12
Laurent Zeimet Lëscht 2 Nei Chancen wielen! EIS KANDIDATEN & NOTRE PROGRAMME EN FRANçAIS

Nei Chancen

Embed Size (px)

DESCRIPTION

Résumé de notre programme

Citation preview

Page 1: Nei Chancen

Laurent Zeimet

Lëscht 2

Nei Chancen wielen!

Eis KandidatEn & nOtRE pROgRammE En fRançais

Page 2: Nei Chancen

LSAP: VerPASSte ChAnCen.VERpasst ginn ass d’ChanCE dE VERKéiERspROblEm unZEpaKEn.

Mir sinn der Meenung, wann d‘Beetebuerger net fir eng Verbesserung vun hirer Situatioun streiden, da mécht keen et. Den LSAP-Schäfferot huet dat sechs Joer laang verpasst.

VERpasst ginn ass d‘ChanCE En nEiE bEbauungsplang ZE pREpaRéiEREn.

Promoteuren, Eisebunn, Ministèren, Becca: Wou ass de Schäfferot an deem Ganzen? Wien verteidegt d’Interessie vun eis Awunner? Wéini gi mir gefrot an abezunn? Dialog setzt fir d’éischt emol Informatioun viraus. Fakten op den Dësch an all déi wëllen un een Dësch.

VERpasst ginn ass d‘ChanCE, E REtaRd an dER KannERbEtREiung OpZEhuElEn.

D’Chance ass net ergraff ginn, fir d’Kannerbetreiung an der Gemeng laangfristeg ze garantéieren. E puer Noutléisungen erginn nach kee Konzept.

VERpasst ginn ass d‘ChanCE, Eis sChOulEn ZE mOdERniséiEREn.

Och hei huet de Schäfferot op Noutléisungen gesat amplaz d’Schoulinfrastruktur vun der Gemeng ze moderniséieren.

VERpasst ginn ass d’ChanCE Eist liEwEn méi nOhaltEg ZE maaChEn.

Mir sinn am Klimabündnis engagéiert. Mir sollen all 5 Joer 10 Prozent CO2 aspueren. Mä bis haut läit keng kohärent Strategie vir, wéi mer déi Objektiver sollen erreechen.

VERpasst ginn ass d’ChanCE d’ZEsummEliEwEn ZE stäERKEn.

Eis Uertschaften ginn ëmmer méi zu engem Dortoir vun der Stad. Se riskéieren hir Séil ze verléieren, well alles méi anonym gëtt. De Ruff no der Gemeng ass méi séier, wei de Ruff nom Noper.

VERpasst ginn ass d‘ChanCE méi dEmOKRatiE ZE liEwEn.

E Buergermeeschter soll no eisem Verständnis d’Leit zesummebréngen a net Streit provozéieren, wou keen neideg ass!

2 CSV BEETEBUERG

Page 3: Nei Chancen

ECOutER. RassEmblER. mOtiVER. agiR.aVEC lauREnt ZEimEt & sOn EQuipE pOuR un nOuVEau Elan.

Expérience: Depuis 2004 Laurent Zeimet est membre du conseil communal. Depuis 2005 il est porte-parole du CSV. Sous sa présidence, le CSV a suivi la politique de la majorité socialiste d’une façon critique mais constructive.

Courage: Comme journaliste et comme conseiller communal, Laurent Zeimet fait preuve de courage. Il ne craint ni l’engagement, ni l’affrontement.

Compétence: Son jugement est respecté, son conseil recherché. Laurent Zeimet est juriste de formation, mais a préféré de suivre sa passion pour le journalisme.

Rassembleur: Laurent Zeimet sait rassembler et motiver. Il ne juge pas les autres selon leur appartenance politique mais veut travailler avec tous dans l’intérêt de la commune.

3

De laurent Zeimet ass Spëtzekandidat vun der CSV Gemeng Beetebuerg fir d’Wahlen vum 9. Oktober 2011. De Laurent (36) ass mam Diane Stefanutti bestuet a Papp vum Laura. Zanter 2004 ass hie Member vum Gemengerot an zanter 2005 Spriecher vun der CSV-Fraktioun. Vu Formatioun Jurist schreift de Laurent haut fir déi politesch Säite vum „Luxemburger Wort“ an ass och als Chronist am „RTL-Presseclub“ bekannt. De Laurent ass President vun der Beetebuerger Musek a vum Parverband.

