17
deSCOUT 4/05 No 513 / 85. Joergang SCOUTEN A GUIDEN FNEL DËPPEFESTER wann d’Scoute feieren

deSCOUT_2005_04

Embed Size (px)

DESCRIPTION

wann d’Scoute feieren No 513 / 85. Joergang 4/05 F N E L SCOUTEN A GUIDEN

Citation preview

Page 1: deSCOUT_2005_04

deSCOUT4/05

No 513 / 85. JoergangSCOUTEN A GUIDENF N E L

DËPPEFESTERwann d’Scoute feieren

Page 2: deSCOUT_2005_04

EDITORIAL

EDITORIAL3deSCOUT 4/05

Périodique officiel de la FNEL Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg

43, rue de Hollerich, Luxembourg

Paraît 4 fois par an

Rédaction et mise en page Anne Kaiffer, Martine Feller, Jacques Degardin, Claude Freistroffer Impression Imprimerie Victor Buck, Leudelange Adresse postale deSCOUT (FNEL) B.P. 2676 L-1026 Luxembourg Tel +352 26 48 04 50 Fax. +352 26 48 04 30 E-mail [email protected] Internet www.fnel.lu

Clôture de rédaction pour le prochain numéro le 15 février 2006

deSCOUT

Elo gëtt et deSCOUT a senger neier Form säit zwee Joer. Mir hoffen, dass en Iech gefällt, dass e flott, schéin an interessant ass. Leider hu mer den Androck, dass et och hei alt nees wéi bei esou ville Saachen ass: d'Haaptsaach ass, et gëtt een, deen e mécht an esou laang dee sech amëséiert, ass et och gutt fir mech. Oder gëtt en iwwerhaapt net geliest an ass et souwisou quietschegal, wat dra steet?

No der Ufanksbegeeschterung fannen d'Artikelen nämlech just nach späerlech an no laangem Fléiwen de Wee bis an d’Redaktioun. Donieft maachen ëmmer erëm déi selwecht Gruppe mat (deene soe mer hei och Merci fir hir Mataarbecht). Fir den Titelthema vun desem deSCOUT hate mer all Grupp ugeschriwwen, fir eis

d’Redaktiouns-Équipe

iwwer hir Fester ze zielen. Et hu ganzer 3 Gruppe matgemaach. An dobäi ass et dach esou einfach: dir hutt eng flott Aktivitéit, ee Camp, eng Montée, e Weekend oder eng flott Visite... Da schéckt eis ee Reportage, am beschte mat Photo'en.

deSCOUT ass geduecht, fir een Iwwerbléck ze ginn iwwert dat, wat an der FNEL geschitt. An d'FNEL besteet aus deenen eenzelne Gruppen: Iech. Duerfir maache mer hei nach emol en Opruff un all d'Gruppen: scheckt ons är Saachen an huelt aktiv un der Gestaltung deel - nëmmen esou kann deSCOUT weider lieweg a flott bleiwen.

Dofir hoffe mer, dass der Iech fir 2006 gutt Virsätz huelt a wënschen Iech schéi Feierdeeg an ee glécklecht neit Joer.

Photo de couverture: www.photocase.com

Page 3: deSCOUT_2005_04

ÄER SAÏTEN

INHALT5deSCOUT 4/05

6

ROVER

RONDEREMCertifier nos compétences

Diplômes, trophées, distinctions

18 20

17 Rover-Quiz 05

TITELTHEMADëppefesterOb Kiermes, Grillfest oder Theater: bei de Scoute gëtt och gäer gefeiert.

ZU GUDDER LESCHTDe klenge Scout

Ee flotten Eck

3 Froen

28 30 31

deSCOUT 4/05

Aigles a Schweden22

AKTUELLVu et Entendu

60 Joer Chef-Scout

12 14

14

22

6

A. H

atz

Aigl

esAi

gles

Page 4: deSCOUT_2005_04

6TITELTHEMA deSCOUT TITELTHEMA74/05

BEI DE GRUPPEN

BISONS FUTÉS

Samschdes ass vun 2 bis 6 Auer

Kannerfloumaart, duerno ass d’Bisonsfest.

De Kannerfloumaart gëtt et zënter fënnef

Joer, mä 2005 war dat éischt Joer, wou iwwert

de Weekend e Gruppecamp gemaach gouf.

Sonndes war och e Rallye fir d’Elteren.

Biso

ns F

utés

Jacques Degardin

vu FESTER a BRÄICHER

Fester sinn e feste Bestanddeel vun eiser Kultur. Och bei de Scoute feiere mer gär a gutt.

Mënschen hunn nach ëmmer gär gefeiert. Säit Jorhonnerte sinn d’Fester eng wëllkommen Ofwiesslung vum Alldag. Ob gespillt, gedanzt oder giess gëtt, während engem Fest ginn déi üblech sozial Konventiounen an Zwäng op d’mannst zum Deel ausgeklamert. Fester loosse bei Leit, déi sech net kannt hunn a sech soss wahrscheinlech ni begéint wären, e Gemeinschaftsgefi ll opkommen, wa si sech zesummen amëséieren. Gläichzäiteg gëtt den Zesummenhalt vun engem bestehende Grupp gestäerkt: seng Membere léiere sech besser kennen, sief et well si eppes zesummen organiséiert hunn oder eppes Neies, op eng aner Aart a Weis, zesummen erlieft hunn. Bei eise Scouts-Aktivitéite kënne mer z.B. Veillée’en als esou gemeinschaftsstëftend Feieren ugesinn. Hei gëtt zesumme gesongen, Theater gespillt, gelaacht. Grouss Scouts-Fester par Excellence sinn e Pow-Wow an, am groussen, en Jamboree. Hei komme Scouten aus engem Land oder der ganzer Welt beieneen, fi r sech erëm ze gesinn. Well des Evenementer nëmmen eemol d’Joer oder nach manner oft stattfannen, gëtt vun der Geleeënheet profi téiert, fi r zesummen ze feieren. Oft entstinn dobäi onvergiesslech Momenter, déi ee spéider sengen Enkelkanner ka verzielen – oder selwer vun alen Huese verzielt krut.

Nieft dëse renge Scouts-Fester hu mer awer och soss nach Geleeënheeten, fi r ze feieren. Fester ginn haaptsächlech vun de lokale Gruppen an hirem Duerf organiséiert. Dës Duerffester, ob se vu Scouten, Pompjee’en oder engem Sports-Club organiséiert ginn, hunn eng laang Traditioun. Vill Fester hu mam Glaawen ze dinn, wéi Kiermes, Chrëschtmaart oder déi wuel bekannt Sprangprëssioun zu Iechternach. Lues a lues ass dat reliéist awer ëmmer méi an den Hannergrond geréckelt an d’Feieren u sech gouf méi wichteg. Aner Fester ginn zréck bis an d’Keltenzäit, wéi zum Beispill d’Buergbrennen, wou d’Enn vum Wanter gefeiert gëtt. Haut sinn et oft Scouts-Gruppen, déi d’Buergen opriichten a verbrennen. Domat erhale si net nëmme jorhonnerten al Traditiounen, mä droen esou och zum Duerfl iewe bäi.

Et muss awer nët ëmmer esou spektakulär sinn: Vizfest, Gromperefest, Theater, Bal, Scoutskiermes, Floumaart, … Dest si just e puer Beispiller vu Fester, déi d’Scouten iwwert d’Joer organiséieren - d’Plaz feelt, fi r se all opzezielen. Et ass awer bestëmmt fi r jiddereen eppes derbäi. Souguer en einfacht Grillfest ka schonn zu engem fl otten Dag ginn. An eppes ass sécher: wann d’Scouten eppes feieren, maachen se et richteg!Ai

gles

J. D

egar

din

Page 5: deSCOUT_2005_04

8TITELTHEMA deSCOUT TITELTHEMA94/05

No villen Telefonaten a vill Gerenns

mam Auto war den Dag dunn do.

