17
deSCOUT 3/05 No 512 / 85. Joergang SCOUTEN A GUIDEN FNEL DONS POUR LA PAIX

deSCOUT_2005_03

Embed Size (px)

DESCRIPTION

No 512 / 85. Joergang 3/05 F N E L SCOUTEN A GUIDEN d’Redaktiouns-Équipe Périodique officiel de la FNEL Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg 43, rue de Hollerich, Luxembourg Rédaction et mise en page Anne Kaiffer, Martine Feller, Jacques Degardin, Claude Freistroffer Impression Imprimerie Victor Buck, Leudelange Adresse postale deSCOUT (FNEL) B.P. 2676 L-1026 Luxembourg Tel +352 26 48 04 50 Fax. +352 26 48 04 30 E-mail [email protected] Internet www.fnel.lu Paraît 4 fois par an

Citation preview

Page 1: deSCOUT_2005_03

deSCOUT3/05

No 512 / 85. JoergangSCOUTEN A GUIDENF N E L

DONS POUR LA PAIX

Page 2: deSCOUT_2005_03

EDITORIAL

EDITORIAL3deSCOUT 3/05

Périodique officiel de la FNEL Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg

43, rue de Hollerich, Luxembourg

Paraît 4 fois par an

Rédaction et mise en page Anne Kaiffer, Martine Feller, Jacques Degardin, Claude Freistroffer Impression Imprimerie Victor Buck, Leudelange Adresse postale deSCOUT (FNEL) B.P. 2676 L-1026 Luxembourg Tel +352 26 48 04 50 Fax. +352 26 48 04 30 E-mail [email protected] Internet www.fnel.lu

Clôture de rédaction pour le prochain numéro le 15 novembre 2005

deSCOUT

De Fridden – a virun allem d’Erzéiung zum Fridden – war nach ëmmer e wichtegt Element vum Scoutismus. Andeems en d’Frëndschaft an de Versteesdemech bei de Jonke favoriséiert, dréit de Scoutismus, wann och indirekt, zum Fridde bäi. Den honnertste Gebuerstdag vum Scoutismus ass eng eemoleg Geleeënheet, d’Aarbecht, déi de Scoutismus fir de Fridde leescht, ze würdegen an allgemeng méi bekannt ze maachen. Dofir huet de Weltbüro een Opruff gemaach, ënnert dem Thema “Dons pour la paix” e Projet op lokalem Plang ze maachen, bei deem Jonker sech kenne léieren, déi dat selwecht Uleies hunn: zum Fridden op der Welt bäizedroen.

d’Redaktiouns-Équipe

D’FNEL déi scho méi laang mat hirer ONGD op deem Gebitt täteg ass - an och an der Zukunft wäert sinn - bitt also déi ideal Viraussetzung fir déi Idealer ze promovéieren a mécht dat dann och konkret mat hire Projet’en um Cap Vert an den Aktivitéite mat jonke Palästinenser an Israeli. Dobäi léiere Jonker aus verschidde Kulture sech an hir Differenzen a Gemeinsamkeete kennen. Dat ass awer net nëmme bei dëse Projet’en de Fall, mä eigentlech op all internationale Camp’en uechtert d’Welt, un deenen all Joer Gruppe vun der FNEL deelhuelen.

Page 3: deSCOUT_2005_03

ÄER SAÏTEN

INHALT5deSCOUT 3/05

6

AKTUELL

INTERNATIONAL4th European Scout Forum

37th Word Scout Conference

14 16

12 Vu et Entendu

TITELTHEMADons pour la paixZesumme um Fridde schaffen

ZU GUDDER LESCHTDe klenge Scout

Ee flotten Eck

3 Froen

28 30 31

deSCOUT 3/05

Gréng Scouten a Guiden an England

Kiewerlecken a Polen

Loutres an Dänemark

18 24 26

18

26

6

Gré

ng S

cout

en a

Gui

den

Lout

res

Arch

ives

FN

EL

Äer Reklamm amdeSCOUT

Renseignementer:Tel 26 480 [email protected]

De Fonds National de la Recherche an den Naturmusée o r g a n i s é i e r e fir déi fënneft Kéier de Science Festival an der Abbaye Neumünster an am Naturmusée am Gronn.

Hei gëtt de Jonken a manner Jonken d’Wëssenschaft, d’Recherche an d’Technik virgestallt. An Atelier’en, Informatiounsstänn, Ausstellungen a Konferenze kréie si d’Wëssenschafte méi no bruecht.

deSCOUT schléit vir:Während dem

Week-End vum 22-23. a vum 29-30. Oktober si vun 10 bis 18 Auer iwwer 40 Workshope fir de grousse P u b l i k u m op. Do ass

fir jiddereen eppes dobäi, vu Mikroben am Iessen iwwer Astronomie bis Robotik a Flugmaschinnen.

Weider Informatioune fannt dir bei: www.science-festival.lu

Page 4: deSCOUT_2005_03

6TITELTHEMA deSCOUT TITELTHEMA73/05

Dat ganzt ass e Développements-Projet vun der FNEL an den EEDF aus Frankräich, bei dem et drëm geet, fir - zesumme mat gläichalterege Jugendlechen aus Israel a Palästina - Mëttelen a Weeër ze fanne fir eis Konflikter op eng friddlech Aart a Weis, ouni Gewalt oder Ënnerdréckung vun eisem Géigeniwwer, ze léisen. De Projet riicht sech u Rover a Chefen am Rover-Alter vun der FNEL. Souwuel hei an Europa wéi och am Mëttleren Oste gi mir vun enger Équipe vu professionelle Facilitators ënnerstëtzt.

De Projet besteet aus dräi Deeler:1. Vu Januar 2006 u si bei eis sechs Weekend’er mat Workshop’en zu den Themen: Konflikt am Mëttleren Osten, Konflikter léisen, wéi eng Chancen a Potentialer kënne Konflikter léisen. Dës Workshops gi vum Benny Birnbaum, engem israelesche Psycholog a Facilitator, geleet. Gläichzäiteg lafe fir d’Participant’en aus dem Mëttleren Osten eemol pro Mount Workshops an Israel an a Palästina.2. Déi éischt Halschent August 2006 ass e Camp vu 14 Deeg um Misärshaff, zesumme mat eise Frënn aus dem Mëttleren Osten an aus Frankräich. 3. Eventuell ass Ouschteren 2007 zum Ofschloss vum Projet ee Camp am Mëttleren Osten, dat ass awer nach net sécher.

Wichteg: Et muss een net ëmmer bei allem matmaachen, mir sinn eis bewosst, datt et fir déi Leit, déi op der Uni sinn oder en Job hunn, net einfach wäert sinn, eng

100 prozenteg Participatioun ze weisen. Natierlech soll och kee sech just wëllen d’Kiischte vum Kuch plécken, mä mir wäerte sécher Toleranz weisen. Des weidere wäert och kee gezwonge ginn (wa mer da sollten goen) mat op de Camp an de Mëttleren Osten ze fueren.

Dat Ganzt wäert 350 € fir déi 6 Weekender an de Camp um Misärshaff a 700€ fir de Camp am Mëttleren Osten kaschten.

Falls dir interesséiert sidd, fir mat ze schaffen oder wann der nach Froen hutt, mellt iech w.e.gl. entweder beim Tom SCHOLTES, Coordinateur vum Projet oder beim Rover Commissariat.