Page 4: Nei Chancen

De Jeff gross (36) wunnt mam Anne Schmit an der Lëtzebuergerstrooss. Hien ass zu Beetebuerg opgewuess an huet hei seng Kanner- a Jugendzäit verbruecht. No senger Ausbildung um IST, huet hien fir d’éischt bei AEG geschafft. Haut plangt de Jeff als Ingenieur d’Stroumversuergung bei der Eisebunn. A senger Fräizäit spillt

de Jeff Clarinette an der Beetebuerger Musek. Hien engagéiert sech och an der Kulturkommissioun vun der Gemeng a beim lokale Radio LRB.

planifier avec raison ➜ Nous voulons une croissance modérée de la population: Nous allons promouvoir prioritairement le lotissement des terrains vagues dans les quartiers existants. Les nouveaux quartiers seront réalisés à proximité des transports en commun. Nous défendons le caractère des villages et nous ne nous laissons pas dicter le développement de nos localités par des promoteurs.

Réduire la circulation de passage ➜ Un contournement de Bettembourg ne peut rester un sujet tabou. Nous exigeons qu’une solution pour notre commune soit retenue dans le plan sectoriel «transports» élaboré par le gouvernement.

Economie et emploi ➜ La création d’un centre commercial géant à Livange risque d’aggraver la circulation de transit et entraînera des bouchons. Dans ce cas un concept de mobilité réaliste sera nécessaire. Le site du centre commercial se trouve sur le territoire de la commune de Roeser. Or, nous n’accepterons pas que la commune de Roeser puisse en profiter financièrement tandis que les nuisances soient à charge de la commune de Bettembourg. Si le projet est réalisé, nous exigeons une participation aux recettes fiscales et d’autres mesures compensatoires.

Vivre mieux ➜ Rénover selon une liste de priorités:

➜ rénovation de la deuxième partie de la route de Peppange, ➜ rénovation des centres d’Abweiler et de Huncherange, ➜ rénovation du centre de Bettembourg (Rue de la Gare, Place de l’Eglise), ➜ rénovation de la rue Fernand Mertens et de rues avoisinantes du quartier.

➜ On ne pourra pas faire tous ces travaux en une seule fois : Nous fixons des priorités et définissons des lignes directrices pour garantir une harmonisation des travaux de rénovation. Nous invitons des architectes urbanistes pour contribuer à améliorer l’aspect de nos localités. Nous voulons profiter de la créativité d’artistes jeunes et expérimentés pour changer le look uniforme.

D’monique merk-lauterbour (50) wunnt mat sengem Mann Jean-Paul a senge Kanner Nora a Philippe zu Beetebuerg an der Kennedy-Strooss. D’Monique ass zu Beetebuerg op d’Welt komm an huet hei no sengem Medezinstudium zesumme mat sengem Mann eng Praxis fir Allgemengmedezin opgebaut. D’Monique engagéiert sech zanter sechs Joer an der Ëmweltkommissioun vun der Gemeng. Wei sech Geschichtsfrënn vun eiser Gemeng gegrënnt hunn, war d’Monique direkt bereet eng Hand mat unzepaken.

„ Fir gutt ze liewe musse mir responsabel mat eiser Ëmwelt ëmgoen. Dofir wëll ech mech staark maachen.

„ Mir brauchen eng nohalteg a kohärent Entwécklung vun eiser Gemeng, amplaz de Bauperimeter no de Wënsch vu Promoteuren festzeleeën.

4 CSV CHANCEN NOTZEN

Page 5: Nei Chancen

55

GENERVT VUM STAU?Wielt d‘CSV!

Lëscht 2

Page 6: Nei Chancen

des écoles permettant de nouveaux concepts ➜ Nous planifions les besoins sur le long terme: Ecole et encadrement sont à relier. En construisant une nouvelle école à Bettembourg, nous libérons de la place dans les bâtiments existants pour l’encadrement.

➜ Nous allons rénover la Schoul am Duerf.

