17
No 516 / 86. Joergang deSCOUT SCOUTEN A GUIDEN FNEL FOREVER YOUNG 100 Joer Scoutismus 3/06

deSCOUT_2006_03

Embed Size (px)

DESCRIPTION

100 Joer Scoutismus 3/06 No 516 / 86. Joergang F N E L SCOUTEN A GUIDEN

Citation preview

Page 1: deSCOUT_2006_03

No 516 / 86. Joergang

deSCOUT

SCOUTEN A GUIDENF N E L

FOREVER YOUNG100 Joer Scoutismus

3/06

Page 2: deSCOUT_2006_03

EDITORIAL

EDITORIAL3deSCOUT 3/06

Périodique officiel de la FNEL Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg

43, rue de Hollerich, Luxembourg

Paraît 4 fois par an

Rédaction et mise en page Jacques Degardin, Claude Freistroffer Impression Imprimerie Victor Buck, Leudelange Adresse postale deSCOUT (FNEL) B.P. 2676 L-1026 Luxembourg Tel +352 26 48 04 50 Fax. +352 26 48 04 30 E-mail [email protected] Internet www.fnel.lu

Clôture de rédaction pour le prochain numéro le 15 novembre 2006

deSCOUT

100 Joer Scoutismus, jo dat ass schonn ee schéine ronne Gebuertsdag, mä dach awer och nees net esou exzeptionell; mir géifen esouguer soen, et ass relativ jonk fir ee Mouvement.

Vill méi aussergewéinlech ass ass déi ongeheierlech Ausbreedung an d’Unzuel vu Memberen, déi de Scoutismus am Laf vun de Joeren opzeweisen huet, en ass weltwäit bal an all Land vertrueden (ausser 4), huet 20 Milliounen aktiv Memberen an ass domat wierklech ee grousst Mouvement.

D’Chance, dass een am Ausland also op ee Scout trëfft, ass also relativ grouss. Mir

d’Redaktiouns-Équipe

wëssen net, wéi et iech geet, mä do ass dach dann direkt eppes anescht, et ass ee méi positiv agestallt, well et weess een, dass een eppes gemeinsam huet, eppes wat ee verbënnt.

Well et däerf een net vergiessen, dass hannert deenen Zuele ganz vill eenzel Leit stinn, déi duerch de Scoutismus op hirem Wee duerch Liewen op déi eng oder aner Weis geprägt gi sinn an doduerch aktiv matgehollef hunn, dës Welt besser ze maachen, ganz am Sënn vum Baden-Powell.

Page 3: deSCOUT_2006_03

INTERNATIONAL

ONGD

ÄER SAÏTEN

INHALT5deSCOUT 3/06

6

RONDEREMVirun 100 Joer

Brevets, Trophées

19 20

TITELTHEMACentenaireEn Iwwerbléck iwwert d’Feierlechkeete vun 2007 fir honnert Joer Scoutismus

ZU GUDDER LESCHTDe klenge Scout

Gudden Appetit E klengt Rezept

3 Froen

28 30 31

deSCOUT 3/06

Dachsen Hula-Hula Camp

Greng Scouten Denkmal fir de B.P.

22 27

AKTUELLEn neie Groupe zu Stengefort12

Eng eemoleg Erfahrung16

Camp IPFL um Misärshaff14

16

22

6

C. J

acob

yD

achs

enAr

chiv

es F

NEL

Page 4: deSCOUT_2006_03

6TITELTHEMA deSCOUT TITELTHEMA73/06

D’Grondidee vum Scoutismus geet op d’Belagerung vu Mafeking a Südafrika zréck, wou de Baden-Powell d’Stad géint d’Belagerer verdeedegt. Hie benotzt Jonker aus der Stad als Boten, Observateuren an Opklärer. Bei der Befreiung vun der Stad de 16. Mee 1900, gëtt de B.P. als Held gefeiert. Hien huet dobäi bewisen, dass Jonker kënnen eng Missioun erfëllen, wann een hinne vertraut. Seng Erfahrunge schreift hien an engem Bichelchen “Aids to Scouting” nidder, dat u sech fi r d’Arméi geduecht ass. Zréck an England stellt e fest, dass d’Buch e grousse Succès bei de Jongen huet an och vun Éducateure gebraucht gëtt. De B.P. décidéiert, fi r seng Erfahrung an den Déngscht vun de Jonken ze stellen. “Um Enn vu menger Carrière”, seet de Baden-Powell, “hunn ech ugefaang d’Konscht, de Männer Krich ze léieren, an eng Konscht

ze transforméieren, fi r de Jonken de Fridde bäizebréngen”.

Mat 50 Joer organiséiert hien 1907 e Camp vun 2 Woche fi r 20 Jongen, déi aus verschiddene Sozialschichte kommen, fi r seng Ideeë vun Erzéiung duerch d’Spill, Onofhängegkeet a Vertrauen ze testen. Doropshi schreift hien d’Buch “Scouting for Boys”, wou hien erkläert, wéi seng Ideeë fi r d’Jugend adaptéiert kënne ginn. D’Entwécklung vum Scoutismus a Groussbritannien fänkt un, net laang dono ginn och déi éischt Truppen am Ausland gegrënnt.

Haut ginn et bal 30 Millioune Scouten an 155 Länner. Déi national Federatioune sinn an der World Organization of the Scout Movement (WOSM) respektiv der World Association of Girl Guides and Girl Scouts

(WAGGGS) regroupéiert. Si all wäerten 2007 de Centenaire zesumme feieren an iwwert dat ganzt Joer si Fester an Événementer virgesinn.

Een Element vum Centenaire ass den “Don pour la paix” (deSCOUT 3/05), mat deem d’Scouten op der ganzer Welt hiren Deel zum Fridde bäidroen. Vun 2005 un hunn d’Scoute Projetë lafen, déi hëllefen, Konfl ikter ze léisen, Diskriminatioun, Rassismus an Intoleranz ofzebauen a méi Hëllefsbereetschaft fi r defavoriséiert Populatiounen z’encouragéieren. 2007 wäerten dës Projeten all virgestallt ginn a weisen, dass d’Scouten e grousse Beitrag zum Fridde kënne leeschten.

Vum 27. Juli bis den 8. August ass an England am Hyland Park am Essex den 21. World Jamboree, ënnert dem Thema “One World, One Promise”. Mam wuessenden Erfolleg vum Scoutismus wollt de B.P. d’Scouten aus aller Welt zesumme bréngen, dofi r gi säit 1920, wéi deen éischten zu London war, all véier Joer dës grouss international Camp’en organiséiert, ëmmer op engem anere Kontinent. Och dës Kéier wäerten déi ronn 40.000 Scouten nees zesumme kommen, fi r aner Leit a Kulture kennen ze léieren, fl ott Aktivitéiten a Momenter ze erliewen a mat Gläichalteregen an engem Groupe ze liewen. Donieft stinn och Visitë vum Gilwell Park, do wou de B.P. ugefaang huet, d’Chefe vun dem jonke Mouvement ze forméieren.

2007 sinn et 100 Joer hir, dass de Baden-Powell op der Insel Brownsea de Scoutismus an d’Liewe geruff huet.

Jacques Degardin

100 JOER sinn et hir...

WAT ASS LASS?

21. World JamboreeHyland Park, Essex, GB

27. Juli - 8. August 2007

New Century CampBrownsea Island, GB

1. August - 4. August 2007

Centenaire vum ScoutismusIwwerall op der Welt

1. August 2007

Dons pour la Paix2005-2007

Méi Informatiounen zu dësen internationalen

Evénementer fannt dir um Internet:

www.scouting2007.org

R. B

aden

-Pow

ell

Page 5: deSCOUT_2006_03

8TITELTHEMA deSCOUT TITELTHEMA93/06

sech drun ze erënneren, wéi de Scoutismus gegrënnt gouf, wéi e sech entwéckelt huet a wat e geleescht huet. All Groupe wäert eng B.A, eng “Bonne Action” preparéieren, dat heescht eng konkret Aktivitéit, déi der Gesellschaft hëlleft a wou all d’Scoute kënne matmaachen. Deen Dag ginn och “Dons pour la Paix” vun den eenzele Federatioune virgestallt, souwuel um lokale Plang de Famille vun de Scouten ewéi um nationale Plang dem Publikum an den Autoritéiten.