Dëse Projet, dee fie d’Scoutsbranche ausgeschafft ginn ass, leeft iwwert dat ganzt Joer a wäert mat engem grousse Camp am Summer ofgeschloss ginn.

D’Iddi ass, fir 20 auslännesch Kanner, déi zu Lëtzebuerg wunnen, am Laf vum Joër mat 20 Scoute regelméisseg op Weekender zesummen ze bréngen. Während dëse véier Weekender wäerten och ëmmer zwee PsychologInnen dobäi sinn, déi an Atelieren d’Thematik « Vivons ensemble avec nos différences » mat de 40 Kanner behandelen. Donieft sinn dann natierlech och Scoutsaktivitéiten ugesot. Ofgeschloss gëtt dat ganzt dann, wéi gesot, vun engem Summercamp vum 5. bis de 15. August.

Wat mir natierlech elo brauchen, dat si Scouten a Guiden, déi intresséiert wären, bei dësem flotte Projet hir Erfahrungen ze maachen an do ass et natierlech elo un de Cheffen, fir hinnen dovunner ze erzielen an se ze motivéieren. Donieft wäre mer frou, wann deen een oder anere Chef intresséiert wär, fir an dëser Équipe mat ze schaffen.

Datume vun de 4 Weekender:

12 – 13 November 2005

28 – 29 Januar 2006

11-12 Mäerz 2006

6 -7 Mee 2006

vivons ENSEMBLE...Georges Hames

D’FNEL ass op fir jiddereen. Och haut nach? Während dem nächste Joer wëlle mer auslännesche Kanner de Scoutismus méi no bréngen.

Projet ISRAEL - PALÄSTINATom Scholtes

Et sinn nach e puer Plaze fräi fir beim Projet Israel - Palästina mat ze schaffen! Hei fannt der Detailer zum Projet.

avec nos DIFFERENCESPh

otos

: Arc

hive

s FN

EL

Philip

pe M

ayer

Page 5: deSCOUT_2005_03

8TITELTHEMA deSCOUT TITELTHEMA93/05

De Rescht vum Sonndeg hate mer Gott sei dank temps libre fir eis nach e bëssen auszerouen! Mëttes wore mer op d’Plage, wou et net laang gedauert huet, bis mir vu lauter klenge Kapverdianer emzéngelt waren.

Méindes moies hu mer eis kapverdianesch Kollege kennegeléiert an hunn hinnen de Campfoulard iwwerreecht. De Rescht vum Dag hate mer dunn Ateliere mat hinnen zesummen.

Dënschdes si mer rëm um 7 Auer opgestan an hunn ons um 9 Auer mam Bus op de Wee gemaach fir op d’Campplaz bei Cidade Velha ze kommen. Do hu mer dunn eis fusch nei Zelter opgeriicht an Nomëttes si mer op d’Plage gaang. Owes war dunn d‘Zeremonie d’Ouverture um Camp selwer, wou mer dunn och erkläert kruten, dass mer missten Nuetsgarden halen. Dëst huet am Ufank vum Camp super geklappt, mä wat et méi zum Schluss komm ass, wat ëmmer méi Leit net méi fir hier Garde opgestan sinn...

Mëttwochs hu mer de kapverdianesche Scoute gewisen, wéi ee selwer e Foulardsknuet mécht a Mëttes ass et erëm op d’Plage gaang.

Donneschdes si mer zu Fouss erop bei d’Citadelle getrëppelt, uewen ukomm

hu mer dunn eng kleng Visite vun der Citadelle gemaach, a mir kruten och de kapverdianesche Groque ze schmaachen! Am Nomëtte si mer dunn och eng vun de villen Groque Fabriken an der Ëmgéigend vum Camp kucke gaang.

Freides den 22. Juli si mer moies mam Bus op Sao Domingo gefuer an hunn do bei enger Famill am Gaart geschafft, woubäi ee muss wëssen, dass bei hinnen e “Gaart“ e Feld ass! Mir hunn hinne kleng Lächer gegruewen, fir dass si duerno konnte Mais planzen. No 2 Stonnen Aarbecht hunn déi éischt Bloderen och net op sech waarde gelooss, mä dofir war Mëttes erëm Plage ugesot!

Samschdes hu mer eise kapverdianesche Kollegen du gewisen, wat zu Lëtzebuerg en typescht Camp-Iessen ass: Packalu. Dësen hu mer net wéi bei eis mat Gehacktes gemaach, mä mat Fësch, wat iwweregens ze empfielen ass!

Sonndes sollte mer dunn eng Olympiad maachen, mä déi ass leider wéinst der Hëtzt an d’Waasser gefall. Iergendwéi war dat och gutt, een Dag relax um Camp!

Méindes war dunn de kapverdianeschen Dag, wou mer e bësse méi iwwert hier Kultur gewuer gi sinn.

Alain Fritsch

Vum 16. bis den 31. Juli waren 12 Explorer a 6 Responsabler um Cap-Vert, fir e Camp zesumme mat kapverdianesche Scouten z’erliewen.

CAMP um CAP VERT

Samschdes, de 16. Juli ass et lass gaang, mir hunn eis all um 12 Auer Mëttes um Findel getraff, wou mer déi lescht Informatioune kruten an dunn agecheckt hunn.

Nodeems vill Leit hirer Frëndin oder Frënd mat schwéierem Häerz Äddi gesot haten, si mer duerch d’Kontroll gaang an hunn um 2 Auer eise Fliger fir op Lissabon geholl.

Zu Lissabon hate mer du véier Stonnen Openthalt an deene mer séier duerch Lissabon getrëppelt a mam Bus gefuer sinn! Owes hu mer dunn de Fliger geholl fir weider op Sal an duerno op Praia ze fléien, wou mer dann och Sonndes moies, 15 Stonnen no eisem Départ, midd mä glécklech ukomm sinn! Mir sinn dunn och direkt weider an d’Internat zu Praia gefuer wou mer all direkt schlofe gaang sinn.

Phot

os: A

rchi

ves

FNEL

Page 6: deSCOUT_2005_03

10TITELTHEMA deSCOUT TITELTHEMA113/05

Dënschdes hu mer dunn eis Campplaz ofgeriicht a sinn zréck op Praia an d’Internat getrëppelt wou mer du bis Owes konnte raschten!

Mëttwochs si mer dunn op Tarafal gefuer, wou mer ënnerwee de Maart zu Assomada kucke gaang sinn. Zu Tarafal hu mer eis Biwaken an engem Schoulhaff opgeriicht. Owes si mer du mam Bus an ee Restaurant gefuer, deen eis ee lëtzebuerger Kapverdianer gesicht hat, dee mir dohanne begéint haten. Zeréck am Schoulhaff hu mer gemierkt, dass do méi wei eng Kackelack op der Mauer gekrabbelt ass, no der allgemenger Panik iwwert déi eekleg Déieren huet dunn awer jiddereen sech an säi Schlofsak getässelt fir ze schlofen!

Donneschdes moies si mer ee portugisescht KZ, dat fir Sklaven a politesch Gefaangener gebaut gi war, ukucke gaang. Mëttes konnte mer dunn duerch Tarafal lafen an op d’Plage goen!

Freides hate mer erëm de ganzen Dag Atelieren an Owes si mer dunn op d’Ofschloss Zeremonie op de Strand zu Praia gaang wou eis de Buergemeeschter vu Praia häerzlech empfaang huet. No de klengen offizielle Riede hu mer mat de Kapverdianer zesummen hier Dänz gedanzt an hier Lidder gesongen!