➜ Nous avons critiqué l’agrandissement forcé de la Reebouschoul et refusons l’idée de transformer la Rue Marie-Thérèse en cour de récréation.

➜ Nous modernisons l’école à Noertzange. L’investissement par la majorité socialiste de 2 millions d’euro pour une construction provisoire est le résultat d’une planification erronée.

➜ Pour des constructions futures nous faisons confiance à l’expérience du corps enseignant et au jugement de la commission scolaire.

un encadrement innovateur ➜ Nous soutenons l’offre pour les élèves ayant des difficultés à suivre les cours (centre d’apprentissage) et créons une offre similaire pour les enfants doués.

➜ Nous flexibilisons l’offre d’accueil et de garde. Nous créons une crèche en forêt et faisons élaborer un concept pédagogique pour la maison relais.

➜ Nous offrons le pedibus (accompagnement des écoliers sur leur trajet) dans tous les quartiers.

➜ Nous diversifions et élargissons les activités de vacances pour enfants et jeunes et nous proposons différentes d‘activités pendant les vacances d‘hiver et de Pâques.

➜ Pendant les vacances d‘été nous organisons une académie d‘été proposant des cours de rattrapage et d‘appui scolaire.

Den alain gillet (36) wunnt mat senger Fra Maria Dantas a sengen zwee Bouwen Cyril a Raphaël an der Rue Baclesse zu Beetebuerg. Den Alain ass e Beetebuerger Jong. No 7 Joer an der Cactus-Metzlerei huet hien eng Weiderbildung gemat a schafft haut beim Enregistrement, wou hien TVA-Deklaratioune kontrolléiert. Niewent Famill a Beruff engagéiert den Alain sech op ville Plazen. Als Papp huet hie virun e puer Joer d’Initiativ geholl, fir d’Elterevereenegung nei ze lancéieren an ass an der Reebou-Schoul zum Elterevertrieder gewielt ginn. Den Alain hëlleft och bei der Gestioun vun der Kannergarderie Stärenhaus zu Beetebuerg. Den Alain ass och an der Medie-Kommissioun vun der Gemeng, wou hien als fréiere Vizepresident vum Radio LRB a passionéierte Computerspiller säi Wëssen abrénge kann.

D’nadine stefanutti-larosch (35) wunnt mat sengem Mann Patrick Stefanutti an hirem Bouf Max zu Beetebuerg. D’Nadine huet eng Bankléier gemaach a schafft haut bei enger Investmentfonds-Gesellschaft. Nieft sengem Beruff huet d’Nadine mat sengem Mann an engem

Kolleg eng Firma gegrënnt, wou hat friulanesch Spezialitéiten importéiert a verkeeft. D’Nadine gesäit säin politescht Engagement als logesch Suite vu senger Scoutszäit. Haut hëlleft d’Nadine bei der Elterevereenegung, als Mamm ass et him wichteg, dat eis Gemeng méi kannerfrëndlech gëtt.

„ Eng flexibel Kannerbetreiung ass wichteg, fir Elteresinn a Beruff kënnen ze verbannen. Ech setze mech fir eng kannerfrëndlech Gemeng an, wou och genuch Plaz ass, fir deenen neie pädagogeschen Erausfuerderunge gerecht ze ginn. Dofir brauche mir modern Schoulen.

„Bei de Scouten heescht et, dat een d’Welt soll e klengt Stéck besser verloossen, wéi een se virfonnt huet. Ech mengen, dat si mir och eise Kanner schëlleg.

6 CSV CHANCEN GINN

Page 7: Nei Chancen

Renforcer les clubs ➜ Nous promouvons le volontariat à travers des soutiens ciblés par l’aide concrète à la recherche de sponsors, un entretien des archives, une présence sur internet et la coordination du calendrier des événements locaux. Nous mettons des véhicules à la disposition des clubs. Nous réorganisons le Syndicat d’Initiative en tant que plate-forme et de partenaire.

➜ Nous soutenons les clubs lors de leurs événements par la publicité, le montage et le démontage des infrastructures. Nous créons un établissement fixe pour les fêtes publiques et nous fournissons des stands de restauration mobiles pour les fêtes.

la vie communautaire ➜ Nous construisons à Bettembourg un centre culturel approprié disposant d’une salle polyvalente et fonctionnelle pour les manifestations culturelles. Ce centre offrira des salles de répétition pour les clubs culturels. Ainsi, nous gagnons de l’espace dans le centre sportif existant pour les clubs de sport.

