Upload
others
View
0
Download
0
Embed Size (px)
Citation preview
1
Schäfferotserklärung 2011-2017
2
Sommaire
Introduktioun: Ee fervent a responsabelt Engagement fir ons Stad, déi mer all gär hunn
3
1 Stadentwécklung: Mat engem dynamesche Bléck an d’Zukunft kucken 6 2 Wunnraum: Deene jonke Famillen entgéint kommen 10 3 Mobilitéit: Eng oppe Stad mat manner Verkéier 12 4 Commerce: Attraktiv a villsäiteg 14 5 Ëmwelt: Ee Beispill sinn an d’Bierger matabannen, fir datt si hir
Responsabilitéit iwwerhuelen 15
6 Eng gréng Stad: De Kontakt mat der Natur encouragéieren 18 7 D’Participatioun an den Dialog als Chance gesinn 20 8 D’Kanner stinn am Mëttelpunkt vun eise Beméiungen 22 9 D’Sozialpolitik: Solidaritéit mat onser Jugend, dem 3. Alter, mat deene Leit,
déi Hëllef brauchen a mat de behënnerte Leit 24
10 D’Kultur am Déngscht vun der Liewensqualitéit an der sozialer Kohesioun 27 11 Nei Mesure fir méi Sécherheet 28 12 De Sport am Déngscht vun der Convivialitéit an der Gesondheet 29 13 D’Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg 29 14 De Moment ass do fir d’Gläichheet zwëscht Männer a Fraen 30 15 Eng responsabel Gestioun vun de Finanzen an dem Personal 31
3
Ee fervent a responsabelt Engagement fir ons Stad, déi mer
gär hunn
De Rendezvous mam Wieler bitt ons Politiker a Politikerinnen um Niveau vun der
Gemengepolitik all sechs Joer d‘Geleeënheet fir ons déifgräifend Gedanken iwwert ons Stad an
hir Entwécklung ze maachen.
Mir kucken zréck, kucken, wat ons Aarbecht an deene leschte sechs Joer bruecht huet; kucken,
wouhin ons dee gemeinsame Wee vun DP an „déi gréng“ gefouert huet, dee mir am permanenten
Dialog mat der Oppositioun am Gemengerot gaange sinn.
De Bléck op eise Programm an eis Ambitiounen, déi mer 2005 zesummen zu Pabeier bruecht
hunn, weist, datt mer ons Engagementer agehalen hunn, an datt dat, wat mer bis 2011 ëmgesat
hunn, deem entsprécht, wat mer 2005 an onsem Koalitiounsaccord festgehalen haten.
D’Erneierung, déi de Wieler sech 2005 gewënscht hat, an déi mer an eisem deemolege politesche
Programm festgehalen hunn, huet net nëmmen dorop ofgeziilt, d’nohalteg Entwécklung an déi
ökologesch Dimensioun an d’Gemengepolitik méi matanzebannen, mee och, dorop
d’Entwécklung a Richtung vun enger participativer Demokratie als eng fundamental Fuerderung
vun de Biergerinnen a Bierger, weider ze dreiwen.
De Schäfferot selwer huet hei d’Beispill ginn an huet all Joer den Dialog mat de Bierger an de
Quartierë gesicht. Dës Réuniounen hunn ons – glécklecherweis – och gewisen, datt
d’Netlëtzebuerger sech ganz gär un den Diskussioune bedeelege wëllen. D’Gemengeréit, egal vu
wéi enger Partei, hunn hirersäits de Biergerinnen a Bierger nogelauschtert, hu sech hir Suergen,
Froen an Iddien unhéieren an hunn op eng konstruktiv Manéier derzou bäigedroen, d’Dossierë
vun der Gemengepolitik virunzebréngen.
Mee de Rendezvous mam Wieler, der Wielerin ass natierlech fir all déi, déi rëmgewielt goufen,
respektiv eng éischte Kéier gewielt goufen, de Moment fir de Bléck an d’Zukunft ze riichten.
Dëse Bléck no vir ass vun elo uns fir ons all, déi mir dësem neie Conseil ugehéieren, eng
Erausfuerderung, där mir ons schonn an de Verhandlungen fir ee Koalitiounsofkommes gestallt
hunn.
Dëst Koalitiounsofkommes leet déi grouss Linne vun der Politik fest, déi d’DP an „déi gréng“ an
d’A faassen, wëll allen zwou Parteien sinn am Oktober vun dësem Joer vum Wieler an hirer
Démarche bestätegt ginn.
4
Wat de Wieler ons soe wollt, war effektiv kloer: déi Koalitioun, déi sech 2005 fonnt hat, kann op
hirem Wee weiderschaffen. Si soll hir Ziler an hiert Virgoen awer nach méi cibléieren, fir den
Erausfuerderunge gerecht ze ginn an d’Äntwerten op déi Froen ze fannen, déi sech a punkto
Entwécklung vun onser Haaptstad stellen.
Et geet drëm, nei Strategien z’entwéckelen, Jalonen ze setzen, nei Akzenter festzeleeën, fir
d’Äntwerten op déi Froen ze ginn, mat deenen ons Gesellschaft am Joer 2011 konfrontéiert ass.
D’Stad ass effektiv an deene leschte Joren nach méi international ginn, sou datt mer grad der
sozialer Kohesion eng grouss Opmierksamkeet schenke mussen.
De Schäfferot ass gewëllt, d’Positioun vun der Stad Lëtzebuerg als regionale Wirtschaftzentrum,
als Site vun engem Deel vun der Uni Lëtzebuerg, als attraktiv europäesch Haaptstad vun engem
klenge Land wou et sech gutt liewe léisst, ze stäerken.
D’Stad Lëtzebuerg wäert, genee wéi an der Vergaangenheet, eng dreiwend Kraaft an der
wiertschaftlecher Entwécklung vum Land spillen; d’Stad muss hir Attraktivitéit fir déi
Investisseuren, déi Aarbechtsplaze schafen, behalen. Aus dësem Grond ass et wichteg,
d’Mobilitéit an d’Gestaltung vum Stater Territoire sou z’organiséieren, datt et einfach ass sech ze
déplacéieren, eng Aarbechtsplaz an engem flotten urbanen Ëmfeld ze fannen, an op Kultur-,
Sport a Schoulinfrastrukturen, op Spillplazen an Raim fir sech z’entspanen, zréckgräifen ze
kënnen.
Deemno wëlle mer fir ons Biergerinnen a Bierger eng Stad, déi matmënschlech, charmant a
gläichzäiteg up to date ass, wou et roueg an de Stroossen an an de Gäert vun de Wunnquartieren
ass, wou d’Geschäfter dat ubidden, wat d’Leit fir ze liewe brauchen, a wou alles derzou bäidréit,
datt d’Leit vun no a vu wäit gären an d’Stad kommen, wou eng grouss kulturell Offer alle
Generatiounen a Sproochecommunautéite gerecht gëtt, a wou déi verschidde Generatiounen
d’Méiglechkeet hunn, sech ze begéinen a mateneen ze schwätzen.
Eis Prioritéiten am Ufank vun der Period 2011-2017, sinn d’Schafe vu Wunnraum, dee sech jonk
Famille leeschte kënnen, d’Schafe vun neie Gréngraim an d’An-d’Rei-Setze vun deenen, déi et
scho gëtt, sou datt d’Awunner, ob jonk oder eeler, an der Stad no hirem Rhythmus liewe kënnen,
dee mer respektéiere wëllen.
Wa mer deemno ons Politik am Interesse vun der Bierger méi cibléiert gestalte wëllen, wa mer
déi verschidden Erwaardunge vun de Leit, déi sech heinsdo widderspriechen, an ons Politik
matabezéie wëllen, da musse mer ons fir d’Wuel vun de Leit asetzen, déi um Gebitt vun onser
Haaptstad liewen, an déi aus allen Himmelsrichtunge kommen. Mir mussen den Dialog zwëscht
den Nationalitéiten encouragéieren, ons fir d‘Bedierfnesser vun de jonke Famillen wat
d’Schoulinfrastrukturen a wat d’Kannerbetreiung ugeet asetzen, de Bedierfnesser vun den
5
eelere Leit souwuel wat d’Gestaltung vum städtesche Raum betrëfft, wéi wat d’Offer am Sport
an an der Fräizäit ugeet, gerecht ginn. Gläichzäiteg musse mer fir eng Integratiouns- an
Animatiounspolitik vun deene Jonke suergen, a fir d’Wuel an d’Integratioun vun de Leit mat
spezielle Besoinen.
Mir mussen ee Kader schafen, deen et alle Biergerinnen a Bierger erlaabt duerch eng geziilten
Informatioun selwer un der nohalteger Entwécklung matzewierken, dëst duerch e
responsabelen Ëmgang mat der Energie a bei der ökologescher Gestioun vun den Offäll.
Natierlech wäerte mer och, an der Kontinuitéit vun deem, wat an deene leschte Jore geschitt ass,
ee generéise soziale Programm ausschaffen, fir all deenen entgéint ze kommen, déi mat
Schwieregkeeten ze kämpfen hunn, sief et während enger kuerzer Zäit, sief et op laang Weil.
D’Sozialpolitik wäert an deenen nächste sechs Joer weiderhin d’Häerzstéck vun der
Gemengepolitik vum Schäfferot bleiwen a si wäert, opgrond vun de Feststellungen, déi um
Terrain gemaach ginn, nach méi performant ginn. Et gi sozial Problemer an der Stad, a mir
wäerten efficace Programmer entwéckelen, fir géint d’Nout an all hire Forme virzegoen.
Wa mer deemno den Erwaardunge vun alle Biergerinnen a Bierger eng grouss Opmierksamkeet
schenken, sou wësse mer ganz genee, datt d’Erhalen an déi stänneg Verbesserung vun der
Liewensqualitéit, a vun deem wiertschaftlechen, kulturellen, kommerziellen an touristeschen
Attrait vun onser Stad um internationalen Niveau ëmmer rëm ënnerstëtzt musse ginn.
Fir ons Ziler z‘erreechen, bleiwe mer am stännegen Dialog an am enke Kontakt mat de Leit,
genee wéi mat de Membere vum Gemengerot an de berodende Kommissiounen, déi ons bei onse
Projete begleeden an déi ganz bestëmmt hir Suggestiounen a Kritiken ausdrécke wäerten, déi
mir seriös huelen an analyséiere wäerten.
6
1. Stadentwécklung: Mat engem dynamesche Bléck an d’Zukunft
D’Stadentwécklung wäert och an deene kommende Jore fir de Schäfferot eng vun deene
wichtegen Erausfuerderunge bleiwen, geet et dach drëm, ee Kader ze schafe fir eng dynamesch
an koordinéiert Entwécklung vun onser Stad an hirer Populatioun, déi am gaang ass ze wuessen.