Samschdes huet dunn dat grousst Apaken ugefaang, all Mënsch huet probéiert, seng kaafte Saachen esou a sengem Rucksak ze verstauen, dass hinnen am Fliger och näischt kéint geschéien, well op de Cap Vert kennt ee jo net all Dag! Nom Iessen hu mer deene meeschte vu eise kapverdianesche Kollege missen Äddi soen, well déi dunn all heem gefuer, geflunn oder getrëppelt sinn. Mëttes konnte mer dunn op e Maart op Praia goen oder déi nach Loscht haten, konnten nach eng allerleschte Kéier op d’Plage goen! Um 5 Auer war dunn erëm Rendez-Vous beim Internat, wou mer dunn zesummen den Bus fir op de Flughafen geholl hunn, wou mer sollten um véirel vir 9 den Fliger huelen. Deen hat sech awer em eng hallef Stonn verspéit, wat zu grousser Nervositéit gefouert huet, well all Mënsch trotz dem geniale Camp heem wollt! Um halwer dräi Sonndes Mëttes si mer dunn endlech erëm op lëtzebuergeschem Buedem geland, no der Chaine d’adieu huet du jidderee sengen neien oder ale Kollegen Äddi gesot an ass séier heem an eng gutt verdéngten Dusch gaang!!

Am grousse ganze war et ee super Camp an eng flott Erfahrung an ech free mech op de Camp 2006 zu Lëtzebuerg!

Page 7: deSCOUT_2005_03

12AKTUELL deSCOUT AKTUELL133/05

ALS AM 7. JULIdas luxemburger Fernsehen in den

Abendnachrichten nach London schaltete,

war es Anne KAIFFER, welche die

dramatischen Ereignisse und die gefasste

Stimmung der Londoner in einer packenden

Reportage übermittelte. Die junge Cheftaine

der CBDM in der bedrohten Metropole,

das liess Erinnerungen an 1940-45 wach

werden. Anne ist Medienbeauftragte unserer

Federation und studiert Medienwissenschaft

in London.

ROBERT BEREND § autrefois aux Ecureuils de Vianden (troupe de

la FNEL créée par son beau-père Albert KASS

à l’époque des travaux pharaoniques pour la

centrale hydro-éléctrique), membre du Conseil

de notre Amicale des Anciens et du «Clan»

très engagé pour notre Home de Rippig, nous

a quittés à l’âge de 61 ans. Une assistance

nombreuse est venue à Weimerskirch pour

rendre un dernier hommage à ce citoyen

toujours au service de la cité, porté par l’idéal

éclaireur.

STEPH MEYERSintégrera la coordination générale de l’Année

culturelle 2007. Professionnel formé à

Strasbourg, ses Kiewerlecken sont confiants

qu’il saura faire braire le cerf bleu dans toute

l’Europe et au-delà.

VU et ENTENDUCastor Fricoteur

DENNIS WEZENBERG

heescht de neien Direkter vun der Zirkus-

Schoul SALTIMBANQ. Hien ass scho gläich

dëse Summer mat enger Wanderzirkus-Kolonie

mat Artiste vun 12-17 Joer uechtert d’Land

op den Tour gaang. Onse Commissaire aux

louveteaux adjoint weess jo, wéi een déi wëll

Déieren zähmt

YO-HO-HO, AND A BOTTLE OF RUM!

Adventure paradise come true, where once

the cannons of Fort Lambert roared on the

ramparts of Luxembourg. On its way to

Treasure Island the “Hispaniola” has dropped

anchor in Monterey cove. Somewhere

between the bushes and the trees Jim

Hawkins is keeping an eye on Long John

Silver, his parrot and the scheming pirates,

to give captain Smollet timely warning. While

Mowgli is making friends with the whales and

hippopotami, surrounded by hundreds of

would-be wolf cubs and beavers.

DER ZAHN DER ZEIT.

Während des Sommers bekam die „Salle

Pola Weber“ ein neues Dach, da das alte

leck geworden und nicht mehr zu retten

war. Die Bullaugen sind damit Vergangenheit.

Bitte beim Verlassen das Licht löschen:

aus Umweltfreundlichkeit und wegen der

Rechnung.

B.A.D’Éilerenger Feldmais hu fir d’drëtt Kleeder

a Spillsaache fir Kanner vun Tschernobyl

gesammelt.

Wéi op der Gewan bei Blaaschent

d’Schoulkanner Bulli a Stréi geréiert hunn, fir en

Haus aus der Keltenzeit ze bauen, woren och en

etlech Panthères noires mat derbäi.

DER SCHWEIZER FINANZMINISTERBundesrat Hans-Rudolf MERZ (63) besuchte

früher jeden Samstag die Treffen seines Fähnleins

„Kibitz“ in seinem Geburtsort Herisau. Der

Finanzwirtschaftler sagt: „Pfadi wird es in 50

und 100 Jahren noch geben, weil Baden-Powells

Idee im philosophischen Sinne eine gute Idee

war und ist. Die Pfadibewegung muss sich den

Zeitumständen anpassen wie jede menschliche

Organisation. Aber der Kern stimmt.“

C’EST LA LOI!A l’intérieur d’une localité, les cyclistes sont

tenus pour leur propre sécurité de rouler l’un

derrière l’autre. A l’extérieur d’une localité, il

est permis de rouler à deux de front. Dans les

situations suivantes, les cyclistes se tiendront

en file indienne: pendant la nuit et en cas de

mauvaise visibilité, aux croisements, avant et

sur les passages à niveau, dans les virages, à

l’approche d’un sommet de côte, et enfin, dès

qu’un véhicule les croise ou les dépasse.(d’après

Sécurité routière)

DON ROLAND

Haaptacteur am Jemp Schuster sengem

Stéck „Don Kischott“ dat am August zu

Beetebuerg gespillt gouf, wor de Roland

GUT. Als laangjärege Chef bei der FNEL huet

hie munnech Pow-Wow animéiert an hie

wor bei ville Lagerfeieren de boute-en-train.

De Roland ass President vun der Amicale

vun de Piwitschen a wor senger Zäit e ganz

engagéierte Commissaire-en-chef.

COSL

La pongiste Carole HARTMANN, Lûssig

Quaichleken, et le karatéka Bob FEIDT, Wëll Sai

font partie du cadre «Jeunes» du COSL.

80 AKTIVER AN UNIFORM

an och e puer méi, hunn d’Aigles sech op

hirer Kiermes am Haff am Rollengergronn

gewënscht, fir d’Bougien auszeblosen (an de

grousse Kuch ze iessen). Op Feierdeeg deet ee

sech jo fein un.

DURBAN

Un bébé hippopotame est né fin juillet au

parc zoologique d’Amnéville, une naissance

relativement rare en captivité. Baptisé Durban,

l’animal est né dans l’eau et s’est aussitôt mis

à nager. Ses parents, Kinshassa et Mara, sont

pensionnaires du zoo depuis 1996.