D’Christiane hennico-Kaber (47) ass mam Roger Hennico bestuet, zesumme mat hire Kanner Manon, Jeff a Corinne wunne si an der Rue Michel Rodange zu Beetebuerg.

Christiane huet 10 Joer bei der Dexia-Bil geschafft a sech duerno op d’Erzéiung

vun de Kanner konzentréiert. Als jonk Mamm huet hat och an der Garderie vun de Jeunes Mamans Kanner betreit. Wou seng Kanner aktiv sinn, hëlleft d’Christiane. Hat ass am Komitee vum Turnveräin Le Réveil an ass sech och net ze schued fir an anere Veräiner eng Hand mat unzepaken. Zesumme mam Roger sengt d’Christiane an der Chorale Sängerfreed. Si deelen d’Léift zur Musek.

„ D’Veräiner bidden de Kanner vill Méiglechkeeten. Do stécht natierlech och vill Aarbecht hannendrun, déi mécht sech net vun alleng. All déi sech fräiwëlleg engagéieren an d’Liewen an eiser Gemeng spannend maachen, verdénge Respekt.Den anibal da Cruz (38) wunnt

zanter 1977 an der Gemeng Beetebuerg. Hien ass bestuet mam Sandra Pedroso a Papp vum Dean, Kim a Sven. D’Famill wunnt haut an der Rue Kennedy zu Beetebuerg. No enger Meeschterprüfung fir Waasser an Energie huet den Anibal en eegene Sanitär-Betrib gegrënnt. Duerch seng Initiative konnten 8 Aarbechtsplaze geschaf ginn. Den Anibal engagéiert sech fir eng lieweg Gemeng am Handwierker- a Geschäftsverband an am Syndicat d’Initiative. Den Anibal ass President vum Syndicat d’Initiative an aktive Member vum Handwierker- a Geschäftsverband.

„ Ech wëll mech dofir asetzen, datt d’Veräinsliewen nees gestäerkt gëtt. Emmer manner Leit si bereet sech an de Veräiner z’engagéieren. Mir mussen d’Bénévolat net nëmme luewe mä och ënnerstëtzen.

7CSV CHANCEN LIEWEN

Page 8: Nei Chancen

8 CSV BEETEBUERG

nee ZU 4000 AWUNNER!Wielt d‘CSV!

Lëscht 2

Page 9: Nei Chancen

Respect et discipline

➜ Nous travaillons en étroite collaboration avec la police et établissons ensemble un plan local de sécurité. Nous examinons le renforcement des forces de l’ordre par du personnel communal.

➜ Nous pratiquons la «tolérance zéro» à l’égard des émeutiers, des perturbateurs de repos de nuit et du vandalisme. Nous veillons au respect et à la discipline dans les structures communales. Le mobbing et la violence n’auront pas de chance à se développer.

prévention et soins

➜ Nous apprécions le travail des bénévoles des services de secours et les appuyons constamment dans leur recherche de nouveaux membres. Afin de décharger les services actuels, nous envisageons d’introduire une professionnalisation partielle du centre d’intervention (Cibett).

➜ Nous préparons un plan de protection contre l’incendie et assurons la formation appropriée au danger potentiel à l’intention du personnel des services de secours. En concertation avec le Cibett nous recherchons une collaboration régionale des services de secours.

De Roland disiviscour (55) ass mam Marion Chiarotto bestuet, zesumme mat hirer Duechter Jenna wunne si zanter 1997 zu Näerzeng an der Schoulstrooss. De Rol ass geléierten Zahntechniker, no enger Weiderbildung an der Chimie schafft hien haut beim Waassersyndikat Sebes. Bekannt am ganze Land ass de Roland awer duerch säin Engagement als Spriecher vum Weiserot vun den Rettungsdéngschter. Hien setzt sech fir eng Reform vun der éischter Hëllef an. De Roland huet och eng Formatioun als Sécherheetsdelegéierten bei der Fonction publique.