Samschdes moies um 9 Auer war

Rendez-Vous an eisem Home. Ech hat

mäi Rucksak nach net erabruecht, du

war schonn dat éischt Accident geschitt:

e Been vum Kelter war ofgebrach. No

vill Panik, Gejäiz a Gebastels stoung

en dunn awer nees! Et huet keng 2

Minutte gedauert, dunn hate mer deen

nächste Problem: mir hunn net genuch

Äppel, mir brauchen nach wéinstens

1 Tonn méi. D’Fro ass just, wou kréie

mer déi Samschdes moies hir? Mä och

dëse Problem war séier geléist an no

ongeféier enger Stonn um Telefon

konnte mer d’Äppel op d’Musel siche

goen!

Sou, lo konnte mer ufänken:

d’Aarbechte si gerecht opgedeelt ginn

a jiddereen huet sech u seng Charge

gemaach: Dëscher decken, Zelter

opriichten, Grompere schielen, Kichen

opriichten, Viz pressen...

No souvill Aarbecht huet jidderee vill

Honger a sou kënnt et, datt mer um 1

Auer all zesumme Lasagna iessen. No

enger Stënnche Paus gouf awer nees

séier ugerappt. Eis Kichenéquipe war

mëttlerweil och agetraff, si hu sech

d’Aarbecht opgedeelt a lass ass et

gaang mat Grompere schielen, Kompott

maachen, Telleren ofzielen...

An d’Scouten hunn d’Camionnette

gefëllt a si lass gefuer, fir de Viz am

Duerf verkafen ze goen.

Mat vill Aarbecht a vill Spaass

goung den Dag sengem Enn zou. No

engem gudden Iessen hu mer ons an

eis Schlofsäck gekuschelt an hunn all

zesummen e Film gekuckt, fir den Dag

relax ofzeschléissen.

No e puer Stonne Schlof si mer

Sonndes aus eise Schlofsäck gekroch

an hunn all zesumme Kaffi gedronk. De

leschte Schlëff huet elo nach séier misse

gemaach gi bis déi éischt Leit géifen

antreffen. Jiddereen huet sech senger

Charge ugeholl an huet des Tiptop

ausgefouert.

Endlech 12 Auer, déi éischt Leit si

lues a lues agetraff, souvill Leit wéi

dëst Joer hate mer nach ni! No där enger

oder anerer Kippche Schampes hunn

d’Leit sech esou lues un den Dësch

geaat: De Bauch ass sech vollgeschloe

gi mat Träipen, Gegrills, gebootschte

Gromperen a Kuch. Zum Schluss konnt

nach jiddereen Äppeltettelcher, Viz

oder Drëpp kafen. No engem klenge

Patt dobaussen an der Sonn sinn d’Leit

du lues a lues heem gaang.

Fir ons war d’Aarbecht dunn awer

net fäerdeg, well e grousse Koup Spull,

Dëscher, Bänken an Zelter hunn drop

gewaart, fir ewechgeraumt ze ginn.

Och dëst huet dank onser super

Équipe, déi dee ganze Mëtten ouni

Paus geschafft huet, gutt geklappt an

um 6 Auer hate mer alles gespullt an

ewechgeraumt!

Jidderee war frou, fir seng Saache

konnten ze huelen an heem a säi Bett

ze goen!

Nathalie Schweich

VIZFEST

Preparatiounen hu schonn eng sëllech Woche virum Fest ugefaang. Wou kréie mer d’Äppel hir? Wou bestelle mer Gedrénks? Wéivill Iesse muss akaf ginn? Wou maache mer Reklamm?

AIGLESKiermes, Theater, Cabaret, Rallye, Soirée alles gouf et schonn an den Aigles hirer 80jähreger Geschicht.

Sou hate mir 1932 an 1933 en Theaterowend mat Bal. Et gouf opgeféiert “d’Chamber garni”, respektiv “Zäitgeméiss”. Den Entrée war 3 Frang.

An de 60er Joere, wou mir jo scho mixte waren, hu mir grouss Soiréeë mat Tombola, Orchester an Nuit Blanche organiséiert.

Un déi 10 Rallye beim Fräiheetsbam an déi berühmt Rover-Cabaret’en aus den 80er kënnt der iech bestëmmt erënneren. An deene Joeren (85-89) hu mir och e Chrëschtmaart am Rollengergronn ofgehalen. Déi flott Traditioun vun de Rallyen hu mir 2000 a 2002 erëm opliewe gelooss.

Ufanks den 90er hu mir dräimol mat méi oder manner Geschéck Quetschekraut gekacht a verkaf.

Mëtt 90er Joeren hunn d’Explorer 3 genial Cabare’ten opgefouert, déi mir da mat enger Spaghettisfriess verbonnen hunn.

1991 war dunn ons éischt Scoutskiermes, déi mir vun do u schéi regelméisseg all Joer organiséiert hunn. Ons Gebuertsdagskiermes fir den 80ten dëse September, dës Kéier mat Scouts- a Wëllefcherstheater, war also schonn déi 15!

Page 6: deSCOUT_2005_04

10TITELTHEMA deSCOUT TITELTHEMA114/05

Parkingsnout wéi op Fouerméindeg, Schlaange beim Marie-Josée senge Gaufren, déi sech bis an de Val Fleuri gezunn hunn an dem Adrienne seng 5 Zentimeter Bloder vum Grillwurschtdréinen... Wéi wor deen Ustuerm am Rolléngergronn nëmmen z’erklären?

Ugefaang huet et domat, dass d’Aigles hiren 80. Gebuertsdag wollte feieren - a feieren, dat kënnen eis Jongen nawell. E kreativt a knackegt Kiermeskonzept gouf op d’Bee gestallt, wéi mer et selte gesinn hunn: Kreativ-Kulturell-Kulinaresch-Knackeg sollt et ginn... a wor et och: d’Scouten hunn de bluddegen a witzegen Thriller « E Fall fir d’Bom » op der Theaterbühn grandios inszenéiert an et wor e phenomenale Succès: d’Laachmuskele goufen ugespaant, et gouf gekrasch, gegrölt, gejauchzt a gebirelt (anscheinend hu Leit beim Wiederdéngscht um Findel ugeruff, fir no Stuermalarm ze froen), jee, déi gutt al Aigles-Cabaretstëmmung wor erëm zeréck! D’Beaver hunn hire saloppe Butzi-Danz opgefouert, mat enger Danz-Synchronisatioun, wéi mer se op de läschten MTV Music Awards net gesinn hunn. D’Wëllefcher hunn zu knapps 40

d’Dschungelgeschicht an zauberhaften Décor’en nogespillt: de Kipling hätt se net kënne méi lieweg a faarweg erzielen. Hätt den Eyschen nach als Baloo matgespillt, wiere mer direkt fir den Oscar nominéiert ginn, krute mer aus Hollywood nodréiglech matgedeelt.

Nieft deene sëllechen theatraleschen Exzesser, déi d’Leit moies a mëttes bei Stëmmung gehal hunn, hate mer awer och nach eng nostalgesch Retrospektiv iwwer 80 Joer Aigles als Ausstellung parat, wou Fotoen, Rapport’en, T-Shirten a Geschichten aus 80 Joer Aigles Success-Story duergestallt woren. Verschidde Mammen hu sech d’Tréinen net kënne verdrécken, wéi se hir brav Engelcher, nach esou butzeg kleng, erëmkerkannt hunn... An haut sinn et dichteg Cheffen, deenen hir zukënfteg Kanner da wuel och eng Kéier op der Bühn de Butzi-Danz wäerte man...

Fir Jonk an Aal wor gesuergt, vu geckeger Tombola bis Picasso-Faarwtrommel, vu risegem Sprangschlass bis zu Heissem Drot, vu Glécksrad bis zu butzegem Schminkstand - den Daxe Pier gouf do anscheinend als Winnie Pooh gesinn...

