopran Ida Aldrian: Mezzo-Sopran

19:00 Artist Talk: Anna Prohaska am Gespréich mam Daniel Finkernagel (D)

© D

enis

Ro

uvr

eP

hil

Julia

n ©

Fab

io L

ug

aro

Page 13: HIGHLIGHTS VUM MOUNT MÄERZ 03 - img.100komma7.lu · skript gëtt déi Zort Moos op déi international Weltraumstatioun transpor- téiert, wou getest soll ginn, wéi héich d’Iwwerliewenschancë

RADIO 100,7 WOCHENIWWERBLÉCK MÄERZ 2018

MÉINDEG DËNSCHDEG MËTTWOCH DONNESCHDEG FREIDEG

06:00 - 09:00 VIRUM DAG VIRUM DAG VIRUM DAG VIRUM DAG VIRUM DAG 06:00 - 09:0006:00 + 06:30 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 06:00 + 06:3007:00 Panorama Panorama Panorama Panorama Panorama 07:0007:15 Presserevue Presserevue Presserevue Presserevue Presserevue 07:1507:20 Dossier vum Dag Europa Aktuell Dossier vum Dag Europa Aktuell Dossier vum Dag 07:2007:30 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 07:3007:32 Invité vum Dag Invité vum Dag Invité vum Dag Invité vum Dag Invité vum Dag 07:3207:50 Kultur Kultur Kultur Kultur Kultur 07:5008:00 Panorama Panorama Panorama Panorama Panorama 08:0008:15 + 08:20 Presserevue / Dossier vum Dag (R) Presserevue / Europa Aktuell (R) Presserevue / Dossier vum Dag (R) Presserevue / Europa Aktuell (R) Presserevue / Dossier vum Dag (R) 08:15 + 08:2008:30 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 08:3008:35 Kultur Kultur Kultur Kultur Kultur 08:3508:50 Auslandschronik Fräie Mikro Medien - / Kulturchronik Fräie Mikro Wirtschaftschronik 08:5009:00 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 09:0009:04 - 12:00 MOIES - MAGAZIN MOIES - MAGAZIN MOIES - MAGAZIN MOIES - MAGAZIN MOIES - MAGAZIN 09:04 - 12:0009:20 Globus Gesondheet a Soziales Land a Leit Economicus Technologie a Wëssenschaft / Café Scientifique 09:2009:40 Ee Mount, een Thema Prisma Physik a Medezin ZäithistorikerIn Eng infizéiert Welt / Recht an Europa 09:4010:00 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 10:0010:15 Classic Moment Classic Moment Classic Moment Classic Moment Classic Moment 10:1510:30 Invité Invité Invité Invité Invité 10:3011:00 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 11:0011:10 SchrëftstellerIn vum Mount Séier lafen oder schwéier schaffen KomponistIn vum Mount Kommunikatioun a Medien Der Mensch und die Dinge 11:1011:30 Kultur Kultur Kultur Kultur Grousse Kino 11:3012:00 Panorama Panorama Panorama Panorama Panorama 12:0012:12 - 13:30 IWWER MËTTEG IWWER MËTTEG IWWER MËTTEG IWWER MËTTEG IWWER MËTTEG 12:12 - 13:3012:15 Auslandschronik (R) Fräie Mikro (R) Medien - / Kulturchronik (R) Fräie Mikro (R) Wirtschaftschronik (R) 12:1512:22 Aktuelles Aktuelles Aktuelles Aktuelles Aktuelles 12:22 12:30 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 12:3012:35 + 12:50 Kultur Kultur Kultur Kultur Kultur 12:35 + 12:5013:00 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 13:0013:15 Kultur (R) Kultur (R) Kultur (R) Kultur (R) Kultur (R) 13:1513:30 SEQUENZA THE DIRECTOR’S CLASSICAL CUT KEY TO CLASSICS HIDDEN JAZZ GEMS DÉJÀ VU 13:3014:00 RESONANZEN RESONANZEN RESONANZEN RESONANZEN RESONANZEN 14:0015:00 SPEKTRUM SPEKTRUM SPEKTRUM SPEKTRUM SPEKTRUM 15:0016:00 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 16:0016:04 - 18:34 ËNNERWEE ËNNERWEE ËNNERWEE ËNNERWEE ËNNERWEE 16:04 - 18:3417:00 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 17:0017:10 Aktuelles (R) Aktuelles (R) Aktuelles (R) Aktuelles (R) Aktuelles (R) 17:1017:30 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 17:3017:40 Kultur (R) Kultur (R) Kultur (R) Kultur (R) Kultur (R) 17:4018:00 Panorama Panorama Panorama Panorama Panorama 18:0018:15 Haut um radio 100,7 Haut um radio 100,7 Haut um radio 100,7 Haut um radio 100,7 Haut um radio 100,7 18:1518:30 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 18:3018:34 - 19:30 TIME OUT TIME OUT TIME OUT TIME OUT TIME OUT 18:34 - 19:3019:00 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 19:0019:30 SEQUENZA (R) THE DIRECTOR’S CLASSICAL CUT (R) KEY TO CLASSICS (R) HIDDEN JAZZ GEM (R) DÉJÀ VU (R) 19:3020:00 BLUE NOTE WORLD Soirée Philharmonique