Dat ganzt Joer iwwer wäerten also Aktivitéiten, Fester, Ausstellungen a Kongresser d’Entrée vum Scoutismus an en neit Jorhonnert begleeden, mam Héichpunkt den 1. August: en eenzegeaartege Moment an der Geschicht vun der Bewegung, ni virdru wäerte sech esou vill Scoute ronderëm d’Welt versammelt hunn.

Vum 1. bis de 4. August ass op enger anerer historescher Plaz vum Scoutismus, der Insel Brownsea, den “New Centenary Camp”. Domat wäert op der Insel, déi ënner Naturschutz steet, un deen éischte Camp vum B.P. mat den éischte Scouten erënnert ginn. Wéi op engem Jamboree steet och dëse Camp ganz am Zeeche vun der Frëndschaft an erlaabt de Participante vu verschiddene sozialen a reliéisen Hannergrënn, sech kennen ze léieren an hir Erfahrungen auszetauschen. D’Feierlechkeeten zu Brownsea wäerten och iwwer Internet a Fernseh iwwerdroe ginn, esou dass jidderee live kann derbäi sinn.

Den 1. August gëtt de Centenaire vum Scoutismus vun all de Membere mat hire Famillen a Frënn ronderëm d’Welt gefeiert. Moies um 8 Auer (ëm déi Zäit huet de B.P. den éischte Camp zu Brownsea eröffnet) versammele sech aktiv a fréier Scouten, fir hiert Scoutsverspriechen ze erneieren a

Säit dem Camping op Brownsea Island den 29. Juli 1907 ass dem B.P. säi grousst Spill amgaang, a fir dat och hei zu Lëtzebuerg éierbar ze feieren, hunn déi 3 Federatiounen (FNEL, AGGL, LGS) sech zesummegedoen an ee Programm ausgeschafft, dee fir all Scout, an awer och fir déi aner Leit e puer flott Deeg wäert bidden.

Den 22. Februar 2007 feiere mer zesumme mam Chef-Scout an och mat Vertrieder vum Weltbüro vum Scoutismus am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg eis Séance Académique. Hei ginn ëm déi 500 Invitéen erwaart.

Vum 10. bis den 21. Abrëll 2007 ass d’Ausstellung vum Scoutismus hei zu Lëtzebuerg an der Belle Etoile (mat engem Duerchgang vun ongeféier 100.000 Leit pro Woch), wou natierlech mat enger staarker Participatioun vun de Groupe gerechent

gëtt. D’Équipe vun der Ausstellung ass ëmmer nach op der Sich no Material, dat hei kann ausgestallt ginn. Wann also deen een oder aneren eppes am Keller oder um Späicher stoen huet, wou hie mengt, dat kéint een op der Ausstellung gebrauchen, kann ee sech direkt mam Christian Majerus vun der AGGL (Tel. 23621046 oder e-mail [email protected]) a Verbindung setzen, fir weider Detailer auszemaachen.

Dräi bis véier Konstruktioune sollen uechtert d’Land opgeriicht ginn an iwwert de ganze Summer stoe bleiwen. Heifir ginn d’Autorisatioune beim Stat an de Gemengen ugefrot, a soubal déi bürokratesch Aarbecht ofgeschloss ass, sti schonn eng Rei Leit prett fir dës Konstruktiounen opzeriichten. Dësweidere soll eng Bréck iwwert d’Uelzecht gebaut ginn, hei sollen an 2 Méint bis zu 15.000 Leit driwwer goen.

a mir FEIERE matPatrick Jaans

Am Joer 2007 ass déi 100-jähreg Geburtsdagsfeier vum Scoutismus weltwäit... an och zu Lëtzebuerg.

Phot

os: W

OSM

Phot

os: A

rchi

ves

FNEL

Page 6: deSCOUT_2006_03

10TITELTHEMA deSCOUT TITELTHEMA113/06

De 7. an 8. Juli 2007 ass op der Kockelscheier e grousst Scoutstreffen, wou mat bis zu 8.000 Leit gerechent gëtt. Am Laf vum Samschdeg kommen déi eeler Branchen dohinner a schlofen eng Nuecht do. Owes ass ee grousst Lagerfeier. Sonndes kommen dann déi méi jonk an déi fréier Scouten dobäi . No de Branchenaktivitéiten gëtt et dann nach ee Gebuertsdagskuch .

Vum 20. Juli bis den 12. August 2007 kënne Scouten aus aller Welt um

Modelcamp “MOCCA” an der Stad matmaachen. Et gëtt ee Programm vu 4 Deeg ugebueden, woubäi awer och nach een Aktivitéitsdossier ausgeschafft gëtt, deen et erlaabt, weider Deeg um Camp ze bleiwen an eist Ländchen ze erfuerschen a weider Scoutsaktivitéiten ze maachen. En Dépliant fi r dëst Événement ass gedréckt a misst geschwë verdeelt ginn.

Den 1. August 2007 ass de Sonnenopgang vum Scoutismus. Dësen Dag, um 8h00 Lokalzäit sollen all d’Scouten hiert Engagement, dat heescht hiert Verspriechen, erneieren. Dësweidere soll all Scout sech deen Dag als Scouten ze erkenne ginn (Uniform an/oder Foulard undoen), egal wou hien an der Welt ënnerwee ass .

Am Joer 2007 bréngt d’Post zwee Timbere mam Thema “100 Joer Scouten” eraus.

De CNA ass amgaang un engem Film ze schaffen, deen dann am Laf vum Joer 2007 virgestallt gëtt an och an eise Kinossäll projezéiert gëtt. Well hei esou vill fl ott Material zesummegesicht ginn ass, ass och nach genuch iwwereg bliwwen, fi r zwee Bicher ze verfaassen. Dat éischt handelt iwwert d’Geschicht vum Scoutismus hei zu Lëtzebuerg an am zweete Buch mam Titel “100 Geschichte fi r 100 Joer” sollen dann d’Scoute selwer eppes aus hirem Scoutsliewen erzielen. Allerdéngs si bis elo eréischt 30 Geschichten erageschéckt ginn, esou dass et vläicht nëmme bei engem Buch bleift.

Fir all déi , déi net op en internationalt Événement kënne goen, wäert also och genuch zu Lëtzebuerg gebuede ginn, fi r de Centenaire vum Scoutismus esou ze feieren, wéi et sech gehéiert.

WAT ASS LASS?

Séance AcadémiqueConservatoire, Stad Lëtzebuerg22. Februar 2007

Expo ScoutismusBelle Etoile, Bartréng10. - 21. Abrëll 2007

ScoutstreffenKockelscheier7. - 8. Juli 2007

Modelcamp "MOCCA"Stad Lëtzebuerg20. Juli - 12. August 2007

Centenaire vum Scoutismus1. August 2007

Méi Informatiounen zu den Evénementer zu Lëtzebuerg fannt dir um Internet: www.scouting2007.lu

Page 7: deSCOUT_2006_03

12AKTUELL deSCOUT AKTUELL133/06

en NEIE GROUPEViru bal genee engem Joer hu sech e puer

gelangweilt jonk Mënsche vu Stengefort geduecht, et misst mol eppes neies ginn. Hei am Duerf géif ze wéineg lafe fir d’Jugend, sou wor ons Meenung. Zwee Deeg drop krute mer dunn eben d’Idee, e Scoutsgroupe ze grënnen. Mir hätten och kënnen an d’LGS goen, mä éierlech gesot, do hätte mer net dee selwechte Reiz ëmfonnt, wéi wa mer géifen en eegene Groupe opmaachen.

Gesot, gedoen! Daags drop hu mir eis am Jugendhaus getraff an déi Idee nach eng Kéier an aller Rou beschwat. Dunn hu mir eis dru gemaach, nach Leit ze fannen, déi intresséiert wieren, a mir waren erfollegräich.