An dësem Kontext besteet ee vun de gréissten Défisen doranner, den Allgemenge
Bebauungsplang fäerdeg ze stellen. De Gréngplang, de Mobilitéitsplang an de Sozialplang
wäerten am PAG hiren Nidderschlag fannen.
Den Allgemenge Bebauungsplang gëtt am Gespréich mat de Bierger an de Quartiere fäerdeg
gemaach, dëst am Sënn vun der partizipativer Demokratie, a fir d’Stad am Aklang mat dem
Alldag vun den Awunner weider z’entwéckelen.
D’Stad huet sech zu engem internationale Wirtschaftszentrum entwéckelt, wou all Joer 10
Prozent vun den Awunner wiesselen (wat bedeit, datt dausende Leit a Kanner mussen an ons
Gesellschaft integréiert ginn). Mir mussen deemno doriwwer nodenken, wéi mir d’Convivialitéit
an d’Liewensqualitéit erhale kënnen, a wéi mer eng kohärent Politik realiséiere kënnen, déi
souwuel de wiertschaftlechen Aspekter wéi deene sozialen an urbanisteschen Aspekter vun der
Stadentwécklung Rechnung dréit.
Ëmmerhi si ganz vill Aarbechtsplazen um Gebitt vun der Stad konzentréiert, sou datt all Dag
dausende Leit a Frontalieren an d’Stad schaffe kommen, wat mir als Beräicherung ugesinn. Et
geet allerdéngs drëm, den ëffentlechen Transport sou z’organiséieren, datt e bequem an efficace
fonctionnéiert, dëst an Ofsprooch mam Stat, a fir de Leit laang Trajeten op der Strooss, an den
Awunner en héije Verkéier a Staue virun hirer Dir z’erspueren.
D’Wirtschafts- a Finanzkris, déi sech zënter 2008 ofzeechent, huet Lëtzebuerg net verschount;
d’Aarbechtslosegkeet an onsem Land steigt. Et muss een awer bedenken, datt sech hannert de
plakege Statistike Mënsche verstoppen, Mënschen an Nout, Famillen, déi d’sozial Exklusioun
riskéieren a Kanner, déi an Aarmut opwuesen.
D’Politik vun der Stad – a besonnesch déi am Déngscht vun enger optimaler Integratioun vun de
Kanner an de Jonken an deenen, déi an onser Gesellschaft iwwert keng Moyene verfügen – muss
all dës Défië mat a Betruecht zéien.
Glécklecherweis kenne mer um Territoire vun der Stad am Moment nach ëmmer eng dynamesch
Wirtschaftsentwécklung, an déi grouss urbanistesch Projeten, déi mir ugoe wëllen, sollen dësen
Dynamismus nach weider ënnerstëtzen.
D’Wunnen an d’Schaffe méi no beienee bréngen, d’Schafe vun Aktivitéitszonen, vu Fläche fir
Buroën a Commerce am Kader vun dem „Aménagement du territoire“, den Engagement fir
7
Wunnengen ze kreéieren, déi d’Leit sech leeschte kënnen, d’sozial Mixitéit begënschtegen, dat
sinn e puer vun den Ziler, déi dës Koalitioun sech am Beräich vun der Stadentwécklung gesat
huet.
De PAG wäert och dem Ëmstand Rechnung droe mussen, datt et an der Stad grouss
architektonesch Verännerunge gi wäerten, an datt d’Stad hiert Ausgesinn a Richtung vun enger
méi grousser Modernitéit ännere wäert. Deemno stellt sech d’Fro, a wéi wäit de Patrimoine
erhale bleiwe muss, un deem d’Awunner dacks hänken. Duerfir wäert d‘Erhale vu Gebaier an
Ensemblë mat héijem architektonesche Wäert Bestanddeel vum neie PAG sinn.
Wunnengen, genee wéi Fläche fir de Commerce an d’Handwierk a fir Buroë sinn an deene
verschiddenen Entwécklungspôle vun der Stad virgesinn.
De Masterplang Ban de Gasperich, duerch deen d’Stad sech no Südwesten hi vergréissert,
begräift d’Schafe vu Wunnengen, a vun Zonen an deene sech d’Wirtschaftsaktivitéiten entfale
kënnen. Hei wäert och dee gréisste Stater Park entstoen.
De Projet Royal Hamilius wäert duerch d’Schafe vun neie kommerziellen Aktivitéiten, enger
neier Plaz am Häerz vun der Stad a weidere Plaze fir sech ze begéinen, de Stadzentrum
opwäerten. Et ass virgesinn, duerch dëse Projet d’Offer fir de Client ze diversifizéieren an
doduerch d’Geschäftswelt am Stadzentrum nach méi ze beliewen.
Am Beräich vun der Stadentwécklung läit den Akzent an deenen nächste Joren deemno op dem
Schafe vu Plaze fir ee sech ze begéinen, deemno dem ëffentlech Raum an de Gréngzonen. Dobäi
wäerte mer och un d’Vëlosfuerer an d’Foussgänger denken, dëst besonnesch och an deenen neie
Lotissementer.
Wat déi grouss Projeten ugeet, geet et virun allem drëm, datt de Projet fir d’Stäreplaz duerch
d’Schafe vu Wunnengen, Bürosraim a Geschäfter nei z’aménagéieren, viru geet.
Am Stadzentrum, um Knuedler, wäert d’Annexe zur Märei gebaut ginn, an déi de Bierger-Center
ënnerbruecht gëtt, an do dernieft ee moderne Sall fir Receptiounen, Hochzäiten, an aner
Festivitéite vun der Gemeng.
De Schäfferot wäert d’Ëmsetze vum Masterplang Luxembourg-Central ënnerstëtzen, deen
d’Neigestaltung vun der Zuchgare virgesäit an deen all deenen, déi iwwert d’Gare an d’Stad
kommen den Androck vun enger oppener a moderner Stad vermëttele wäert.
De Schäfferot wäert och dem Masterplang Portes de Hollerich a senger progressiver Ëmsetzung
eng grouss Bedeitung bäimiessen. Dëse Quartier soll seng urbanistesch Kohärenz zréckkréien an
zu enger attraktiver Entrée fir d’Stad ginn.
8
An Zesummenaarbecht mat der Regierung an der Uni Lëtzebuerg gëtt ee Masterplang
ausgeschafft, fir datt de Kompetenzzentrum „Recht a Finanzen“ an déi Servicer, déi domatter ze
dinn hunn, definitiv an der Haaptstad seng Plaz fënnt.
Well de Schäfferot seng Responsabilitéit am Beräich vun der sozialer Kohesioun voll a ganz
iwwerhuele wëllt, a wëll den Investissement an dat städtescht Ëmfeld ee vun de Weeër ass fir
den Dialog zwëscht den Nationalitéiten an de Generatiounen z’ënnerstëtzen, wëlle mer ee
Konzept fir den ëffentleche Raum ausschaffen. Dëst ë.a. fir d‘Theater-Plaz an d‘Paräiser Plaz, déi
nei gestalt solle ginn, an zur Opwäertung vum jeeweilege Quartier bäidroen.
Am Stadzentrum gëtt d’„Zone de rencontre“ an der Ënneschtgaass ausgedehnt. D’Stroossen an
der Géigend vun der Alstad (Rost, Fléchirgaass, Groussgaass, rue du Nord, de Fëschmaart an
Côte d’Eich) ginn op eng Manéier aménagéiert, déi de Foussgänger entgéint kënnt, an sou, datt
den historeschen Zentrum vun der Stad op d’Awunner, d‘Visiteuren an d’Touristen nach méi
attraktiv wierkt.
De Schäfferot ënnerstëtzt et, datt d’Plaz bei der Gëlle Fra, déi dem Stat gehéiert, frësch
aménagéiert gëtt. Et geet drëms, eng Plaz ze schafen, wou d’Leit sech begéinen, erhuelen an
erënnere kënnen, déi direkt un d’Foussgängerzon am Stadzentrum ustéisst. Duerch ee Lift
zwëscht der Gëlle Fra an dem Péitrussdall kënnt den Accès zu dësem schéine grénge Raum
matzen an der Stad vereinfacht ginn.
Fir d’Leit besser iwwert d’Projeten am Beräich vun der Stadentwécklung z’informéieren, a fir
eng Plaz vun Austausch iwwert den Urbanismus ze schafen, ass virgesinn een Ausstellungsraum
fir d’Bierger, d’Geschäftsleit an d’Architekten ze schafen, an deem d’Projeten an d’Maquetten
ausgestallt ginn. An dësem Kader kënnen dann och nei an innovativ Iddië fir d’Gestaltung vum
ëffentleche Raum gesammelt a presentéiert ginn.
Et ass ons wichteg, och an de Quartieren nei Plazen ze schafen, wou d’Leit sech begéine kënnen,
dëst am Kader vun den Deelbebauunspläng.
Fir den Erwaardungen an Exigenz vun den Awunner a Bezuch op d’Positionéierung vu
Lëtzebuerg als international Stad méi gerecht ze ginn, wëll de Schäfferot een attraktiven,
qualitativ héijen a moderne Mobiliar am ëffentleche Raum: d‘Luten, d‘Bänken,
d‘Blummendekoratiounen, d’Poubellen…. wäerten als Deel vum ëffentlech Raum an ee
Globalkonzept matabezu ginn, sou datt ee méi homogenen, een ästheteschen a besser ugepasste
Look entsteet. Och d’Stroossebeliichtung soll an deem Kontext iwwerpréift ginn, sou datt net
nëmmen Energie gespuert ka ginn, mee datt och d’Sécherheet vun de Biergerinnen a Bierger
verbessert gëtt.
9
D’Sensibiliséierung vun den Awunner a Visiteure fir eng propper Stad, an d’Ausschaffe vun
engem „Guide des bonnes pratiques“, fir den ökologeschen Exigenze beim Opstelle vun de PAPen
gerecht ze ginn, si virgesinn. Hei geet et drëm, den ökologeschen Iwwerleeunge bei Neibauten
gerecht ze ginn.
Wat d’Bautegenehmegungen ugeet, huet de Schäfferot Wëlles d’Prozeduren z’analyséiere fir ee
System entwéckelen ze loossen, datt et erlaabt, d’Dossieren op elektronesch Manéier
nozesichen. Op dës Manéier sollen d’Prozedure méi séier ginn, besonnesch wat d’Demande fir
kleng a mëttelgrouss Projeten ugeet. De Service vum Architecte gëtt aus dësem Grond och
verstäerkt. D’Bierger wäerte via Internet Abléck an hir Dossiere kréien. Dëst soll zu méi
Transparenz an enger besserer Informatioun féieren.