De Roland ass och Chef-Taucher vun de Lëtzebuerger Rettungsdéngschter. Mä hien taucht awer net nëmmen am Noutfall. Tauchen ass seng Leidenschaft, déi hien och gären un anerer a Cours’en weidergëtt.

D’Christine doerner (58) ass vu Beruff Notaire. All Dag ass d’Christine mat Problemer a Suerge vu senge Matbierger konfrontéiert. D’Christine ass zanter 2000 am Beetebuerger Gemengerot an zanter 2004 Deputéiert an der

Chamber. D’Christine ass Presidentin vun der juristescher Kommissioun a schafft ënner anerem och un der Reform vum Scheedungsgesetz. Am Gemengerot hëlt d’Christine regelméisseg zu Froe vum Zesummeliewen an der Chancëgerechtegkeet Stellung.

D’Christine war Presidentin vun de Chrëschtlech-Soziale Fraen an dem Conseil national des femmes. Als Konsul vun Norwegen spiert hat sech dësem skandinavesche Land enk verbonnen an hëlleft déi norwegesch Kultur méi bekannt ze maachen.

„ Ech well mech fir méi Sécherheet asetzen. Et geet net drëm Panik ze maachen, mä sech sécher fillen ass e Stéck Liewensqualitéit. E Grupp vu Jugendlechen ass awer nach laang keen Sécherheetsproblem. Besonnesch op eisen Dierfer gëtt net vill fir si gebueden.

„ Zesummeliewen an Integratioun kann een net dekretéieren. Mir musse vill Acteuren – virun allem och eis Veräiner – abannen, fir dat mir aus eiser flotter Diversitéit eng lieweg Unitéit maachen.

9CSV CHANCEN SÉCHEREN

nee ZU 4000 AWUNNER!Wielt d‘CSV!

Lëscht 2

Page 10: Nei Chancen

logement abordable ➜ Nous nous engageons pour une rénovation des appartements du Fonds de Logement de la rue de l‘Indépendance et nous sollicitons la construction de nouveaux logements sociaux.

➜ Nous essayons de créer une réserve foncière pour fournir une aide aux jeunes familles pour acquérir des terrains à prix adéquat.

➜ Nous promouvons la vie dans un quartier multi-générationnel par l’accompagnement des personnes âgées et les personnes avec handicap. Nous soutenons le projet Klenschenhaff, à condition que ce dernier soit adapté au quartier existant.

aide à l’effort personnel ➜ Nous développons des locaux appropriés pour l’Office social.

➜ Nous soutenons les œuvres de bienfaisance sociales comme la Croix Rouge, le Cent-Buttek et d’autres initiatives volontaires.

De luc Klonski (32) wunnt haut mat senger Partnerin Najlaa Mahboubi zu

Beetebuerg, ass awer zu Fenneng opgewuess. No enger

Ausbildung zum Assistant social huet de Luc Politik studéiert a schafft elo bei der Sécurité sociale. De Luc ass President vun der Jugendkonferenz, dem Daachverband

vun de Lëtzebuerger Jugendorganisatiounen. Als President vun der Jugendkonferenz ass de Luc vill an der Welt ënnerwee..

D‘nadine demuth (29) wunnt zanter 2007 an der Gemeng, engagéiert sech awer schonns zanter 12 Joer am Zenter vun de Beetebuerger Rettungsdéngschter, dem Cibett. D’Nadine ass mam Sven Weber bestuet a Mamm vum Philippe, si wunnen zesummen an der Diddelengerstrooss. Nadine fäert net eng Hand mat unzepaken a seng Meenung ze soen. Am Beruff këmmert Nadine sech als Aide-soignante bei „Hëllef Doheem“ ëm eeler Matbierger. A senger Fräizäit geet d’Nadine am léifste mat senger Famill a mam Mupp Dora iwwer den Äppelbierg spadséieren. En plus ass hat eng talentéiert Hobby-Fotografin.

„ Jonker interesséiere sech fir Politik, well si interesséiere sech fir hiert Liewen. Och an enger Gemeng mussen déi Jonk matschwätzen. Mir wëllen hiert Engagement ënnerstëtzen. A mir fuerderen och, dat si eng Hand mat upaken.