E klenge Groupe vun 8 Leit, schwéier décidéiert ee FNEL's Groupe an d’Liewen ze ruffen, huet dunn ugefaang, ronderëm ze telefonéieren a sech ze informéieren. Nodeems mir mam Pit Dolizy geschwat hunn, deen eis déi néideg Kontakter an Informatioune matgedeelt huet, hu mir eis mat de Mamer Wiselen a Kontakt gesat. Well ech och fir kuerz Zäit an deem Groupe war, hunn ech och nach Gesiichter rëm erkannt. Nodeems si eis Ufro héieren hunn, hu si net laang gezéckt, fir eis ze hëllefen. Den Alain, him e ganz spezielle Merci, huet sech dunn e puermol mat eis getraff, fir eis ze beroden an eis op eisem nach onbekannte Wee ze hëllefen.

Nodeems mir du mam Pouss a Kontakt getruede sinn, hu mir eng Versammlung mat der FNEL vereinbart. Déi wore ganz begeeschtert vun eiser Idee, a wéi mir d’Idee virgedroen hunn, haten mir och e ganz gutt Gefill am Bauch. An heielei, bal 2 Stonne méi spéit, hate si sech décidéiert. Mir konnten eise Groupe ënnert dem offiziellen Numm vun der FNEL grënnen.

Eisen Numm allerdéngs, deen hate mer scho virun der Versammlung mat der FNEL. Wéi et zu deem komm ass, ass eigentlech ganz einfach. Mir souzen dann eben zu puer an der éischter Versammlung zesummen an hunn direkt iwwert en Numm gerätselt. Ënnert deene wéinege sérieuxë Virschléi, waren e ganze Koup Dommheeten an net wierklech eppes Vernünfteges eraus ze héieren. Op eemol koum dunn een, mir sollten ons dach Schildkröten nennen, well ongeféier esou géife mer weiderkommen. A jo, well Schildkröt op al Lëtzebuergesch Deckelsmouk heescht, sote mer eis, dann nenne mer eis eben Deckelsmouken. An esou wor och en Numm fonnt. De Foulard ass einfach: eng Deckelsmouk ass gréng an hiert Element ass d’Waasser. D’Faarwen nach e bësse méi grell gemat, a scho war en do.

Elo, no bal engem Joer Deckelsmouken, si mir e Groupe vun ongeféier 15 Explorer a Rover, a mir hoffen, elo geschwënn e Versammlungsraum vun der Gemeng zur

Verfügung gestallt ze kréien, fir dass mer och Beaver, Wëllefcher a Scoute kënnen ophuelen.

Wat eist éischt Joer ugeet, esou blécke mer mat awer schonn e bësse Stolz op et zeréck. Mir woren um Nuetsraid derbäi, haten e Weekend mat den Explorer a Rover, wéi och Chefe vun de Mamer Wiselen a mir woren och um Pow-Wow.

Am Moment si mir mat eisem eegene Programm amgaang, wat sech Hüttenduerf nennt. Hei baue mer, wéi den Numm et seet, en Duerf op, dat nëmmen aus Scoutskonstruktioune besteet. A ween elo seet, wéi wëllen déi dat da packen, ma da stellt hie sech déi selwecht Fro, déi mir eis och um Ufank gestallt hunn. Mä elo si mer awer enorm houfreg op dat, wat mer bis elo a 5 Deeg gemausert hunn.

Och e Groupechef hu mer elo, nämlech de Mike Fantin, och Wupp genannt, dee säin ale Groupe extra verlooss huet, fir ons bei eisem nach komplizéierte Wee ze hëllefen. Och him en immens décke Merci.

Mir wëlle mat dësem Text och d’Méiglechkeet notzen, all deene Leit nach eng Kéier Merci ze soen, déi eis esou daper gehollef hunn. Mir wëllen awer och deene Leit Merci soen, déi eis Hëllef fir dat nächst Joer versprach hunn. Nach eng Kéier e besonnesche Merci un den Alain Fritsch an un all déi aner Wiselen, ouni déi dat heiten ni zustane komm wier.

Laurent Koepp

Bei der FNEL gëtt et en neie Groupe, d’Deckelsmouke vu Stengefort. Si stelle sech vir.

Page 8: deSCOUT_2006_03

14INTERNATIONAL deSCOUT INTERNATIONAL153/06

Et hunn ongeféier 45 Schüler a Proffen aus dem Mëttleren Osten, 8 Fransouse vu Marseille a 4 Lëtzebuerger Scouten un dësem gemeinsame Camp deelgeholl.

Ausgangspunkt war e Projet, dee scho säit 4 Joer leeft. Dëst wor, sou wéi och dëst Joer, mat 4 Schoulen aus dem Mëttleren Osten, Zinman Highschool vun Dimona (Jiddesch Israeliten), Segef Shalom an Tel Sheva (Muslimesch Israeliten), a Kfar Akkab (Palestinenser). Dëst Joer waren dann nach Fransousen aus Marseille a mir 4 Scoute vu Lëtzebuerg, de Luc Metzdorf, Armand Hilbert, Olivier Faber an Anne-Sophie Faber dobäi.

Dëse Camp war den Ofschloss vun engem Joer, wou mer eis alleguer a verschiddene Workshope mam Thema “Conflict” ausernaner gesat hunn. Sou hate mir Lëtzebuerger insgesamt 5 Weekender, wou mer méi iwwert d'Geschicht vum Konflict am Mëttleren Osten, an awer och global iwwer d'Thema selwer gewuer gi sinn. De Benny Birnbaum (Israelit) huet eis mat Hëllef vum Tom Scholtes duerch dës Ateliere geleet. Leider konnte Verschiddener vun deene Scouten, déi während dem Joer dobäi woren, net um Camp deelhuelen. Den 1. August du sinn déi 8 Fransouse vu Marseille um Misärshaff ukomm, an esou

hate mer zwee Deeg, fir si besser kennen ze léieren, éier déi aner den 3. August an der Nuecht ukomme sollten. Schnell konnte mer feststellen, wéi verschidden an dach d’selwecht mer sinn. De Camp huet aus Workshop’en an aneren Aktivitéite bestan. Sou haten d’Proffen aus dem Mëttleren Osten d’Ateliere schonn am viraus virbereet, an den Tom hat vun hei aus aner Aktivitéiten organiséiert. An den Atelier’en, wou mer ëmmer a 4 gemëschte Gruppen agedeelt woren, konnte mer eis verschidde Kulturen, Reliounen a Liewensdevise kenne léieren. Dëst wor net ëmmer ganz einfach, well de Problem vun der Sprooch ëmmer present wor. Vu que dass d’Schüler vun do ënnen eréischt am Alter vu 14-15 Joer waren, konnte vill vun hinne keen Englesch, sou och eis franséisch Frënn, déi trotz dem Alter vu 16-21 Joer immens Schwieregkeeten an där Sprooch haten. Sou koum et, dass all Saz haart an 3 Sprooche gesot ginn ass, Hebräesch, Arabesch a Franséisch. Déi franséisch Versioun ass duerch d’Iwwersetzung vun engem Proff op Englesch a vun eis Lëtzebuerger weider op Franséisch entstan. Sou huet alles ëmmer e bësse méi Zäit an Ustrengung kascht.

Mä och wa mer net all eng gemeinsam Sprooch beherrscht hunn, sou war dat keen Hinderniss fir sech ënnertenee

besser kennen ze léieren. Mat Hëllef vu Kierpersprooch an e puer Iwwersetzunge koum et zu verschiddene gudde Frëndschaften. Fir dës Frëndschaften ze verdéiwen, hate mer och verschidden Deeg wou mer Zäit a Méiglechkeet haten, méi privat mateneen ze schwetzen. Sou si mer een Dag op Amnéville an den Zoo gaang, een aneren Dag hu mer mat deene vum Cap-Vert Camp zu Miedernach am Bësch um Adventure Day eng flott Zäit verbruecht, an zwee Deeg viru Schluss huet et eis nach an d’Phantasialand op Brühl gezunn.