D’Qualitéit vun der Architektur soll bei der Baugenehmegung och eng Roll spillen. Déi betraffe
Servicer vun der Stad sollen duerfir méi enk mat der „Fondation de l’Architecture“
zesummeschaffen.
Eng besser Informatioun vun de Leit, déi an der Noperschaft vun engem Chantier wunnen, soll
garantéiert ginn, dëst während der ganzer Dauer vum Chantier. Et gëtt och analyséiert ob et
néideg ass, datt Leit op der Plaz sinn, déi zu all Moment Informatioune kënne ginn an déi dann
d’Interlocuteure sinn. An dësem Kontext gëtt dru geduecht, eventuell op Leit zréckzegräifen, déi
op der Sich no Aarbecht sinn.
Am allgemengen, an op engem méi techneschen Niveau, ginn d’Erhalen an den Ausbau vun den
Infrastrukturen um Gebitt vun der Stad, a méi speziell vun den Energieréseauen, op engem
héijen Niveau garantéiert.
Och gëtt d’Zesummenaarbecht mat den Nopeschgemengen an de Beräicher Transport a
Stadentwécklung am Kader vum Réseau DICI (Développement intercommunal coordonné et
interactif) weidergefouert. D’Zesummenaarbecht mat de Stied Metz, Tréier a Saarbrécken am
Kader vum Réseau QuattroPole gëtt och weidergefouert, genee wéi déi mat Esch-Uelzecht,
Diddenuewen, Lonkech (Longwy) an Arel am Kader vum Réseau „Tonicités“.
10
2. Wunnraum: Deene jonke Famillen entgéint kommen
Fir d’Leit déi iwwert kleng a mëttel Akommes verfügen, ass et schwiereg ginn, an der Stad eng
Wunneng ze fannen. Dat selwecht gëlt fir jonk Famillen, och mat zwou Paien, déi dacks net
d’Moyenen hu fir en Appartement oder een Haus an der Stad ze kafen, dat hire Besoinen
entsprécht. Wëll mir awer wëllen, datt méi Leit an d’Stad wunne komme fir Wunnen a Schaffen
méi no beieneen ze bréngen, triede mir fir eng proaktiv Politik am Beräich vum Schafe vu
Wunnraum an.
An dëser Hisiicht wëll de Schäfferot géint de „Mëssbrauch“ vu Wunnraum fir kommerziell oder
administrativ Zwecker virgoen, dëst speziell an de Wunnquartieren an am Stadzentrum.
De Schäfferot wëll sech och d’Moyene gi fir Wunnengsbauprojeten duerchzeféieren, wou
d’Wunnengen op der Basis vum Mietkauf-Verträg oder vu Bailen zur Verfügung gestallt ginn.
Och soll ee grousse Wunnengsbauprojet realiséiert ginn, wou d’Wunnengen zu engem
akzeptable Präis verkaaft gi fir sou d’Mixitéit vun der Bevölkerung ze begënschtegen.
D’Stad wäert och an d’Zukunft d’Projete vum Fonds de Logement a vun der « Société Nationale
des Habitations à Bon Marché » ënnerstëtzen.
De Baulücken-Programm, deen et erméiglecht, Wunnengen op Terrainen ze bauen, déi der Stad
gehéieren an eidel stinn, gëtt weidergefouert.
De Pilotprojet „Vivre sans voiture“ um Lampertsbierg gëtt ëmgesat ; et gëtt analyséiert ob e
Succès fënnt, a wa jo, gëtt dee Konzept op anere Plazen an der Stad widerholl.
Mir wäerten och iwwer eng Politik nodenken, opgrond vun där mer jonk Famillen hëllefe
kënnen, eng Wunneng zu engem akzeptabele Präis kafen ze kënnen..
D’Schafe vun neie Sozialwunnengen, d’Verbesseren, d’Gestioun a Renovatioun vun de
bestehende Sozialwunnenge vun der Stad, ass een anert Objektiv vum Schäfferot, deem säin
Uleies et ass, Leit mat nidderegem Akommes ze ënnerstëtzen. Mir wëllen och d’Critèren
analyséieren, déi erfëllt musse ginn, fir datt ee sech fir eng Sozialwunneng melle kann. Ob d’Leit
an der Stad schaffen, ob se schonn am Quartier wunnen, d’Zesummesetzung vum Ménage an
d’Akommessituatioun gi mat a Betruecht gezunn.
Deene Leit, déi an enger Sozialwunneng liewen, awer d‘Critèren net méi erfëllen, soll gehollef gi
fir eng nei Wunneng ze fannen.
Mir wëllen eng gutt Informatioun iwwert d’Wunnen an der Stad. Duerfir wëlle mer och ee
spezielle Guichet opmaachen, wou d’Demande fir Sozialwunnengen agereecht kënne ginn, an
een Info-Logement wou d’Leit sech fir all Froen iwwert d’Wunnen an der Stad hiwenne kënnen.
Dëse Guichet wäert am Bierger-Center opgemaach ginn.
11
Mir wënschen ons och eng méi intensiv Zesummenaarbecht mat der „Agence Immobilière
Sociale“.
De Schäfferot ass och gewëllt, d’Wunnen an der Stad fir eng Rei Leit: Studenten, Jonker, eeler Leit
a behënnert Leit, méi einfach ze maachen.
D’Schafe vu Studentewunnengn gëtt och am Kontext vun der Uni Lëtzebuerg an hirer Präsenz
um Gebitt vun der Stad ënnerstëtzt. Mir wëllen iwwert d‘Aféiere vun engem spezielle Subsid
beim Schafe vu Studentenzëmmeren an Eefamilljenhaiser nodenken.
D’Schafe vu Wunnraum fir Jonker, déi nëmmen iwwert begrenzte Moyene verfügen, ass eng
wichteg Erausfuerderung där de Schäfferot sech stelle wëllt, an déi derzou bäidroe kann, déi
sozial Problemer vun deene Jonken um Gebitt vun der Stad ze reduzéieren.
D’Schafe vun enger Wunnresidenz fir eeler Leit erméiglecht d’Entwéckele vun nei Liewensstiler.
D’Schafe vu klenge Wunnunitéiten an de Quartieren ass eng aner Manéier, fir den eelere Leit
entgéint ze kommen an et hinnen z’erméiglechen, sou laang wéi méiglech an hirem gewinnten
Ëmfeld ze liewen.
De Schäfferot wäert d’Schafe vu Wunnengen ënnerstëtzen, déi de Bedierfnesser vun de Leit mat
spezielle Besoinen ugepasst sinn.
Och an Zukunft ginn déi bestehend Alters- a Fleegeheimer um Gebitt vun der Stad, déi moderne
Standarden entspriechen an déi psychologesch a sozial Begleedung vun de Leit assuréieren,
ënnerstëtzt.
De Schäfferot wäert analyséieren op wéi eng Manéier eng progressiv Besteierung vu
Wunnengen agefouert ka ginn, déi eidel stinn, genee wéi eng „Taxe de mésaffectation“ op
Wunnengen, déi fir kommerziell oder administrativ Zwecker benotzt ginn, dëst am Aklang mat
der Legislatioun.
12
3. Mobilitéit: Eng oppe Stad mat manner Verkéier
De Wee, dee mer viru 6 Joer duerch d’Promotioun vun der Mobilité douce a vun enger
Optimiséiere vum ëffentlechen Transport um Gebitt vun der Stad ageschloen hunn, fir d’Stroosse
vun der Stad ze dégagéieren, wäerte mer an Zukunft weider goen.
Duerfir wäert de Schäfferot déi verschidden Initiative vum Stat fir den Ausbau vum
Schinnentransport ronderëm an um Territoire vun der Gemeng ënnerstëtzen, dëst duerch nei
Garen. Mir wäerten onse Beitrag an den Diskussiounen ëm d’Aféiere vun engem Tram leeschten.
De Schäfferot ënnersträicht, datt et opportun ass, d’Interaktivitéit zwëscht de verschiddenen
Zorte vun Transport z’ënnerstëtzen, eng Gare um Findel anzeriichten an den Tram bis bei de
Flughafe fueren ze loossen.
Fir d’Leit z’encouragéieren hiren Auto um Staadbord stoen ze loossen, wëlle mer en
zousätzleche P&R um „Héienhaff“ ariichten an d’Schafe vun engem weideren P&R um Westrand
vun der Stad ënnerstëtzen.
Mir wëllen am Gespréich mam Ministère fir Nohaltegkeet dorop awierken, datt d’Endstatioun
vun den RGTR-Busser op eng vun de Baussegare verluecht gëtt. D’Ariichte vun engem Zucharrêt
um Niveau vun der Rouder Bréck an engem Lift, deen de Pafendall mam Kierchbierg verbanne
soll, fënnt eis Ënnerstëtzung.
Mir sinn der Meenung, datt d’Kreatioun vun enger juristescher Struktur vum Typ « Communauté
Urbaine des Transports » zwëscht der Stad an den Nopeschgemengen als eng Opportunitéit
ugesi ka ginn.
Mir wäerten d’Ausschaffe vun individuelle Mobilitéitspläng duerch d’Entreprisen,
d‘Administratiounen an d’Schoule weider ënnerstëtzen, well dëst zur Entlaaschtung vum Trafic
an de Quartiere vun der Stad bäidroe kann.
Um Niveau vun der Mobilité douce wäerte mer een allgemenge Konzept fir d’Foussgänger um
Stadgebitt ausschaffen, an d’Sécherheet vun der Kanner um Schoulwee nach verstäerken.
Mir wëlle préiwen, ob d’rout Lute besser openeen ofgestëmmt kënne ginn an de
Foussgängerreseau verbesseren, dëst ënnert anerem doduerch, datt mer d’Gréngraim vun der
Stad matenee verbannen. Mir wëllen d’rout Luten, déi e „signal sonore“ maachen, och an anere
Quartieren asetzen, fir de Leit, déi schlecht gesinn oder blann sinn, entgéint ze kommen.
D’Infrastrukture vun der Mobilité douce gi weider ausgebaut. Ënnert anerem ginn d’Brécken
zwëscht dem Cents-Weimeschhaff-Neiduerf a Kierchbierg an zwëscht Hamm an Cents
realiséiert.
13
Déi zweet Phase vum Vëloskonzept (2011-2015) an e Qualitéitsaudit (certification Bypad)
wäerten de Vëlosfuerer entgéint kommen. D’Zil vum Schäfferot ass et, déi néideg Initiativen ze
huelen, fir datt de Vëlo 10 Prozent vum Verkéier an der Stad ausmécht. D’Plaze fir Vëloen ginn
ausgebaut an den Dialog mat den Nopeschgemengen gëtt weidergefouert fir de
Locatiounssystem Vél’oh weider ze développéieren.