Page 8: deSCOUT_2005_03

14INTERNATIONAL deSCOUT INTERNATIONAL153/05

Die Jugendherberge in Lultzhausen, in der herrlichen Naturlandschaft am Stausee gelegen, bot den idealen Rahmen für dieses internationale Treffen, an welchem 70 Vertreter aus 21 Länder Europas während einer Woche teilnahmen, um über diverse Themen des Pfadfinderlebens zu debattieren. Nach Malta, Malaga (Spanien) und Lipicia (Portugal) hat es die FNEL gefreut, die Chefs dieses Forums, welches jedes zweite Jahr stattfindet, nach der „EUROPA KONFERENZ“ des Scoutismus im Jahre 1998 in Luxemburg zu begrüssen. In der „EUROPÄISCHEN SCOUT REGION/ESR“ haben sich nicht weniger als 1,2 Millionen junge Menschen dem Scoutismus auf freiwilliger Basis verschrieben (Weltweit 28 Millionen).

ProgrammIm Forum ging es darum, ein Programm

für diese jungen Leute für das 21. Jahrhundert festzulegen sowie dieses auf die Jugend der heutigen Zeit zuzuschneiden. Auch die Rolle der unentgeltlichen Erwachsenen (Chefs) sowie deren Training innerhalb der Pfadfinderbewegung wurde als wichtiger Schwerpunkt beleuchtet. Lange wurde auch über die Art der Motivation der Jugendlichen diskutiert, sowie man diese zum Beitritt zum „Scouting“ überzeugen kann.

Alle diese Themen sowie viele weitere wurden in Gruppenarbeit sowie in

4th european SCOUT FORUM

Die Verantwortlichen des Büros der „Europäischen Region des Scoutismus“ in Genf hatten diesmal Luxemburg für das 4. SCOUT FORUM zum Thema “Youth Programme and Adult Resources” auserwählt.

Rudy Von Graes

Workshops behandelt. Hervorzuheben sind noch der „Internationale Abend“ in dem Training-Zentrum der FNEL auf Misärshaff, wo sich die verschiedenen Länder mit Speis und Trank sowie kulturell vorstellten und einen geselligen Abend zum Kennenlernen veranstalteten.

Einem Ausflug nach Burg Vianden, verbunden mit einem „Luxemburger Abend“ bei „Judd a Gardeboenen“ sowie der „ONE MAN-SHOW von Dan in der „Lëlzer Arena“ hat alle begeistert.

Jeden Tag erschien die Zeitung „Forum Magazine“ mit den Neuigkeiten, auch wurde ein Film über dasselbe gedreht. In einer Ausstellung präsentierte sich jedes Land sowie seinen Scoutismus. Ab 22 Uhr konnten die Teilnehmer in der „Zelt-Bar“ noch ein paar Stunden gemütlich beisammen sein.

OrganisationFür das Programm des „Scout-Forum“

zeichnete ein fünfköpfiges „Staff“ des „European Scoutoffice and Comittee“ unter der Leitung von Mark Knippenberg und Radu Stinghe verantwortlich.

Sie wurden durch ein internationales „PPlanning Team“ von 14 Verantwortlichen bei ihrer Arbeit unterstützt.

Die Rolle der FNEL bestand in der Organisation des internationalen Treffens, dazu gehörte das Unterbringen, die Verpflegung, der Transport, sowie die Freizeitgestaltung der ausländischen Gäste.

Unter der Leitung von Josiane Kaiser-Hinger, sowie ihrem Team mit: Gui Koppers; Maria Ryrfeld (Transport), Rudy von Graes und Regina Burgemeister (Zelt-Bar), André Hatz (PR), Claude Kaiser (Visite), Anne Blau und Raoul Wirion (Kommunikation),

sowie Hengi Schreiner, Marc Eyschen und Benoit Thix (Zelt Auf- u Abbau) ging dies alles meisterhaft über die Bühne. Merci an alle.

Besten Dank auch an alle, welche ihr Interesse an diesem Forum durch einen Besuch desselben gezeigt haben, u.a. Martine Faber-Schmit, die Delegation der LGS sowie verschiedene Chefs und Kommissare der FNEL. Mit der „Farewell Disco-Party“ unter der Leitung von Joël fand dieses Treffen der Freundschaft im wunderschönen Ösling für die 100 Beteiligten in den frühen Morgenstunden dann sein Ende.

Viele neue Bekanntschaften wurden geschlossen und man merkte, dass die Begeisterung für den Scoutismus, welcher im Jahr 2007 sein 100jähriges Jubiläum feiert, noch nicht erloschen ist, sondern mehr denn je aufblüht, trotz seines Alters.

FazitZu Bedauern ist, daß nur Claudine

Scheeck und teilweise Olivier Faber als einzige Luxemburger an diesem für alle Kommissare sehr wichtigen Treffens teilnahmen. Welche meiner Meinung nach für solche Pflicht sein müssten, zumal dieses Forum in Luxemburg stattfand. Auch sollte in der FNEL Leuten, welche an solchen bedeutenden Treffen teilnehmen, mehr Gehör bei der Gestaltung des Programms und der Formation geschenkt werden.

Page 9: deSCOUT_2005_03

16INTERNATIONAL deSCOUT INTERNATIONAL173/05

Dat gëtt e ganze Sall voll Scoute mat lauter verschiddene Faarwen: vun Hautfaarwe bis Uniformsfaarwen an iwwer Kulturfaarwen. Et war also esou, dass sech déi ganz Welt an esou engem klengen Touristendisneyland an Tunesie getraff huet. Lëtzebuerg war hei vertruede mat 5 Leit, dovun 2 vun den LGS, den Eric Eifes an den André Mischaux a vun der FNEL d’Martine Faber-Schmit, de Raoul Wirion an de Paul Konsbruck.

De Programm op der Konferenz war zimlech straff an d’Atmosphär och wesentlech méi disziplinéiert a streng wéi um Jugendforum déi Woch virdrun. Mä et stounge jo vill wichteg an eescht Saachen um Agenda. Fir just den omnipresenten Topic eraus ze fi lteren: d’Strategie mat allem, wat derzou gehéiert. De Scoutismus verléiert weltwäit Memberen, virun allem am Alter tëscht 13 a 16 Joer. Mir wëssen och nach vläicht all, dass mer net nëmmen

Naturfritze sinn, déi léieren, e Knapp unzebitzen a Feier ze maachen, mä déi aner wëssen dat nach laang net all. D’Scoute sinn als weltwäit „Marque“ och nach laang net unerkannt an et gelt elo, dorun ze schaffen. Et sief hei och nach emol drop higewisen, dass 2007 den 100. Gebuertsdag vum Scoutismus ass, an an deem Kader musse mer dervu profi téieren, eis Wäerter an eis Stäerkt no baussen ze weisen.

Ausserdem musse mer eis och bewosst ginn, dass d’Scoute weltwäit mëttlerweil eng ganz wichteg Roll an der Entwécklungshëllef souwéi an der Friddensstëftung spillen. Fir all déi Scoutsprojet’en zesummen ze schléissen an ënnert engem Logo un d’Ëffentlechkeet ze bréngen, gëtt et dann och d’Campagne “Gifts for Peace“, déi elo scho vill Projet’en ënnert een Daach bréngt an 2007 no baussen dréit.

Pol Konsbrück

37. World SCOUT Conference

Op der Weltscoutkonferenz vum 5. bis den 9. September 2005 zu Hammamet an Tunesien ware ganzer 1’200 Vertrieder aus 122 Länner.