Schlussfolgerend kann ech soen, dass mer alleguer vill vunenee geléiert hunn, besonnesch wat Kultur, Relioun a Liewensdevise ubelaangt. Och wa mer keng Konflict-Léisung fonnt hunn, si mer elo all méi mat deem Thema vertraut. Nieft deene ville Frëndschaften, déi entstan sinn, hu Verschiddener vun eis souguer e bëssen hebräesch geléiert. Mä ech well net vergiessen, e puer Leit iwwert dëse Wee villmools MERCI ze soen: dem Tom Scholtes an dem Benny Birnbaum (eiser Koppel), ouni déi dëse Camp ni méiglech gewiescht wier. Mä awer och e ganz grousse Merci un d’Kichenéquipe, Isabelle, Rana, Betty, Pongo a Pia, déi eis all Dag mat ganz guddem Iesse bekäschtegt hunn.

Camp IPFL 2006

Dëse Summer, vum 3. bis den 13. August, ware Jonker aus Israel, Palästina, Frankräich a Lëtzebuerg um Misärshaff.

Phot

os: A

rchi

ves

FNEL

Anne-Sophie Faber

Page 9: deSCOUT_2006_03

16ONGD deSCOUT ONGD173/06

Dës Groussvakanz sollt et dann esou wäit sinn: ech si mat der FNEL-ONGD fir 4 Wochen an den Nepal gereest.

No e puer Preparatiounen hunn ech mech den 24. Juli op de Wee gemaach fir an den Nepal. Schonn am Fliger fir dohinner nieft lauter Leit mat donkeler Hautfaarf ze sëtzen, war impressionant. Zu Kathmandu, der Haaptstad ukomm, goung et weider mat den Impressiounen: eng Kou matten op der Strooss, de Fahrstil vun den Nepalese mat vill Getuuts, d’Haiser, déi vill Leit an hirer Kleedung a Verschiddener mat engem roude Punkt op der Stir. D‘Bevëlkerung ass ganz jonk an deementspriechend gesäit ee vill kleng Kanner.

Déi éischt Deeg hunn ech mat anere Lëtzebuerger Tourismus gemaach: hinduistesch a buddhistesch Tempele besicht, Pashupati wou se hir Läiche verbrennen. Ech war och Projeten vun der FNEL-ONGD kucken: d’Schoul zu Godam-Chwor, eng Klinik zu Banepa (HRDC) an op Kakani (International Training Center fir Scouten). Während der Zäit hunn ech déi „Welt“ bal nëmme vu bausse beobacht a war nach net richteg mat hir a Kontakt getrueden.

Den 29. war Zäit, fir sech zesumme mat anere Lëtzebuerger vun der FNEL an der Croix-Rouge op de Wee ze man fir op Pokahra d’Asha-Klink aweien ze goen.

Dës ass mat Hëllef vun der FNEL-ONGD opgeriicht ginn. Et handelt sech net em eng typesch Klinik, wéi mir se kennen. Hei ginn d’Leit ënnersicht a kréien hir Medikamenter. Wann et néideg ass, gi si fir Operatiounen an een anert Spidol iwwerwisen. Ausserdem gëtt hei dem Patient an engem Familienmitglied erméiglecht, sech no der Behandlung am anere Spidol opzehalen.

Bei der Aweiung huet een hier Kultur mol méi no kennegeléiert. Buddhistesch Mönchen hunn eng Zeremonie ofgehalen. Et krut een e Blummekranz em den Hals gehaange fir hire Respekt auszedrécken, roude Pudder op d’Stir fir der ee gutt Liewen ze wënschen an duerno konnte mer nach en traditionellen nepaleseschen Danz bewonneren.

Vue dass ech Infirmière sinn, huet mech den Openthalt vu 4 Deeg an der Klinik vu Banepa besonnesch interesséiert. HRDC ( Hospital and Rehabiltation Center for Disabled Children) këmmert sech nëmmen em Kanner ënner 18 Joer, déi een orthopädesche Problem hunn. Entweder komme si nëmmen ambulant: kommen eran, de Problem gëtt diagnostizéiert, kréien hier Therapie a kënne rëm heem goen. An deene Fäll, wou eng Operatioun néideg ass, gi se dogehalen a ginn operéiert. Si bleiwen e puer Wochen do a kënnen dann heem. No enger Zäit komme se zeréck an d’Kontroll.

Et komme Kanner eran, déi no enger Verbrennung net méi goe kënnen oder hir Hänn net méi bewegt kréien. Da gi si am HRDC operéiert a kréien déi néideg Behandlung, esou ass et dëse Kanner erëm erméiglecht, ze goen oder hier Hänn ze benotzen.

Se hunn net vill Material an trotz allem brénge si wonnerbar Saache fäerdeg mat deem, wat se hunn.

Et ass beweegend, fir dës Kanner no der Behandlung ze gesi mat hirem Strahlen am Gesiicht an hirer Zefriddenheet. Fir si ass et eng reell Chance, hiert jonkt Liewen erëm normal weiderzeféieren.

Souguer deenen Äermste kann hei gehollef ginn, well dat ganzt duerch Spenden aus dem Ausland finanzéiert gëtt. Aus dem ganze Land komme se op Banepa, fir sech do behandelen ze loossen, well et déi eenzeg Kinik an dem Stil am Nepal ass.

De Rescht vun den Deeg hunn ech op engem Projet vun der FNEL-ONGD verbruecht, zu Kakani um Internationalen Training Center fir Scouten. Dëse läit an de Bierger matten an enger wonnerschéiner Landschaft. Nieft de Fortbildungen, déi d’Scouten hei kréien, ass et och méiglech do ze campéieren; fir eng Campplaz an Dortoiren ass gesuergt. Fir dat ganzt ze ënnerhalen, schaffen 8 Mann do: vum Manager iwwer d’Kächin bis zu de

eng eemooleg ERFAHRUNG am HIMALAYACarole Jacoby

Et war schonn ëmmer en Dram vu mir, an een Entwécklungsland ze reesen an d‘Leit mat hirer Kultur kennen ze léieren.

Phot

os: C

. Jac

oby

Page 10: deSCOUT_2006_03

18ONGD deSCOUT RONDEREM193/06

Gaardenaarbechter. Während der Zäit, wou ech do war, hunn ech mat hinne geschafft an der Kichen an am Gaart. Sou hat ech Kontakt mat den Nepalesen a sinn esou munches iwwert hir Liewens-Art a Weis gewuer ginn. Leider ware keng Scouten do.

D’Natur mat de Räisterrassen an de Bierger war bewältegend. Op munche Plazen ass emol keng riicht Plaz fir Fussball ze spillen. D’Wieder ass waarm, wann d’Sonn dréckt, mä well Reenzäit war, koumen oft Wolleken, wouduerch et kill gëtt. Schauere gouf et déi eng oder aner.

Déi 4 Wochen am Nepal ware fir mech einfach eng formidabel Erfahrung, wou ech villes derbäi geléiert hunn. Dat, wat ech fir ëmmer an Erënnerung wäert behalen, ass wéi ech vun den Nepalesen opgeholl gouf. Als Wäisse kuckt all Mënsch dech un, mä d’Leit si ganz frëndlech an opgeschloss. Och hiert Verhalen ënnerteneen ass frëndlech an hëllefsbereet. Op tëschemënschlech Bezéiung gëtt ee grousse Wäert geluegt.

Ee grousse Merci un d‘FNEL-ONGD, ouni déi ech dës wäertvoll Erfahrung net hätt kënne maachen.