Am Stadzentrum gëtt d‘„Zone de rencontre“ am Interessi vun de Foussgänger ausgebaut. Et soll
een elektroneschen „Ticket mobilité“ agefouert ginn, fir sou de Gebrauch vun deene
verschiddenen Transportméiglechkeeten – Bus, Tram, Vëlo, Car-sharing – op eng einfach
Manéier matenee kombinéieren ze kënnen.
Wat den ëffentlechen Transport ugeet, setzt de Schäfferot sech fir eng Optimiséierung an eng
permanent Moderniséierung vun de städteschen Autobusser an, dëst no ökologesche Critèren.
Déi direkt Verbindung zwëscht de Quartieren duerch de Bus gëtt ënnerstëtzt; mir wënschen eis
méi Konfort an eng besser Upassung un d’Besoine vun de Leit mat Behënnerungen.
D’Busarrêten um ganze Stadgebitt gi progressiv erneiert. Op der Charly’s Gare ginn eng modern
Salle d’attente an eng kleng Epicerie ageriicht.
Well mer de Geschäftsleit an der Stad entgéint komme wëllen, ass den Ausbau vum Parking
Knuedler virgesinn. Allgemeng ginn all d’Parkhaiser vun der Stad an d’Rei gesat, fir datt se méi
sécher, komfortabel, a propper sinn.
De Projet Car-sharing gëtt ëmgesat.
14
4. Commerce: Attraktiv a villsäiteg
Der Geschäftswelt an der Stad bréngt de Schäfferot vill Opmierksamkeet entgéint, well si eng
wichteg Roll an der Versuergung vun de Leit spillt. Gläichzäiteg stellt eng lieweg Geschäftswelt
ee groussen Atout fir d’Stad, hir Awunner, hir Visiteuren an Touristen duer.
De Schäfferot huet Wëlles, déi exzellent Zesummenaarbecht mat der Union commerciale
weiderzeféieren fir de Geschäftsdynamisem an der Stad weider z’ënnerstëtzen, a wäert
Initiativen ergräife fir eng optimal Versuergung vun der Bevëlkerung op eng modern a
uspriechend Manéier sécher ze stellen.
De Schäfferot schwätzt sech an deem Sënn fir een Aménagement vun enger vun de Rotonden als
iwwerdeckte Maart an, wëll d’Wochemäert an déi kleng Supermarchéen an de Quartieren
ënnerstëtzen, an de Commerce an der Stad consolidéieren.
Ee gutt duerchduechtent Konzept fir d’Entwécklung vum Kongresstourismus, eng besser
Ofsprooch mat de Geschäftsleit wa gréisser Aarbechte musse gemaach ginn, ginn als prioritär
ugesinn. Mir gesinn och Compensatiounsmesure vir, wann Nodeeler duerch gréisser Chantiere
während enger gewësser Zäit entstinn.
Mir plangen, ee „Park&Shop“-System (½ Stonn gratis) an de Stroossen am Stadzentrum an op
der Gare anzeféieren, a mir wëllen d‘Parkingsreglement fir d‘Leit déi aus beruffleche Grënn
mussen anzwousch hi fueren, iwwerschaffen. D’Missioun an d’Aufgabe vum City-Management
ginn nei definéiert, grad esou wéi d’Critèren, no deenen d‘Geschäftslokaler vun der Gemeng
verlount ginn.
Mir sinn der Meenung, datt et wichteg ass, zesumme mat den Nopeschgemengen
d’Implantatioun vun de Geschäftsflächen an den Aktivitéitszonen ze koordinéieren, dëst am
Kader vum Réseau DICI (Développement Intercommunal Coordonnée et Interactif), a mam Zil,
Synergien erbäizeféieren an déi betreffend Froe solidaresch an am d’Intérête vun allen ze
regelen.
Mir sinn der Meenung, datt eng gutt Zesummenaarbecht mam LCTO , de kulturellen Haiser vun
der Stad an der Geschäftswelt der wiertschaftlecher, kommerzieller an touristescher
Entwécklung vun der Haaptstad zegutt kënnt, wou sech och innovativ Branchen a Geschäfter
néierloosse kënnen.
D’Asetze vun den neie Kommunikatiounsmoyenen dréit sécherlech derzou bäi, ee gudde Kader
fir d’Diversifikatioun vun de Geschäftsaktivitéiten an der Stad ze schafen. Fir de Commerce
z’ënnerstëtze sollen d’Leit all leschte Samschdeg am Mount de Bus gratis huele kënnen.
15
5. Ëmwelt: Ee Beispill sinn an d’Bierger matabannen, fir datt si hir Responsabilitéit iwwerhuele kënnen
Eng Gemengepolitik, déi der Ëmwelt Rechnung dréit, gouf scho säit den 80er Joren um Gebitt
vun der Stad vertrueden. Ganz bestëmmt ass d’Ëmwelt ee vun den Domainer, an deenen d’Stad
eng Virreiderroll gespillt huet.
Wann eng ökologesch Gestioun vum Offall an d’Valoriséiere vun de Gréngflächen an der Stad
zënter Jorzéngten zur Politik vun der Gemeng gehéieren, sou huet d’Koalitioun zwëscht der DP
an deene Gréngen derzou gefouert, datt déi ökologesch Komponent an déi nohalteg Entwécklung
an all Beräicher vun der Gemengepolitik matagebonne goufen.
De Schäfferot wënscht sech, datt den Naturschutz am städtesche Milieu een héije Niveau
erreecht, dëst ë.a. duerch manner Verkéier a manner CO2-Emissiounen, duerch d’Gréngflächen
an eng Educatioun, déi de Wäert vun der Natur ënnersträicht, duerch eng Sensibiliséierung an
eng exzellent Informatioun um Niveau vun de Méiglechkeete fir Energie ze spueren, duerch eng
ökologescher Gestioun vun den Offäll, an duerch d’Abanne vun alle Biergerinnen a Bierger an
d‘Beméiungen, d’Natur ze schützen.
D’Biodiversitéit spillt bei der Gestioun vun de Gréngfläche weiderhin eng Roll; et gëtt awer drop
opgepasst, datt ons Gréngflächen an der Stad gefleegt ausgesinn.
A Bezuch op d’Gestioun vun onsem Drénkwaasser, huet de Schäfferot Wëlles, d’Schutzzonen
z’erweideren, an zesumme mat der Landwirtschaftskummer an de Bio-Baueren-
Organisatiounen Formatiounen unzebidden fir eng méi grouss Sensibiliséierung bei hire
Membere fir de Schutz vum Drénkwaasser z’erreechen.
Ee Monitoring vun de Pestiziden am Grondwaasser kënnt zesumme mam
Waasserwiertschaftsamt opgestallt ginn. D’Donnéeën iwwert d’Spuere vu Pestiziden ginn dann
am Sënn vun der Transparenz ënnert aanerem och um Internet Site vun der Gemeng publizéiert.
D’Opfänke vu Reewaasser, den natierleche Schutz géint Iwwerschwemmunge vun der
Drosbaach, der Märelerbaach, der Zéissengerbaach an der Uelzecht zwëscht Beggen a Walfer, an
d’Ausschaffe vun engem Konzept, fir der Péitrus ee méi natierlecht Ausgesinn zréckzeginn, sinn
aner Projeten, déi de Schäfferot am Kader vun der Gewässergestioun als wichteg betruecht.
Eng méi systematesch Kontroll vun der Loftqualitéit, zesumme mam Nohaltegkeetsministère, an
d’Verëffentlechung vun de Wäerter, entspriechen därselwechter Approche, fir d’Bierger besser
iwwert hir Ëmwelt z’informéieren a fir se fir ee méi responsabelen a solidareschen Ëmgang mat
der Natur ze sensibiliséieren.
16
D’Belaaschtung duerch zevill onnatierlecht Liicht ass een aneren Aktualitéitssujet, mat deem mir
ons befaasse wëllen, dëst, wëll mir Energie spueren an dem Bierger säi Confort respektéiere
wëllen. An dësem Zesummenhang gëtt d‘Iwwer-Beliichtung vun der Stad analyséiert an e Code
de bonne conduite fir d’Beliichtung vun ëffentleche Raim opgestallt, fir d’Sécherheet vun de
Biergerinnen a Bierger ze garantéieren a gläichzäiteg der Ëmwelt Rechnung ze droen.
Mir wëllen och géint de Kaméidi virgoen. D‘Rou soll och bei de Chantiere respektéiert bleiwen.
Grad och an de Wunnquartiere wëlle mer derfir suergen, datt kee Kaméidi gemaach gëtt.
Wann d’Stad Stroossenanimatiounsprogrammer organiséiert a Méiglechkeete bitt, fir
erauszegoen, sou ass et wichteg, datt d’Wiert an d’Organisateure vu Manifestatiounen d’Regelen
wat de Kaméidi ugeet, respektéieren an déi ëffentlech Rou agehale gëtt.
De Schäfferot denkt och drun, ee Lärmkadaster opzestellen an déi europäesch Direktiv am
Beräich vum Kaméidi anzehalen.
Déi öko-responsabel Versuergung ass een anert Thema, dat dem Schäfferot um Häerz läit.
D’Servicer vun der Gemeng wäerte beim Akaf vu Bürosmaterial, Schoulmaterial, Hygiene-
Artikelen a beim Iessen a Gedrénks eng öko-responsabel Attitude hunn. D’Biergerinnen an
d’Bierger wäerten zu dësem Thema sensibiliséiert ginn.
Och op lokale Manifestatiounen a Fester sollen d’Organisateuren encouragéiert ginn, öko-
responsabel ze denken. An dësem Sënn soll ee Gemengereglement ausgeschafft ginn.
Wat d’Gestioun vun den Offäll ugeet, soll d’Superdréckskëscht fir Betriber generell an alle
Servicer vun der Stad agefouert ginn.
De Reycling-Center kënnt op een neie Site (deen zesumme mat der Gemeng Stroossen
festgeluegt gëtt); een zweete Recycling-Center kënnt op eng aner Plaz op dem Gebitt vun der
Stad.
Et gëtt gekuckt, wéi eng Méiglechkeeten d’Stad huet fir bei der Kreatioun vun enger Biogasanlag
matzemaachen. Zousätzlech Efforte wäerte gemaach ginn, fir d’Propretéit um Stadgebitt ze
garantéieren.
Et wäerten och weider Efforte gemaach ginn, fir d’Kanner fir d’Natur an d’Ëmwelt ze
sensibiliséieren, dëst am Kader vun den Aktivitéite vum Haus vun der Natur, deem besser
Moyenen zur Verfügung gestallt ginn.