Ass zu New York am Moment Polemik em deen neie Michelin-Guide, sou hunn eis lokal Ducasse’en a Jean Georges’en d’Grillwurscht, d’Hämmchen, d’Fritten an déi berühmt-berüchtegt Assiette Nordique nach besser hikritt an hir Stäre woren op enger Hand net méi ze zielen. E gutt Stéck home-made Gebuertsdagskuch gouf et och nach, wéi mer et geschafft haten, zu 80 Scouten an der Uniform mateneen unzeschloen... a Samette-Box an mam Läpp an der Box, sou wéi dat sech bei den Aigles gehéiert!

De Weekend wor gutt gewielt, déi ganz stater Polit-Famill wor och präsent, fir eis nach eng Kéier ze verspriechen, datt eist neit Home nach an den nächsten Deeg géif duerch de Schäfferot goen. Während d’Madame Polfer, Brasseur (de Velo ënnert dem Aarm) an déi Hären Helminger, Mosar a Wiseler nach iwwert d’Faarf vum Beaversall diskutéiert hunn, ob dann elo Blo oder Orange, do huet den Aigles- Comité scho längst um Grénge Spill geprost op hir wuel gelongenst Kiermes vun allen Zäiten... hoffentlech ass gläich deemnächst!

BIG BANG KIERMESGeorges Krombach

Anscheinend huet een d’Schwéngs-hämmercher vum Jisch sengem Grill bis erop op d’Schmëtt geroch, woren dach net em déi 300 Leit de 25. September bei d’Aigles op hir grandios Kiermes Deluxe komm.

Phot

os: A

igle

s

Page 7: deSCOUT_2005_04

12AKTUELL deSCOUT AKTUELL134/05

JOHN ZIMMER IM KRAKTrotz der Kriegswirren verschlug es

unser Conseil national Mitglied diesen

Herbst in den Nahen Orient, wo er im

„Krak des Chevaliers“, der grössten

Burg der Kreuzritter, gemeinsam mit

dem schweizer Professor Werner

Meyer, archäologische Forschung

unternahm. Etwa 200 km nördlich

von Damaskus gelegen, fiel diese bei

vielen Belagerungen uneinnehmbare

Feste erst durch eine List in die Hände

Sultan Baibars (1271); die letzten

Ritter durften unter sicherem Geleit

zur Küste ziehen.

HAUTES DISTINCTIONSL’ambassadeur de France a remis les

insignes de chevalier dans l’Ordre de

la Légion d’honneur à Julien MEYER,

membre du conseil national de la FNEL

qui durant la 2e Guerre mondiale était

engagé dans la Résistance française en

Corrèze.

De même, S.E. Bernard Pottier a

reçu Monique KIEFFER, directrice de

la Bibliothèque Nationale, ancienne

guide, pour la décorer Chevalier dans

l’Ordre national des Arts et Lettres de

la République française.

VU et ENTENDUCastor Fricoteur

BEI KRANKEET A LEEDUn déi aner denken, dat ass vill

verlangt. Besonnesch, fir Guiden a

Scouten ze hëllefen ; déi hu jo alles !

Jugend, Gesondheet, Frënn a vill méi.

Wéi op de Reklammen an an der

Telé ! Dass et net wierklech esou ass,

wësse mir an déi, déi zou eis stinn, wéi

d’Famill vum Fréisenger Schäffen Ernest

RAUS, déi bei sengem Doud den Don

fir d’Fondation FNEL bestëmmt hunn.

AU GRAND BAZAR DE LA CROIX-ROUGENos guides et éclaireurs, jeunes, moins

jeunes et encore un peu moins jeunes,

étaient particulièrement nombreux

cette année : derrière les stands pour

faire la vente, devant pour acheter,

et entre les tables pour assurer le

service. A noter particulièrement les

Aigles, les CB-DM et les HOGAS.

D’FRËNN VUN DE CAPER PIWITSCHENhunn och dëst Joer hir Austellung

vu Molerei a Skulptur zesumme mat

bekannten Artisten organiséiert

(2.-18.12). De Benefice geet u gutt

Wierker.

ZU STROSSENhaten d’Kiewerlecken eng Austellung

mat Impressioune vun hirer Rees an

d’Konzentratiouns-Lager Auschwitz.

LIETTE LECORSAISsuccède à Pier DAX à la trésorerie

de l’AMICALE FNEL. Elle se fera un

plaisir d’accueillir les cotisations de 15

Euros (ou plus) au CCPL LU25 1111

0232 5673 0000. Nouveaux adhérents

bienvenus.

MICHEL SIMONISNotre trésorier de la Fondation

FNEL vient d’être élu président de

la Confédération luxembourgeoise

des prestataires et ententes, COPAS,

organe interlocuteur des autorités dans

le cadre de l’assurance dépendance.

LEX WEYERle créateur de la publicité charmante

luxembourgeoise a pris ses grandes

vacances cet été. Sa famille perpétue

les gentils lutins et vaches souriantes

tellement plus convaincants que les

grosses et vulgaires ficelles actuelles.

Pour la FNEL, l’artiste au sourire

espiègle a créé deux grandes affiches

rayonnantes, vraiment scoutes.

Page 8: deSCOUT_2005_04

14AKTUELL deSCOUT AKTUELL154/05

mon cher FRÈRE SCOUT

Chaleureuse et vraie, l’adresse d’Eduardo Missoni, secrétaire général de l’Organisation mondiale du mouvement scout, est allée droit au cœur de tous, jeunes, chefs, anciens et invités de marque, réunis dans la vaste salle à Roodt près de Betzdorf, pour fêter S.A.R. le Grand-Duc Jean, 60 ans à la tête du scoutisme au Luxembourg.

«C’est un grand honneur de vous apporter le salut cordial et reconnaissant du Scoutisme

Mondial. Cordial, car c’est bien à celui que nous saluons comme l’un des nôtres, que je m’adresse aujourd’hui. Un salut reconnaissant, car vous avez depuis 60 ans soutenu notre mouvement, en lui accordant votre bienveillante protection»

Ecoutant le discours, plus d’un vieux briscard avait la vue embuée, alors que de lointains souvenirs défilaient dans les têtes: Le premier feu de camp allumé à la torche par le Grand-Duc Heritier, au Pow-Wow

de l’année centenaire de l’Indépendance luxembourgeoise aux Trois Glands le 29 juillet 1939. Moins d’un an plus tard, l’invasion et les routes de l’exil. Sandhurst en temps de guerre. Avec les Irish Guards à la reconquête. L’explosion de joie au pays natal et dans la foule, à chaque fois de nombreux jeunes en uniforme scout. La Journée des Chefs de la FNEL au «Cercle» à Luxembourg avec l’annonce de l’accord du futur Chef Scout par Georges Schommer. La Promesse scoute face à des milliers de jeunes Luxembourgeois et ce cortège – long comme la route d’Arlon – pour rentrer au Palais.

Notre Commissaire générale Martine Faber-Schmit, présidente des trois fédérations, AGGL, FNEL et LGS, réunies en cette grande fête, dans ses paroles de bienvenue donna d’emblée le ton: souvenir, reconnaissance et joie:

«Et sollt de Gebuertsdag si vu 60 Joer Chef Scout a 15 Joer Chef Guide. D’Liewen huet aneschters décidéiert, mä mir wëllen der Chef-Guide haut eng lieweg Plaz an eiser Mëtt ginn.

Léiwe Chef Scout, Dir hutt an ärer Scoutskarrière esou muench Erliefnesser mat eis gehat, an - ech denken - och vill Spaass.

Monseigneur, Chef Scout, Merci fir ären Engagement, är opmierksam Präsenz an är Jovialitéit.»

Un temps de recueillement, introduit par l’Abbé Pit Faber, était dédié à la regrettée Chef Guide, S.A.R. la Grande-Duchesse Josephine-Charlotte, qui dès sa jeunesse en Belgique avait rejoint le mouvement de BP.