1907, DAG fir DAGPolitikAm Januar geet den amerikanesche President Theodore Roosevelt op eng Bierejuegd, wat anscheinend d’Fabrikatioun vun den Teddy-Bieren inspiréiert huet. De 7. Januar mécht d’Maria Montessori, Doktesch a Pädagogin, déi éischt Crèche an Italien op. De 15. Mäerz ginn a Finnland bei de Parlamentswale fir t’éischt Kéier an Europa Fraen als Députéiert gewielt, a Groussbritannien däerfen d’Fraen an d’Gemengeréit. Den 22. Mäerz lancéiert de Ghandi eng Resistenzbewegung a Südafrika géint Mesuren, fir Asiaten z’enregistréieren. Den 19. August ass zu Stuttgart déi éischt International Konferenz vun de Sozialistesche Fraen ënnert der Présidence vum Rosa Luxemburg. Dat belscht Parlament stëmmt fir d’Annexioun vum Congo. Den 20. September gëtt Neuseeland en onofhängegt Land, behält awer als Stats-Chef den englesche Kinnik.

TransportDen 21. Mäerz refuséiert Groussbritannien en Tunnel ënnert dem Ärmelkanal. Den 10. Juni geet déi éischt Autos-Course vu Peking op Paräis, 3 vu 5 Autoë kommen no 44 Deeg a 16.000 km un. Den 13. August gëtt den éischten Taxi mat Compteur zu New-York agesat. Den 13. November flitt deen éischten Helikopter mat engem Pilot 30cm héich, de Flug dauert 30 Sekonnen. Den Trans-Sibirien-Express gëtt no 16 Joer fäerdeg, d’Streck vu 9300 km vu Moskau op Vladivostok gëtt elo an 18 Deeg zréck geluegt.

KulturDen 19. Januar ginn am Magazin Variety déi éischt Film-Kritike geschriwwen. Den 10. Juni erfënnt den Auguste Lumière d’Autochromie, eng Methode fir faarweg Fotoen z’entwéckelen. Am Juli moolt de Pablo Picasso Les demoiselles d’Avignon a begrënnt domat de Kubismus. Den 10. Dezember kritt de Rudyard Kipling, Auteur ënnert anerem vum Dschungelbuch, de Literatur-Nobelpräis.

WëssenschaftDe 15. Januar erfënnt a beschreift den Taggart Zännplomben aus Gold. An engem Patent vum 26. November leet de Boris Lvovich Rosing d’Basis fir d’Televisioun. Ausserdem gëtt d’Faarw-Sprëtzpistoul erfonnt (vu wiem ass net bekannt) an den Hugo Junckers entwéckelt den Duebelkolwen-Motor.

Gebuer29. Abrëll kënnt de (Schnulz-) Sänger Tino Rossi op d’Welt an den 12. Mee déi amerikanesch Actrice Katharine Hepburn. Dem Tintin säi Schöpfer Hergé, mam richtegen Numm Georges Rémi gëtt den 22. Mee gebuer, 4 Deeg virum John Wayne, den Held vu ville Western aus de 60er Joren. De 15. September gëtt d’Fay Wray gebuer, déi spéider als Flam vum King Kong berühmt gëtt. D’Astrid Lindgren, Auteur ënnert anerem vum Pippi Langstrumpf, kënnt de 14. November op d’Welt.

Jacques Degardin, Claude Freistroffer

2007 kritt net nëmmen de Scoutismus honnert Joer...

Page 11: deSCOUT_2006_03

20RONDEREM deSCOUT RONDEREM213/06

Formation: Diplômes

LeadershipLisa ARENDT, CB-DM LuxembourgAnn BEIDLER, Greng Scouten a Guiden DudelangeFelix BEMTGEN, Loutres MerschMax BEMTGEN, Loutres MerschCarole BERTEMES, Loutres MerschBob BICHEL, Panthères Noires LorentzweilerVic BOVE, Mamer WiselenAlexandre BRAUSCH, CB-DM LuxembourgFélix DAHM, Kiewerlecken StrassenCharly FEIDER, Les Aigles RollingergrundMarine GOEDERT, CB-DM Luxembourg Antoine GRIMEE, Hoga Hollerich-GareTamara KAHN, Dippecher DachsenDave KOHL, Panthères Noires LorentzweilerJulie KOHL, Greng Scouten a Guiden DudelangeCatherine KREMER, CB-DM Luxembourg Teia LEYDET, Les Lions bleus BonnevoieFlorent LOESCH, Kiewerlecken StrassenMark MONVILLE, Dippecher DachsenFélix MORES, Greng Scouten a Guiden DudelangeStefano PLEBANI, Kiewerlecken StrassenBen RECKINGER, Aigles Rollingergrund Jo REINARDT, Panthères Noires LorentzweilerChristophe REINERS, Lions bleus BonnevoieAlexandra SCHMIT, Loutres MerschLex SCHMITT, Lions bleus BonnevoieAlain SCHMITZ, Mamer WiselenAlice SCHROEDER, CB-DM Luxembourg Yan STRUCK, Dippecher DachsenBenoît VERVIER, Caper PiwitschenRomain WEYNAND, Wëll Sai SteselMax WITRY, Les Aigles RollingergrundAurélia Dawn ZITO, Dippecher Dachsen

ExplorerbrevetAndy BARBONI, Loutres MerschPaul FAY, Lions bleus Bonnevoie Carlo GRAAS, Loutres Mersch Mohammed HAMDI, Loutres Mersch Tina LEHNEN, Panthères Noires LorentzweilerElodie LONGO, Panthères Noires LorentzweilerMauro PEPPOLONI, Lions bleus Bonnevoie

Laurier d’Or

Jacqueline BETZEN, Wëll Sai Steinsel

Sandra CELLINA, Greng Scouten Dudelange

Tanja DONDELINGER, Greng Scouten Dudelange

Manon FISCHER, Lions bleus Bonnevoie

Liliane GERSON , Wëll Sai Steinsel

Alain KAP, Panthères Noires Lorentzweiler

Tom KOHL, Panthères Noires Lorentzweiler

Michel LEYTEM, Kiewerlecken Strassen

Lucie LIONTI, Peaux Rouges Dudelange

Laurence MERES, Piwitschen Cap

Shelly RESL, Lions bleus Bonnevoie

Sandra SCHIUMARINI, Lions bleus Bonnevoie

Gilles VENTURINI, Peaux Rouges Dudelange

Anne WEIS, Piwitschen Cap

Thierry WINCKEL, Peaux Rouges Dudelange

Raoul WIRION, Aigles Rollingergrund

Mérite Scout (25 Joer)

Jean NICOLAS, Panthères noires

Mike KREMER, Lions bleus

Claude FREISTROFFER, FNEL

Dani SCHONG, FNEL

Michel RUPPERT, FNEL

Jacques DEGARDIN, FNEL

Danielle MAJERUS, FNEL

Claude SCHINTGEN, FNEL

Mérite Scout (50Joer)

Ady SCHEECK, Panthères noires

Mady SCHAFFNER, FNEL

1er Cycle (Aide-Animateur)Beaver (Assistant Chef de Colonie)Jil BOUCHE, Mamer WiselenSarah DUPONT, Greng Scouten a Guiden Nora JACOBY, Les Loutres Mersch Jessica SCHREINER, Eilerenger FeldmaisElisabeth THINNES, Hoga Hollerich-Gare

Wëllefcher (Assistant Chef de Meute)Jeff FISCHER, CB-DM LuxembourgBen HUBERTY, Caper PiwitschenLuc METZDORF, Kiewerlecken StrassenElisabeth RECHT, Loutres Mersch Bob SCHIMBERG, Mamer Wiselen

Scouten (Assistant Chef de Troupe)Daniel BRAUN, Loutres Mersch Alain FRITSCH, Mamer WiselenAnne-Catherine GOEBBELS, CB-DM LuxembourgOlivier MARTIN, Castors Schuttrange Jules PETIT, Aigles RollingergrundAndré SCHMIT, Loutres MerschMax WAGENER, Aigles Rollingergrund Sophie WURTH, Aigles Rollingergrund

Explorer (Ass. Responsable d’Unité)Timothy KESS, Loups blancs–Institut Emile MetzSven THOM, Loups blancs–Institut Emile Metz