Dat ëmweltbewosst Verhalen am Alldag gëtt um Internet-Site vun der Stad encouragéiert, an
duerch d’Informatioun vun alle Ménagen a Bezuch op hiren Energie- a Waasserverbrauch, dëst,
fir ee responsabelt Verhalen z‘encouragéieren.
17
Fir de Kanner, an allgemeng den Awunner vun der Stad bewosst ze maachen, wéi wichteg de
Kontakt mat der Natur ass, wëll de Schäfferot déi bestoend Bongerten nees nei beliewen, an
neier uplanzen. Ee Projet am Beräich vun dem Kontakt vun de Kanner mat den Déieren a mat
den Aarbechten um Bauerenhaff, eventuell kombinéiert mat der Beschäftegung vu jonke
Chômeuren, gëtt an d’A gefaasst.
Eng Strahle-Charta wäert den Awunner eng komplett Transparenz doriwwer ginn, ob an der
Géigend vun Antennen eng Belaaschtung besteet, a wéi héich se ass. An engem Pilotprojet soll
och probéiert ginn, den Niveau vun de Strahlen op ee Minimum erofzedrécken a gläichzäiteg eng
héich Qualitéit fir déi mobil Telefonie ze garantéieren, dëst zesumme mam zoustännege
Ministère an den Handys-Operateuren.
Wat d’Energieversuergung an den Ëmweltschutz an dësem Beräich ugeet, sou dréit
d’Bedeelegung vun der Stad an der Gesellschaft Enovos heizou bäi. Et soll ee kommunale
Klimaplang als integrale Bestandtdeel vum Ëmweltplang opgestallt ginn, fir datt d’Emissioun
vun den Zäregaser reduzéiert gëtt, manner Energie verbraucht gëtt an d’Gebaier vun der Stad
um energetesche Plang sanéiert ginn.
Bei eegene Baute wäert d’Stad no an no vun der Niddregenergie op d’Passivenergie iwwergoen,
an d’Zertifizéierung fir d’Gebaier mat den Energieklassen A a B aféieren.
Et gëtt gekuckt op wéi eng Manéier d’Stad hir Bierger ënnerstëtze kann, wann se hir Wunnengen
an Haiser ökologesch renovéieren, woubäi sozial Critèren eng Roll spille wäerten.
De Schäfferot schléit d’Bedeelegung un engem Programm géint d’Energiearmut vir, an eng
Verallgemengerung vum Energieberodungsprogramm. Eng Energieberodung um Niveau vun de
grénger Technologie am Beräich vun der Informatique, d’Asetze vun ökologesche Materialien an
de Gemengegebaier, d’Opstelle vun engem Vademecum fir ökologescht Bauen, d’Matabezéie vun
der ökologescher Dimensioun beim Ausstelle vun der Baugenehmegunge fir
Deelbebauungspläng, d’Opstelle vun enger Wärmeenergiekaart den Isolatiounsgrad vun den
Diecher an der Stad festzestellen, genee wéi fir ee Kadaster vun den Diecher fir d’Sonnenenergie
optimal notzen ze kënnen, sinn aner Projeten fir eng ökologesch Bauweis z’encouragéieren.
An dësem Kader gëtt gekuckt, ob Préfinanzéierungs- an Hëllefsprogrammer opgestallt gi fir de
Leit bei Energiespuermoossnahmen an hiren Haiser ënnert d’Äerm ze gräifen.
D‘Ökologie beim Bauen ass eent vun den Haaptuleies vun dësem Schäfferot. Sou sollen och
d’Wärmenetzer ausgebaut ginn, an déi nei Lotissementer a Residenzen un d’Wärme-
kraftkopplung ugeschloss ginn.
18
6. Eng gréng Stad: De Kontakt mat der Natur encouragéieren D’Gréngraim vun der Stad, an de Quartieren, am Stadzentrum, an un der Périphérie, hunn eng
fest Plaz am Alldag vun de Stater Bierger. Hei kënne si Sport maachen, mat de Kanner spazéiere
goen, hir Rou fannen a sech erhuelen. Dacks sinn dës Plazen och mat der perséinlecher
Liewesgeschicht vun de Leit verbonnen, mat hire Kandheetserënnerungen, hirer Jugend, mat
schéine Momenter, a mam Austausch mat der Famill a Frënn.
Bei dësen emotionellen Aspekt kënnt natierlech déi ökologesch Komponent derbäi, wëll
d’Gréngraim derzou bäidroen, de Mikroklima an d’Loftqualitéit z’erhalen.
De Schäfferot wäert een allgemenge Plang iwwert d’Gréngraim um Gebitt vun der Stad
ausschaffe loossen, wat et erlaabt, se méi staark an d’Stadgestaltung allgemeng z‘integréieren, an
sou dem Naturschutz, der Lutte géint de Klimachangement, der Fräizäitgestaltung an der
Ästhetik Rechnung droen.
D’Beliichtung an de Parke gëtt am Sënn vu méi Sécherheet a Konfort iwwerpréift, kleng
Manifestatiounen, wéi Concerten, ginn organiséiert.
Ee Projet iwwert d’Gestaltung vum Péitruss-Dall gëtt ausgeschafft, fir dëse Gréngraum méi an
d’Stadliewen anzebannen. D’Iwwerpréiwe vun der Beliichtung, de Minigolf, den Zichelche fir
Kanner, d’Installatioun vu Fitnessgeräter, Spillplazen, enger Skater-Piste an Toiletten, genee wéi
en Plaz mat Iessen a Gedrénks ginn an d’A gefaasst.
Den ambitiéiste Projet vum Schäfferot am Kontext vun de Gréngraim ass ouni Zweiwel d’Schafe
vum gréisste Park vun der Stad um Ban de Gasperich. Dëse Park gëtt no de Critère vun der
Nohaltegkeet an der Biodiversitéit ugeluecht. D’Drosbaach gëtt renaturéiert fir doduercher
d’Reewaasser zréckzehalen an Iwwerschwemmungen entgéint ze wierken. Spillplazen, kleng
Bamgruppen a Vëlospiste wäerten an deem Park entstoen. Ee grénge Passage vum Ban de
Gasperich op d‘Kockelscheier wäert ugeluecht ginn.
D’Gréngceinture ronderëm de Lampertsbierg gëtt op deenen Terraine realiséiert, op déi d‘Stad
Accès huet.
D’Renovéierung vun de Stater Parke geet weider, dëst ënnert anerem op Basis vun engem Plan
pluriannuel iwwert d’Flécke vun de Weeër an de Parken an op der Kockelscheier. Am
ënneschten Deel vum Stater Park ass virgesinn, ee rekreativt a kulturellt Element z’installéieren.
An de Parken, an op enger Rei ëffentleche Plazen, gëtt d’Zuel vun den Drénkwaasserfontainen
eropgesat.
19
Ee mobile Kiosk mat Poliziste soll fir d’Sécherheet an de Parke suergen, dëst virun allem
ronderëm d‘Kinnekswiss.
Eng flott Struktur wäert bei der Kinnekswiss entstoen, wou Iessen a Gedrénks ugebuede gëtt, a
wou d’Leit sech begéine kënnen.
Wëll de Lift zwëscht der Uewerstad an dem Pafendall am Parc Pescatore erauskënnt, muss ee
Konzept fir d’Renovatioun vun dësem Park ausgeschafft ginn.
Um Lampertsbierg gëtt d‘Place Willmar geméiss hirem urspréngleche Konzept renovéiert,
woubäi d’Waasser matabezu gëtt. A verschiddene Quartiere ginn thematesch Spillplazen
ageriicht. De Schäfferot wëll och analyséieren, ob eng zoue Spillplaz geschaf soll ginn.
Mir wënschen ons, datt d‘Beem an d’Stroossen homogen ausgesinn, fir sou den ëffentleche Raum
no engem urbanistesch moderne Konzept ze verschéineren.
Fir dem Service des parcs d’Méiglechkeet ze ginn, fir seng villsäiteg Aufgaben am Kader vum
Aménagement urbain z’erfëllen, gëtt eng nei Zär fir d’Blummendekoratioune gebaut.
De Schäfferot ass och gewëllt, ee Projet fir ee Bëschkierfecht auszeschaffen.
20
7. D’Participatioun an den Dialog als Chance gesinn
An enger Gesellschaft, wou den individuelle Liewensstil priméiert, an där de Bierger sech
emanzipéiert huet, a bei politeschen Décisiounen, déi seng Stad oder säi Quartier betrëffen, mat
agebonne wëllt sinn, muss der Participatioun eng wichteg Plaz zoukommen, dëst och en vue vun
enger Entwécklung a Richtung participativ Demokratie. Déi ëffentlech Versammlungen an de
Quartieren hunn och gewisen, datt d’Net-Lëtzebuerger sech fir de politeschen Débat
interesséieren. Deemno ass d’Participatioun eng exzellent Manéier, fir déi politesch a sozial
Integratioun vun de Bierger z’encouragéieren.
An enger Gesellschaft, déi ëmmer méi international gëtt, wou 10 Prozent vun der
Gesamtbevölkerung all Joers änneren, wou dausende Leit nei integréiert an informéiert musse
ginn, muss d’Kommunikatioun vun der Stad iwwerpréift a méi op déi elektronesch Medie
verluecht ginn, ouni doduerch awer déi traditionell Medien ze vernoléissegen.
Mir wëllen ee Konzept fir eng méi grouss Transparenz vun den Décisiounen an Diskussiounen
am Gemengerot ausschaffen, dëst duerch de Gebrauch vu moderne Kommunikatiounsmoyenen.
Dir gesitt et jo haut schonns.
Mir wëllen eng méi modern Presentatioun vum Rapport analytique, deen a méi kuerzen Ofstänn
erauskomme soll. Den Internet-Site vun der Stad muss op eng liicht-accessibel Manéier gestalt
ginn, an och sou, datt Leit mat Behënnerungen Zougang derzou hunn.
De Schäfferot wäert weiderhin de Leit d’Méiglechkeet ginn, Dënschdes moies hir Doléancen
direkt an der Gemeng virzebréngen. Vun der Administratioun, déi de Suivi vun den Demande
garantéiert, soll de Bierger méi séier eng Äntwert op seng schrëftlech Ufroë kréien. An dësem
Kontext soll et méiglech ginn, d’Dossieren op elektroneschem Wee suivéiere ze kënnen.
Fir der Bierger-Participatioun ee Kader ze ginn, gëtt analyséiert, wéi et mat
„Quartierscomitéeën“ géif goen, dëst an Zesummenaarbecht mat den Ententen a Syndicats
d’Initiatives an de Quartieren.