Anne-Sophie Faber

Ënnert dem Motto ´A stranger is a friend you’ve not yet met´ ass dëse Summer d’Rees fi r fënnef Lëtzebuerger a Jonker aus 24 verschiddene Länner an den Norde vun England gaang.

European YOUTH Partnership

Déi éischt zwee Deeg ware mer zu Rotherham, wou et no enger offizieller Wëllkomm-Feier och direkt mat den Aktivitéite lass gaang ass. Sou ware Waasseraktivitéiten an d’Visite vun engem Musée ugesot. Den Dag drop konnte mer en Abléck vun där schéiner Stat York gewannen, éier eis Rees weider a Richtung Borrowdale gaang ass, wou mer déi wonnerschéi Landschaft vum Lake District genéisse konnten. Do hu 4 Deeg voller Aktivitéiten op eis gewaart. Agedeelt an 11 Gruppen hate mer all Dag en anert Ziel. Déi 4 Dagesaktivitéite waren: Mountain experience day, Orienteering & Gorge Scrambling, Water Sports day a Sightseeing day. Sou hate mir während dem Dag Zäit fir mat Sport a Spaass d’Leit aus eisem Grupp kennen ze léieren. Well mer all gemëscht waren, konnt jiddereen seng eegen Experienze mat anere Leit aus anere Länner a Kulture man.

Et ass op der Konferenz ausserdem onmëssverständlech kloer ginn, dass d’Jugend eng ëmmer méi wichteg Roll spille muss an elo och scho spillt. Déi Jonk waren op der Konferenz zimlech präsent an zemools bei den europäesche Länner och als voll responsabel Delegéiert ugemellt.

Zum Schluss ass dann och gewielt ginn, an zwar engersäits Persounen – den neie Weltcomité – an anersäits si Plaze gewielt ginn: wou den Jamboree an d’Konferenz 2011 stattfanne wäerten. Hei war et ganz intressant ze gesinn, dass d’Scouten awer nach anescht fonctionnéiere wéi et an der Politik üblech ass. De Jamboree geet u Schweden, déi net vill Reklamm gemaach hunn an e Camp an a mat der Natur maache wëllen, d’Konferenz u Brasilien. D’Australier, déi en décke Sak voll Dollaren ausginn hu fi r Reklamsgeschiir sinn eidel ausgaangen.

Phot

os: A

rchi

ves

FNEL

Page 10: deSCOUT_2005_03

18ÄER SÄITEN deSCOUT ÄER SÄITEN193/05

Géint 2 Auer an der Nuecht ongeféier si mer an der Stat op der Gare fortgefuer. An do goung et och schonns a Richtung England. Moies si mer dunn an den Eurotunnel eragefuer, deen eigentlech iwwerhaapt net spektakulär war, wann ee bedenkt, wou een do gefuer ass!

Wou mer zu Chelmsford, Essex, oder wéi och ëmmer, ukomm sinn an eis Foulard’en a Päss kruten, sinn direkt esou iwwergutt gelaunten Englänner vun iwwerall hir komm an hu gehollef, de Bus auszepaken. Mir sinn du mat eisem Rucksak op eise Subcamp gelaf, dee Gott sei Dank net zevill wäit ewech war.

Beim Opriichten hunn ech dunn och schonn emol direkt ee vun eise kostbaren Himmer gevreckt a gläich dono hat ech en Interview fir eise Souscampsradio (deen an d’Box gaang ass, well ech eréischt ee Joer englesch hunn an déi esou e krasst Kauderwelsch schwätzen...). Owes hu mer nach alleguer Fussball an e bësse Baseball gespillt. Mir hunn och eis Noperen, Amerikaner kenne geléiert, mat deene mir nach de ganze Camp iwwer vill ze dinn haten!

Et war och einfach eng super Atmosphär dohannen, z.B. wann een op d’Dixie’e gelaf ass, dann huet een emol mat Leit vu Metz geschwat, déi een dann agelued hunn, och emol bei si luussen ze kommen!

Jojo, d’Dixien dat war och esou eng Saach... déi éischt 3 Deeg hate mer näämlech keng Dusch an d’Toiletten an de Containere waren och zou. (Dat heescht souvill wéi... si hu gehirlos gefacht!!!)

Den 30.7.05 ass moies emol de Souscamp aménagéiert ginn, dat heescht Volleyballsnetz, Fussballsgoaler an de Gateway opgebaut an dekoréiert ginn. Mëttes war de Subcamp Opening, bei deem mer Spiller an sou gemaach hunn. An owes war dann den Highlight... et huet riicht era geschifft! Also owes war d’Eröffnungsfeier an et war einfach impressionant, esou vill Leit op eng Kéier ze gesinn: iwwer 10000!! Et war wierklech flott an dono war nach eng Band, d’Bogusbrothers, déi Musek gemaach huet. Do hu mer dunn och déi aner Lëtzebuerger getraff.

Den 31.7.05. hate mer moies free-time, wat geheescht huet, datt ee sech eng vu fënnef Aktivitéiten eraussiche konnt. Wéi z.B. bei „Faith and Beliefs“ sech iwwert de Koran ze informéieren a sech en Henna-Tattoo op d’Hand mole loossen, indesch Schrëftzeechen op e Steng molen, ...

Mëttes hate mer North Sea (all Dag en anert Mier), wou een z.B. Friendship-Blummen aus Pabeier maache konnt, töpferen oder Spiller, ... mir hate souguer eng Kéier alleguer zesummen esou en italieneschen Danz gemaach, bei dem mer eis och immens amëséiert hunn. No an no

sinn déi SEA Nomëtteger awer langweileg ginn, well et oft dat selwecht war.

Den 1.8.05 sinn owes Schotte bei eis iesse komm an e puer vun eis sinn der bei si gaang. Et war wierklech cool, mä ech krut net esou vill mat, well ech Kachdéngscht hat!

Den 2.8.05 si mer op de Splash gaang, dat war bei esou engem risege Séi. Moies sinn ech Mountainbike ronderëm de Séi fuere gaang. Mountainbike war ganz flott mat Ausnam, dass de Michel säi Vëlo geschuppt krut, meng Gangschaltung am A*** war an ech dono mäi Kikki wéi hat, war et wierklech cool!!!

Den 3.8.05 war Europadag an et huet gereent, wéi all Kéier wa mer an d’Arena gaang sinn. Do hu mer dunn all ugeschloen an e behënnerte Jong huet d’Verspriechen haart gesot an dunn hunn 10.000 Leit et widderholl. Dunn op eemol hu se Dauwe fléie gelooss a lauter faarweg Ballon’en, et war mega schéin!!! Sou konnt een dee ganze Moien, wann ee wollt, Ënnerschrëften op engem wäisse Foulard sammelen, dat war och mega interessant, well een do mat Leit a Kontakt komm ass, vun deenen ee bis dohin emol net genee wousst, wou déi Länner op der Welt sinn!!! Mëttes konnt een dann déi verschidden traditionell Gerichter bei déi aner Leit schmaache goen, a bei eis gouf et Kachkéis.

Julie Havé

Den 29. Juli si sechs Leit vun de „Gréng Scouten a Guiden Diddeleng“, 11 Leit an zwee Cheffe vun der AGGL zesummen an England gefuer.