2e Cycle (Animateur)Beaver (Chef de Colonie)Tina BOCK, Kiewerlecken Strassen Emmanuelle GASPERI, Castors SchuttrangeLexi GROSBUSCH, Kiewerlecken StrassenLucie LIONTIE, Peaux rouges Dudelange Stephanie MICHELS, Kiewerlecken Strassen

Wëllefcher (Chef de Meute)Armand BOOS, Eilerenger FeldmaisMyriam ELAARRAD, Aigles RollingergrundAgata KRAL, Loutres MerschLuc METZDORF, Kiewerlecken Strassen Catherine WEIS, Caper PiwitschenAlexandra WENGLER, Echternoacher Quaischlecken

Scouten (Chef de Troupe)Maxi LEYDET, Lions bleus Bonnevoie

Explorer (Responsable d’Unité)Ben JACOBY, Loutres MerschYves MONVILLE, Dippercher Dachsen

Trophées

WellefcherLeaping WolfJuliette LECLERC, Aigles RollingergrundMaxime ALLARD, Aigles RollingergrundMathieu KLOP, Aigles RollingergrundKen DICKIE, Aigles RollingergrundPauline MARC, Aigles RollingergrundVictor TESCH Aigles RollingergrundFanny RIETH, Aigles RollingergrundAlex LENERT, Castors SchuttrangeElla JOST, Castors SchuttrangeCharlotte WENGLER, Echternaocher QuaischleckenFelix GROFF, Piwitschen CapEric SLUNECKO, Piwitschen CapSabrina BRAVACCINI, Wiselen MamerChristian JEMMING, Wiselen Mamer

Bonne MeuteAigles RollingergrundCastors SchuttrangeCBDM LuxembourgKiewerlecken StrassenCaper PiwitschenPanthères Noires Lorentzweiler

ScoutenBonne PatrouillePatrull Intecher, Lions Bleus BonnevoiePatrull Schwengercher, Lions Bleus Bonnevoie

Vainqueur Orientéierungslaf1. Loutres Mersch2. Wiselen Mamer3. Aigles Rollingergrund

Gewënner vum Explo-beschte PostenLoups Blancs, Institut Emile Metz

ExplorerUnité PiloteDachsen Dippach

Distinctions honorifi ques

Page 12: deSCOUT_2006_03

22ÄER SÄITEN deSCOUT ÄER SÄITEN233/06

Onse Summercamp, wéi d’Scouten an d’Guiden e vun Dag zu Dag erlieft hunn, an déi bescht Momenter déi si an hirem Campsbichelchen festgehalen hunn.

HULA HULA an HOLLAND1. Dag, Méinden, de 17. Juli

No enger laanger (kuerzer) Fahrt mam Bus op där mer “Hitch” an “The wedding crashers” gekuckt hunn, hu mir mat eise Féiss fir d’éischte Kéier hollännesche Buedem gespuert a fir d’éischte Kéier Bekanntschaft mam laange Wee op d’Campplaz gemaach. An dunn ass d’Aarbecht scho lass gaangen: Zelter opriichten (mat e puer Mängelen), Feierholz sammelen an Trépied’en opriichten (oh mei, oh mei, wat war dat eng Schleeferei). Mä um Enn vum Dag stoungen all d’Saachen a mir hunn eis de “Schwan Curry” schmaache gelooss. Well et spéit war a jidderee midd war, hu mir d’Ouverture vum Camp op den 2. Dag geréckelt.

2. Dag, Dënschden, den 18. JuliMir si géint 9 Auer moies erwächt an

och schonn an de Carré geruff ginn. Hei krut den Här Gilles B. de Maillot Jaune, well hien elegant vum Trépied gefall ass. Duerno hun mir ons un d’Iesse gemaach an d’Chargë goufen natierlech och erfëllt. Schlussendlech hu mir ons Kichen erweidert. Well mir gutt geschafft hunn, si mir als Belounung an d’Waasser gaang, wou mir ons prächteg amëséiert hunn. Dono si mir an d’Dusche gaangen. Äiskal war d’Waasser a fir waarmes ze kréien hu mir misse 50 cents bezuelen. Owes war dunn déi grouss Eröffnung vun eisem Camp. Déi wor super cool. No engem laangen Dag si mir du schlofe gaangen.

3. Dag, Mëttwoch, den 19. JuliGéint 9 Auer moies ass schonn d’halschent

vun der Troupe op, well wann d’Chefe kommen, bleift souwisou kee waakreg. Dono goung et direkt un d’Iessen, Waasser siche goen, Feier maachen, Ravi siche goen… Bon appétit !!! Uschléissend: Carré, Salut au drapeau, an dunn… ass et méi spannend ginn… « An de Maillot Jaune… geet un… de Yannic! » (Wéinst sengem Caddie-Crash vu gëschter.) « An d’Schëpp an de Reech ginn un… d’Leila an… tatatata… de Yannic. » En duebelt Geschenk…

An op de Suedel an an d’Pedall getrëppelt. Et geet lass! Nach schnell Pick-Nick gemaach an hopp, et geet op d’Plage (op déi grouss). No enger klenger Fahrt si mir um Strand ukomm. Onglécklecherweis huet d’Sonn enorm gedréckt an de Sand war kachend waarm. Aarm Féiss! Gott sei Dank gouf et de Mann mam Glacenauto, dee souguer bei eis gefuer komm ass, fir eis Glacen ze verkafen (Merci). Am Owend gouf et dunn nach d’Verspriechen.

4. Dag, Donneschden, den 20. JuliNodeems jiddereen opgestan ass,

(d’Scoute ware méi fréi op wéi d’Chefen) sinn de Maillot jaune (Chris) an d’Schëpp (Tamara) an de Reech (Charel) verdeelt ginn. Duerno hu mir eis un d’Charge gemat. (D’Dëppe mam gliddege Waasser fir d’Dicher ze wäschen ass ëmgefall.) Dono hu mir an eis Patrullebicher geschriwwen, an

Dippecher Dachsen

Phot

os: D

achs

en

Page 13: deSCOUT_2006_03

24ÄER SÄITEN deSCOUT ÄER SÄITEN253/06

verdriwwen, den Autoen a Camionen ze wénken a Laolawellen ze maachen.

Zréck um Camp, huet eis Patrull missen dee Wee goen, dee mir gëschter beim Nuetsspill net gemaach hunn (1 Stonn, 15 Minutten), während déi aner Patrull schwamme konnt goen (wéi ongerecht). Well et dono sou spéit war, war et schonn donkel, wéi mir nom Iesse gespullt hunn. D’Chefen hunn ons nach séier ons am Supermarché bestallte Saache ginn an dunn hate mir och scho misse schlofe goen. (P.S.: Dee versprachene Pudding krute mir haut net.)

6. Dag, Samschden, den 22. JuliUm 9:30 Auer sinn d’Scouten alleguer

opgestan. D’Feier ass schonn un an d’Waasser steet op. E Paff a schonn ass Carré. Hei hu mir du bemierkt, dass onse Fändel verschwonnen ass. Mir hunn trotzdem weider gemaach, an zwar mam Maillot Jaune an deen ass un… d’Sara gaang an d’Schëpp direkt hannendrun. De Reech krut de Julien, well hie gëschter am Bus enger eelerer Fra hiert Gebëss opgeraf huet. Dono krute mir gesot, wat mir alles solle mat op de Vëlostour huelen. Nom Moiesiessen hu mir d’Chargë gemaach an dunn alles gepakt. Kuerz virum Départ… blub, blub, blub, oh neen!!! Et reent! De Velostour fällt an d’Waasser. Mir maachen elo Spiller an duerno gëtt et eng gutt Nuddelszalot. Nom Iesse sinn d’Belge

eis e Spaass doraus gemaach, eis Patrouillarden an eis Chefen ze beschreiwen. Du gouf et Mëttegiessen: eng Salade niçoise. Et huet jidderengem gutt geschmaacht. Nom Iessen hu mir (wei ëmmer) ons Chargë gemaach. Dono hu mir mat der Olympiade ugefaangen. Fir t’éischt hu mir Volleyball gespillt an eis Équipe huet gewonnen. Als zweet Discipline stoung Badminton um Programm. D’Équipe Hawai huet gewonnen. Bei der drëtter Discipline (Fussball) huet Hawai erëm gewonnen. No der Olympiade si mir schwamme gaang a mir hunn 13 Kriibse gefaang. Dono hu mir giess, Ratatouille mat Nuddelen, a mir hunn d’Spull gemaach. Wéi et däischter war hu mir en Nuetsspill gemaach an eis Patrull (Red Flower) ass als eenzeg ukomm, well déi aner opginn huet.