De Schäfferot wäert och an deenen nächste Joren « on tour » duerch d’Quartiere goen. A
wichtege politeschen Entscheedungsmomenter a Bezuch op d’Liewen am Quartier, ginn och
Réunioune mat de Leit organiséiert.
D’Aarbechte vum Gemengerot ginn optimiséiert, genee wéi d’Zesummenaarbecht mat de
berodende Kommissiounen.
Fir d’Integratioun an d’sozial Kohesioun an enger Stad z’assuréieren, an där vill verschidden
Nationalitéite liewen, wëll de Schäfferot de Gebrauch vun der Lëtzebuerger Sprooch als
Kommunikatiounssprooch encouragéieren, dëst speziell an de Crèchen, Schoulfoyeren, Schoulen
21
a Jugendhaiser. D‘“Multiculturalitéit“ stellt ouni Zweiwel ee positiven a beräichernde Facteur
duer.
Déi Associatiounen, déi Aktivitéiten a speziell Programmer ubidden, fir eng besser Integratioun,
den interkulturellen Dialog oder den Dialog zwëscht de Generatiounen, gi vun der Stad
ënnerstëtzt. Simultaniwwersetzunge gi während de Réuniounen an de Quartieren a bei
ëffentleche Manifestatioune gemaach. Et ginn och Iwwersetzungen a Gebärdesprooch
ugebueden.
D’Offer vu Lëtzebuergesch a Gebärdesprooch-Coursen gëtt verstäerkt. D’Rencontre des Nations
– ee sportlecht Tournéier mat convivialem Charakter un där vill Nationalitéiten deelhuelen –,
wäert och an deenen nächste Joren organiséiert ginn.
Um Internet-Site vun der Stad wëlle mer eng permanent Campagne lafe loossen, fir d’Net-
Lëtzebuerger z’encouragéieren, sech an d’Wielerlëschten androen ze loossen.
22
8. D’Kanner stinn am Mëttelpunkt vun eise Beméiungen
De Schäfferot wëllt eng kannerfrëndlech Stad, an aus dësem Grond sinn d’Kanner ee feste
Bestanddeel vun eisen Iwwerleeungen an alle Beräicher vun der Gemengepolitik. Ons
Opmierksamkeet riicht sech dobäi och op déi ëffentlech Schoul wou all ons Ustrengungen
dohinner gi fir alle Kanner aus der Stad, egal wat fir enger Nationalitéit, et z’erlaben an der
Schoul ze réusséieren.
Selbstverständlech ass d’Integratioun vun de verschiddenen Nationalitéiten eng
Erausfuerderung där mir ons mat vill Engagement an Häerz stelle wëllen.
Fir d’Politik vun der Gemeng am Domaine vun de Kanner besser ze strukturéieren, wëlle mir eng
Reorganisatioun vun de Gemengeservicer, déi am Déngscht vun de Kanner stinn, erbäiféieren,
andeems mer eng Direction de l’Enfance schafen. Ënnert dëser Direktioun ginn d’Servicer
Enseignement, Foyers scolaires, Schoulmedezin, Crèches, de Capel an d’Haus vun der Natur
regruppéiert.
De kommunalen « Plan enfance » wäert, ënnert der Direction de l’Enfance, als roude Fuedem fir
ons Politik genotzt ginn, an e wäert, wa Bedarf besteet, ugepasst ginn.
Datt et Crèchen a Schoulfoyeren um Gebitt vun der Stad ginn, ass fir déi jonk Famillen a fir
d’Elteren déi allebéid schaffen, a besonnesch fir d’Allengerzéier eng wichteg Hëllef. Fir datt mer
de Besoine vun de Mammen a Pappe gerecht kënne ginn, gesi mer eng héich qualifizéiert a léif
(waarmhäerzeg) Betreiung vun deene klenge Kanner vir. Mir wëllen eng Crèche aféieren, déi 24
Stonnen op 24 op huet, fir deenen Elteren ze hëllefen, déi zum Beispill nuets schaffen. Mir
wäerten och an Zukunft qualifizéiert Personal an de Crèchen a Schoulfoyeren astellen, a mer
verstäerken d’Formation continue vum Personal. Mir setzen ons och fir eng gesond Ernährung
vun deene Klenge bis déi Jonk an.
Ganz besonnesch wäerte mer ons an de Schoulen an an der Kanenrbetreiung um Niveau vun der
Grondschoul ëm d’Integratioun vun de Kanner mat Behënnerunge këmmeren.
Mir analyséieren, ob et méiglech ass, och d’Kanner aus dem Précoce an der Mëttesstonn ze
betreien.
De Schäfferot huet Wëlles, eng Bëschschoul an d’Liewen ze ruffen, fir de Kontakt vun de klenge
Kanner mat der Natur, a méi speziell dem Bësch, z’encouragéieren.
Wat d’Grondschoul ugeet, ginn d’Attributiounen an d’Organisatioun vun onsem Service de
l’Enseignement iwwerschafft, dëst op der Basis vum neie Schoulgesetz.
Mir wëllen déi Projeten ënnerstëtzen, déi de Kanner mat Léierproblemer entgéint kommen. An
dësem Kontext wäerte mer a punkto Cours d’appui déi Méiglechkeeten notzen, déi
23
d’Schoulgesetz der Gemeng zougesteet. Och op den Dialog mat den Eltere vun deene betraffene
Kanner leeë mer vill Wäert.
Wëll d’Schoulgesetz dem Dialog mat den Elteren allgemeng eng wichteg Plaz accordéiert, wäerte
mir een Elteresekretariat ariichten, dat als Gespréichspartner fir d’Elteren an hir Delegéierten
fonctionnéiere soll, dëst fir si an hirer Roll an an hire Rechter par rapport zur Schoul
z’ënnerstëtzen.
Dem Schoulpersonal gëtt eng Formation continue am Beräich vum Dialog mat den Elteren
ugebueden. D’Zesummenaarbecht mat der Ecole des Parents gëtt weidergefouert.
An engem sozialen E[ mfeld, wou déi nei Medien eng ëmmer méi grouss Plaz an der
Kommunikatioun zwëscht de Kanner anhuelen, wëlle mer d’Medienerziehung vun de Kanner
ënnerstëtzen, dëst fir hinne besser Méiglechkeeten ze bidden, sech ze schützen. Dës
Medienerziehung wäert zesumme mam Service Technolink vun der Gemeng ëmgesat ginn.
Mir wëllen de soziale Suivi vun de Kanner garantéieren, a wäerten duerfir d’Moyenen, déi dem
Service vun der Schoulmedezin an dësem Domaine zur Verfügung stinn, verstäerken.
Den Echange zwëscht de Kanner an der Groussregion, den Echange vun de Kanner an deene
verschiddene Stater Schoulen, an eng méi staark Bezéiung zwëscht der Schoul an dem
Schoulfoyer sinn aner Mesuren, déi mer an der Schoulpolitik ëmsetze wëllen.
24
9. D’Sozialpolitik: Solidaritéit mat onser Jugend, dem 3. Alter, de
Leit, déi Hëllef brauchen, an de behënnerte Leit
D’Sozialpolitik um Gebitt vun der Stad gouf an deene leschte Jore verdéift, och wann d’Stad
zënter ëmmer duerch d’Ënnerstëtzung vun Institutiounen an Associatiounen am sozialen
Domaine aktiv war. D’Stad ënnerstëtzt och zënter laange Joren déi Aarm, Leit an Nout, déi Jonk,
d’eeler Leit an déi Behënnert.
D’Sozialpolitik begräift, sou wéi dëst dee viru kuerzem ausgeschaffte Sozialbericht duerleet, all
déi Efforten, déi vun der Stad ënnerholl gi fir méi eng grouss Chancëgläichheet vun alle
Biergerinnen a Bierger z’erreechen, fir Sozialproblemer ze vermeiden oder se ze léisen, fir
Léisunge fir déi Leit, Jonk a Famillen ze fannen, déi mëttel- oder laangfristeg an enger
Noutsituatioun sinn.
Fir eng besser Koordinatioun vun der Sozialpolitik erbäizeféieren, wäerte mer d’Servicer vun
der Stad, déi am soziale Beräich schaffen, an enger « Directioun » zesummefaassen. Dëst sinn de
Service de la Jeunesse, de Service Seniors, de Service Logement, de Service Intervention sociale
(an doran abegraff de Streetwork).
De Sozialplan, dee vum Gemengerot guttgeheescht gouf, gëtt fäerdeggestallt an duerch déi
verschidde Servicer ëmgesat, dëst ënnert der Responsabilitéit vun där neier Direction sociale.
Mir wënschen ons och d’Asetze vun enger sozialer Plattform, déi eng besser Koordinatioun mat
allen Acteuren erméigleche soll, déi um Stater Gebitt um soziale Plang täteg sinn.
Es ass ons wichteg, iwwert déi néideg Moyenen a koordinéiert Programmer ze verfügen, déi et
erlaben efficace géint déi sozial Exclusioun virzegoen.
Am Domaine vun der Jugendpolitik wäerten an deene verschiddene Quartiere Plaze geschaf
ginn, wou déi Jonk sech begéine kënnen.
Ee Plang iwwert d’Besoine vun deene Jonke gëtt ausgeschafft, dee sech un de Conclusiounen
inspiréiert, déi aus de Jugendforumen zréckbehale goufen. Fir eng besser Ëmsetzung vun de
Conclusiounen z’assuréieren, gëtt de Konzept vum Jugend-Gemengerot iwwerduecht.
Speziell Programmer fir déi Jonk, déi net an d’Jugendhaiser ginn, ginn opgestallt. De Projet
« Skate Piste » gëtt am Péitrussdall ëmgesat, an ee kulturellen Treff fir Jonker gëtt am ale
Schluechthaus zu Hollerech geschaf. Et ass hei wou d’Kreativitéit vun deene Jonke encouragéiert
ka ginn, mat Proufsäll a Konschtatelieren. Et ass virgesinn, ee Site fir Graffiti-Konscht
anzeriichten.
25
Op Basis vun de Fuerderunge vum Jugend-Gemengerot gi bei ëffentleche kulturelle
Manifestatiounen an aner Evenementer fir déi Jonk, Drénkwaasserfontainen opgestallt. Am
Grousse Ganze ginn um Stadgebitt méi Drénkwaasserfontainen installéiert.
Am Interessi vun deene Jonke kucke mir fir nach méi enk mat enger Rei vun Instanzen
zesummenzeschaffen, ënnert anerem der Action Locale pour jeunes am Domaine vun der
Aarbecht. Mir wëllen derzou bäidroen, deene Jonken, déi Schwieregkeeten op hirem éischte Wee
hunn, ze hëllefen.