Et encore des souvenirs. Cette fois-ci en sketchs, en jeux, en bans et en chansons, amenés à un rythme endiablé par Dennis Wezenberg et Roy Grotz, des animateurs aux talents incontestés. Tandis que Christiane Majerus veillait au bon déroulement. Dans la salle, André Maret avait le sourire discret du réalisateur et l’orchestre de Marc Bernard s’en donnait à cœur joie. Du côté FNEL on retiendra les noms des protagonistes en scène: Jacques Fischbach et Gilles Kraus soutenus par Laura Alldis, Nora Dupont, Anne-Sophie Faber et Nicolas Wurth.

Fräntz Schartz, de concert avec Paul Geditz, donna un aperçu, illustré sur grand écran, des activités nombreuses et diverses de nos ONGD, du Himalaya à l’Amerique du Sud en passant par l’Afrique, grâce à ses quelques 1.850 acteurs.

Chansons, jeux et bans, la salle vibrait à l’unisson et déjà l’heure était aux cadeaux: un nouvel air scout dù à Gast Kohn et J.P. Rollinger exécuté par l’Harmonie et le Chœur de Remich au grand complet; une photo souvenir de la Promesse, un recueil de taille médiévale composé de témoignages illustrés de toutes les unités scoutes du pays et bien sûr le gâteau anniversaire géant.

Le sourire rayonnant, le Chef Scout s’est entretenu avec jeunes et responsables, invités et vétérans, auxquels il fit découvrir la médaille-souvenir offerte par l’Organisation mondiale. Tandis que la Commune de Betzdorf, hôtesse gracieuse de l’événement,

La Grande Fête à l’occasion du 60e anniversaire comme Chef Scout de S.A.R. le Grand-Duc Jean.

Georges Hausemer

Phot

os: A

. Hat

z

Page 9: deSCOUT_2005_04

16AKTUELL deSCOUT 4/05

D’Themen hu sech vun der Geographie, dem Film, der Musek, an an an, bis eriwwer an d’Literatur gestreckt... Esou dass och fir jiddereen eppes derbäi wor, wou e säi schoulegt Wëssen ënner Beweis stelle konnt... O freck, all déi Jore wou mer d’Schoulbänk gedréckt hunn... a mir wossten nawell net alles?!

Et wor jo och erëm dëst Joer net wierklech einfach, fir kënnen op eng Fro ze äntwerten. Well dofir huet een nämlech missen als éischten op dem Corinne säin Handy uruffen... A gleeft mer, fir do iwwerhaapt emol duerch ze kommen, brauch et schonn eng kleng Portioun Gléck an déi hate mer net wierklech all ze oft...

Dofir hunn d’Leit awer bei den Aktiounsfroen ALLES ginn! Verschiddener esouguer hiren T-shirt an hir Box.... Jojo, wat mécht een net alles, fir e puer Punkte bei engem Quiz ze kréien. Anerer woren esou motivéiert, dass se beim Opblose vun engem Vëlospneu dëse bal zum platze bruecht hätten: et wor ganz, ganz knapps!!

Mä all dat huet näischt genotzt, fir géint eis Équipe un ze kommen... an natierlech hu mir haushéich gewonnen!! Nee, Quatsch! Fir all déi, déi mäi Sarkasmuss elo hei net erausgelies hunn, sief gesot, dass mer e richteg flotten Owend haten a gutt a vill gelaacht hunn.

Duerno wore mer och nach bei d’Wiselen an d’Home, wou mer eis all mat engem faarwegen Handofdrock op enger Mauer veréiwegt hunn a bis fréi an de Moie Kicker gespillt hunn.

Rover-QUIZ 05Anne Weis

Gutt gestäerkt no engem gudden Teller Spaghettien an engem klenge Gliesche Wäin, hu mer eis an eis Équipë gesat fir eraus ze fannen, wien dann dëst Joer nees dee „Gescheitsten“ ass...

servait les verres de l’amitié. On parla des Jamboree–phares de Moisson et Sutton Coldfield, des cordes à couper d’un coup de hache aux inaugurations, des grands camps de Betzdorf, Colpach, Dudelange, Rédange et tant d’autres. D’Echternach, Colmar-Berg, Ferme Misère, Neiheischen ou Wiltz. Et de cet autre anniversaire qui pointe à l’horizon: 2007, Centenaire du Scoutisme.

Alors que la fête tira sur sa fin et que dehors le brouillard transforma le paysage en conte de fée, on put voir trois jeunes et un chef empilant et rangeant les chaises, pour laisser la salle comme on l’avait trouvée: des éclaireurs selon Baden-Powell.

Eduardo Missoni avait bien dit:

«Pour un jeune qui s’engage dans le Scoutisme avec l’idée de changer le monde, il faut des modèles qui permettent de ne pas douter du bien-fondé de son action. Dans les hautes responsabilités qui ont été les vôtres, vous avez fait honneur à l’engagement pris. Les jeunes qui vous entourent aujourd’hui peuvent être fiers de leur Chef-Scout, car vous leur avez donné un exemple de service qui mérite de la gratitude: faire de sa vie un don pour le bonheur des autres. Votre naissance vous y prédestinait, mais c’est par votre engagement que vous l’avez manifesté.»

ROVER17

Phot

os: A

. Sto

os

Page 10: deSCOUT_2005_04

18RONDEREM deSCOUT RONDEREM194/05

Lors de la préparation de la formation des formateurs l’idée est venue à Carlo Schott et Pit Dolizy que les responsables scouts acquièrent de nombreuses compétences que nous devrions rendre plus visible. Parallèlement Marc Laux a participé au camp de formation woodbadge auprès du Mouvement Scout de Suisse où il a étudié la certification des compétences extrascolaires. Nous remercions vivement le Mouvement Scout de Suisse qui nous a donné son accord de nous baser sur leur dossier « Bénévole » qui vise le même objectif.

Dès lors, nous avons proposé un partenariat au Service National de la Jeunesse pour finaliser ce projet ambitieux. Cette synergie porte ses fruits (à lire sur www.fnel.lu - formation - Concept et dépliant jeune) et nous remercions vivement Claude Bodeving et le Directeur du SNJ, Georges Metz, pour leur soutien et leur compétence.

Lors d’une conférence de presse, qui eut lieu le 10 novembre, la Ministre Marie Josée Jacobs, notre Commissaire générale Martine Faber-Schmit, Marc Laux, Claude Bodeving, Georges Metz et Pierre Schloesser de l’Administration de l’emploi ont présenté le dossier au public.

Dans le cadre de cette nouvelle mesure, il s’agit d’attester certaines des compétences dont les jeunes responsables font preuve dans le cadre de leur bénévolat auprès des

organisations de jeunesse. L’idée de base du projet étant de considérer les compétences, que les jeunes acquièrent dans le cadre de leur engagement, comme des qualifications clés pour la vie professionnelle : capacité de travail en équipe, capacité de planification, esprit d’entreprise, gestion de projets, « leadership », … . On parle alors des compétences acquises dans le domaine de l’éducation non formelle.

Etant donné que ces compétences ne sont ni attestées au niveau du système scolaire, ni ailleurs, le nouvel outil permet de combler une lacune.

Contenu de l’attestationLe projet est de délivrer une attestation

officielle au jeune responsable, qui précise ses fonctions détenues, les tâches réalisées et les compétences requises.

L’attestation elle-même sera signée par la Ministre de la Famille et de l’Intégration et co-signée par le responsable de l’organisation de jeunesse.

Trois types d’attestation seront prévus :1. Attestation pour les jeunes responsables

de la formation. Par exemple : coordination et encadrement d’une formation pour animateurs de jeunesse

2. Attestation pour les jeunes responsables de la gestion d’un projet. Par exemple: planification et coordination d’un projet à long terme

3. Attestation pour les jeunes qui ont rempli une tâche de direction auprès de l’organisation. Par exemple: Planification et réalisation de camps/colonies, gérance de budget...

Porteurs du projetLe projet a été réalisé sur initiative de

la Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg (FNEL) et du Service National de la Jeunesse (SNJ).