„ Ech si gär fir déi eeler Leit do. Si ginn engem vill erëm. Ech gesinn awer och dat nach munches ka verbessert ginn, fir dat eeler Leit weider kennen um Gemengeliewen deelhuelen. Et ass traureg wann eeler Leit sech ganz zréckzéien an alleng sinn.

10 CSV FAIR CHANCEN

Page 11: Nei Chancen

Ecouter et faire vivre la démocratie ➜ Nous informons régulièrement sur les travaux actuels du conseil communal. Nous n’abuserons pas des moyens de communication de la commune pour faire l’éloge des réalisations de la majorité politique. La parole sera donnée à tous les mouvements politiques.

garantir des finances communales stables ➜ Nous supprimons la taxe de construction de 6000 euro introduite par les socialistes. Nous repensons l’imposition des terrains en friche, des terrains vacants et des immeubles vacants. Nous récompensons ceux qui évitent de produire des ordures et soulageons les familles (ex. bonus pour couches).

➜ Nous vérifions les comptes et informons la population sur la situation financière de la commune. Après discussion ouverte et publique nous fixons des priorités pour la période du mandat. Nous établissons un plan de financement à moyen terme. Nous examinons toutes les dépenses quant à leur caractère de longue durée. Tous les citoyens peuvent introduire des propositions pour l’établissement du budget communal.

D’maddy mulheims-hinkel (62) wunnt mat sengem Mann Fritz zu Beetebuerg

an der Rue Belair. D’Maddy war Léierin an huet an eiser Gemeng de Service fir Chancëgläichheet tëschent Mann a Fra opgebaut. Als éischt Fraebeoptragten am Land huet d’Maddy Pionéieraarbecht

geleescht a konnt spéider seng Erfahrung beim Opbau vum

Chancëgläichheetsministère als Regierungsrotin abréngen. D’Maddy war an de leschte Joren an der Finanzkommissioun vun der Gemeng an ass och zënter Januar Member vum Sozialbüro. D’Maddy ass haut pensionéiert an zanter

kuerzem Bomi vum Ian.

De Jean-Jacques schroeder (32) wunnt mat senger Fra Caroline an senger klenger Duechter Lena zu Beetebuerg an der Sigfridsstrooss. Hien ass Staatsbeamte bei der Vétérinairesinspectioun. Zanter 2009 ass de Jean-Jacques Member vum Gemengerot a vun der Finanzkommissioun. Am Gemengerot huet sech de Jean-Jacques och ëm d’Verkéiersproblemer an der Gemeng gekëmmert. De Jean-Jacques ass Chef vum Interventiounszenter vun de Rettungsdéngschter. Him ass keng Stonn ze fréi oder ze spéit fir an den Asaz ze goen.

„D’Demokratieverständnis vun der aktueller LSAP-Majoritéit ass ëmmer nees erstaunlech. Si verwiesselen Dialog dacks mat Diktat. De Schäfferot fillt sech duerch Nofroe vun der Oppositioun genervt. Déi lescht 6 Joer si vill Chance verpasst ginn, fir eis Gemeng no vir ze bréngen. Eng aner Politik ass nëmmen duerch eng aner Majoritéit méiglech.

„ D’CSV setzt mat hirer Kandidatelëscht en Zeechen. Et ass un der Zäit e Schrëtt no Vir ze maachen. Chancëgläichheet ass net e Fraenthema, mä eng Fro wéi jiddereen, ob Mann oder Fra, Lëtzebuerger oder Auslänner, Jonk oder Al, eng Chance kritt sech an der Gesellschaft ze bedeelegen, well jidder Eenzelnen zielt.

11CSV CHANCEN STÄERKEN

Page 12: Nei Chancen

Nei Chancen mat der CSV.

www.bettembourg.csv.lu

CSV. De séchere Wee.

Eis Kandidaten.Fir d‘Gemeng Beetebuerg. laurent Zeimet

anibal da Cruz nadine demuth Roland disiviscour Christine doerner

alain gillet Jeff gross Christiane hennico-Kaber luc Klonski

monique merk-lauterbour maddy mulheims-hinkel Jean-Jacques schroeder nadine stefanutti-larosch