Mir wäerten deemno Aktiounen am Beräich vun der Léier ënnerstëtzen, a mat Associatiounen
zesummeschaffen, déi spezifesch Programmer fir déi Jonk am Sport, an der Kultur an am soziale
Beräich ubidden. Mir wëllen derzou bäidroen, d’Veräinshaus um Lampertsbierg fir déi Jonk aus
dem Quartier ze renovéieren, a mir wëllen déi kulturell Offer fir déi Jonk duerch d’Ënnerstëtzung
vum Traffo verstäerken.
De Projet « Streetwork », deen deene Jonken entgéint kënnt, déi Problemer hunn, gëtt weider
ënnerstëtzt. Projete wéi « Schläifmillen » a « Vélo en ville », déi jonke Chômeuren d’Méiglechkeet
bidden, an den Aarbechtsprozess eran ze kommen, gi weidergefouert. Mir wëllen och ähnlech
gelagert nei Projeten initiéieren.
Am Beräich vun dem Kampf géint d’Exclusioun an d’Aarmut wëlle mer d’Bedingunge fir
d’Wantergeld ze kréien nei definéieren. D’Wantergeld kënnt deene Leit zegutt, déi an Nout sinn
an deenen, déi am Wanter keen Daach iwwert dem Kapp hunn.
Mir wäerten derzou bäidroen, eng definitiv Léisung ze fannen, wat de Site vum « Tox-In » ugeet,
e mir ënnerstëtzen d’Regierung doranner, eng nei Struktur anzeriichten, déi Dag an Nuecht
fonctionnéiert, wou ee Raum fir d’Injectioun vun haarden Drogen derbäi ass. Mir verlaangen
awer eng uerdentlech a qualifizéiert Betreiung, an eng Permanence ronderëm d’Auer. Mir
wäerten an dësem Sënn bei der Regierung intervenéieren. Mir wäerten d’Regierung och
doranner bestäerken, ähnlech Strukturen an alle Regioune vum Land opzemaachen.
Am selwechte Sënn wëlle mer deene Leit entgéint kommen, déi net sou gutt dru sinn, a Strukture
vum Tipp « betreit Wunnen » an de Quartiere schafe fir d’Leit ouni Daach iwwert dem Kapp
opzehuelen ; mir stellen ons an dësem Kontext Programmer vum Genre « housing first » vir, fir
dës Institutiounen ze dezentraliséieren. Mir analyséieren deen aktuelle « Streetwork » an
erhéijen an adaptéieren d’Offer fir déi verschidde Gruppe vu Leit, déi Hëllef brauchen.
De « Foyer Obenthalt » gëtt an d’Rei gesat, mir bedeelegen eis un engem Programm géint
d’Energie-Aarmut (zum Beispill duerch d’Schafe vun enger Klimabank), mir ënnerstëtze
spezifesch Integratiounsmesure fir déi Jonk, déi riskéieren un de Bord vun der Gesellschaft
gedréckt ze ginn, an ee Refuge fir Mannerjäreger an Nout. Op dës Manéier wëll de Schäfferot
26
derzou bäidroen, de soziale Problemer um Gebitt vun der Stad entgéint ze wierken. Mir
ënnerstëtzen och Hëllefsprogrammer fir déi Jonk am Beräich vun der Sich no Aarbecht.
Wëll sech ganz vill eeler Leit aktiv um gesellschaftleche Liewe bedeelegen, a bei sportlechen a
kulturellen Aktivitéite matmaache wëllen, well si och dacks zënter laangem an der Haaptstad
liewen an un der Stad hänken, muss hire Besoinen och bei der Gestaltung vum ëffentleche Raum
Rechnung gedroe ginn.
Déi eeler Leit, och wann se aktiv an net krank sinn, leiden heinsdo ënnert dem Allengsinn.
Duerfir wäert d’Stad och weiderhi sozial Aktivitéiten organiséieren, wou sech « d’best agers »
begéine kënnen. Initiative wéi den « Thé dansant » gi weidergefouert, genee wéi
d’Spillnomëtteger an d’Chrëschtfeier. Iwwert d’Offer vun der Gemeng ginn déi eeler Leit iwwert
de Wee vum Guide 60+ a vum Service Seniors informéiert.
De mobilen Telealarm, dee baust dem Haus fonctionnéiert, gëtt agefouert.
Um Niveau vun der Integratioun vun de behënnerte Leit gëtt den Accès zu de Gebaier vun der
Stad a vum ëffentleche Raum verbessert. D’Servicer Rollibus a Call-a-Bus ginn ausgedehnt, den
Accès vun de behënnerte Persoune bei ëffentleche Manifestatioune bleift eng vun eise
Prioritéiten. Eng Aarbechtsgrupp gëtt an d’Liewe geruff fir ze kucke wéi eng Mesuren néideg si
fir d’Liewensbedingungen an der Stad fir déi Behënnert ze verbesseren. Mir wëllen duerfir och
d’Geschäftswelt an d’Restauranten an der Stad op d’Problematik vun de behënnerte Leit
opmierksam maachen. Eng Zentral fir Leit déi schlecht héieren, gëtt opgemaach.
Fir d’Kommunikatioun mat de Biergerinnen a Bierger ze verbesseren, Konflikter ze vermeiden a
Solutiounen ze sichen, schafe mer ee Service de médiation, dëst zesumme mam Centre de
Médiation.
Mir wäerten och an Zukunft solidaresch mat den Drëtt-Welt-Länner sinn andeems mir d’ONGen
ënnerstëtzen, déi Projeten an der Entwécklungshëllef ëmsetzen, an déi direkt Partnerschaft mat
verschiddene Gemengen an deene méi aarme Länner vun der Welt weiderféieren.
27
10.D’Kultur am Déngscht vun der Liewensqualitéit an der sozialer
Kohesioun
D’Stad Lëtzebuerg verfügt, dank enger generéiser Kulturpolitik an dank groussen Investitiounen
an déi kulturell Institutionen an deene leschte Joren, iwwert eng villsäiteg, villsproocheg a
qualitativ héichwäerteg kulturell Offer, déi Interessantes fir all d’Generatiounen an all
d’Nationalitéite bitt.
De Gemengerot vun der Stad huet déi kulturell Offer ëmmer als een Element ugesinn, duerch dat
déi sozial Kohesioun encouragéiert gëtt, an dat zu enger héijer Liewensqualitéit vun alle
Sproochegemeinschaften um Stadgebitt bäidréit. D’Stad huet och eng national a regional
kulturell Ausstrahlung, an ons Theateren a Muséeën zéie vill Visiteuren un.
De Schäfferot wëll op deem Wee weiderfueren an och an Zukunft d’Villsäitegkeet am Theater,
der Literatur, der Musek an der Konscht ënnerstëtzen. De Stater Conservatoire gëtt ausgebaut ;
et ass eng Institutioun op déi mir houfreg sinn a wou säit Generatioune Kanner a Jonker an der
Musek, dem Danz an dem Theater ausgebilt ginn.
Fir d’Kultur nach méi Leit zougänglech ze maachen an se och de Leit ouni finanziell Ressourcen
opzemaachen, wëlle mer d’Offer « cultur’all » nach verstäerken. Mir wëllen och eng Kulturoffer,
déi sech speziell u Famillen adresséiert a mir sinn der Meenung, datt den ëffentleche Raum sech
gutt fir d’Organisatioun vu kulturelle Manifestatiounen eegent.
An der Kulturpolitik wëlle mer der alternativer Kulturoffer eng Plaz zougestoen.
Am Kontext vun der Sproochevielfalt an den Theatere vun der Stad, wëlle mer den Accent och op
d’Lëtzebuerger Kreatioune leeën. Déi privat Theateren an de Quartiere ginn ënnerstëtzt.
Innovativ Ausstellungen, déi sech mat der Konschtgeschicht an der Sozialgeschicht befaassen,
ginn an onse Muséeë gewisen. Speziell Offere fir déi Jugendlech ginn an alle kulturellen
Institutiounen ugebueden. De « Carnet culturel » fir déi Jonk gëtt bäibehalen an et ginn hinne
Kulturateliere proposéiert.
D’Ënnerstëtzung vun den Associatiounen, déi am kulturelle Beräich schaffen, déi zur Animatioun
an de Quartieren an an de Kulturzentre bäidroen, genee wéi d’Promotioun vum Kultur-
Tourismus, sinn aner Ziler, déi dem Schäfferot wichteg sinn. Den Image vun der Stad als
touristesch Attraktioun gëtt an der Groussregioun verstäerkt.
D’Fonge vun der Photothéik vun der Stad ginn digitaliséiert, fir se sou optimal notzen ze kënnen.
Well mer ons bewosst sinn, datt Volleksfester an d’ Stroossenanimatioun sozial a kulturell Offere
sinn, déi dausende Leit unzéien an sou zur sozialer Kohesioun bäidroen, ass de Schäfferot
28
gewëllt, den ëffentleche Raum sou ze gestalten, datt der Organisatioun vu Mäert, Concerten a
Fester Rechnung gedroe gëtt.
11. Nei Mesure fir méi Sécherheet
Lëtzebuerg zielt zu deene sécherste Stied vun der Welt. Trotzdem ass et wichteg, an dësem
Beräich wachsam ze bleiwen, an d’Gefiller vun Onsécherheet vun der Bierger, genee wéi Ugrëffer
op d’Sécherheet, eescht ze huelen.
Mir sinn der Meenung datt déi bescht Sécherheetspolitik d’Politik vun der Präventioun ass. Mir
wëlle géint d’Gefiller vun Onsécherheet vu verschiddene Gruppe vu Leit virgoen, andeems mer
déi ëffentlech Plazen an d’Gréngraim vun der Stad besser aménagéieren. Duerch
Präventiounsaarbecht an d’Zesummenaarbecht mat der Police wëlle mir géint d’Kriminalitéit
virgoen. Speziell wëlle mer eng gutt koordinéiert a vigilant Sozial- an Integratiounspolitik.
De Schäfferot leet d’Prioritéit op d’Präventioun um soziale Plang, dëst an de Quartieren an
aneren, sensibele Plazen. Mir ënnerstëtzen déi Associatiounen, déi de Risikogruppen an de Leit
um Bord vun der Gesellschaft hëllefen, a mir schafe selwer Infrastrukturen an Institutiounen, déi
zu méi sozialer Kohesioun bäidroen, d’Integratioun vun deene Jonken encouragéieren, a géint
d’Marginaliséierung virginn.
Mir wäerte beim Inneministère eng Verstäerkung vun de Policecommissariater an de Quartiere
verlaangen, a mir setzen ons um nationale Plang fir d’Schafe vun enger Gemengepolice an, déi fir
d’Anhale vun de Gemengereglementer zoustänneg ass. Esou ee Contrôle ass onbedéngt néideg,
wann een net zouloosse wëllt, datt Zonen entstinn, wou Recht a Gesetz net gëllen.