Un groupe de travail de la « Commission Consultative pour la formation d’animateurs et responsables d’activités de loisirs » a été mise en place en 2004 afin de réaliser le projet d’attestation.

Projet-piloteUne Commission d’Attestation,

regroupant des membres de la Commission Consultative, aura comme missions de valider les demandes d’attestation.

En outre un Comité de pilotage, avec des représentants du monde de travail, aura comme mission de suivre le projet en tant que tel, de réaliser une évaluation de la phase–pilote et de se concerter sur les procédures d’ouverture à d’autres organisations de jeunesse après la phase-pilote.

Le projet sera réalisé en 2006 et 2007 sous forme d’une phase-pilote ouverte aux organisations-membres de la Commission Consultative. Une ouverture éventuelle

vers d’autres domaines du bénévolat et du travail jeunesse sera réalisée après analyse des résultats d’évaluation de cette phase pilote.

Soutien du monde du travailLe projet est soutenu par l’Administration

de l’Emploi (ADEM) et l’Union des entreprises luxembourgeoises (UEL).

Contenu des documents3 types de documents ont été élaborés

pour le lancement du projet :

Document de base sur le principe de l’attestation

Conçu pour donner une aide aux organisations qui entendent réaliser des attestations. Le dossier explique les objectifs du projet, les règles de structuration de l’attestation et les démarches administratives pour pouvoir bénéficier de l’attestation.

Dépliant pour les jeunesLe dépliant informe les jeunes des

organisations partenaires de la possibilité d’avoir une attestation.

Dépliant pour les employeursLors d’introduction d’un dossier de

demande auprès d’un éventuel futur employeur l’attestation peut être remise dans une chemise qui explique aux employeurs les grandes lignes du projet.

Un projet initié par le Service Formation FNEL (SFF) et le Service National de la Jeunesse (SNJ) vise à promouvoir l’attestation des compétences de jeunes responsables.

CERTIFIER nos COMPETENCESSNJ, SFF

Page 11: deSCOUT_2005_04

20RONDEREM deSCOUT RONDEREM214/05

Formation: Diplômes

LeadershipCorinne ADAM, Caper PiwitswchenMax BICHEL, Panthères Noires LorentzweilerThierry BIWER, CB/DM LuxembourgChristophe CAPELLE, Bisons Futés FrisangeStephen DE RON, Lions Bleus BonnevoieChristiane ELCHEROTH, Loutres MerschVéronique FOETZ, Bisons Futés FrisangeJulie HAVE, Greng Scouten a Guiden DudelangeJaya KAYSER, CB/DM LuxembourgPhilippe KAYSER, Kiewerlecken StrassenLeo KLEIN, Kiewerlecken StrassenTun KREMER, CB/DM LuxembourgMichel LAMBERT, Greng Scouten a GuidenLisa LEUENBERGER, Bisons Futés FrisangeJoëlle LINDEN, Bisons Futés FrisangeNadine LINDEN, Bisons Futés FrisangeMargaux LUX, Greng Scouten a Guiden DudelangePhilippe MAAS, CB/DM LuxembourgLaura MENTGEN, Greng Scouten a GuidenFrédéric MULLER, Mamer WiselenCaroline PROST, Aigles RollingergrundRoxane RISCHARD, Loutres MerschAnne SCHWARTZ, Aigles RollingergrundMichel STREFF, Bisons Futés FrisangeJulie WAGENER, Aigles RollingergrundNoémie WAGENER, Kiewerlecken StrassenRaphael WAGENER, Aigles Rollingergrund

ExplorerbrevetTina AGOSTA, Caper PiwitschenAndrea Antonio ARENA, Peaux RougesAndy BURG, Caper PiwitschenTom COLOMBO, Caper PiwitschenPol ENGELS, Mamer WiselenRaphaël FOURNIER, Caper PiwitschenAlain FRITSCH, Mamer WiselenPol HERMES, Caper PiwitschenBen HUBERTY, Caper PiwitschenDamiano SCHETTINI, Caper PiwitschenBob SCHIMBERG, Mamer WiselenLaurence VERVIER, Caper Piwitschen

1er Cycle (Aide-Animateur)Beaver (Assistant Chef de Colonie)Sara BAMBERG, Castors SchuttrangeTina BOCK, Kiewerlecken StrassenNele D’EXELLE, Lions Bleus BonnevoieEmmanuelle GASPERI, Castors SchuttrangeLexi GROSBUSCH, Kiewerlecken StrassenStephanie MICHELS, Kiewerlecken Strassen

Laurier d’Or

Yves BLASEN, Loups Blancs Dommeldange

Lea BONBLET, Bisons Futés Frisange

Martine BOUCHE, Mamer Wiselen

Guy GOERENS, Lions Bleus Bonnevoie

Claude HAMER, Mamer Wiselen

Philippe HANCK, Pantères Noires Lorentzweiler

Carine KERSCHEN, Peaux Rouges Dudelange

Ben KREMER, Lions Bleus Bonnevoie

Christophe LAMPACH, Lions Bleus Bonnevoie

Chouch SCHINTGEN, Lions Bleus Bonnevoie

Alain STOOS, Mamer Wiselen

Nicole TIBURZI-ZIMMER, Peaux Rouges

Juliette VAN DER MOLEN, Lûssig Quaichleken

Anne WAGNER, Lûssig Quaichleken

Mérite Scout (25 Joer)

Sylvain KONRAD, Peaux Rouges Dudelange

Tina MAJERUS, Lions Bleus Bonnevoie

Thierry ELVINGER, Castors Schuttrange

Robert GOERES, CB/DM Luxembourg

Peggy SIERADSKI, Lions Bleus Bonnevoie

Carlo SCHOTT, Mamer Wiselen

Nathalie RIETH-AACH

Mérite Scout (50Joer)

Paula BREEDIJK

Franz BREEDIJK

René DE LA GARDELLE

Raymond GOERES

Jean HELDENSTEIN

Jean KUFFER

Reggie LECORSAIS

André MARET

Annette SCHWALL-LACROIX

Jean WELL

John ZIMMER

Wëllefcher (Assistant Chef de Meute)Armand BOOS, Eilerenger FeldmaisMarc DAHM, Kiewerlecken StrassenCatherine WEIS, Caper PiwitschenAlexandra WENGLER, Lûssig Quaichleken

Scouten (Assistant Chef de Troupe)Annick MAAS, CB/DM LuxembourgSarah MEYERS, Lions Bleus Bonnevoie

Explorer (Ass. Responsable d’Unité)Claude CUVELIER, Bisons Futés FrisangeBen JACOBY, Loutres MerschTom SCHINTGEN, Loutres Mersch

2e Cycle (Animateur)Beaver (Chef de Colonie)Anne BUCHLER, Kiewerlecken StrassenCaroline BRAUSCH, Castors Schuttrange

Wëllefcher (Chef de Meute)Laura ALLDIS, Dachsen DippachLisa KLEMANN, Aigles RollingergrundAnne MEYER, Lûssig Quaichleken EchternachCathia NEU, Dachsen DippachLynn ROB, Dachsen DippachChristian ROTH, Wëll Sai SteinselAnne SCHACKMANN, Aigles RollingergrundNathalie SCHMIT, Mamer Wiselen

Scouten (Chef de Troupe)Christoph BOCK, Greng Scouten a GuidenGrégory COLLETIN, Lions Bleus BonnevoieRichard DOEHMER, Wëll Sai SteinselYves ENGEL, Dachsen DippachTrixie FEIDER, Aigles RollingergrundSven GOUDEN, Bisons Futés FrisangeAndy HENDRIKS, Panthères Noires LorentzweilerChantal HERMES, Caper PiwitschenFelix NOTHAR, Däereldéieren BridelJessica REDING, Wëll Sai SteinselDaniel SEIL, Castors SchuttrangeBen SUTTOR, Bisons Futés FrisangeCharlotte WIRION, Aigles Rollingergrund