EUROJAM an ENGLAND

Phot

os: G

réng

Sco

uten

a G

uide

n

Page 11: deSCOUT_2005_03

20ÄER SÄITEN deSCOUT ÄER SÄITEN213/05

Mir haten och nach mat Leit aus Däitschland getosch fir ze iessen. Déi Däitsch sinn dono och nach e puer mol bei eis Gittar spille komm a mir hunn um 1:00 Brout (wann een dat esou nenne konnt) mat Chilli con Carne oder mat esou eppes Puddingähnlechem (wat si ëmmer Bastardsosse genannt hunn) giess. A gemeckert krute mer och nach, well do hannen um 23:00 Auer Nuetsrou war, mä wann ee bis am Schlofsak läit, da steet ee bekanntlecherweis net gären nach eng Kéier op!!!

Do gouf et och nach de Starburst… wou mer misste Bamstämm aus dem Buedem rappen, d’Lächer zouman an eng Mauer aus Bengele bauen, bon... dat war net esou ganz mäi Fall.

Mir waren och wéi vill aner Leit Stammclient’en am Sainsbury’s, dem Shop dohannen, well d’Iessen... ëmmer dat selwecht war!!!

Moies gouf et Speck mat Eeër. Mëttes eng Tut Chips, eng esou eng fäerdeg Schmier, déi net z’iesse war, e Stéck Uebst, eng Cola an e Stéck Schockela an dat all Dag!!! Owes gouf et ëmmer Gromperen, Wuerzelen, Fleesch (Hämmelfleesch mat Menthe oder Dinde) mat enger mega rëffeger Zooss an Dessert. An deen aneren Dag gouf et dunn: Eeër mat Speck... an dann erëm Speck mat Eeër, ...

Dohanne sinn och esou al rout Doubledeckerbusser, déi GloBus geheescht hunn, duerch d’Géigend gefuer, wou dann eng Ausstellung dra war z.B. iwwert Aarmut, Drogen, ...

Ech wär awer nach gäre bliwwen, och wann ee sech dru winne muss, dass een op der verkéierter Säit op der Strooss rullt, d’Toilettendier dee verkéierte Wee opgeet an zougespaart gëtt, ee beim Vëlo mat der lénkser Hand bremse muss, an dat Iessen...

Wéi mer bis ageraumt haten, ass eise Bus éischter komm wéi geduecht a mir sinn dës Kéier op der richteger Säit an de Bus geklommen an hunn eis op de Wee fir Heem gemaach. Op der Raststätt nach séier all eis Pond ausginn, déi mer nach esou iwwereg haten an du ware mer och schonn op der Gare! Mir sinn erausgeklommen an hunn als alleréischt emol d’Heemecht gesong well mer iergendwéi deck Loscht haten, hunn eis alleguer nach eng Kéier gedréckt an hunn eis schonn op eist Treffe bei der AGGL gefreet, wou mer d’Fotoen an eise Film kucken géingen. Mir hunn och keng Chaine d’Adieu gemaach, well mer zwar di selwecht Melodie hunn, mä net de selwechten Text.

Also, wat ech op alle Fall nach weess, dat war, datt mer am Gilwell Park esou e bëssen de Scoutismus gefeelt huet,

iwwerhaapt um ganze Camp esou e bëssen!!!! Keng Konstruktiounen, kee Lagerfeier,... awer e risegt Discozelt,.. Et gouf och eng Kéier esou e Popidol-Contest an eng Beachparty, an e Rockconcert ouni Rock...

Eng vun deene Saachen, déi ech awer super fonnt hunn (an do war ech net dat eenzegt!) dat war, wann ee gesinn huet, mat wéivill Stolz déi meeschten hir Uniform gedroen hunn! Zu Lëtzebuerg ginn et souguer Leit, déi eng opféiere wann se nëmme mussen d’Hiem an d’Box maachen, well dat jo vläit oncool ass. Mä ech perséinlech fannen, eng uerdentlech Uniform ass eng vun den Traditiounen, déi ee beim Scoutismus bäibehale muss, wann een och schonn esou vill anerer ofschaaft!

Et war wierklech flott an all déi, déi dëst Joer net matgaang sinn, well se an 2 Joer wëllen op den Jamboree matgoen an dann do wahrscheinlech keng Plaz méi kréien, hunn eppes verpasst!!!

An et ass natierlech och bemierkenswäert, dass d’AGGL, déi nëmmen ongeféier 200 Leit an der ganzer Federatioun huet, eis et erméiglecht huet, fir mat op den Eurojam ze goen! Well ouni si wär dat ganzt an d’Waasser gefall!!!

Page 12: deSCOUT_2005_03

22ÄER SÄITEN deSCOUT ÄER SÄITEN233/05

Vun der éischter Woch vum 18. bis den 23. Juli kann ech net kommentéieren, well ech als Wëllefcherschef sinn eréischt déi zweet Woch mat deenen anere Wëllefcherscheffen a mat de Wëllefcher erop komm. Mir hunn den 22. Juli eis siwe Saache gepaakt an hunn eis du mam Bus op de Wee fir a Pole gemaach. Eisen éischten Halt war an enger polnescher Jugendherberg. Nom Iessen hu mer déi 18 Kanner an hier 18 Better geluecht, mä leider waren der zwee dovun allergesch op Stëbs an déi konnten dunn an eise geniale Bus schlofe goen, ënnert deenen opmierksamen Ae vun eisem coole Buschauffer.

De Moien drop si mer nach ganz verschlofen an de Bus geklotert an hunn eis Rees weidergefouert fir op Krakau. No 12 Stonnen fuere si mer du schlussendlech zu Krakau ukomm an hunn eis Explorer an Trupp gesicht. Wou mer dunn awer kee fonnt hunn, si mer ziellos duerch déi grouss Stat gëiert. Endlech koum eis Rettung: E puer Scouten hunn ons entdeckt an hunn ons direkt mat op d’Jeu de ville bruecht, déi d‘Trupp esou léif fir ons virbereet hat. No enger Besiichtegung vun der interessanter Stat si mir all zesummen an d’Internat getrëppelt, wou mir dunn och iwwernuecht hunn.

Moies hunn dunn déi 62 Kiewerlecke Krakau verlooss a sech op de Wee op Perkoz gemaach. Do hunn d’Wëllefcher sech an

hiren Zëmmeren installéiert an d‘Trupp huet Zelter opgeriicht. Perkoz ass wierklech eng wonnerbar Plaz direkt niewent engem Séi, wou ee Pedaloen an Booter lounen kann. Op dëser Plaz hu mer du fënnef mega cool Deeg verbruecht, wou mer Vëlo fuere gaange sinn, schwammen, Hiken, Trajeten an souguer eng Olympiad gemaacht hunn an nach villes méi. An dëser Woch hu mir zwou Visitë gemaach: Déi éischt huet doraus bestan, datt mer eng traditionell polnesch Buerg besiichtege gaang sinn an déi zweet war einfach nëmme cool, well do si mer akafe gaang. Do hu mer all gestaunt, well do alles esou bëlleg war.

Du koume mer un den Enn vun der Woch a mir wollten nach all do bleiwen, mä dat ass leider net gaangen. Dee leschten Owend hu mer eng kleng Party veranstalt a sinn dunn all zimlech spéit an d’Bett gaang. Deen nächste Moien hu mer alles ageraumt a gebotzt. Dunn hu mer ons all an de Bus gedrescht an hunn ons op déi 21 Stonne laang Heemrees virbereet. Am Bus war et dunn awer zimlech flott, well mer lauter Filmer gekuckt hunn a ganz haart Musek gelauschtert hunn. Et war e richtege Partybus. Majo, du si mer den 31. um 11 Auer moies ukomm, wou och schonn all d’Elteren gewaart hunn. Eng chaîne des adieux war nach dran an du si mer all heem gaangen an dunn ass dat seriöst vum Liewen nees ugaang.