Mir verlaangen, datt genuch Polizisten am ëffentleche Raum present sinn, a mir schafen ee
mobile Kiosk mat Bannpréiter a Poliziste fir d’Sécherheet an de Parken ze garantéieren.
Mir wäerten och eng Evaluatioun vun der Sécherheet an den ënnerierdesche Parkhaiser vun der
Stad maachen.
Well d’Étude « Visupol » gewisen huet, datt d’Surveillance mat Kameraen an der Präventioun vu
Kriminalitéit am ëffentleche Raum näischt bréngt, schwätze mir ons géint eng weider
Kameraiwwerwaachung aus. Mir wäerten ons allerdéngs derfir asetzen, den ëffentleche Raum
méi convivial ze gestalten, an nach méi an de Streetwork investéieren, fir de
Sécherheetsproblemer virzebeugen.
29
12. De Sport am Déngscht vun der Convivialitéit an der Gesondheet
Traditionell ass et der Stad wichteg, déi néideg Sportinfrastrukturen fir hir Bierger ze schafen,
dëst fir et hinnen z’erlaben, an alle Quartiere vun der Stad Sport an hirer Noperschaft maachen
ze kënnen, an um Programm « Sports pour tous » deelzehuelen. De Schäfferot wäert och an
Zukunft nei Sportinfrastrukture schafen, a wäert de sportlechen Animatiounsprogramm
weiderféieren. Et ginn och weiderhin grouss sportleche Evénementer organiséiert, déi dausende
Leit begeeschteren.
Fir de Besoine vun der Biergerinnen a Bierger gerecht ze ginn, wëlle mer d’Schwemm am
Sportszentrum um Belair fir d’Awunner ausserhalb vun de Schoulhorairen an den Zäiten, déi fir
d’Associatioune reservéiert sinn, opmaachen.
An de Parken wëll de Schäfferot kleng Fitnessstatiounen opriichte loossen. Mir schaffen ee
pluriannuellen Investitiounsplang fir Sportinfrastrukturen aus, fir sou optimal plangen ze
kënnen, an eng Moderniséierung duerchzezéien.
Mir kucken och, ob net eng oppe Schwemm soll opgemaach ginn.
De Schäfferot wëll d’Offer am Domaine vun de Sportwoche fir Jonker an eeler Leit nach
eropsetzen.
13. Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg
De Schäfferot wëllt de Site vun der Uni-Lëtzebuerg an der Stad consolidéieren, a setzt sech fir
d’Erhale vum Kompetenzzentrum « Recht a Finanzen » mat deene Servicer, déi do derzou
gehéieren, um Territoire vun der Stad an. Mir gesinn an der Präsenz vun der Universitéit eng
kulturell an interkulturell Beräicherung fir d’Stad. D’Stad wäert och a bestëmmten Dossieren enk
mat der Uni Lëtzebuerg zesumme schaffen.
Et gi weider Studentewunnengen geschaf fir d’Präsenz vu Studenten aus der ganzer Welt um
Stadgebitt z’encouragéieren.
Mir wëlle kucken, ob et méiglech ass ee spezielle Subsid fir d’Schafe vu Studentewunnengen an
Eefamilljenhaiser unzebidden. Dës Haiser, déi vun hirem Propriétaire bewunnt ginn, musse
Mindestqualitéitsstandarden entspriechen a sech vun der Gréisst aus als Studentewunneng
eegenen.
Duerch eng aktiv Zesummenaarbecht wäert d’Stad och an d’Zukunft d’Recherche an de
Beräicher Urbanismus, Sozialpolitik, Gender-Politik, Informatik an Ëmwelt op der Uni
Lëtzebuerg ënnerstëtzen.
30
14. De Moment ass do fir d’Gläichheet zwëscht Männer a Fraen D’Stad Lëtzebuerg huet sech ëmmer offe fir d’Entwécklungen am soziale Beräich a vun de
Mentalitéite gewisen. Opgrond vun der Emanzipatioun vun der Fra, sou wéi se sech an onser
Gesellschaft no de Gesetzreformen an de 70er Joren ofgezeechent huet, an an der Folleg vun dem
Mentalitéitswandel, huet d’Präsenz vun de Fraen an der Aarbechtswelt zougeholl. De Prozentsaz
vun de Fraen, déi schaffen, klëmmt weider, an d’Fro, wéi déi berufflech an déi familiär Tâche
matenee verbonne kënne ginn, stellt sech hautesdaags fir vill Famillen. D’Gemeng hat zënter den
80er Jore verstan, datt een dës Entwécklung misst opmierksam suivéieren an datt een den
Elteren, déi schaffen, entgéint komme misst, andeems ee Betreiungsstrukture fir Kanner vun all
Alter schafe géif.
Säit dem Joer 2000, wou eng Chancegläichheetskommissioun vum Stater Conseil agesat gouf,
huet sech d’Gemengepolitik an dësem Beräich nach weider entwéckelt, an Iwwerleeunge vu
Gender si lo integrale Bestanddeel vun der Gemengepolitik.
De Schäfferot wëllt dës Politik vun der Chancegläichheet vu Mann a Fra weiderféieren. Nei
Perspektive fir Jongen a Meedercher sollen duerch Stagen an deene verschiddene Servicer vun
der Stad entstoen, Stagen, déi och a Beräicher ugebuede ginn, déi net typesch fir d’Jongen,
respektiv fir d’Meedercher sinn.
D’Sensibiliséierung a punkto Genderproblemer beim Gemengepersonal an deene Jonke geet
weider, an allgemeng gi Sensibiliséierungsaktiounen ënnerstëtzt.
Mir wäerten ee Programm fir Männer, a virun allem d’Pappen, ubidden, fir datt si sech mam
Thema vun der Genderpolitik familiariséiere kënnen. Mir gesinn och nei
Integrationsméiglechkeete fir Net-Lëtzebuerger vir, déi no de Besoine vun de Fraen a Männer
ausgeriicht sinn.
31
15. Eng responsabel Gestioun vun de Finanzen an dem Personal
An engem Ëmfeld, dat vu Schwankungen a Krise geprägt ass, wëllt de Schäfferot ee gesonden
Equiliber vun de Gemengefinanzen assuréieren, a wëllt besonnesch d’Funktiounskäschten
(dépenses de fonctionnement) am Grëff behalen an e pluriannuelle Investitiounsprogramm
opstellen. Fir d’Gemengepolitik ëmsetzen ze kënnen, kann d’Stad op engagéiert a kompetent
Mataarbechterinnen a Mataarbechter zréckgräifen.
De Schäfferot wëll ee System schafen, fir d’Finanzen z’analyséieren an de Suivi vun den
Exploitatiounskäschten vun all Projet sécherstellen. D’Prioritéit am Beräich vun den
Investissementer läit op der Stadentwécklung, der Mobilitéit, dem Schafe vu Wunnraum, an op
der Kannerbetreiung. Mir wëlle verstäerkt op europäesch Subsiden zréckgräifen an eng Analyse
iwwert d’Nohaltegkeet vun de Finanze vun der Stad maachen.
D’Finanzreserve vun der Gemeng ginn no ethesche Prinzipie bei de Finanzinstituter ugeluecht.
Mir wäerte weiderhin eng virsiichteg Astellungspolitik maachen an d’Verwaltungsfraisen am A
behalen.
De Schäfferot wäert d’Richtlinne fir den Teletravail festleeën, an d’Gemeng wäert d’Formation
continue vun de Mataarbechterinnen a Mataarbechter souwuel um beruffleche wéi am
zwëschemënschleche Beräich garantéieren. Mir wäerten och eng Politik vun der Gläichstellung
vu Fraen a Männer weiderféieren, mam Zil, Beruff a Famill besser matenee verbannen ze
kënnen. D’Programmer fir Fraen anzestellen, déi zréck an de Beruff kommen, ginn nees
opgeholl.
*********
Um Ufank vun enger neier Mandatsperiod, wou de Schäfferot d’Zoustännegkeeten nei opgedeelt huet, an ee Gemengerot untrëtt, deen aus de Wale vun Oktober 2011 ervirgaangen ass, engagéiere mir ons voll a ganz op d’Entwécklung vun der Stad, an där mer d’Liewensqualitéit an dat mënschlecht Zesummeliewen encouragéiere wëllen, an de Biergerinnen a Bierger modern ëffentlech Infrastrukturen zur Verfügung stelle wëllen. Gläichzäiteg wëlle mer op d’Roll uecht doen, déi ons Haaptstad am internationale Kontext anhëlt, an d’Zesummenaarbecht mat de Stiet an der Groussregioun weiderféieren, fir datt ons Stad weiderhin hir Plaz am Häerz vun Europa behält, wëll dëst onse Biergerinnen a Bierger, den Entreprisen an den Institutiounen zegutt kënnt, genee wéi den Touristen a Visiteuren, déi ons Stad entdecken.
Den Dialog mam Gemengerot a mat den Awunner läit ons um Häerz, wëll mer wëllen, datt ons Stad de Kader bitt fir gutt liewen ze kënnen, ee Kader, dee mat liewegen Erënnungen verbonnen ass, Dreem a Wënsch generéiert, dee beréiert, deen d’Zwëschemënschlechkeet encouragéiert, an deen den Echange an d’Frëndschaft zwëscht de Leit, déi vu ganz ville verschiddenen Horizonte bei ons an d’Stad kommen, zouléisst an ënnerstëtzt.
SommaireIntroduktioun:
Ee fervent a responsabelt Engagement fir ons Stad, déi mer gär hunn1. Stadentwécklung: Mat engem dynamesche Bléck an d’Zukunft2. Wunnraum: Deene jonke Famillen entgéint kommen3. Mobilitéit: Eng oppe Stad mat manner Verkéier4. Commerce: Attraktiv a villsäiteg5. Ëmwelt: Ee Beispill sinn an d’Bierger matabannen, fir datt si hir Responsabilitéit iwwerhuele kënnen6. Eng gréng Stad: De Kontakt mat der Natur encouragéieren7. D’Participatioun an den Dialog als Chance gesinn8. D’Kanner stinn am Mëttelpunkt vun eise Beméiungen9. D’Sozialpolitik: Solidaritéit mat onser Jugend, dem 3. Alter, de Leit, déi Hëllef brauchen, an de behënnerte Leit10. D’Kultur am Déngscht vun der Liewensqualitéit an der sozialerKohesioun11. Nei Mesure fir méi Sécherheet12. De Sport am Déngscht vun der Convivialitéit an der Gesondheet13. Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg14. De Moment ass do fir d’Gläichheet zwëscht Männer a Fraen15. Eng responsabel Gestioun vun de Finanzen an dem Personal