Explorer (Responsable d’Unité)Laurent CREMER, Lions Bleus BonnevoieAnne-Sophie FABER, Castors SchuttrangeJoël FISCHER, Lions Bleus BonnevoieGilles VENTURINI, Peaux Rouges Dudelange

Trophées

WellefcherLeaping WolfManon LECLERC, Aigles RollingergrundLuc MULLER, Aigles RollingergrundNathalie WAGENER, Aigles RollingergrundAlessandro BEGA, Kiewerlecken StrassenMelanie BRAQUET, Kiewerlecken StrassenPit GIERENZ, Kiewerlecken StrassenLouis GLESENER, Kiewerlecken StrassenMathis PUNDEL, Kiewerlecken StrassenAlexandre FISCHER, Caper PiwitschenTom HOSS, Caper Piwitschen

Bonne MeuteAigles RollingergrundCBDM LuxembourgCaper Piwitschen

ScoutenBonne Patrouille

Patrull Pinguin, Caper Piwitschen

Patrull Koala, Peaux Rouges Dudelange

Patrull Falken, Peaux Rouges Dudelange

Patrull Miissercher, Lions Bleus Bonnevoie

Patrull Elefanten, Loutres Mersch

Patrull Marsupilami, Loutres Mersch

Gewënner vum Explo

Caper Piwitschen

ExplorerUnité Pilote

Mamer Wiselen

Lûssig Quaichleken & Eclaireurs d’Echternach

Distinctions honorifi ques

Page 12: deSCOUT_2005_04

22ÄER SÄITEN deSCOUT ÄER SÄITEN234/05

No e puer geknipste Gruppefotoen ass et lass gaang, wéi bis all Mënsch seng Plaz am Bus fonnt hat. Elo loungen iwwer 24 Stonne Bus vrun eis...

Wiem bei dësem Gedanken d’Schudderen de Réck eroflafen ass héchstwahrscheinlech nach ni mat den Aigles op e Camp gefuer! Et wor nämlech direkt eng Bommestëmmung

an d’Langweil hat guer keng Chance. Während déi eng e Film gekuckt hunn, hunn déi aner Witzer gerappt oder si mam Bensinnstëft duerch d’Reie gereest op der Sich no engem onschëllegen Affer. Géint der Owend hu mer déi éischt Pipispaus gemaach, wou mer dem Sebastien fir säi Gebuertsdag gesongen hunn an all Mënsch e Stéck leckere Schockelaskuch krut.

No Mëtternuecht hu mer eng Fähr an Norddäitschland geholl, fir bis an Dänemark ze tuckeren. D’Yasmine huet vun der Geleeënheet profitéiert an eng Touche bei engem flotten Dän gemaach. Dorops hi stoung déi éischt Kandidatin fir d’Suckel scho mol fest. E groussen Deel huet sech un Deck ameséiert mat Titanic spillen, just Tussen hu gemengt si misste sech an engem Geschäft d’Neel fierwen …

No der Fähr, géint 3 Auer an der Nuecht, hu mer missen e puer Minutten op en aneren Buschauffer waarden, woubäi déi meescht profitéiert hu fir ze schlofen. Déi bësse méi Nuetsaktiv dergéint sinn dem Lisi sengem Schong nogelaf, hu Fotoe gemaach oder Yoghurt giess.

Dunn, no e puer weidere Busstonnen, si mer am spéiden Nomëtten a Schweden ukomm an hu fir t‘éischt déi wonnerbar Campplaz mat groussen Ae bestaunt. Mä mir droen eisen Numm mat jo schliisslech mat Éier an hunn eis direkt un d’Opriichten gemaach.

Dir gleeft et net, mä dem selwer ernannten Tusseclub (Julie, Yasmine, Anne, Lisi a Caro) hiert Zelt stoung als éischt, kuerz nodeems eis Cheffen hiert do stoen haten. No haarder Aarbecht hu mer eis eng kleng Ofkillung an eisem kristallkloere Mini-Séi mat roudem Touch gegonnt. Lues a lues huet jidderengem säi Bauch awer ugefaang mat grommelen an de Charel

huet eis doropshi Ravioli gekacht. Kuerz drop ass du jiddereen a säi Schlofsak gefall fir sech vun all deene Strapazen z’erhuelen!

Den anere Moie si mer zimlech fréi aus de Schlofsäck gejot ginn an hunn eis mat Nutellasschmiere gestäerkt, vu datt eis Konstruktiounen nach net all fäerdeg woren. Mir sinn a verschidde Gruppen agedeelt ginn: Kichen opriichten, Tuerm inklusiv Hängebréck, Chilldräieck, eng Schaukel an d’Bänken (ënnert dem Krombach senger Leedung) hu misse gebaut ginn, just beim Georges ass et net esou richteg un d’Rulle komm. Mëttes krute mer eng déck gutt Zopp mat Nuddele vum Charel gekacht fir erëm kënne mat voller Energie a Motivatioun un d’Aarbecht ze goen. Schnell war et erëm Zäit fir an de waarme Schlofsak an all Mënsch war méi oder manner séier bei senge Scheewercher respektiv Elchen...

No enger kräfteger Portioun Kellogs hu mer nach schnell d’Konstruktioune fäerdeg gemaach a souguer dem Georges seng Bänken hu sou lues Gestalt ugeholl. Mëttes stoung eise legendäre Pizzauewen um Programm, wat dann och traditionell mat enger kräfteger Bullischlacht ugefaangen huet... No enger Ronn am Séi si mer op eng Kloterwand klamme gaang, wou d’Caro et fäerdeg bruecht huet, dem Lisi Knätsch an d’Hoer ze pechen.

Anne Schwartz, Julie Wagener

SCHWEDEN - a lass !!!

Endlech wor et esou wäit! De 15. Juli hu sech 51 Aigles op d’Rees gemaach fir op hire laang erwarten Summercamp a Schweden.

Phot

os: A

igle

s (C

h. B

etz)

Page 13: deSCOUT_2005_04

24ÄER SÄITEN deSCOUT ÄER SÄITEN254/05

Ennresultat: Knätsch erausgeschnidden an e gudde Kandidat fir de Maillot Jaune fonnt! Owes gouf et Spaghetti Bolognese z‘iessen an als Aktivitéit hunn d’Scouten esou eng Art Stratego gespillt, während dem d’Explorer an d‘Rover de Programm virbereet hunn.

Dënschdes si mer méi fréi opgestane fir eng Excursioun op Ørebro ze man. Déi al Scoute sinn am Bus fir dohi gewuer ginn, dass si dee Moien hir Explorermontée géife man a mir hunn eis just nach drop gefreet, d’Geschäfter ze stiermen (mat Erfolleg wuel bemierkt). Nomëttes si mer an e Waasserpark gaang. Déi Couragéiert hu sech vum 10-Meterbried gestierzt, wougéint d’Sonnefanatiker op der fauler Panz louche fir brong ze ginn. Mir si géint 7 Auer op der Campplaz ukomm a kruten do eng Gromperenzalot z’iessen. An als Ofschloss vum Dag hu mer eis gemittlech an d’schwedesch Owessonn gesat a gechillt!

Mettwochs wor Kanu a Vëlo op Schinnen ugesot. Et woren 2 déck witzeg Aktivitéiten, woubäi verschidde Leit et beim Vëlo fäerdeg bruecht hunn, hire Fotoapparat futti ze man, anerer entgleist sinn an der och e puer d’Fësch besiche gaang sinn. Mëttes hu mer eis wéi mëll op de Poulet-Curry gestiirzt, dee sou gutt wor... Owes huet de Sebastien nach säi Versprieche gemaach an duerno ass et an d’Heia gaang.