Lee White

KIGRUCA 2005

De Kigruca, dat heescht esou vill ewéi « Kiewerlecken Gruppecamp », huet sech vum 18. bis den 31.Juli a Polen ofgespillt.

Phot

os: K

iew

erle

cken

Page 13: deSCOUT_2005_03

24ÄER SÄITEN deSCOUT ÄER SÄITEN253/05

The bus was full with material such as kitchen stuff, scouts equipment and tents so that the luggage must be put on the seats. After a little ferry trip and another hour on the bus, we arrived in the Jamboree area.

Our first contact with our Danish hosts was with no one less than a Danish policeman who directed us to the bus station. Having arrived at the Jamboree, we only saw a very large green area with some white-red tents. This first impression proved that everything was going to be different from what it is like in our little Luxembourg: everything is larger and it was impossible to see from one side of the camp to the other. We quickly found our sub camp tent and we were happy to see that the arrival was very well organized. A tractor brought our material to the site and the Danish scouts were very helpful. (A special thanks to Dorthe and the whole Estrupholm group.)

Around ten o’clock we started putting up our camp. We notice that Danish scouts are better and faster in pioneering than us, but this did not discourage us and we did our best. Especially the drilling machine and the simple technique to build tripods impressed us and we tried it on our later camp at Naesbycenter.

Saturday evening was the open campfire. To allow the participation of 15 600 scouts, without causing chaos, we had to leave our

camp site one hour beforehand. A large mass of scouts travelled to the arena and some staff scouts directed us to the right place. The BP Spirit band, the band of the jamboree, was already playing songs on a large stage to get us into the mood. Eventually, the campfire was set alight.

The show started... unfortunately most speeches and sketches were in Danish and we could only understand something with the help of our friendship group. All the participants in front of the stage were very impressed and happy about this typical scouting event.

On Sunday, we finished our constructions and tried o get in touch with our friendship group. The language was a handicap, especially for the younger scouts. The senior scouts found some German girls, who were very impressed by them. Cooking on an open fire was also a challenge for us the first days but quite an experience.

On Monday, it was time for the sub camp day. A real adventure park was built by the scouts. We built a rocker and showed people how a rope-machine works. However, most Danish scouts made pioneering with ropes so that they didn’t need such a machine to make stronger ropes of very small strands of simple ropes. The Danish scouts built very large attractions like slides or carousels. After dinner, we went to a fantastic international campfire where we also

Vic Jacoby

Photos: Loutres

On the evening of Friday 17th July, just before the Jamboree started, we embark on our journey…no less than 12 hours on a bus, together with 29 scouts, to Denmark.

Guldborgsund Lejren JAMBOREE

Page 14: deSCOUT_2005_03

26ÄER SÄITEN deSCOUT ÄER SÄITEN273/05

played a sketch and tried to teach a Luxembourgish song to the international scouts. Then, at night time, between midnight and 2:00 a.m. we participated in the night game “solve the crime”.

After a short night, the scouts left for the “Exploratorium” activity where they learnt more by doing physical and chemical experiments. The explorers (senior scouts) played the “Viking Quest”, a difficult game with a lot of fun. Some leaders went the “IQ code race”, where our chances to crack a code are very small, because of language problems. In the afternoon we travelled to the nearest city “Nykobing” to make a city tour combined with a quiz where we had to answer some questions. The evening activity was the second part of the campfire, where we organized ourselves two nice Danish girl scouts leaders, who translated everything to us on French.

Despite the typical Danish summer weather, (three times rain a day, always followed by sunshine) we learned a new technique to build a boat in at very quick and simple way. The boats really floated when they are not overloaded with scouts. In the afternoon “Astronaut in Space” gave us the possibility to enjoy a relaxing activity. At 11 o’clock in the evening, we started the night hike, which means travelling through the night, across forest and towns without sleeping The trip was very short, around 8

kilometres, but we couldn’t find the right entrance to the forest at Nykobing because the program leader had forgotten to give us a description letter. During the hike, we met more scout patrols, which had finished the hike and didn’t want to wait until seven o’clock in the morning to take the ferry to cross and reach the camp area. Having arrived, it begun to rain and we slept very well until lunch. When waking up, some leaders were astonished that the water had entered through the middle of the new tents and the bags were wet.

After having eaten we enjoyed a relaxing afternoon by visiting and shopping at the camp area or by sleeping. In the evening we participated at the musical “THE SWAM” which was organized for the 100th birthday of the writer H.C. Andersen. The “knyf radio” broadcasted a translation of the musical for international scouts. The evening ended in the deep night with a funny leader and senior scouts meeting together with our friendship group.

On Friday, we travelled to the Cliff Of The Moon. These high white mountains near the ocean are very impressive. It was the hottest day on the camp with a few hours of sunshine. Having returned to the camp, we cooked on fire and played the Danish game which we had been offered by the Estrupholm group. The evening activity was a wood chopping championship and

a get-together with songs around a small campfire, together with our friendship group. At midnight we went to the crazy Olympic Games. It was very interesting to play these crazy games and we got new ideas. Some leaders had a look at the rover evening, a large party.

The next day, we woke up and were still tired because of the late night activities. During this ‘Common Day’, everybody travelled at other sub camps to do a small activity, organized by the leaders of the sub camp. We were in charge of painting the faces of each one who passed. In the late afternoon, we started to pick up our camp place. For the last time all the scouts walked

to the stage for the closing campfire which ended with fireworks. The songs in the scout mass made us happy.

It was Sunday and we were to pack our whole equipment and leave the camp area. Because of our late departure time at 16:00 we could see how fast the large site emptied. We had to leave our friendship group and hope to see them back in Luxembourg. We took a Danish bus to the Naesbycenter where we started a new after-camp for one week.

Many thanks to the KFUM Spejder Federation for the well-organized Jamboree and to the Estrupholm scout group, our friendship group. Text edited by deSCOUT

Page 15: deSCOUT_2005_03

28ZU GUDDER LESCHT deSCOUT ZU GUDDER LESCHT293/05

de klenge SCOUT

Eng Wüst ass eng Géigend wou Planzen, Déieren a Mënschen et ganz schwéier hunn,

ze liewen. Dobäi ginn et Wüsten, wou et ze kal ass, fi r dass ausser e puer Zorte Planzen

an Déiere soss kee Liewe ka bestoen. Dat sinn z.B. d’Arktis oder d’Antarktis. Wann der

iech Fotoen oder Filmer vun do ukuckt, fannt der et bestëmmt och impressionant, dass

iwwerhaapt Pinguinen an dem éiwegen Äis liewen...

An der zweeter Zort, den Dréchewüsten, reent et bal ni. De Buedem kritt ganz seele

Waasser an doduerch wuessen net vill Planzen, déi d’Déiere kënnte friessen. An der

Sahara an Nordafrika (iwweregens déi gréisst Wüst vun der Welt) ginn et Plazen, wou et

scho säit iwwer 200 Joer net méi gereent huet. Donieft ass et och nach immens waarm.