5. Dag, Freiden, den 21. JuliNo engem ustrengenden Nuetsspill vu

gëschter ass de Mueren haut déck stresseg ugaangen: Schnell opstoen, undoen, Carré (Maillot Jaune a Reech: Yann, Schëpp: Muriel), iessen, zackizacki spullen, Saache paken, op de Suedel a mam Vëlo bei d’Bushaische fueren an da mam Bus an d’Waterland bei d’Neltje Jans op d’Delta-Expo, wou erkläert gëtt, dass eng riseg Sturmflutwehr gebaut gouf, fir d’Küst vun den Niederlande viru Stierm a Wellen ze schützen. Beim Bushaische fir zréck hu mir mussen eng hallef Stonn op de Bus waarden. Dofir hu mir ons d’Zäit domat

Sabotë bemoolt a Frendschaftsbänner gemaach. Mam Lisa hu mir dunn och nach e Foulardsknuet gemaach. Nodeems mir giess haten, gouf et dunn nach eng Inspection à l’anglaise an dobäi sinn e puer Saache confisquéiert ginn. Währenddeems eng Patrull domat amgaange war, krut déi aner vum Julien e Virtrag iwwer Hygiène gehal. Nom Owesiessen (Gromperenzaloot mat Wierschtercher), dat d’Chefe scho Mëttes preparéiert haten, krute mir nach eng Nohëllefstonn a Kniet. Zum Schluss hu mir nach ee (klengen) Dropping gemaach.

8. Dag, Méinden, den 24. JuliMir si wéi ëmmer moies opgestan (géint

8 Auer). Du misst alles schnell goe fir um 10:30 Auer mam Vëlo an de Kanuhafen ze fueren. Do bal ukomm, hu mir déi 4 op hirem Hike begéint. Am Kanuhafen huet ons e Mann erkläert, wéi dat alles geet an du si mir zu 2 an 2 lassgefuer. Mir hunn op enger Insel zu Mëtteg giess an hunn ons hei nach e bëssen ausgerout, éier mir nees fortgefuer sinn. Dono si mir nach schwamme gaang, währenddeems anerer eng Schlammschlacht gemaach hunn. Dono si mir all heem gefuer. Mir sinn dusche gaang an dunn hu mir e gudde Poulet mat Broccoli giess. Als Dessert gouf et eng Bier an dunn huet de Philippe nach eng spektakulär Virféierung mat Feier gemaach, well et säi leschten Dag um Camp war. Gutt Nuecht!

aus dem Camp niewendru bei eis komm an hu gesot, déi Däitsch hätten eis béid Fändele geklaut. Well déi Däitsch an der Iwwerzuel sinn, froe si ons em Hëllef. No kuerzer Iwwerleeung hu mir beschloss, matzegoe mä am Hannergrond ze bleiwen. Zesumme si mir mat haardem Jäize bei d’Lager vun den Däitsche gaang a mat engem Iwerraschungsugrëff hu mir et geschafft, de Fändel zréckzekréien. Beim Zréckgoen hu mir nach alleguer gesongen: “Belgique, Luxembourg”. Wéi mir de Fändel eropgezunn hunn, hu mir spontan d’Heemecht gesongen a mir wollten de Belge e bësse vun onsem Pudding ginn. Owes si mir nach vun de Belge (eis nei Kollegen) zu engem Volleyballstournoi erausgefuerdert ginn. Schlussendlech stoung et 1-1. Den entscheedende Match hu mir op den nächsten Dag verluecht. Mir haten eis déi grouss Feierplaz reservéiert (wat fir eng Hëtzt) wou mir Wierschtercher a Marshmallows gegrillt hunn.

7. Dag, Sonnden, den 23. JuliHaut huet rëm alles ganz schnell

misse goen, well déi al Scouten, déi d’Leadershipformatioun gemaach hunn, fir hier 1. Klass en Hike maachen, dofir hat de Rescht misse fir si pain perdu matkachen, währenddeems si hier Rucksäck gepaakt hunn. Dono hu mir gespullt, Toilette gebotzt a mir hu Poste gemaach. Mam Angel hu mir Kaart a Kompass widderholl, mam Jil a mam Muriel hu mir holze

Page 14: deSCOUT_2006_03

26ÄER SÄITEN deSCOUT ÄER SÄITEN273/06

en DENKMAL fir de B.P.9. Dag, Dënschden, den 25. Juli

Scho moies fréi si mir vun de Chefen erwächt ginn. Haut sollte mir mam Vëlo op Middelburg fueren. Nodeems mir giess hunn an eise Pick-Nick gemaach hunn, ass et scho lass gaangen. De Wee vu Veere op Middelburg war (nëmmen) 9 km laang. An der Stad hu mir ee Jeu de ville gemaach. Well deen einfach wor, hu mir schnell de Wee op d’Mëttesplaz fonnt, wou mir onse Pick-Nick giess hunn. Dono hu mir onse Jeu de ville fäerdeg gemaach. Et ass nach genuch Zäit bliwwe fir e klenge Shoppingtour duerch de Stadzentrum ze maachen. Nodeems sech jidderee Séissegkeeten, e Souvenir oder eppes ze drénke kaf huet, hu mir och scho missen heem fueren.

10. Dag, Mëttwoch, den 26. JuliMoies fréi hu mir ugefaang, d’Trépieden

ofzeriichten an d’Arméiszelt anzepaken. Nom Mëttegiessen hu mir ee Quiz gemaach, wou d’Patrull Red Flower (dat si mir) gewonn huet. Dono si mir schwamme gaang an hunn e puer Kriibse gefaangen. Beim Spullen hunn dës Kéier nëmmen d’Jongen ugepaakt fir de Meedercher ze weisen, wéi schnell een dat maache kann (...) Owes hate mir eng Veillée an et goufe Waassermelounen als Dessert. D’Chefen hunn ons erlaabt, eng nuit blanche ze maachen. Heiraus ass awer net vill ginn, well déi meescht einfach ze midd waren. E puer Meedercher hunn et awer fäerdegbruecht, déi aner am Schlof ze molen.

11. Dag, Donneschden, den 27. JuliDirekt nom Opstoen hu mir Feier gemaach

fir d’Spullwaasser opzesetzen. Nom Iessen, wat ganz schnell gaangen ass, hu mir nach déi lescht Saache gemaach: de leschten Trépied an d’Zelter ofriichten. Mëttes hu mir schnell Nuddele giess an ons Rucksäck gepaakt. Och ons Campplaz huet musse gebotzt ginn. Dunn hu mir ons Rucksäck, déi ganz schwéier waren, an d’Vëloe bei de Bus gedroen. An dunn ass et schonn erëm heem gaangen. No ongeféier 4 Stonne si mir zu Schuller ukomm an hunn ons chaîne des adieux gemaach.

D’Aweiung duerch déi véier Scouts- a Guiden Gruppe St. Jean (LGS), Diddelenger Spatzen (AGGL), Peaux-Rouges a Gréng Scouten a Guiden (FNEL) war a Präsenz vun iwwer 500 Guiden a Scoute bzw. Éieregäscht. Véier Beaver aus deene verschiddene Gruppen hunn dëst Denkmal, mat der Hëllef vum Minister François Biltgen an dem Buergermeeschter Alex Bodry enthüllt. Seng Excellence, de briteschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg James Clark, dee leider net konnt derbäi sinn, huet der Aweiung säi perséinleche Patronage a seng Gléckwënsch iwwermëttelt.