Den nächsten Dag wor ziemlech relax. Déi Creativ hunn Theater fir d’Scoutskiermes geprouft an déi Sportlech hu Volleyball gespillt. Mëttes huet eis dee schwedesche Reen e Stréch duerch d’Rechnung gemaach a mir sinn a den Klammsall gaang. Spéider wor d’Wieder awer erëm esou gutt, dass mer nach konnte schwamme goen. Owes gouf et lecker, selwer gemaachte Pizzaen. Duerno hu mer eise Rucksak fir den Hike gepak an eis mental drop virbereet...

Freides wor Hike ugesot. Mir hunn eis schnell all Picknick gemaach an dunn ass et lass gaang. Et gouf eng lues an eng schnell Équipe, déi bei guddem Wieder duerch déi idyllesch schwedesch Landschaft getrëeppelt sinn. Eis Owesplaz war bei engem grousse Séi an et gouf esouguer eng kleng Plage. Endlech ukomm, hu mer eis all an d’Waasser gestierzt. Mir hunn ons erholl, andeems mer schwamme gaang sinn, Leit agebuddelt hunn a Massage gemaach kruten...

Op eemol huet d’Wieder ëmgeschloen an et huet intensiv ugefaang mat schiffen. Schnell sinn d’Baatschen erausgeholl ginn a jiddereen huet sech drënner gestallt. Et wollt einfach net méi ophalen mat reenen an eis Cheffen hunn dunn décidéiert, eisem treie Lex unzeruffen, fir ze froen, ob hien eis kënnt mam Bus siche kommen. Mir sinn zréck op d’Campplaz gefuer, wou mer allerdéngs net an den Zelter geschlof hunn,

mä an engem Feierhaus, wou de Spirit vum Hike alt net ganz verluer gaang ass. Et sinn och e puer Leit wéi de Jules, Georges, Raoul, Benoît a Marc op der Owesplaz bliwwe fir op d’Kanuen opzepassen.

Moies war nach ëmmer en Hondswieder an d’Cheffen hu beschloss, dass mer an eng Stad géife goen a wann d’Wieder owes besser géif ginn, dass mer da mat de Kanue wéi virgesinn op eis Owesplaz vun der zweeter Nuecht géife fueren. Leider wor Kristinenham net esou lieweg wéi Ørebro... Misère.

Nomëttes si mer dunn zréck op eis Ex-Owesplaz gaang an hunn eis mat de Kanuen op de Wee gemaach. De Jules huet souguer probéiert fir op eng kleng Insel (déi zimlech wäit ewech wor) ze schwammen, natierlech a Begleedung vun engem Sécurity-Team (Charlotte an Julie). Op der Owesplaz hu mer schnell d’Baatschen opgeriicht an op d’Iesse gewaart. Mir haten e witzegen Owend an hunn eis all gutt ameséiert...

Moies si mer all zimlech fréi vum Jules erwecht ginn, dee gemengt hat, e misst sech mam Schlofsak op eis geheien. An d’Miss Lisi huet e Rekord am gepickt ginn opgestallt: esou ongeféier 54 mol am Gesiicht! Nodeems mer eis vum Anne verabschiit hunn (dat ass méi fréi fort gaang, wéinst 2 risege Bloderen op de Féiss, sou datt et net méi weider konnt

Page 14: deSCOUT_2005_04

26ÄER SÄITEN deSCOUT ÄER SÄITEN274/05

trëppelen), wat mam Nutsi d’Moiesiessen op d’Campplaz bei d’Trixy an d’Fabienne siche gaang ass. Mä als éischt huet missen d’Camionnette aus dem Bulli gedréckt ginn. Hatt an eis staark Jongen hunn dat dunn ugepaakt. No ganz spezielle Kaffiskichelcher a Schmieren ass et weider gaang, an no e puer offroad Complicatioune si mer op eiser Campplaz ukomm. Do hu mer eis all an d’waarm Dusche gestierzt an eppes giess. Owes huet sech jiddereen dunn op seng Art a Weis ameséiert oder reposéiert, déi eng woren nach laang aktiv an anerer louche scho fréi an hire waarme Schlofsäck.

Méindes moies konnte mer dunn all esou richteg laang ausschlofen a wéi jiddereen op de Bee wor, gouf et English Breakfast. Mëttes ass erëm Theater geprouft ginn an d’Veillée virbereet ginn. A wat op engem Camp net däerf feelen : eng Inspection anglaise. Owes hu mer eis erëm mega gutt Pizzae gemaach an d’Cheffen hunn dem Charlotte säin 18. Geburtstdag gefeiert während deem verschidde Souten an den Zelter op de BP geviivt hunn, wéi dat sech fir Streberscoute gehéiert: allez, en dräifache Vive op de BP: Vive Vive Vive!

Den anere Moie krute mer frësch gebake Bréidercher vun den Explorer, déi scho moies fréi op Karlstadt gefuer si fir e Jeu de Ville virzebereeden. D’Scouten hu moies mat de Cheffen (besser gesot,

géint se) Fussball a Volleyball gespillt. Mëttes krute mer Forelle mat Gromperen z’iessen an nomëttes ass et mat enger Waasserolympiade weidergaang. Nom Iessen hu mer e Spill mat Dessertposte gemaach: op engem Posten huet ee sech eng Pomme d’Amour gemaach, et gouf och Schockelasfondue an et si Marzipansmännercher forméiert ginn.

Mëttwochs stoung mol erëm en Ausflug um Programm, des Kéier si mer Karlstadt kucke gaang, wou d’Rover an d’Explorer eis moies e genialt Jeu de Ville organiséiert haten a mëttes hu mer erëm d’Geschäfter eidel kaf - et wor also fir jiddereen eppes derbäi. Owes hate mer eng Gameshow, déi d’Rover an e puer Cheffen organiséiert haten. Mir hu vill gelaacht an et wor eng super Stëmmung.

Den anere Moie konnte mer méi laang schlofen, well mer deen Dag virdrun zimlech vill um Programm haten. Mëttes haten emol eng Kéier e puer Scouten e Spill virbereet mat Posten, duerno si mer nach schwamme gaang an owes haten d’Rover an d’Explorer en immens flott Nuetsspill organiséiert! Duerno hu mir nach eng kräfteg komme gelooss: jidderee wor a sengem Zelt an op eemol, iergendwéi, wor eis Zeltstaang an 2 Stécker, kee weess, wéi et geschitt ass... mä Gottseidank hat de Benoît eng Noutléisung an eist Zelt ass dunn awer net zesummegefall.

Freides huet et dunn och scho geheescht, ofriichten. Moies hu mer mat eidelem Mo missen d’Zelter ofriichten, mä sinn duerno mat Kaiserschmarren belount ginn. De Rescht vum Dag hu mer alles ofgeriicht an eis Rucksäck an de Klammsall gedroe wou mer eis lescht Nuecht géife schlofen. Owes krute mar Schweinefleisch-süss-sauer z’iessen an duerno ass et op d’Veillée gaang, déi wéi dee ganze Camp einfach de Glanz wor... a lass!

Géint dräi Auer moies (jo, dir liest richteg), hu mer missen opsto fir an de Bus ze klammen an d’Heemrees unzetrieden. Zu Kopenhage si mer stoe bliwwen an haten dee ganze Mëtten Temps Libre, wou déi eng am Hardrock-Café souzen, anerer hunn e Rock-Concert geguckt. Owes si mer traditionell an e Restaurant gaang, wou et och ganz gutt wor.

Géint 10 Auer si mer erëm an de Bus geklommen an de Camp ass lues a lues op en Enn gaang.

Sonndes si mer géint 12 Auer um Glacis ukomm, wou eis Elteren och schonn op eis gewaart hunn. Mir hunn eng Chaîne des Adieux gemaach an du wor de Camp definitiv eriwwer. Mä ech wäert dee Camp nimools vergiessen, well mir hunn esou vill erlieft, de ganze Camp iwwer wor eng genial Stëmmung, et wor einfach décke Gas!!! Schweden 2005... A LASS!