OCL - OPL - Euroradio - SELConcert EuroradioOper - Symphonie - Kammermusek

BACKSTAGE 20:0021:00 JAZZ UNLIMITED BLACK & WHITE BLUES METAL MELTDOWN 21:0022:00 Panorama (R) Panorama (R) Panorama (R) Panorama (R) Panorama (R) 22:0022:12 OWES - MAGAZIN OWES - MAGAZIN OWES - MAGAZIN OWES - MAGAZIN OWES - MAGAZIN 22:1223:00 CD - JAZZ SYMPHONIC WINDS BLUE NOTE (R) WORLD (R) SOUNDCHECK (R) 23:0000:00 NEW COTTON CLUB (R) TAKTLOS (R) JAZZ UNLIMITED (R) BLACK & WHITE BLUES (R) E - LODIE (R) 00:0001:00-06:00 NOTTURNO NOTTURNO NOTTURNO NOTTURNO NOTTURNO 01:00-06:00

Page 14: HIGHLIGHTS VUM MOUNT MÄERZ 03 - img.100komma7.lu · skript gëtt déi Zort Moos op déi international Weltraumstatioun transpor- téiert, wou getest soll ginn, wéi héich d’Iwwerliewenschancë

SAMSCHDEG SONNDEG

07:00 - 09:00 VIRUM DAG NOTTURNO

07:00 Noriichten

07:15 Nationale Wochespigel

07:30 Noriichten MUSICA SACRA

08:00 Panorama Noriichten

08:04 — EARLY BIRD

08:15 / 08:20 Presserevue / Nationale Wochespigel (R)

08:30 Noriichten

08:35 Kultur

09:00 Panorama Noriichten

09:04 MOIES - MAGAZIN KONFERENZEN / MIXTAPE / LITERATURLABO

09:20 Check-Up

09:40 Juegd op Genen

10:00 Noriichten Noriichten

10:04 — MUSEKER AM GESPRÉICH / MUSIKALESCH VISITTEKAART / KLASSIKTHEMA10:15 Classic Moment

10:30 Invité

11:00 Noriichten Noriichten

11:04 Lëtzebuerger Filmaktualitéit RIICHT ERAUS

11:30 Kultur

12:00 Panorama Panorama

12:30 ESPRESSO BEATS CLASSIC IN CONCERTApéro OPL - Conservatoire Esch + LIVE Festivals13:30 TRENDSCHEIF

14:00 TAKTLOS MUSEKER AM GESPRÉICH (R) / MUSIKALESCH VISITTEKAART (R) / KLASSIKTHEMA (R)

15:00 BACKSTAGE (R) KONFERENZEN / MIXTAPE / LITERATURLABO

16:00 Noriichten Noriichten

16:04 ROCKULTUR NEW COTTON CLUB

17:00 Noriichten Noriichten

17:04 JUNGLE BOOGIE GROOVE CLUB

18:00 Panorama Panorama

18:30 GENERATOR RIICHT ERAUS (R)

19:30 TRENDSCHEIF (R) HUMANITIES TALK / SINGING ACTORS / VOIX D’AUTEURS

20:00 SOUNDCHECK NEI MUSEK AM CONCERT

21:00 E-LODIE

22:00 Panorama (R) Panorama (R)

22:12 OWES - MAGAZIN SOIREE PHILHARMONIQUE (R)OCL - OPL - Euroradio - SEL23:00 ROCKULTUR (R)

00:00 / 00:12 METAL MELTDOWN (R) GROOVE CLUB (R)

01:00 / 01:12 -07:00

NOTTURNO NOTTURNO

(R): Rediffusioun Programmännerunge si méiglech.

RADIO 100,7 WOCHENIWWERBLÉCK MÄERZ 2018

red bridge project

ANNE TERESADE KEERSMAEKER

/ ROSAS02.03.–05.05.2018

DANCE MUSIC

VISUAL ARTS

redbridgeproject.lu

pho

to: H

erm

an S

org

elo

os

Page 15: HIGHLIGHTS VUM MOUNT MÄERZ 03 - img.100komma7.lu · skript gëtt déi Zort Moos op déi international Weltraumstatioun transpor- téiert, wou getest soll ginn, wéi héich d’Iwwerliewenschancë

16.03.−02.09.2018