Den Entworf vum Monument gouf vum Rudy von Graes ausgeschafft, d’bronze Portraitplakette vum Baden-Powell ass vum Artiste R. Scalli. Alles gouf vun der Firma Massard vu Kayl ausgefouert.

Nodeems d’Harmonie Municipale vun Diddeleng dee laange Cortège bis an d’Schnauzebach ugefouert hat, goung et, no der Inauguratioun an deene verschiddene Rieden iwwert de B.P. an de Scoutismus vum Martine Faber (Präsidentin vum Groupement LGS-AGGL-FNEL), Alex Bodry a François Biltgen, zesummen an de Centre Pro Familia, wou d’Gemeng den Éierewäin offréiert huet.

Hei kruten de Buergermeeschter fir d’Stad Diddeleng an déi véier Scouts- a Guidegruppen e Portrait vum B.P. aus Bronze, fir hiert Home als Souvenir un

Organisatiouns-Team Scouten a Guide vun Diddeleng

dësen Dag iwwerreecht, och krut jiddereen e B.P.-Badge als Erënnerung.

En décke Merci un déi Diddelenger Gemeng an all Leit, déi de Parrainage fir eise Projet iwwerholl hunn. Ouni hier finanziell Hëllef hätte mer dësen net realiséiere kënnen.

Dësen Highlight, zu Éiere vun eisem gemeinsame Grënner, Lord Robert Baden-Powell, deen eis dat grousst Spill Scouting virun 99 Joer geschenkt huet, an deem säin 100. Anniversaire mer all zesummen am Joer 2007 op der ganzer Welt feieren.

Gre

ng S

cout

en

Zu Diddeleng steet elo well e Monument als Erënnerung un de Baden-Powell.

Page 15: deSCOUT_2006_03

28ZU GUDDER LESCHT deSCOUT ZU GUDDER LESCHT293/06

de klenge SCOUTJacques Degardin, Claude Freistroffer

Foulard, Halsduch, Tuchli, Kravatte,. Scarf, ... also dat Duch mat den 3 Ecke wat ee ronderem den Hals dreit (op der Uniform oder awer eleng) a wat een onmessverstaendlech no baussen als Scout indentifizeiert, jo genau dat Steck Stoff, dat nawell ganz vill a gaere bei de Reuniounen, de Campen an den offizielle Geleenheete gedroe gett, dat op den internationale Campen dee beleifsten Tauschartikel ass an dofir och fir all Camp extra nei

de FOULARD

entworf gett, geet op dem Baden-Powell seng a Suedafrika gegrennte Schutzpolizei zereck. Daer hir Uniform huet naemlech aus engem Hutt mat breedem Rand, engem khakifaarwegen Hiem an eben engem Halsduch (Foulard) bestanen.

De Foulard ass - oder besser gesot: gett - mat der Zait eppes ganz perseinleches, wat ee sai ganzt Scoutsliewe behaellt, versuergt en also gutt!

De Foulard gett normalerweis gerullt - een Trick, fir dat

propper ze maachen, geet

folgendermoossen: du hells 2

Ecke vum Foulard mat den

2 Haenn an den dretten Eck

spaans de da mam Mond. Eng

zweet Persoun rullt de Foulard

da relativ fest, bis nach just ee

klengen Dreieck iwwreg bleift.

Deen haels de da mat enger

Hand fest a mat der anerer

streichs de dei zwee Enner glat;

faerdeg ass ee perfekt geweckelte

Foulard.

Dee rietse Wupp iwwert dee lénkse leeën an hanne ronderëm op déi riets Säit huelen.

Dat lénkst Enn hannert deem rietsen no uewen huele bis an déi grouss Schlauf.

Erëm iwwert déi riets Säit no fir kommen.

Dee lenke Wupp unhalen an dee rietsen driwwer leeën an duerch d’Schlauf zéien.Fäerdeg ass de Knuet!Ar

chiv

es F

NEL

sour

ce: l

esno

ueds

.com

FRËNDSCHAFTSKNUETEt gi vill Méiglechkeeten, fir de Foulard unzehalen: et gi Kniet aus Lieder, aus Ficelle, souguer aus Metall. Méi einfach wéi mat engem Knuet geet et awer net, leider gesäit dat net immens gutt aus.Mir wëllen iech dofir elo weisen, wéi een de Frëndschafts-Knuet an de Foulard mécht.

Page 16: deSCOUT_2006_03

30ZU GUDDER LESCHT deSCOUT ZU GUDDER LESCHT313/06

GUDDEN APPETITClaude Freistroffer

Fir d’éischt ginn d’Nëss kleng gehackt an

d’Toastbroutschweiwe mat Botter bestrach.

Déi 4 Scheiwe Brout ginn da mat der

Bottersäit no ënnen op e Stéck Bakpabeier

geluegt. Dodrop kënnt dann d’Dindë-

Fleesch. Mat de Nëss bestreeën an dann

de Kéis drop leeën. Duerno kënnt dann

d’Mixtur aus de Friichten, dem Gebeess an

dem Peffer drop, dann nees eng Scheif Toast

mam Botter, dës Kéier no uewe gedréint. An

elo nach just 4-5 Minutten an der Croque-

Monsieur-Maschinn richteg gutt bake

loossen.

ee WALNOSS-SANDWICH

Bass de zefridde mat der Entwécklung vum Scoutismus?Wann een d’Zuele kuckt, kann een nëmmen zefridde sinn. Säit dem Camp op Brownsea Island, virun allem an den 10 Joer dono, sinn immens vill Jonker an d’Scoute komm a ware begeeschter derbäi, wat se och haut nach sinn. D’Grond-Ideen, op deenen de Scoutismus baséiert - Erzéiung duerch d’Spill, Fërderung vun Onofhängegkeet a Relatioune baséiert op Vertrauen - sinn haut nach ëmmer déi selwecht ewéi virun honnert Joer. Natierlech huet d’Bewegung sech och weiderentwéckelt an der Zäit ugepasst, esou sinn z.B. Meedercher opgeholl ginn, nei Branche fir déi kleng derbäi komm, d’Programmer hu geännert.

Wat bréngt de Scoutismus engem Jonke vun haut?Dat selwecht wéi virun honnert Joer. Och wa villes geännert huet, d’Besoinë vun deene Jonke sinn zum Deel nach ëmmer déi selwecht: mat Gläichalteregen zesumme sinn an eppes erliewen. Haut ginn zwar aner Aktivitéite proposéiert, mä eng sënnvoll Fräizäitbeschäftegung bleift et trotzdem nach ëmmer. Wou soss kann een esou intensiv mat Gläichgesënnten zesummeliewen, woubäi seng eegen Entwécklung gefördert gëtt? Et ass zwar keen direkte Grond fir an d’Scouten ze goen, mä do kritt ee vill mat op de Wee fir säi spéidert Liewen: Responsabilitéit iwwerhuelen, Respekt fir anerer, am Groupe Zesummeschaffen a villes méi.

Wéi gesäis du de Scoutismus an honnert Joer? Trotz Konkurrenz vun anere Säite wäerten et dann och nach ëmmer Scoute ginn. Wéi bis elo wäert de Scoutismus sech och nach weider änneren a sech un d’Gesellschaft, vun där mir jo all en Deel sinn, upassen. E soll seng Grondgedanken net fale loossen awer och net ze vill enk gesinn oder Wuert fir Wuert iwwerhuelen. Ech hoffen, dass d’Scouten et mat hiren Initiativen enges daags fäerdeg bréngen, dass d’Welt besser gëtt. Als international Bewegung kënne se op jiddwer Fall hiren Deel derzou bäidroen.

3FROEN

Un de Lord Robert Baden-Powell, Grënner vum ScoutismusFir 4 Persoune brauch een:

50g Walnosskären8 Scheiwen Toastbrout40g Botter100g Tranchen Dinde-Fleesch4 Scheiwe Kéis (Gouda)e puer MolbierenKréischelsgebeessschaarfe Peffer

Page 17: deSCOUT_2006_03