Page 15: deSCOUT_2005_04

28ZU GUDDER LESCHT deSCOUT ZU GUDDER LESCHT294/05

de klenge SCOUT

Op der nërdlecher an der südlecher Hallefkugel ginn et véier Joreszäiten: Fréijoer, Summer, Hierscht a Wanter. De Grond, fi rwat et Joreszäite ginn, hänkt mat der Positioun vun der Äerd am Weltall zesummen.

D’Äerd dréit sech eemol am Dag em

hir eegen Achs. Wann deen Deel, wou

mir liewen, sech aus de Sonnestralen

eraus dréit, gëtt

et Nuecht. Op

der Säit, déi sech

an d’Sonnestralen

erandréit, gëtt et

Dag. Mä dat wësst

der jo bestëmmt

schonn an dat

erkläert nach net, fi rwat et am Wanter

méi fréi Nuecht gëtt.

Dat ass awer net vill méi komplizéiert. D’Äerd dréit sech net nëmmen em sech selwer, mä och ronderëm d’Sonn. D’Achs vun der Äerd, em déi se sech selwer dréit, ass awer net parallel zur Sonn, mä huet e Wénkel vun 23,5 Grad. Doduerch ännert sech de Wénkel, mat

Firwat sinn am Wanter d‘Deeg mei kuerz?

Jacques Degardin

Mir brauchen :

- eng Kaerz

- Schneiklatzen

Fir t’eischt maache mer e gudde

Koup Schneiklatzen, aus deene

mer duerno eis Pyramid bauen.

Ugefaang gett mat engem

Draieck aus Schneiklatzen, wou

mer eng Kaerz (am beschten eng

Teeleuchte) an d’Mett stellen.

Tescht d’Bulle vun der eischter

Rei, an e besse mei zur Mett zou,

kennt dei zweet Rei.

Esou fuere mer weider, bis

d’Pyramid faerdeg ass.

Am scheinste liicht et an der

Daischtert.

eng Schneiluucht-Pyramid

An de 70er Joere war eng grouss Energiekris. Dofir gouf d’Summerzäit, fir Energie

ze spueren. Am Fréijoer ginn d’Aueren eng Stonn no vir gestallt. Wann et fir richteg

6 Auer ass, ass et an der Summerzäit 7 Auer. Also eng Stonn méi laang hell. Op des

Aart a Weis kënnen d’Betriber bei Dagesliicht schaffen an d’Leit doheem d’Luuchte

méi spéit umaachen - an doduerch manner Stroum verbrauchen.

Anescht wéi erhofft, gëtt doduerch awer just 1 Prozent Energie agespuert. Donieft

hunn d’Hausdéieren a verschidde Leit och Problemer mat der Zäitëmstellung.: se

kënne während e puer Wochen net richteg schlofen, bis hire Kierper sech un deen

neie Rhythmus gewinnt huet.

d’Summerzait

Source: www.zzzebra.de

deem d’Sonnestrale während dem Joer d’Äerd erreechen. Wa bei eis Summer ass, steet d’Sonn héich um Himmel, well d’Nordhallefkugel méi zur Sonn gedréint ass. Gläichzäiteg steet d’Sonn op der südlecher Hallefkugel, z.B. an Australien, méi niddereg: do ass Wanter.

Wann am Summer d’Sonn op déi

nërdlech Hallefkugel schéngt, gëtt méi

eng grouss Fläch

bestraalt ewéi am

Wanter. Doduerch

bleift et owes

méi laang hell.

Um Nordpol - an

och am Norde vu

Schweden oder

Norwegen - gëtt et am Summer nuets

souguer iwwerhaapt net däischter.

Am Wanter ass et ëmgedréit: duerch

d’Neigung vun der Äerdachs falen

d’Sonnestrale méi fl aach op eis Géigenden

an d’Sonn beliicht méi e klengen Deel

vun eise Länner. Mir dréine moies méi

spéit an d’Sonnestralen an owes éischter

eraus. Et gëtt méi fréi däischter.

Page 16: deSCOUT_2005_04

30ZU GUDDER LESCHT deSCOUT ZU GUDDER LESCHT314/05

ee FLOTTEN ECKClaude Freistroffer

Am Uewe potert d’Feier… Ee flotten Eck, emol vun enger anerer Zort.

Bei dësem naassen, fiichten a kalem Wieder wollt ech Iech Loscht maachen, e flotten Owend bei engem gemittleche Feier ze verbréngen an dat kann e jo bekanntlech esou zimlech iwwerall ufänken; sief dat dobaussen am Fräie mat engem richtege grousse Lagerfeier, op deem ee fir t’éischt emol gutt gekacht huet a sech duerno ronderëm setzt a mat de Kollegen al Erënnerungen opwiermt - vläit huet esouguer nach een eng Gittar dobäi a klimpert e puer Scoutslidder…

Oder awer, wann een d’Chance huet, e Kamäin am Chalet oder doheem ze hunn, et sech do gemittlecht mécht, de Flamen nokuckt a mat engem waarme Schocki oder Téi a flotter Musek den Owend verbréngt. Fir déi méi grouss ass anscheinend och e Whisky mat enger Zigar net schlecht! A firwat net och hei e Barbecue maache mat lauter gudde Saachen, esou wéi zur beschter Grillsaisonzäit.

An et weess een d’Feier vläit nach besser ze genéissen, wann et dobaussen esou richteg gutt stiermt a schneit. Allerdéngs däerf een net vergiessen, herno d’Feierplaz propper ze maachen - den Kleesche weess et ze appréciéierenPh

otos

: J. D

egar

din

Wisefest, Kiermes, Theater bei de Scouten: fënnt dat nach ëmmer Uklang beim Public?

Jo, ech mengen, dat si Geleeënheeten, wou d’Leit sech nach genee esou gutt kënnen amëséieren wéi fréier. Hautesdaags muss ee sech just eppes méi Originelles afale loossen, vu dass iwwerall esou vill lass ass. Wann ee gär hätt, dass d’Leit bei ee kommen, muss ee se mat eppes Extraem lackelen. Dozou kënn,t dass een d’Leit muss informéieren (Press, Infosbliedchen, Flyeren,...). mä dat wichtegst (virun allem bei de Scouten) ass a bleift de perséinleche Kontakt mat de Leit. Eppes, wat flott ass, fënnt ëmmer Uklang!!

Wat gehéiert denger Meenung no dozou, fir dass esou e Fest een Erfolleg gëtt?

Eng schéi Plaz, genuch Zäit an tonne Leit, déi hëllefen! Wichteg ass menger Meenung no, dass ee motivéiert ass, eppes duerch ze zéien an dass ee sech net séier zefridde gëtt. Et muss ee vill Asaz weisen a villes am viraus scho virbereeden. Wann ee mat Leit zesumme schafft, déi eng ähnlech Approche hunn, ass d’Aarbecht och scho méi flott. Wat de Moment vum Fest selwer betrëfft, gëtt et nëmmen ee wichtege Punkt: et muss ee sech selwer amëséieren a Spaass hunn. Dat, wat ech erliewen a wéi ech mech fillen, dat strahlen ech aus, dat bréngen ech de Leit eriwwer. Wann ee selwer Freed huet, da ginn déi aner vill méi séier ugestach. Nach e klenge Geheimtipp: Maach e gudden Ufank an ee brilliante Schluss! Dat an der Mëtt verhalen d’Leit souwisou net...

Animateur ass een oder kann een dat léieren?

All Mënsch kann et léieren, mä et ass méi einfach, wann ee vun Natur aus méi extrovertéiert ass! En zweete wichtege Punkt ass. dass ee sech virun allem muss trauen a vill Erfahrung sammelt, déi rett dech heiansdo an enger brenzeleger Situatioun. Och hei awer nees dat alleralleralleroberwichtegst: Amëséier dech!!!Domatter: Vill Spaass alleguerten a schéi Feierdeeg.

3FROEN

Un den Dennis Wezenberg, ass bei den Aigles an der Zirkus-Schoul Zaltimbanqu’

Page 17: deSCOUT_2005_04