Déi Mënschen, déi z.B. an der Sahara liewen, gruewe Pëtzer, fi r un d’Waasser ze

kommen, wat ënnert dem Buedem ass. Heiansdo mussen se kilometerwäit goen, fi r

iwwerhaapt u Waasser ze kommen - an dann ass et nach net sécher, dass et propper ass.

Fréier waren och vill Leit Nomaden, dat heescht, si si mat hiren Déiere vu Plaz zu Plaz

gezunn, esou dass si an hir Déieren ëmmer genuch haten. No an no hu sech ëmmer méi

Leit un de Grenze vun der Wüst oder ronderem d’Oasen niddergelooss a Weess, Uebst

oder Geméis ugebaut. Doduerch huet de Buedem keng Chance méi, sech ze erneieren

an et gëtt vill méi Waasser verbraucht ewéi fréier. Doduerch geet den Niveau vun den

ënnerierdesche Waasser-Reserven erof an d’Pëtzer mussen ëmmer méi déif gebuert ginn.

Ausserdem sinn och no an no d’Bëscher verschwonnen, well d’Holz gebraucht gëtt, fi r ze

kachen an ze bauen. D’Beem halen de Sand, dee vun der Loft verblose gëtt, net méi un

an dee wéinege Ree kann net méi gespäichert ginn. Esou huet d’Wüst sech ëmmer méi

ausgebreet a Géigenden, déi fréier mol gréng a fruchtbar waren, sinn och zu Wüste ginn.

Mir brauchen :

- eng Schepp- eng Plastiks-Folie- e Becher- e puer Steng

Firwat wunnt (bal) keen an der Wuest?

Waasser ouni Reen

E Kaméil huet zwee Höcker, en Dromedar een. Hei späichere si Flëssegkeet, wat hinnen erlaabt, deeglaang ouni ze drénken duerch d’Wüst ze zéien. Fréier goufen se benotzt, fir Saachen ze transportéieren, Karawane mat e puer honnert Kaméiler ware keng Seelenheet. Haut gëtt den Transport ëmmer méi mat Camion’en oder mam Fliger gemaach.

Sour

ce: w

ww.

zzze

bra.

de

Jacques Degardin

d’Kameil

1. E Lach vun 30cm deif an de Buedem gruewen an de Becher dra stellen.

2. D’Lach mat der Folie zou decken, mat Steng ronderem festmaachen an e puer Steng an d’Mett iwwert de Becher leen.

3. D’Sonn erhetzt de Sand am Lach. D’Fiichtegkeet doran gett zu Donst, klemmt an d’Luucht a gett vun der Folie ugehal. Do entstinn Drepsen, dei dann erof an de Becher falen.

D’Waasser net drenken!

Page 16: deSCOUT_2005_03

30ZU GUDDER LESCHT deSCOUT ZU GUDDER LESCHT313/05

ee FLOTTEN ECK

Wat huet dech motivéiert, d'Charge als Commissaire International unzehuelen?Et huet mech schonn ëmmer immens intresséiert, wéi de Scoutismus ausserhalb vun der FNEL an och ausserhalb vu Lëtzebuerg funktionéiert. Wou huet een dozou besser d’Geleeënheet, wéi an der internationaler Équipe? Wéi ech gefrot gi sinn, fir de Commissaire-Posten ze iwwerhuelen, huet dat mech nach méi gefreet. Wat ech bis elo ëmmer Schued fonnt hunn, ass de Kontakt, dee FNEL’s Gruppen am Ausland mat lokale Gruppen hunn: dee besteet nämlech quasi net. Ech si frou, lo kënne mäin Deel dozou bäizedroen. Et ass och wichteg, dass ech mam Pol, Lucie, Olivier a Frank eng super Équipe hunn.

Wat sinn deng Aufgaben?Meng Aufgabe sinn op 2 Volet’en opgedeelt: international an national . Op internationalem Plang kucken ech, a Kontakt mat dem welt- wéi och dem europäesche Scoutsbureau ze sinn a Kontakter mat auslännesche Scoutsorganisatiounen oprecht ze halen an ze erneieren. Op nationalem Plang geet et haaptsächlech drëm, international Aktivitéiten (z.B. Camp’en, Meetingen, Konferenzen,...) ze promovéieren an déi Gruppen, déi am Ausland wëllen e Camp maachen, souvill et geet ze ënnerstëtzen. Natierlech hëllefe mir och den auslännesche Gruppen, déi zu Lëtzebuerg e Camp maachen. Dëst sinn alles Aufgaben, déi vun der ganzer Équipe wäerten duerchgefouert ginn.

Wéi en Ziel (Zieler) hues du der mat denger Équipe gesat?Nieft den Aufgaben (cf. uewen) déi mer esou probéieren ze erfëllen, hu mir eis nach e puer aner Zieler gesat. Mir wëlle méi Präsenz an de Gruppen an op Formatioune weisen, fir de Leit ze erklären, wéi de Scoutismus op der Welt funktionéiert, fir ze weisen, wéi Kontakter mat auslännesche Scouten eis weiderhëllefe kënnen, an natierlech och fir déi grouss international Evenementer, déi lo op eis duerkommen, virzestellen. Mir fannen et einfach wichteg dass d’Gruppen aus der FNEL (an och d’FNEL selwer) méi a Kontakt mat aneren auslännesche Scoutsgruppe kommen. Well et och Scouten ausserhalb vun eiser Federatioun ginn, nach ongeféier 28 Milliounen... Mir hu Frënn op der ganzer Welt, mir kennen se just nach net all!

3FROEN

Vun der Redaktioun un de Raoul Wirion, neie Commissaire International.

Claude Freistroffer

Wie kennt schonn all d’Beem, déi et hei an Europa an zu Lëtzebuerg ginn? D’Bich, d’Eech an d’Bierk ass jo nach hoffentlech kee Problem, mä da fänkt et u méi schwéier ze ginn.

A virun allem muss een da jo schonn ee Fachmann bei Hand hunn oder ee Buch!

Dat geet awer och méi einfach : um Kierchbierg gëtt et nämlech en Arboretum: eng thematesch strukturéiert Sammlung vu Beem a Straicher aus Europa a senge Grenzgebidder.

Ënnert der Leedung vum Naturmusée sinn esou bal 37000 Beem a Straicher ugeplanzt ginn : 110 Gattungen an ongeféier 380 Arten, Ënnerarten an Zorten aus 54 Famille ginn et bis elo.

Dat flott ass awer, datt d’Planze beschrëft sinn : op däitsch, franséisch, englesch an esouguer op lëtzebuergesch an zwar de wëssenschaftlechen Numm, d’Famill an d’Verbreedung.

Den Arboretum erstreckt sech iwwert 3 Parken, an zwar de “Parc Central”, also deen tëschent der Coque an den zwou Schoulen, de Park “Réimerwee” an der Verlängerung vun dem éischten an op den zwou Säite vum ale Réimerwee - hei sti bal all déi eenheemesch Beem a Straicher - an dann nach de “Klosegroendchen” hannen um Kierchbierg riets ënnert dem Rond-Point.

Mat enger Gesamtfläch vun 30 Hektar misst der méi wéi genuch hunn, fir ee ganzen Nomëtten erëmzekréien.

Weider Informatiounen an Detailer iwwert déi genee Plaze wou wat steet, fannt der um Internet ënnert www.mnhn.lu/arboretum.Ph

otos

: J. D

egar

din

Page 17: deSCOUT_2005_03